Transcription des propos du Premier ministre lors de la conférence de presse à l'issue de la 5e réunion du Comité de coordination tripartite

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech soen Iech merci, datt Dir, wéi d’Lëtzebuerger soen, on short notice Iech hei am Ministère d’État afonnt hutt.

Dir wësst, datt mir haut eng ofschléissend Ronn vun der Tripartite hätte sollten hunn. Mir sinn awer zu kengem Ofschloss komm, wouriwwer ech maasslos enttäuscht sinn, datt et eis als Sozialpartner, als Regierung net gelongen ass, zu engem, vu jiddwerengem ze droenden Accord ze kommen.

Ech sinn enttäuscht, well ech dat fir eist Land net gutt fannen, datt mir aus dem Konsensrythmus, wéi ech hoffe vorrübergehend, eraus komm sinn, well ech mengen, datt ee grad an engem klenge Land ëmmer erëm muss probéiere konsensbildend Elementer a grousser Zuel zesummen ze droen, fir datt een als kleng Kollektivitéit an enger, e bësse sech schwiereg gestaltender Welt eens gëtt.

Et ass Iech an Erënnerung, datt ech am Januar ugefaangen hunn, well d’Fronten tëscht de Sozialpartner verhäert waren, eng Série vu bilaterale Gespréicher ze féieren, esouwuel am Januar, wéi och am Februar, wéi och am Mäerz, wéi och am Abrëll, ëmmer erëm an ëmmer erëm.

Ech hunn haut de Mëtteg an der Tripartite déi 140. Verhandlungsstonn mat de Sozialpartner ugefaangen, hunn also keng Méih gescheit fir Standpunkter beieneen ze bréngen a fir ze hëllefen Positiounen z’entwäerfen, déi en Accord zougelooss hätten.

Mir hunn als Regierung d’Suerg ëm d’Mënschen hei am Land an huelen och d’Suergen, déi d’Gewerkschaften ausdrécken, eescht. Mir gesinn awer, och mam Bléck an d’Zukunft, wat d’Problemer sinn déi sech op eist Land zoubeweegen, wa mir si net an de Grëff huelen, wa si nach an de Grëff ze kréie sinn.

Mir si matten an enger Finanz- a Wirtschaftskris. Déi Finanz- an déi Wirtschaftskris ass net duerch d’Schold vun de Lëtzebuerger ausgeléist ginn. Si ass net ausgeléist ginn duerch Feelverhale vu lëtzebuerger Gewerkschaften, vu lëtzebuerger Politiker, vu lëtzebuerger Patronen. Et ass eng Wirtschafts- a Finanzkris, déi iwwer eis eragebrach ass, esou wéi et iwwer all Länner an Europa a wäit, wäit iwwer Europa eraus eragebrach ass.

Elo musse mir eis, well dat d’Faktlage ass, mat de Konsequenze vun där Kris ausernee setzen. Déi Ausernanersetzung ass keng, déi Freed mécht. De Gewerkschaften net, de Patronatsverbänn net, de Membere vun der Regierung net, mir och net. Mä mir mussen eis, well all Lëtzebuerger sech mat de Konsequenze muss ausernee setzen, a well eis ganzt Land sech mat de Konsequenze muss ausernee setzen, eis och mat de Konsequenzen esou ausernee setzen, datt kee Schued entsteet an den nächste Joeren, deen esou grouss gëtt, datt mir en net méi agedämmt kréien.

Mir sinn nodrécklech der Opfaassung, dat geet och aus den Declaratioune vum Wirtschaftsminister ervir, an aus de Constatë vum Observatoire vun der Competitivitéit, datt mir e Competitivitéitsproblem hei am Land hunn. Mir hunn an deene leschte Joeren u Competitivitéit par rapport zum Ausland verluer.

Dofir sinn ech frou, datt dee gréissten Deel vun de Propositiounen déi de Wirtschaftsminister virgeschloen a virgeluecht huet zur Nees-Hierstellung vun enger méi muskléierter Competitivitéit och e grosso modo Accord vun alle Partner an der Tripartite fonnt hunn.

Mir hunn awer eis dozou duerchrénge mussen, esou wéi mir dat och virun de Wahle gesot haten, zu enger Rei vu Budgetsaspuerungen. A mir hunn eis op de Prinzip gëeenegt, deen ass jo och net contestéiert, datt mir Moossname musse virleeën, déi doranner bestinn, datt mir 2/3 vum Effort dee mir musse maachen, duerch Aspuerungen am Staatsbudget realiséieren, an 1/3 duerch eng Augmentatioun vun de staatleche Recetten.

Déi Moossnamen hu mir virgeluecht an der Tripartite den 10. Abrëll. A mir hunn déi Moossnamen haut och explizitéiert, eise Partner géigeniwwer, wéi och an de Virgespréicher déi ech mat hinnen hat, fir däitlech ze maachen, datt Munches wat ugeholl ginn ass, net stëmmt.

De Finanzminister hat gesot, wéi en am Numm vun der Regierung déi Moossname virgeluecht huet, dat wier mat vill Nuancen ze betruechen, a mir hunn déi Nuancen haut präziséiert. Ech kann elo net am Detail dorop agoen. Beispillsweis hu mir präziséiert, datt Leit déi iwwer 21 Joer al sinn an d’Kannergeld net méi virun ausbezuelt kréien, op d’mannst dee selwechte Montant wéi deen, deen dem Kannergeld entsprach hätt, ënner Form vu Boursen a vu Prêtë géifen zur Verfügung gestallt kréien, esou, datt kee Mënsch, dee wëll studéieren, ënner deem Spuerpak ze leiden hätt. Mir si jo net vum totale Lämmes gebass a wëllen d’Méiglechkeeten déi jonk Lëtzebuerger hu fir ze studéieren aschränken. De Géigendeel ass de Fall.

Et sinn an deene leschte Wochen, an deene leschten Deeg nei Moossnamen an d’Diskussioun komm, wéi beispillsweis d’Augmentatioun vun der TVA am Logement vun 3% op 6%. Déi Moossname si vun alle Sozialpartner, respektiv vun eenzelne Sozialpartner ofgelehnt ginn, esou datt d’Regierung déi Propositioun, fir dat als Beispill ze huelen, net weider presentéiert huet.

Mir hu Spuermoossname virgeluecht, mir hu Steiererhéijunge virgeschloen, dat ass keen agreabele Virgang. Déi Moossname fir ze spueren an déi Erhéijunge vun de Steiere géifen déi Leit déi méi breet Schëlleren hu wiesentlech méi belaaschte, wéi déi Leit déi schmuel Schëlleren hunn.

Dat hu mir haut alles explizéiert. Mir hu gläichzäiteg eise Partner gesot – well mir net wëlle mam Kapp duerch d’Mauer goen – datt mir géifen drop verzichten, mä dat ass dat eenzegt Element am Pak wourop mir wierklech verzichten, datt mir déi esou genannten Ofschafung vun der esou genannter Allocation de rentrée scolaire géifen aus dem Moossnamepak zréckzéien, obscho mir nach haut Propositioune gemaach hu wéi een den Impakt vun där Moossnam kéint ofschwächen. Mä ech hunn am Laf vun der Sitzung einfach déi Moossnam zréckgezunn.

Op deene Spuermoossnamen, iwwer déi ech am Detail mat de Gewerkschaften a mat de Patronen an deene leschte Woche geschwat hunn, si mir eis bal eens ginn. Quitte, datt ee selbstverständlech, well dat komplizéiert Mechanismë sinn, am Detail nach hätte missen an den nächste Wochen doriwwer diskutéieren.

Ech war dunn awer haut de Mëtteg mat der Situatioun konfrontéiert, datt esouwuel Patronë wéi Gewerkschafte gesot hunn, si kéinte sech eréischt e Bild iwwer steierlech Moossnamen an iwwer Aspuerungsmoossname maachen, wa si ganz genee wéissten, wéi et an der Indexfro géing viru goen.

Et ass ënnergaangen, an de leschte Wochen, datt ech am Numm vun der Regierung de Patronatsvirschlag fir de Moratoire vun 2 Joer beim Index ze maachen, scho viru Wochen ofgelehnt hunn. Ech hunn dat keng gutt Propositioun fonnt. Grad wéi ech och am Numm vun der Regierung de Patronatsvirschlag zréckgewisen hunn, fir de Mindestloun op den 1. Januar 2011 net z’erhéijen. Mir erhéijen deen den 1. Januar 2011.

Ech hunn am Numm vun der Regierung all Virschléi ronderëm eng weider Flexibiliséierung vum Aarbechtsrecht ofgelehnt, well mir net schlësseg konnt virgefouert ginn, wisou a firwat datt dat noutwenneg wier.

Mä mat der Fro confrontéiert, haut de Mëtteg, wéi et da mam Index géif virugoen, nodeem ech all méiglech Variante ronderëm déi Fro déi lescht Wochen, an déi lescht Deeg virun allem, mat de Sozialpartner a mat de politesche Parteien an an der Regierung getest an duerchgetest hat, hunn ech fonnt, et wier meng Verantwortung als Chef vun der Regierung, eng Propositioun ze maachen, wéi et mam Index kéint viru goen.

An dofir hunn ech de Sozialpartner haut de Mëtteg proposéiert, datt mir zur zukünfteger Gestaltung vun der Indexproblematik missten d’Pëtrolsprodukter aus dem Wuerekuerf vum Index eraushuelen. An ech hunn dat och argumentéiert a plädéiert. An dat ass mir eescht gemengt, och wann déi Propositioun mir net einfach fällt.

Et ass meng Meenung, et ass definitiv meng Meenung, et kann net esou sinn, datt wann an der Welt Phänomener passéieren, déi et mat sech bréngen, datt de Pëtrolspräis de Kopplabunz schléit a sech staark no uewe beweegt, oder datt op Grond vun enger Reprise vum Weltwirtschaftswuesstëm, an dat geschitt de Moment, de Pëtrolspräis wéinst enger méi grousser Nofro an d’Lut geet, datt dat automatesch an ouni weider Iwwerpréifung zur Konsequenz kann hunn, datt all lëtzebuerger Betrib, besonnesch déi kleng Betriber, op deenen eisen Aarbechtsmaart berout – et sinn déi kleng an déi mëttel Betriber, déi Aarbechtsplaze schafen, täteg sinn an eiser Ekonomie – datt dës kleng Betriber, wéi och anerer, automatesch hir Paië mussen an d’Lut setzen, well de Pëtrolspräis, duerch Phänomener déi näischt mat eisem Wierken ze dinn hunn, an d’Lut geet.

Et ass net de Moment fir salopp ze schwätzen, mä wa BP eng Buerinsel versenkt an doduerch d’Pëtrolspräiser an d’Lut ginn, dat huet näischt mat der Produktivitéit a mat dem Schaffe vun de Beschäftegten an enger lëtzebuerger Bäckerei, an enger lëtzebuerger Schräinerei, an enger lëtzebuerger Schlässerei ze dinn. Déi sinn Abnehmer vu Phänomener, déi enzwousch anescht lassgetruede ginn, mä fir déi si musse bezuelen, ouni datt sech an hirem Geschäftsgebaren iergend eppes geännert huet.

Dat muss ee verstoen, datt virun allem déi kleng Betriber, déi mëttelstänneg Betriber net kënnen Affer gi vu Virgäng op der Uelegpräisfront, op déi mir als Land keen Afloss hunn.

Ech sinn awer sensibel fir Argumenter gewiescht, an dofir hunn ech an der leschter Ronn net proposéiert, fir d’Uelegprodukter, d’Pëtrolsprodukter ganz aus dem Index ze huelen, mä vun engem gewëssene Präisniveau un, iwwer dee mir hätte kënnen diskutéieren, andeems mir eis dorop eens gesat hätten, weider Uelegpräiserhéijungen net méi am Index ze repercutéieren. Also net de Pëtrol eraus ze rappen, mä vun engem gewëssene Präisniveau un, d’Pëtrolspräisser net méi, wa se klammen, an d’Indexmiessung d’Pëtrolspräiser z’iwwerdroen.

Ech si sensibel fir dat Argument, wat doranner besteet, datt d’Leit jo awer, wa se op hir Aarbecht fueren, mussen op der Pompel méi deier hire Bensin an hiren Diesel bezuelen. Dofir hunn ech virgeschloen haut de Mëtteg, wéi och schonn an deene leschten Deeg, de Gewerkschaften, fir de gratis ëffentlechen Transport anzeféieren. Esou datt jiddwereen d’Méiglechkeet hätt, an d’Méiglechkeet besteet a ganz ville Fäll, net méi mam Auto mussen ze fueren, mä gratis op Bus an op Eisebunn ëmzeklammen. A gläichzäiteg gesot, dat steet an der Regierungserklärung, datt do wou mir keng flächendeckend a gutt fonctionnéierend Verbindungen hunn, e System vu Ruffbusser aféieren, wéi mir dat an eenzelne Gemengen hei am Land schonn hunn.

Ech hunn d’Gewerkschaften händeringend gebieden, mat esou enger Propositioun averstanen ze sinn, d’Pëtrolspräisser net méi voll op den Index duerchschloen ze loossen, an de gratis ëffentlechen Transport als Géigeleeschtung zu deem Effort zu Lëtzebuerg anzeféiere fir d’Ekonomie ze schounen, fir d’Competitivitéit ze schounen, fir de Staatsbudget ze schounen. Awer esou ze schounen, datt d’Leit sech awer ergräife kënnen, falls déi Erhéijunge vun de Pëtrolspräiser extrem wäit géife goen.

Ech dierf drun erënneren, datt mir d’Deierechtzoulag verduebelt hunn, an engem Moment wou d’Pëtrolspräisser 140-150 Dollar de Barril waren. Déi setze mir net erof, mir missten déi jo elo erëm halbéieren, well d’Pëtrolspräisser si jo net méi op deem Niveau. Déi loosse mir bestoen. Mir loossen also d’Deierechtzoulag um Niveau vun 140 Dollar de Barril bestoen. Mir repercutéieren d’Präisshaussë beim Ueleg net total an den Index, a mir féieren de Gratistransport an, a mir ergänze mangelhaft Angeboter durch e System vu Ruffbusser. Dat war meng éischt Propositioun.

Ech si Staatsminister, ech weess net wéi laang nach. Et ass meng Responsabilitéit fir Propositiounen ze maachen. Dofir hunn ech de Gewerkschaften an den Sozialpartner nach eng zweet Propositioun gemaach, wa se déi doten net wëllen huelen, déi meng Präferenz huet.

An déi Propositioun besteet doranner, datt mir an der Kris, wou et op d’Solidaritéit tëscht de Leit, an tëscht de Betriber an de Leit essentiel ukënnt, fir datt mir Loft fir ze ootme behalen, virschloen, datt een den Index géif voll spille loosse bis zu engem Gehaltsniveau vun 2 Mol den Mindestloun, an datt en doriwwer just déi Indexéierung géif ausbezuelen, déi dem Niveau vun 2 Mol dem Mindestloun entsprécht.

Dat heescht, bis zu Lounakommesse vun 3.365 Euro kritt all Beschäftegten an all Rentner an all Pensionnaire deen Index, dee bei sengem Lounniveau ufält; an iwwer 2 Mol de Mindestloun, also iwwer 3.365 Euro de Mount kritt jiddwereen, och déi déi 10.000, 12.000. 18.000, 20.000, 25.000 Euro verdéngen, och nëmmen eng Indexopbesserung vu 84,14 Euro de Mount, dat heescht vun 1.010 Euro d’Joer. Esou datt all Lëtzebuerger, all Mënsch deen hei am Land schafft, eng Paienopbesserung vun 1.010 Euro d’Joer géif kréien. An déi, déi ënner deem Niveau leien, déi géifen deem entspriechend manner kréien.

E Mensch deen 1 Mol den Mindestloun verdéngt kritt dann 42,7 Euro; een deen op annerhallef Mol den Mindestlou läit, dee kritt ronn 62 Euro; een deen op 2 Mol de Mindestloun läit, dee kritt 84,14 Euro; an all déi, déi driwwer leien, kréien och 84,14 Euro. Dat ass also eng maximal Indextranche, déi mir hei proposéieren.

Ech hunn d’Gewerkschafte gefrot, ob si op Basis vun deene Propositiounen, déi ech als Staatsminister gemaach hunn, bereet wiere weider ze diskutéieren, an d’Gewerkschaften hu mir gesot, si géifen déi Propositiounen – déi zwou – oflehnen. Esouwuel déi fir de Gratistransport anzeféieren, am Zesummenhang mat engem Bremse vun der Impaktbildung vun den Uelegpräisser op den Index, wéi och déi maximal Indextranche bei 2 Mol de Mindestloun.

Géife mir dat maachen, déi eng Variant – Pëtrol eraus, Gratistransport agefouert – oder déi aner Variant – maximal Indextranche bei 2 Mol de Mindestloun – da bräichte mir e ganze Koup vun deene Spuermoossnamen, déi mir elo virgesinn hunn, am Budget iwwerhaapt net ze maachen, well mir déi Suen, och beim Staat, op enger anerer Plaz durch dësen Mechanismus géifen aspueren.

Ech hu gemengt, esou eng Propositioun, déi sozial ass, déi responsabel ass, déi den ekonomesche Verhältnisser Rechnung dréit, misst eng Propositioun sinn, iwwer déi een zumindest misst soen, et kéint een driwwer nodenken an iwwer déi een net kéint soen, op där Basis do diskutéiere mir net virun.

Et ass an der Kris sozial ongerecht, datt de Mindestlounbezéier 44 Euro de Mount a senger Pai bäikritt, doduerch datt d’Indexéierung spillt, an datt anerer 300, 400, 500 Euro de Mount bäikréien. Dat ass ongerecht. An der Kris, wou et op d’Solidaritéit ukënnt, muss een d’Leit aneschters behandelen, wéi wann alles am Floribus ass. Dofir hunn ech eng Propositioun gemaach, déi sozial gerecht ass, déi déi kleng Akommesbezéier schützt, well do d’Indexéierung voll spillt, an déi déi méi verdénge wéi 2 Mol de Mindestloun zwar nach ëmmer hir 84,14 Euro de Mount oder hir 1.010 Euro d’Joer kréien, mä näischt doriwwer ewech, well mir déi Sue wëllen aspueren, ënner anerem zum Zweck vun der Finanzéierung vun enger Aktivéierung vun der Beschäftegungspolitik.

Wéi ech festgestallt hunn, datt d’Gewerkschafte gesot hunn – an ech hu kee Sträit mat de Gewerkschaften, am Géigendeel, ech kommen éischter aus deem Beräich vun der lëtzebuerger Realitéit – si wieren absolut net bereet fir iwwer déi Realitéit ze diskutéieren, hunn ech hinnen erkläert, da misst ech d’Verhandlungen astellen an ech misst d’Regierung zesumme ruffen. Dat maachen ech am Uschloss un dës Pressekonferenz relativ séier.

D’Regierung bleift gespréichsbereet. Wann d’Sozialpartner eis wësse lossen, datt se op dëser Basis, oder op enger anerer Basis – mir si jo bereet iwwer alles ze diskutéieren – wëllen d’Gespréicher viru féieren, da wäerte si eis dat wësse lossen.

Mä et huet mir geschéngt, an engem Moment vun zougespëtzter Verhandlungsatmosphär, datt ech als Chef vun der Regierung misst eng Propositioun maachen, déi nei Elementer op den Dësch geluecht huet. Mä wann d’Sozialpartner, déi eng oder déi aner, mech wëssen dinn, datt se wëllen viru verhandelen, nodeem ech d’Tripartiteverhandlunge vun dëser Ronn beennegt hunn, da loosse si mech dat wëssen. Ech si bereet, vu muer de Moie 7 Auer un, iwwer weider Propositiounen déi mir gemaach ginn ze schwätzen.

Ech sinn ee Mënsch, d’Regierung och, vum Dialog. Mir schloe keng Dieren endgülteg zou, mä iergendwou kënnt de Moment, wou een och dem Land muss soe wat dann de Staatsminister proposéiert huet; net haut fir d’éischt, mä scho viru Wochen lues a lues an de Gespréicher ze erkenne ginn huet.

Et gëtt gesot, an doriwwer sinn ech ganz verdrësslech, datt d’Regierung et erëm bei deene klenge Leit géing huelen an net bei deenen décken. Eise Steiersystem ass esou, datt uewe vill Steiere bezuelt ginn – eppes 3,8% vun de Leit bezuelen eppes 42% vun de Steieren. An deenen ënneschten Akommeskategorië ginn iwwerhaapt keng Steiere bezuelt – dat ass e System deen ech wëll bäibehalen. An datt mir déi Leit déi vill verdéngen oder méi verdéngen – och déi Leit déi méi verdénge mengen nach ëmmer si géingen net vill verdéngen hei am Land – datt déi musse steierlech méi eru gezu gi fir d’national Solidaritéit kënnen ze finanzéieren.

Mä an der Index-Problematik kann een net viru fueren esou ze maache wéi wann näischt geschitt wier.

Mir hunn am Joer 2008 null Wirtschaftswuesstëm gehat. Mir hunn am Joer 2009 3,1% vun eiser Wirtschaftskraaft verluer. Normalerweis gewanne mir an 2 Joer 8%, elo hu mir an 2 Joer 3,1% verluer, wat eng Differenz mécht vun 11,5% bis 12% vun der Wirtschaftskraaft. Dat si ronn 5 Milliarden Euro manner Wirtschaftskraaft déi mir hunn. Mir mussen op déi Situatioun reagéieren, op alle méigleche Fronten.

Ech hunn haut de Sozialpartner Propositioune gemaach. Déi Propositioune sinn ofgelehnt ginn. Wann d’Sozialpartner wëllen, wouzou ech zu all Moment bereet sinn, un de Verhandlungsdësch zréck kommen da sti sämtlech Diere vun dësem Haus op. Mä iergendwann muss een zum Punkt kommen.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour