Jean-Claude Juncker, Discours à l'occasion de la réception de Nouvel An pour la presse luxembourgeoise, Luxembourg

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,
léif Kolleegen an Frënn,

Et ass all Joer ee gudde Moment wann déi déi d’Press zu Lëtzebuerg maachen, liewen, gestalten, ausliewen an austoben, sech an hire verschiddenste Funktiounen – Journalisten, Zeitungsmëcher, Televisiouns-a Radiosmëcher, Editeuren a Chefë vun deem Ganzen – sech an enger ökumenescher Feier zesummefannen, eigentlech fir dem Staatsminister ze wënschen. Ech hu fonnt, datt déi Wënsch un de Staatsminister an deem wat den Här Lorent gesot huet, relativ ënnerbeliicht sinn, well een sech, wéi et fir d’lëtzebuerger Press net onüblech ass, haaptsächlech ergaangen huet an den Befiirchtungen déi d’Situatioun vun der Press am Ausland fir d’lëtzebuerger Journaliste kéinte provozéieren.

Trotzdem ass et mir en Uleies haut, wéi schon sou dacks, meng Unerkennung ze soen fir déi professionell Aarbecht déi d’lëtzebuerger Press mëcht. Ech soen dat all Joer erëm, mee et bleift all Joer wouer. Ech, als ee Mënsch deen d’Press intensiv liest, net nëmmen d’lëtzebuerger Press, muss hei zu Protokoll ginn datt si awer déi Aart an Weis wéi Informatioun hei zu Lëtzebuerg gemaach gëtt, erëmgëtt, remarquabel gutt, a partiell och objektiv ass. An partiell heescht net ennerdeveloppéiert total mä relativ total, well zu Lëtzebuerg awer Suergfalt drop verwend gëtt fir Kommentar an Informatioun fein ze trennen, virun allem an der geschriwwener Press. An der audiovisueller Press ass dat méi schwéier well wann een informéiert an kommentéiert zur selwechter Zeit, an annerhallef Minutt huet fir den Zoustand vun der Welt ze ëmschreiwen, ass Zongeschlaag an Tounlag déi aus der Kommentéierungsloscht ervirkommen, meeschtens méi ausgeprägt wéi déi Bruttoinformatioun déi ee soll liwweren. Mee dat ass duerch d’Medienverschiddenheet esou bedéngt.

Richteg ass et, datt d’Pressefräiheet en héicht Gutt ass, wat an enger Demokratie ze schützen ass, ze bewaaren ass, ze developpéieren ass, an richteg ass och den Hiwäis drop datt d’Pressefräiheet sech aus zwou Dimensiounen zesummesetzt: nämlech d’Pflicht zur objektiver Informatioun, an d’Recht zur individueller Kommentéierung an deen absolute Schutz deen ee musst viru staatlechen Aflëss hunn, déi an alle Fäll net dinglech sinn wann et drëm geet fir eng fräi Press um Liewen ze halen.

Richteg ass et och, datt drop opmierksam gemaach gëtt datt vill Journalisten hiert Liewe gelooss hunn am leschte Joer wéinst hirem Asaatz fir d’Pressefräiheet. Falsch ass et, net ze erwähnen datt méi Politiker ëmbruecht ginn sinn wéinst hire Meenungsäusserunge wei Journaliste – zumindest grad esou wichteg fir dorop opmierksam ze maachen.

Richteg ass et, fir sech géint dat neit ungarescht Pressegesetz ze wieren, sou wéi och eise Vizepremier an Ausseminister, de Jean Asselborn, dat gemaach huet. A richteg wier et och gewiescht op deen exceptionnel dégoûtante Charakter vu villen ungaresche Presseprodukter opmierksam ze maachen, wat ech an kenger lëtzebuerger Zeitung bis elo gelies hunn. Et gëtt keng Press an der sougenannter fräier Welt wou esou vill Antisemitismus, Rassismus, fräi distribuéiert Kannerpornographie, op der fräier Plaatz an am Internet ze observéieren ass wéi an Ungarn. Wann ech mat dem ungaresche Premier iwwert d’Pressefräiheet diskutéieren, hunn ech hien ëmmer ermahnt energesch Schrëtter anzeleede fir deem Mëssbrauch vun Pressefräiheet een energescht Enn ze setzen. An firwat dat net erwähnt gëtt, ass en lëtzebuergescht Phénomène. Well an all auslännescher Zeitung war dat ze liesen an an kenger lëtzebuerger Zeitung!

