Jean-Claude Juncker, Discours à l'occasion de la fête nationale 2010, Luxembourg

Dir Dammen an Dir Hären,

Keen Nationalfeierdag gläicht deem aneren. Heiandsdo kënne mer e ganz onbeschwéiert feiere well mer méi Sonn wéi Schied gesinn. Heiandsdo feiere mer e mat enger gewëssener Zréckhalung, well mer méi däischter Wolleke komme gesinn. Dëst Joer schläicht sech deen Eescht an eis Freed eran deem een da begéint wann ee veronséchert ass, onsécher gëtt well een net weess ob d'Sonn oder d'Wolleke sech duerchsetzen.

Déi déi den 23. Juni d'lescht Joer gehofft haten, ee Joer méi spéit hätte mer d'Kris hannert eis gelooss, déi sinn enttäuscht ginn. Et stëmmt: weltwäit, an Europa an och heiheem konnt d'Rezessioun iwwerwonne ginn an d'Economie kënnt lues a lues erëm op Touren, och wann d'wirtschaftlech Erhuelung fragil a risikobelaascht bleift. D'Konsequenze vun der Kris wäerten nach méi oder manner laang ze spiere sinn, de Chômage hëllt net séier of, d'Lächer am Budget bleiwen a si musse lues a lues gestoppt ginn. Si musse gestoppt gi well mir däerfen d'Scholden net onkontrolléiert uwuesse loossen. Den Nationalfeierdag ass net nëmmen eist Fest, en huet och eng intergenerationell Dimensioun. Dofir denke mir haut net nëmmen un dat wat haut ass, mir mussen och un dat denke wat mar ass, un dat wat mar ka sinn.

Ech sinn dervun iwwerzeegt datt mer de Wee aus der Kris fannen. Awer nëmme wa mer zesummen, responsabel a solidaresch handelen. Mir mussen der Solidaritéit eng nei Chance ginn an dofir musse mer alleguer, d'Leit, d'Parteien a virun allem d'Sozialpartner erëm méi no zesummeréckelen. Mir sinn ee Land dat ze kleng ass fir am Dauerclinch ze liewen. Grouss a kleng Schrëtt openeen zouzemaachen ass besser wéi een deen aneren erofzemaachen.

Bei där Aufgab hëlleft eis deen deem Säi Gebuertsdag mer haut offiziell feiren, eise Grand-Duc. Hie steet un der Spëtzt vum Land, Hie kennt eis gutt Dugenden an eist heiandsdo onnéidegt Gestreits. Mir wënschen Him eng glécklech Hand fir déi Zäit déi kënnt, Wäitsiicht wann En eis no bausse vertrëtt, Duerchbléck wann E probéiert d'Saachen heiheem op een Nenner ze bréngen.

Je salue très cordialement ceux qui viennent de loin et qui partagent notre vie et notre destin, je salue chaleureusement ceux qui m'écoutent ou me regardent au-delà de nos frontières et qui joignent leurs efforts aux nôtres pour réussir le projet européen. Notre Fête Nationale est aussi la leur.

Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse!

Vive eis groussherzoglech Famill!

Vive eist Land!

Dernière mise à jour