Jean Asselborn au sujet de la résolution du Conseil de sécurité de l'ONU sur la Libye

Jean Asselborn: Ech fannen, datt et ganz richteg ass, datt d’international Gemeinschaft weist, datt se net nokuckt, datt de Gaddafi bis zum Schluss gréng Lut huet fir seng Leit am eegene Land ze massakréieren. D’UNO huet sech duerchgerongen elo, vläicht eng Woch ze spéid, dat ass méiglech.

Ech sinn och net ganz frou driwwer, datt déi 4 Länner déi aus der Europäescher Unioun am Conseil de sécurité sinn, Portugal, Frankräich an England an Däitschland, datt Däitschland sech enthalen huet, ma bon, dat ass en anere Problem.

DNR: Si quasi all militäresch Aktioune geplangt, bis op den Asaz vu Buedemtruppen? Mengt Dir, datt dat alleng duergeet, datt een ouni Buedemtruppen de Gaddafi kann an d’Knéien zwéngen?

Jean Asselborn: Ech sinn éischtens kee Militärspezialist, an zweetens mengen ech, datt ech do dat vollt Vertrauen an d’Leit vun der UNO hunn, datt si do dat Richtegt gemaach hu fir dat ëmzesetze wat mir musse maachen, dat heescht, net ewech kucken, net gläichgülteg sinn. Mir hunn als Europäesch Unioun gesot, keng Zukunft méi mam Gaddafi. Dat seet d’UNO och elo.

DNR: Eng éischt Reaktioun vum Gaddafi gëtt et och schonn. E seet, e géif der Welt d’Liewen zur Hell maache wann aner Länner säi Staat géifen ugräifen. Riskéiert déi international Communautéit net hei, nom Irak an dem Afghanistan, an e weidert Schluechtfeld ze rëtschen?

Jean Asselborn: Wéi serös datt ee kann de Gaddafi huelen, dat wëssen d’Leit alleguer, déi e puer Optrëtt do gesinn hunn. Ech mengen net, datt de Gaddafi, weder militäresch, nach en anert Potenzial huet fir d’Welt onsécher ze maachen. Dat ass net de Fall.

Dernière mise à jour