-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, zesumme mam Romain Schneider als stellvertriedende Gesondheetsminister, informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
De Romain Schneider huet um ausseruerdentleche Conseil vun den EU-Gesondheetsministeren zum AstraZeneca Impfstoff deelgeholl
No der Analys vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) zum COVID-19-Impfstoff Vaxzevria (virdrun AstraZeneca), sinn d'Gesondheetsministere vun der EU dëse Mëttwoch, 7. Abrëll, per Videokonferenz beieneekomm, fir iwwert eng gemeinsam Strategie zum zukünftegen Asaz vum Vaxzevria Impfstoff ze beroden.
-
Start vun der Phas 5 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 5 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 14).
-
Start vun der Phas 4 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 4 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 13).
-
Aféierung vun enger Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der 2. Phas vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 2. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der 3. Impfphas.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15:30 Auer un.
-
-
Temporäert Aussetze vun der Impfung mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca
Nodeems verschidden EU-Memberstaaten, dorënner Frankräich an Däitschland, sech fir en temporäert Aussetze vun den Impfunge mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca entscheet hunn, huet Lëtzebuerg decidéiert sech deem unzeschléissen.
-
Start vun der Phas 3 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 3 vun der Impfcampagne gi viraussiichtlech Enn nächster Woch verschéckt (Woch 11). Weider Informatiounen zu de genauen Datumer ginn nodréiglech matgedeelt.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
Aféierung vun enger Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der éischter Phas vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 1. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der 2. Impfphas.
-
Start vun der 2. Phas vun der COVID-19-Impfcampagne
Bis Enn der Woch ginn d'Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 2 vun der Impfcampagne verschéckt.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
-
Nächst Phas an der Ëmsetzung vun der COVID-19-Impfcampagne zu Lëtzebuerg (Phas 2)
De Regierungsrot huet haut, op Basis vum Avis vum 21. Januar vun der nationaler Ethikkommissioun (C.N.E.), déi nächst Phas vun der Impfcampagne festgehalen.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 18:30 Auer un.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- ...
- Lescht Säit