Jean Asselborn au sujet de sa visite de travail en Corée du Sud

Jean Asselborn (O-Toun): Südkorea ass an enger ganz schwiereger Situatioun, an et musst gehofft ginn, um internationale Plang, datt virun allem déi Muechte wéi d’Amerikaner engersäits, awer och d’Chineesen, d’Russen, déi och vill méi eng konstruktiv Roll elo spillen, an d’Japaner, datt sech erëm kéint zesummegesat ginn, éischtens emol bilateral tëscht dem Norden an dem Süden, ma awer och an deene 6-Party-Talks, dat ass also déi 6 Parteien déi sech ëm d’Denuklearisatioun vun der Hallefinsel Suerge maachen, datt do erëm déi Gespréicher kéinten ugoen.

Corinne Folscheid: Südkorea fuerdert allerdéngs als Conditioun fir sech nees un een Dësch ze setzen eng Excuse vu Säite vun NOrdkorea. E weidere Sujet waren d’Relatioune mat der Europäescher Unioun. Et läit en Handelsofkommes um Dësch, dat schonn duerch d’Europaparlament and e Conseil gaangen ass. Et gouf 4 Joer dru geschafft an et handelt sech ëm dat éischt Handelsofkommes dat d’Europäesch Unioun an deem genre huet. Deem virausgaange sinn awer vill a laangwiereg Gespréicher, esou de Jean Asselborn

Jean Asselborn (O-Toun): Dir kënnt Iech virstellen, datt virun allem an Italien a Frankräich d’Automobilindustrie sech dogéint gewiert huet, wa géifen d’Zölle ewechfalen. Mir musse wëssen, datt haut och südkoreanesch Autoen, déi an Europa sinn, virun allem an Europa gebaut ginn, 80% dovun, esou datt dat net méi deen Impakt huet deen et eng Zäit hat. Ma elo hänkt et net an Europa, ma et hänkt e wéineg hei. Hei ass en zimlech agressiven Ëmgang tëscht Oppositioun a Majoritéit.

Dernière mise à jour