Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 243 Resultater
  1. Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 5. Dezember 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.

  2. Am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence vum Ministerkommitee vun der Benelux-Unioun, huet den 28. November 2022 de Benelux-Sommet um Buerglënster Schlass stattfonnt. Déi Lëtzebuerger Presidence konzentréiert sech besonnesch op dräi Prioritéiten: Gestäerkt aus der Pandemie ervirgoen, d'Synergië mat de Nopeschregioune promovéieren a sech fir eng gréng, sécher a kompetitiv Benelux-Unioun asetzen.

  3. D'Regierung wëll déi interesséiert Persounen doriwwer informéieren, datt, entspriechend dem Artikel 134 vum Walgesetz, d'Chamberwale Sonndes, den 8. Oktober 2023 stattfannen.

  4. An der Woch vum 3. bis den 9. Oktober geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 3.004 erop, par Rapport zu 2.324 an der Woch virdrun. Dobäi kommen 1.246 Re-Infektiounen, dat sinn 29,3% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 876 (27.4%) an der Woch virdrun.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. 6
  8. ...
  9. Lescht Säit