"Impfbus" nees am Asaz vum 19. Abrëll un

No enger kuerzer Wanterpaus, hëlt den Impfbus seng Aktivitéit nees op.

Nächst Rendez-vouse vum Impfbus:

  • Dënschdeg, 19.04.2022 vun 12:00 bis 18:00 Auer: P+R Bouillon, Stad Lëtzebuerg
  • Mëttwoch, 20.04.2022, vun 12:00 bis 16:00: Belle Étoile Shopping Center, Bartreng
  • Donneschdeg, 21.04.2022 vun 12:00 bis 16:00 Auer: Zone industrielle Cloche d'Or, Stad Lëtzebuerg

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Rappel: verschidden Impfplaze maachen ab dem 16. Abrëll zou

Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck

  • D'Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck sinn ab dem Samschdeg, 16. Abrëll um 13:00 Auer zou.

"Pop Up" Impfung

  • D'Popups an de Shoppingzentere sinn ab dem Samschdeg, 16. Abrëll zou.
  • De Popup Gare Lëtzebuerg ass ab dem Freideg, 15. Abrëll zou.

D'Lëscht vun den Impfzenteren, Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit www.covid19.lu.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert