-
Laut Statec kéint eng zweet Indextranche am Laf vum Joer 2023 erfalen
De Statec huet haut seng neiste Previsioune fir d'Inflatioun fir 2023 an 2024 publizéiert. Deemno soll d'Inflatioun 2023 bei 3,4% an 2024 bei 4,8% leien.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sirenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Februar 2023, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.
-
Konstruktiven Echange mat de Vertrieder vu Landwirtschaft, Wäibau a Gäertnerei beim "Agrarsommet"
Op Ufro vum Agrarsecteur haten de Staats- a Premierminister Xavier Bettel, de Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Vertrieder aus der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Gäertnerei de 26. Januar 2023 op den "Agrarsommet" um Schlass Senneng invitéiert.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Dezember 2022
An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.464 erop, par Rapport zu 1.440 an der Woch virdrun.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Dezember 2022
An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.440 erop, par Rapport zu 1.214 an der Woch virdrun.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. November bis de 4. Dezember 2022
An der Woch vum 28. November bis de 4. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.214 erop, par Rapport zu 1.164 an der Woch virdrun.
-
LU-Alert: D'Iwwerschaffe vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Populatioun setzt op eng technologesch Spëtzeléisung
Zanter 2021 schafft d'Regierung, ënnert der Koordinatioun vun der Inneministesch, um Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sirenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 5. Dezember 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. November 2022
An der Woch vum 21. bis den 27. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.164 erop, par Rapport zu 1.057 an der Woch virdrun.
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis den 15. Januar 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
Benelux Sommet
Am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence vum Ministerkommitee vun der Benelux-Unioun, huet den 28. November 2022 de Benelux-Sommet um Buerglënster Schlass stattfonnt. Déi Lëtzebuerger Presidence konzentréiert sech besonnesch op dräi Prioritéiten: Gestäerkt aus der Pandemie ervirgoen, d'Synergië mat de Nopeschregioune promovéieren a sech fir eng gréng, sécher a kompetitiv Benelux-Unioun asetzen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. November 2022
An der Woch vum 14. bis den 20. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.057 erop, par Rapport zu 913 an der Woch virdrun.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. November 2022
An der Woch vum 7. bis den 13. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 913 erop, par Rapport zu 873 an der Woch virdrun.
-
Datum fir d'Chamberwalen
D'Regierung wëll déi interesséiert Persounen doriwwer informéieren, datt, entspriechend dem Artikel 134 vum Walgesetz, d'Chamberwale Sonndes, den 8. Oktober 2023 stattfannen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Oktober bis den 6. November 2022
An der Woch vum 31. Oktober bis de 6. November fällt d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 873, par Rapport zu 1.560 an der Woch virdrun.
- Éischt Säit
- ...
- 2
- 3
- 4
- 5
- 6
- ...
- Lescht Säit