-
Nationalfeierdag 2022: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie den 23. Juni 2022 um 10 Auer − Invitatioun fir d'Ëffentlechkeet
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc gëtt eng offiziell Zeremonie den 23. Juni 2022 an der Philharmonie Luxembourg ofgehalen.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Juni 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage, deen dës Kéier awer nëmmen an enger bestëmmter Zon getest gëtt.
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung.
D'Iwwerpréiwung vun de Resultater vun der Ënnerschrëftesammlung vun all Gemeng ergëtt Follgendes.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee
An der Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.311 op 3.641 erofgaangen (-16%).
-
Regierungsëmbildung
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, dass de Grand-Duc haut de Moien d'Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op eegene Wonsch entlooss huet.
-
Test vum nationale Warnsystem: Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun schéckt d'Regierung de Méinden, 2. Mee 2022, eng Test-Warn-SMS un d'ganz Bevëlkerung.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Abrëll
An der Woch vum 11. bis de 17. Abrëll ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 6.172 op 5.403 erofgaangen (-12%).
-
COVID-19-Impfung: Eng 4. Dosis fir Persounen ab 80 Joer
Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) an dem Avis vun der EMA an dem ECDC, kënne Persounen ab 80 Joer eng 4. Dosis vun der COVID-19-Impfung kréien.
-
"Impfbus" nees am Asaz vum 19. Abrëll un
No enger kuerzer Wanterpaus, hëlt den Impfbus seng Aktivitéit nees op.
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung.
Well Gesamtzuel vu gültegen Ënnerschrëften ënner 25.000 läit war d'Ufro vum 2. Februar 2022 fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung war net erfollegräich.
-
Pressebriefing: Signature vum Ofkommes tëschent der Regierung, der UEL, der CGFP an dem LCGB no der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite
No senger Deklaratioun an der Chamber, ënnerschreift de Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel den Accord, deen no de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite, zesumme mat de Vertrieder vun der UEL, dem LCGB an der CGFP fonnt gouf. No der Ënnerzeechnung fënnt eng gemeinsam Pressekonferenz statt. De Livestream fänkt géint 16:10 Auer un.
-
Pressekonferenz no der Tripartite
D'Regierung presentéiert, zesumme mat de Sozialpartner, d'Resultater vun der Tripartite, déi aberuff gouf, fir Mesurë géint den Impakt vun der Inflatioun op d’Stéit an d'Entreprisen ze decidéieren. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 17. Mäerz 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung.
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
Verschidden Impfplaze maachen ab dem 16. Abrëll zou
Ab dem 16. Abrëll maachen déi 2 Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck an déi verschidde Pop Ups hir Dieren zou.
- Éischt Säit
- ...
- 5
- 6
- 7
- 8
- 9
- ...
- Lescht Säit