COVID-19-Impfung: Eng 4. Dosis fir Persounen ab 80 Joer

Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) an dem Avis vun der EMA an dem ECDC, kënne Persounen ab 80 Joer eng 4. Dosis vun der COVID-19-Impfung kréien. Déi 4. Dosis gëtt mindestens 4 Méint no der leschter Booster-Dosis administréiert. Den Impfstoff vun der 4. Dosis ass een mRNA-Impfstoff. Mat dëser Booster-Impfung soll den héijen Impfschutz oprechterhale ginn, deen déi betraffe Persoune géint eng Infektioun, schwéier Krankheetsverleef oder Doudesfäll opgebaut hunn.

Et sief dorun erënnert, dass all immunodepriméiert Persounen (mat Organ- oder hämatopoetesche Stammzellentransplantatiounen, Patienten, déi sech enger lymphopenescher Chimiotherapie oder enger immunsuppressiver Therapie ënnerzéien, oder Persoune mat engem primitiven Immundefizit) oder Patienten ënner Dialys, déi iwwer 18 Joer hunn, eng 4. Dosis vum Impfstoff kréie kënnen. Dëst ka fréistens 3 Méint no der leschter Injektioun geschéien.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi betraffe Persoune kréie vun der Lëtzebuerger Regierung eng Invitatioun per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous am Impfzenter Victor Hugo, bei hirem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

D'Lëscht vun den Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit covidvaccination.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert