Jean Asselborn au sujet de la situation politique en Lybie

Jean-Marc Sturm: Zu Bréissel daagt haut de Conseil vun den EU-Ausseministeren. Ee vun de Sujeten ass d'Revolte an e sëllegen arabesche Länner. De Problem ass, datt zum Beispill déi ganz kriddelech Situatioun den Ament a Libyen net iwwersiichtlech ass. Vu Bréissel, den Ausseminister Jean Asselborn.

Jean Asselborn (O-Toun): Wat sech elo genee ofspillt, ass net esou einfach, mengen ech, richteg anzeschätzen. Et huet ee jo ëmmer nëmmen Häppercher vun Informatiounen, well déi auslännesch Press net erlaabt ass fir a Libyen dobäi ze sinn. Et gëtt Gewalt ugewandt, ganz schrecklech Gewalt. Et gëtt Scharfschützen, déi mat Mitrailletten op d'Leit solle schéissen déi u Begriefnisser deelhuelen, oder eben do si fir hir Meenung no baussen ze artikuléieren, datt se net méi wëllen an deem blockéierte Regime liewen. Et gëtt geschwat vun engen 200 Leit déi schonn hiert Liewe verluer hätten.

Dir wësst, datt och de libysche Regime ka vill Chantage maachen doduerch, datt d'Grenze kéinten opgemaach ginn an esou 10.000e Leit aus Afrika an aus dem Maghreb versiche géife fir an Europa ze kommen. Mir wëssen dat. Bis elo huet jo d'Diplomatie versicht do Accorden ofzeschléisse mat Libyen. Wann dat alles net méi spillt, da gëtt et schwéier op deem Gebitt. Et gëtt schwéier fir Länner wéi Italien, Malta, Griichenland. Dat wësse mir, vläicht méi wéi fir aner Länner an der Europäescher Unioun. Mä et gëtt schwéier och fir d'ganz Europäesch Unioun.

Mä all dat ka keng Justifikatioun si fir op Leit ze schéissen, déi hir fräi Meenung äusseren. Dat muss ee ganz, ganz schaarf condamnéieren.

Jean-Marc Sturm: Verschidden EU-Länner denken den Ament driwwer no hir Bierger aus Libyen ze evakuéieren.

Jean Asselborn (O-Toun): D'Belsch zum Beispill, déi hu mir de Moie gesot, sie hätten eng 60 Leit nach a Libyen. D'Hollänner hunn der 150 a Libyen. Sie wärten, mat grousser Wahrscheinlechkeet, probéiere fir déi Leit auszefléien. Dat si gewéinlech Leit déi a Libyen geschafft hun.

Jean-Marc Sturm: Wat am allgemenge wichteg ass, esou de Jean Asselborn, ass de Leit an deene Länner elo Perspektiven an Hëllef ze ginn.

Jean Asselborn (O-Toun): Et wier méi wichteg, datt d'Welt sech géif am Allgemengen ëm d'Bekämpfung vun der Aarmut, vun Aarbechtslosegkeet a vu Perspektivlosegkeet an deene Länner investéieren, amplaz ëmmer erëm a militäresch Kapazitéiten z'investéieren. Dat géif der Welt virun hëllefen. An zumol och an de Relatiounen tëscht Afrika an Europa géif e Schratt an déi richteg Richtung gemaach ginn.

Ech mengen, mir als Lëtzebuerger brauche jo do keng Lektiounen ze kréien. Mir maachen do dat richtegt. Ech hoffen, datt déi Europäesch Unioun à la fin du compte dat Richteg mécht. Et muss um internationale Plang, virun allem awer och d'Groussmächten – ob dat d'Chinesen oder d'Amerikaner oder d'Russe sinn, Brasilianer oder Inder, eben déi Länner déi eropkommen, wierklech alles gemaach gi fir Programmer op d'Been ze stellen, esou datt déi Leit an deene Länner wou se liewen, wou hir Wuerzele sinn, wou eben déi Perspektivlosegkeet herrscht, esou datt déi gebrach gëtt. Et muss een doranner investéieren anstatt ëmmer erëm ze investéieren an Instrumenter fir d'Welt 100mol oder 1.000mol futti ze schloen.

Dernière mise à jour