Jean Asselborn au sujet des manifestations en Égypte, des avoirs du président tunisien exilé au Luxembourg, ainsi que de l'affaire de l'incident entre le ministre Nicolas Schmit et la Police grand-ducale

Serge Kesseler: Dir hutt gëschter zu Bréissel eng Zort mea culpa gemaach. Dir hutt gesot, datt een de Regime an Egypten ënnerstëtzt hätt an dobäi d'Mënschen am Land vergiess hätt. Deelen Är 26 Ausseministeschkollegen déi Analys?

Jean Asselborn: Meng Analys ass déi, datt ech mengen, datt mir ëmmer den Akzent gesat hunn an de Fokus gesat hunn op d'Aussepolitik a villen arabesche Länner, selbstverständlech och an Egypten.

Mä mir musse wëssen, datt, wann een dat seet, dann huet ee gesot Egypten huet eng politesch Féierung déi op Stabilitéit setzt. Aussepolitesch heescht dat, datt kee Krich, op jiddwer Fall vun Egypten aus, géif kommen. Datt Egypten och eigentlech dee Friddensvertrag mat Israel iwwer 2 Intifadaen, iwwer 2 Kricher Libanon-Israel, datt dat gedauert huet, an datt dat scho remarquabel war, datt ee mat deem Regime, wann ech sou dierf soen, dee moderat war, datt een op deen ziele konnt

Ech soen aussepolitesch, mä mir hunn – an dat ass dann dee mea culpa deen ech soll gemaach hunn, dat stëmmt – de Regime gekuckt a mir hu vill manner gekuckt déi Millioune Leit déi an deem Regime liewen. Déi Aspiratiounen déi se hu fir ze participéieren um politesche Plang, um ekonomesche Plang, um kulturelle Plang, um soziale Plang si vernoléissegt ginn. Dat ass jo e Fait. An dat hu mir och vläicht manner an Evidenz gesat. Elo huet d'Vollek en Zeeche gesat an Egypten an do sinn d'Aueren net méi zréck ze dréinen.

Serge Kesseler: Déi europäesch Ausseministeren hunn elo vun Egypten e friddleche Wee zu méi Demokratie gefuerdert, ouni sech awer konkre iwwert de President Hosni Mubarak ze äusseren. Firwat war dat sou?

Jean Asselborn: Mir mussen oppassen. Mir dierfen, wa mir zu Bréissel sinn als Europäer, net soen, wa mir op de Prinzip vun der Autodeterminatioun vun engem Vollek setzen, wéi d'Egypter elo sollen d'Akzenter setze fir d'Zukunft. Ech kann nëmme just, a mir hunn dat alleguerten och gemaach, iwwer de Prinzip schwätzen.

Et ass en Zeeche gesat ginn. D'Vollek huet geschwat. Dir wäert gesinn, datt dat haut och nach amplifiéiert gëtt. D'Arméi, dat ass e positive Punkt, grad wéi an Tunesien, wëll keng Waffen asetzen. Ech hoffen, datt dat och fir d'ganz Arméi an Egypten zielt, well genuch Leit hunn hiert Liewen do gelooss, iwwer 150.

Déi Leit an Egypten, déi op der Strooss sinn, dat si jo Jonker, et si manner Jonker, et sinn Aler, déi wëllen, datt en neien Depart geholl gëtt an hirem Land, an deen Depart, dat ass op jiddwer Fall dat wat ech mengen, kann nëmme geholl gi wa fräi Wahle stattfannen, souwuel fir de President wéi och fir d'Parlament, an datt, dann indirekt och eng Regierung zustane kënnt, déi d'Aspiratioune vu sengem Vollek an Egypten besser kann ëmsetzen.

Déi Leit déi op der Strooss sinn, déi wëllen net eng Militärdiktatur, déi wëllen och net en islamistesche Regime, en integristesche Regime, mä déi wëlle méi Demokratie an do muss ee Vertrauen an eben déi Kapazitéit vun den Egypter hu fir elo dee richtege Wee ze sichen. Ech mengen net, datt et eppes bréngt, wann een elo seet, den X oder den Y, den Här Baradei oder den Här Mubarak – dat soll ee wëssen, datt d'Egypter scho capabel sinn dat Richtegt do ze maachen an esou ze maachen, wéi si dat ëmfannen.

Serge Kesseler: D'EU-Ausseministere hu gëschter och Sanctioune géint de fréieren tunesesche President décidéiert; dem Ben Ali senger Fra hir Bankkonten an der Europäescher Unioun solle blockéiert ginn. Wat bedeit dat fir d'Finanzplaz hei am Grand-Duché?

Jean Asselborn: De Minister Luc Frieden huet eis dat gesot, ech mengen et war och eng Question parlementaire, d'lëtzebuerger Regierung setzt do voll op Transparenz.

Dir hutt dat richteg gesot, de Ben Ali an och seng Madame, deenen hir Avoire sollen iwwerall op der Welt blockéiert ginn. Wann, op iergendenger verklausuléierter Form och, esou kann ech mir et virstellen, hei zu Lëtzebuerg esou Avoiren wieren, selbstverständlech géifen déi drënner falen. Mir mussen do voll op dat setze wat eiser Plaz ofverlaangt gëtt. An d'Regierung ass do e Facteur deen dat net nëmmen encouragéiert, mä och imposéiert.

Serge Kesseler: Déi national Politik gouf an de leschten 2 Woche markéiert vun den Diskussiounen iwwer dem LSAP-Minister Nicolas Schmit seng Interventioune bei der Police. D'Oppositioun huet de Récktrëtt vum Minister gefuerdert. An de Premier huet betount, zanter 30 Joer hätt kee Minister méi sou schaarf vun engem Staatsminister misste kritiséiert ginn. Är Reaktioun, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Kommt, mir geheien elo net alles duercherneen. Mir hunn elo geschwat iwwer Egypten an iwwer Tunesien. Ech hu mech elo dorop konzentréiert, déi zwee lescht Deeg.

D'Affär Nicolas Schmit geet sengem Enn zou. Et läit alles do um Dësch an ech sinn iwwerzeegt, datt d'Lëtzebuerger sech eng Meenung driwwer elo gemaach hunn. Et ginn aner Problemer zu Lëtzebuerg an och an der Welt, wéi ëmmer erëm déi nämmlecht Dreschmaschinn do unzekierpen.

Serge Kesseler: Ëmmerhi geet et jo awer ëm d'Fro, ob et Muecht- oder Amtsmëssbrauch vun engem Minister gouf.

Jean Asselborn: Dat gëtt op deene Plaze gekläert déi dofir zoustänneg sinn, dat ass jo amgaangen. Wann ech richteg verstanen hunn, ass och gëschter an der Kommissioun net méi vun enger zweeter Affär geschwat ginn. Dir wësst och, datt Reformen ugekënnegt sinn.

Mir sinn alleguerten net frou, mengen ech, hei am Land, datt déi Fuiten do stattfonnt hunn an den Nicolas Schmit genéisst voll mäi Vertrauen.

Fir de Rescht, Dir wësst, Här Kesseler, datt ech nach aner Obligatiounen elo de Moien hunn an ech hunn dat ganz gäre mat Iech gemaach iwwer d'Aussepolitik, mä iwwer d''Innepolitik schwätze mir dann eng Kéier méi explizit, wa mir besser Zäit hunn.

Serge Kesseler: Wann Dir erlaabt, just nach eng lescht Fro: Sidd Dir, grad wéi den LSAP-Parteipresident Alex Bodry, der Meenung, datt probéiert gëtt eng Chasse à l'homme géint den Nicolas Schmit ze organiséieren.

Jean Asselborn: Do, mengen ech, läit den Alex Bodry net falsch.

Serge Kesseler: An esou wäit de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn. Merci fir dëse live-Interview.

Dernière mise à jour