COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. November 2022

An der Woch vum 14. bis den 20. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.057 erop, par Rapport zu 913 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 622 Re-Infektiounen, dat sinn 37,0% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 518 (36,2%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 14. bis den 20. November duerchgefouert goufen, ass vu 6.475 op 6.559 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod hu 15 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.732. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 20. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.473 geklommen (am Verglach zu 2.315 de 13. November), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 300.909 op 301.804 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 45,9 Joer.

An der Woch vum 14. bis den 20. November, goufen et 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 67 Joer.

An de Spideeler goufen et 17 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 14 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 61 Joer. 

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,13 géintiwwer 0,97 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 16,12%, géintiwwer 14,10% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 164 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 142 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Wann een d'Re-Infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 261 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 485 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA)

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux no Alterstranche mat abegraff (Quell INSA). Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an den Alterstranchen 90+ (67%) an 10-14 Joer (67%) eropgaangen, gefall ass den taux an den Altersgruppen 0-4 Joer (-5%), 15-19 Joer (-8%), 65-69 Joer (-13%) a 75-79 Joer (-6%).

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 86 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 425 Fäll pro 100.000 Awunner. 

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 14. bis den 20. November 2022 goufen am Ganzen 1.669 Dosissen aginn: 15 Persoune kruten eng 1. Dosis, 24 kruten déi 2. Dosis, 119 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.445 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 65 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 21. November op 1.292.074.

474.814 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Fermeture vum Impfzenter Esch-Belval

Den Impfzenter Esch-Belval geet e Samschden, de 26. November 2022 um 13:00 zou. De leschte méiglechen Horaire fir sech impfen ze loossen ass deemno Samschdes, de 26 November vu 7.00 bis 13.00 Auer.

Contact tracing: Wéi kritt ee seng Isolatiounsordonnance?

Mam neie COVID-19-Gesetz gëtt de Contact Tracing ugepasst: Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft: Gitt an d'Eegen-Isolatioun. Fir Är Isolatiounsordonnance ze kréien, kënnt Dir de Formulaire fir d'Deklaratioun mat der Referenz REFCP ausfëllen op: www.covid19.lu.

Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft, kritt Dir och eng SMS vu folgender Nummer: +352 621 203 000 ​

Weider Informatiounen op covidtracing.lu

Impfméiglechkeeten

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 45. an der 46. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. D'Baisse, déi an der Woch 44 observéiert ginn ass, gouf op nationalem Niveau bestätegt. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

 

Aktualiséiert