Den Här Orbán, deen an der selwechter europäescher Parteifamill ass wéi ech, an mat deem ech een net reiwungsfräit Verhältnis iwwert die läscht Joeren hat, ass awer a sengem Durchforstungsprogramm, fannen ech, an der Verdichtung vun all de Méiglechkeete fir géint den excessive Gebrauch vun der Pressefräiheet virzegoen, e bësse vill ze weit gaangen. Ech menge schon, datt d’Europäesch Unioun hei muss fir eng Revisioun vun der Gesetzgebung antrieden, well et evident ass, datt dat ka Verlängerunge fannen déi sech am Endeffekt an enger absoluter Knebelung vun der Pressefräiheet kennen expriméieren.

Richteg ass och dem Josy Lorent säin Hiwäis drop datt déi sozialistesch Regierung an der Slovakei d’Press doudgemaach huet, an datt déi déi elo um Pouvoir sinn – mat deenen ech vill Streit hun wéinst mangelhaften Euro-Engagement – dat an Uerdnung bruecht huet.

An richteg ass et och, datt et der lëtzebuerger Diplomatie och gutt gedoe hätt, emol eng Fro ze stellen zum Plang vun der griichescher Regierung fir eng Mauer an Europa ze bauen; wann een d’Maueren, déi soss dorëmmer opgeriicht ginn, a Gebidder fir dei een sech speziell interesséiert, kritiséiert; mä dat ass déi partiell Vue déi een heiansdo muss op d’Saache geheien.

Ech muss hei nach eng Keier soen datt ech vill nodenken iwwert den Zougang vun der Press zu verwaltungsinterne Virgäng. Ech hu bis haut nach keng Gesetzgebung fonnt wou deen Zougang absolut wiir, obwuel den Josy Lorent mir ëmmer seet, an Éisterräich wier alles méiglech. An Éisterräich ass villes méiglech, mä dat ass och do nët méiglech. Ech sinn och do dergéint datt Denkprozesser vun de Verwaltungen an vun der Regierung – well déi gëtt et! – ëffentlech gemaach ginn, wann se nach nët zu engem konklusiven Enn komm sinn. An dat ass eng Suerg, déi ech wollt eng Kéier soen, hei ënner Kollegen déi jo zesumme liewen. Et muss een iergendwann ophalen, Denkprozesser doduerch ze ennerbriechen datt een se als endgülteg festgeluecht duerstellt.

Ech verdroen et net méi gutt – et ass vläit den Alter, mä et ass virun allem d’Erfahrung – datt wann een aus enger Sitzung kennt, ee seet, "wat ass elo gesot ginn? – dir hutt eng Minutt Zäit fir dat ze soen, an wéi geet dat elo virun? – 30 Sekonnen", an datt een da 6 Méint laang mat 1 Minutt 30 Sekonnen Aussoo konfrontéiert gëtt, fir ze beweisen datt dat wat een virun 6 Méint gesot huet, jo sou nët agetrueden ass.

Wann ee komplizéiert Prozesser ze gestalten huet, a wann een déi schwieregste Froen déi jiddereen hei am Land betreffen muss beäntweren, da muss ee schon eng hallef Stonn Sendung bréngen. Well eng Sitzung, déi 7-8 Stonnen dauert, an wéi ech d’Geleenheet haat, drop opmierksam ze maachen, 19 Sitzunge mat de Sozialpartner, ech hunn d’Stonnenzuel net endgülteg ausgerechent, fir dat da mussen a kiirzester Zäit ze soen, mat enger Privilegéierung vun der Televisioun an vum Radio, well dat méi immediat Medie sinn, ass eng Fassong vun politescher Ausernaanersetzung déi einfach net geet! Alles ass méi komplizéiert ginn, alles ass méi villschichteg ginn, alles ass méi multistratificationnell ginn, an déi Medien op déi d’Leit virun allem lauschteren, dat sinn déi déi filmen an nolauschteren, kennen dat jo net an der ganzer Komplexitéit reflektéieren. An esouguer déi geschriwwe Presse deet sech jo extrem schwiereg domadder, well se besonnesch Beliichtungswenklen heiansdo huet, mä ech kann jidderengem ëmmer nëmme recommandéieren, dee gär komplett Informatiounen hätt, net nëmmen Televisioun ze kucken, net nëmmen de Radio ze lauschteren, well déi Medie sinn zu kuerzer Schilderung vu komplizéierte Virgäng obligéiert, mä och d’Zeitung ze liesen an ze verfollege wéi dann e Problem sech mat der Zäit virun entwéckelt.

Ech revendiquéiren jiddefalls fir mech – an dat ass keng Warnung, et ass een Hiwäis – Froen net méi ze beäntwerten, wann ech net weess wéi se endgülteg ze beäntwere sinn. Et muss een och an der Politik deene Leit déi Responsabilitéit droen, net nëmme fir sech, déi ass kleng, mä fir dat Ganzt, déi ass grouss, dee Luxus dee kee Luxus ass, mä eng Noutwennegkeet, fir iwwert Saachen nozedenken iir een sech ofschléissend zu deene Saache äussert. Well ech och d’Erfahrung maachen, eigentlech méi am Ausland muss ech éierlech soen, wéi heiheem, datt aus deem wat ee seet, ee Stéck erausgegraff gëtt, décontextéiert gëtt, kommentéiert gëtt, fir Attentater kënnen op eng Positioun ze maachen déi een iwwerhaapt net huet.

