Jean-Claude Juncker: De franséische Premier, den Här François Fillon, huet mech haut de Moien ugeruff fir mir ze soen, am Numm vun der Republik, huet hie gesot, datt weder d’franséischt Vollek nach d’franséisch Regierung sech mat deene Proposë kéinten identifizéieren. Am Géigendeel, hie géif dat ganz schaarf zréckweisen, hie géif dat als skandaléis ëmfannen.
Frank Goetz: Béid Regierungschefë wëllen dann och, datt déi gutt Relatiounen tëscht béide Länner net zu Schued kommen.
Jean-Claude Juncker: Ech hunn him gesot, datt ech iwwerhaapt frou wier, datt hie mir ugeruff hätt, an datt d’Lëtzebuerger Sënn fir Ënnerscheedung genuch hätten, fir net ze mengen, datt wann een duerchgedréinte franséische Sénateur eppes seet, datt deen domat d’Meenung vu Frankräich, vu sengem Vollek, vu senger Regierung zum Ausdrock bruecht hätt, an datt mir och drun interesséiert wieren, mat Frankräich gutt noperschaftlech Bezéiungen ze hunn.