Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis den 15. Januar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza).

COVID-19

An der Woch vum 9. bis den 15. Januar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 660 erof, par Rapport zu 990 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 34% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 45,8% Re-Infektiounen, géintiwwer 43,1% an der Woch virdrun.

Et gouf 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 82 Joer.

An de Spideeler goufen et 21 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 23 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 76 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 9. bis den 15. Januar 2023, goufen am ganzen 704 Dosissen aginn. 9 Persoune kruten eng 1. Dosis, 16 kruten déi 2. Dosis, 67 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 570 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 42 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 16. Januar 2023 op 1.292.911.

474.937 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval

Fir den Zougang zu der Impfung z'erliichteren, gëtt ëmmer freides, an dat bis de 17. Februar 2023, vun 10:00 bis 16:00 Auer, am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack ee Pop-up Impfzenter opgemaach.

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéieren d'Varianten Omicron BQ.1 a representéieren 69,4% an der 1. Woch vun 2023 (75,1% an der 52. Woch vun 2022). Déi rekombinant Variant XBB representéiert 8,8% an der 1. Woch vun 2023 (4,7% an der 52. Woch vun 2022).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 24. Januar 2023 virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 2 an 3.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

©MSAN

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 9. bis den 15. Januar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 507 op 192 erof, wat e Réckgang vu 62% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Den Ofwäertstrend vun deene leschten zwou Woche bestätegt sech.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert