COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Juli 2022

An der Woch vum 11. bis de 17. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.616 op 4.830 erofgaangen (-14%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 11. bis de 17. Juli duerchgefouert goufen, ass vu 14.294 op 13.168 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 67 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 54 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.329. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op de 17. Juli, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 10.780 erofgaangen (am Verglach zu 11.665 den 10.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 259.754 op 265.463 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 41,9 Joer.

An der Woch vum 11. bis de 17. Juli goufen et 6 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer.

An de Spideeler goufen et 28 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 28 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 0 op 1 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 58 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,83 géintiwwer 0,99 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 36,68%, géintiwwer 39,29% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 748 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 870 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux a follgenden Altersgruppen erofgaangen: 0-14 Joer (-23%), 15-29 Joer (-15%), 30-44 Joer (-13%), 45-59 Joer (-17%), 60-74 Joer (-6%).

Eng Hausse ass bei der Altersgrupp 75+ festgestallt ginn (+16%) Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 751 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 1.318 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der Woch unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren, sou wéi nozevollzéien wéi vill vun de positive Fäll bannent de 14 Deeg virum Testresultat op enger Auslandsrees waren.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 11. bis de 17. Juli 2022, goufen am Ganzen 6.515 Dosissen aginn. 58 Persoune kruten eng 1. Dosis, 103 kruten déi 2. Dosis, 634 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 5.711 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 9 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 17. Juli op 1.287.759.

474.194 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,9% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site   www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäit ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Impfzenter Victor Hugo Hal

Persounen ab 60 Joer, souwéi vulnerabel Persoune bei deenen de Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19 besteet an déi eng schrëftlech Recommandatioun vun hirem Dokter hunn, kënnen eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien.

 An dësem Kader wäert den Impfzenter Victor Hugo ausnamsweis tëschent dem 12. Juli an dem 13. August nees op sinn. Persounen, déi sech impfe loosse wëllen, ginn ausserdeem dozou opgeruff, d'Impfméiglechkeeten an den Dokteschcabineten, Apdikten an dem Impfbus ze notzen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn:   covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 27. an der 28. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Souwuel op nationalem, wéi och op regionalem Niveau, ass d'Tendenz änlech wéi déi vun der viregter Woch, mat enger Stabilisatioun vun de SARS-CoV-2-Stréim op héijem Niveau, wat op eng weiderhin héich Presenz vum Virus an der Populatioun hiweist. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert