Jean-Marc Sturm: En Vue vum EU-Sommet d’nächst Woch e Mëttwoch war de Premier Jean-Claude Juncker haut op Visite zu Berlin, wou hien Entrevuen mat der Kanzlerin Angela Merkel, dem däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble an och dem SPD Kanzlerkandidat Peer Steinbrück hat. Ee vun de Sujeten nächste Mëttwoch ass d’europäesch Steierpolitik. Lëtzebuerg wëll jo bekanntlech d’Bankgeheimnis am Januar 2015 ofschafen an den automateschen Informatiounsaustausch aféieren. Dobäi soll et och bis op Weideres bleiwen. Éier weider Schrëtt ënnerholl ginn misst d’EU fir d’éischt Accorden mat Drëttstaaten wéi der Schwäiz oder Monaco aushandelen, huet de Staatsminister haut och zu Berlin betount:
Jean-Claude Juncker: Ech hunn esou wuel dem Bundesfinanzminister wéi och dem Chef vun der Oppositioun an Däitschland, dem Här Steinbrück wéi och der Bundeskanzlerin gesot, datt mir iwwer déi Linn net wäerten d’nächst Woch eraus goen, well mir fannen, datt mir e grousse Schrëtt gemaach hunn, dee jo och allgemeng unerkannt gëtt, an Zoustëmmung fënnt. Mee mir wéisste gären wéi déi selwecht Finanzprodukter, wéi déi déi mir zu Lëtzebuerg kommerzialiséiert hunn an weider wäerte maachen, an der Schwäiz an op aner Plazen behandelt ginn. Den Drock an där Fro kënnt net vun Däitschland, dat hunn ech a menge Gespréicher mat der Madame Merkel an mam Här Schäuble gemierkt. Den Drock kënnt éischter vu Paräis. An ech wäert och an den nächsten Deeg nach Kontakt mam franséische Staatspresident, mam Här Hollande, huelen fir mech virun der Sitzung iwwer déi Froen mat him z’ënnerhalen.