Pressebriefing: D'Membere vum Klima-Biergerrot presentéieren hir Propositioune fir géint de Klimawandel virzegoen

De Klima-Biergerrot, deen de Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel, am Oktober 2021 a senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt hat, gouf am Januar 2022 offiziell lancéiert. D'Aarbechte vum Klima-Biergerrot, dee sech aus 60 aktive Memberen a 40 Suppleanten zesummesetzt, sinn elo ofgeschloss.

No aacht Méint intensive Berodungsgespréicher, sëllegen Debatte mat Experten, ettlechen Aarbechtsweekender an Dosende vu Visitten um Terrain, hunn d'Memberen hir Propositioune fir weider géint de Klimawandel virzegoen demokratesch festgehalen.

De 15. September presentéieren d'Membere vum Klima-Biergerrot enger Vertriedung vun der Regierung hir Propositiounen. Vertruede gëtt se duerch de Premierminister, Xavier Bettel, de Minister fir Energie, Minister fir Landesplanung, Claude Turmes, an d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring.

Dono presentéieren d'Representante vum Klima-Biergerrot d'Propositioune virun der Press.

Den Här Raphaël Kies, Fuerscher op der Universitéit Lëtzebuerg a Member vum Begleedungscomité vum Klima-Biergerrot, gëtt bei där Geleeënheet detailléiert Erklärungen zum Mandat vum Klima-Biergerrot.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Membere vum Klima-Biergerrot hir Propositiounen Ufank Oktober de kompetente Chamber-Kommissioune presentéiere wäerten. Doropshi fënnt de 25. Oktober 2022 eng Consultatiouns-Debatt an der Chamber statt. 

De Livestream fänkt géint 12 Auer un.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.

Aktualiséiert