Jean Asselborn au sujet de sa visite de travail au Japon

Corinne Folscheid: De Flijer for op Tokio war knapp zu engem Drëttel voll, an och um Fluchhafen an der japanescher Haaptstad war et ganz roueg, esou en éischte Constat deen de Jean Asselborn gemaach huet. D’Stëmmung ass éischter gedréckt, virun allem awer war de lëtzebuerger Diplomatiechef iwwerrascht iwwer eng Ausso déi de japaneschen Ausseminister gemaach huet.

Jean Asselborn (O-Toun): Et sinn Ëmfroe gemaach ginn. Hien huet mir dat och gesot, an et sinn nach ëmmer 58% vun de Japaner déi fir d’Nuklearenergie sinn. Et ass also eng Astellung déi e wéineg anescht leeft wéi an der Europäescher Unioun. Ma mir musse wëssen, datt och a Japan déi Debatt de Moment nach net richteg um Lafen ass. De Moment fokusséiert sech alles dorop, wéi een deene Leit, déi nach Hëllef brauchen, kann hëllefen, a wéi een aus deem Lach erauskommen kann. Ma ech sinn awer och iwwerzeegt, datt déi Debatt duerno, ähnlech wéi an Europa, sech wäert a Japan entwéckelen. Dëst ass bis elo allerdéngs, dat muss ee soen, net de Fall.

Corinne Folscheid: Lëtzebuerg huet no der Katastrof 250.000 Euro den Hëllefsorganisatiounen zur Dispositioun gestallt, e Geste deen déi japanesch Regierung honoréiert. Zur Sprooch koumen och d’Relatiounen tëscht der Europäescher Unioun a Japan. De japaneschen Ausseminister wënscht sech en Handelsofkommes tëscht Japan an der EU, well et ginn nach ëmmer verschidde Barrièren déi solle verschwannen, wéi zum Beispill um Niveau vun der Automobilindustrie, dem Pharmaberäich, der Landwirtschaft ...

Jean Asselborn (O-Toun): Awer och bei Soumissiounen: do ass et quasi onméiglech fir d’Europäer fir Soumissioune matzemaachen a Japan. Dir gesitt, dat sinn also Problemer vun der enger Säit a Problemer vun der anerer Säit. Wann een elo emol dat kann esou identifizéiere wéi et ass, an dann de Wëllen huet fir dat fäerdegzebrénge wat d’Europäesch Unioun fäerdeg bruecht huet mat Korea d’lescht Joer, da misst dat och mat Japan ze maache sinn. An do zielen d’Japaner ganz staark och op Lëtzebuerg – mir, déi sech ëmmer asetze fir d’Barrièren ofzebauen – datt esou en Ofkommes an den nächste Méint kann zustane kommen.

Dernière mise à jour