Déi Immediatetéit vun der Informatioun, déi net noutwenneg gewiecht Innovatioun vun Onlinedengschter vun der Press, déi net hëllefräich sinn fir d’Qualitéit vun der politescher Debatt ze favoriséieren, bréngen et mat sech datt eng grouss Zuel, nämlech déi gréissten Zuel vu Politiker dem Pleséier vum immediate Kommentar net méi resistéiert. A wann een eescht Problemer ze traitéiren huet, sief et heiheem, sief et an Europa, ass et heiansdo gutt, wann een mol Rou an sech akéiere léisst fir d'Saachen an sech selwer an zesumme mat aneren ze tesselen ier een ofschléissend kommentéiert. Dat huet näischt domadder ze dinn datt een näischt wëllt soen. Dat huet eppes domadder ze dinn, datt een näischt well soe wann een näischt definitives ze soen huet!

An ech revendiquéiere fir d’Politik d’Recht den Mond kënnen ze halen an fir iech d’Pflicht net jiddereen onbedéngt zum Schwätzen ze bréngen an fir déi déi sech ëmmer onbedéngt zum Schwätze brénge loossen, d’Obligatioun de Mond heiansdo ze halen ier se sech définitiv zu engem Problem, deen se an senger Gesamtheet net iwwerblécke kënnen, äusseren.

Ceci dit well ech nach eng Keier soen, datt mir d’Chance hun an engem Land ze liewe wou d’Pressefräiheet, denken ech, garantéiert ass. Ech kenne mech net aus an den Drockmethode vu ären Annonceuren a vun deenen déi Afloss kennen huelen op dat wat dir denkt a wat dir schreiwt mee d‘Lecture vun den Zeitungen an d’Observéiere vun der Gesamtmedienlandschaft zu Lëtzebuerg léisst mech unhuelen datt är Resistenzfacultéit relativ ausgeprägt ass an dat ass en Zoustand iwwert deen et gëllt sech an alle Fäll ze felicitéieren.

Dat Joer wat hannerun eis läit war een extrem schwieregt Joer. Et gëtt keen Medium zu Lëtzebuerg wat net drop opmierksam gemaach hätt datt d’Regierungskonscht, an deem se een Ausdrock vun mir selwer gebraucht hunn, sech suboptimal entwéckelt huet.

Gifft dir noliese wat inhaltlech vum 1. Januar bis den 31. Dezember kommentéiert ginn ass, gifft dir zu ähnleche Schlussfolgerunge komme wat äert eegent Wierken ubelaangt. Mee dat ass net schlëmm. D’Regierung huet relativ optimal ze fonctionnéieren an ech huelen un datt si dat och am nächste Joer wäert maachen.

Mir liewen an enger extrem komplizéierter Zäit, der hir Komplexitéit iech, an virun allem mir, oft entgeet well een net alles gesäit well een net all Nuancen begräift, well een net all Méandres sech schlaangenhaft virun sech selwer entwéckele geséit. Et ass eng Zäit, déi den Androck gëtt, wéi wann déi déi regéieren, heinsdo och déi déi kommentéieren, onsécher wieren. Et ass awer och eng Zäit, wou ee vläit deenen an hiren Otempause soll nolauschteren déi soen "ech weess net wéi genau dat elo virugeet, ech muss doriwwer nodenken"…

Et ass eng Zäit wou aal Gewëssheeten – ech hat déi iwwregens ni! – op d’Kopp geheit ginn, wou eisen Wirtschaftssystem, wéi ech fannen, an menger Analyse vun den Saachen, souwuel europäesch wéi och heiheem, mä méi europäesch an weltwäit wéi heiheem, fundamental zur Dispositioun steet, well sech een Element vun Net-Gerechtegkeet am kollektiven Ëmgang mateneen an déi selwecht Liewensart a –weisen eraschläicht. Well een den Androck huet, obwuel villes geschitt ass, wouriwwer relativ wéineg rapportéiert gëtt, datt net all d’Léieren aus der Finanz- a Wirtschaftskrise déi sech doraus erginn huet, gezu gi sinn, virun allem net um Plang vun den Acteuren déi determinant dru Schold waren datt mir an déi Situatioun eragerode sinn, mä net alleng Schold waren, well och den ordnenden Rahmen vun der Politik net am richtege Moment gezu ginn ass.

Woubäi ech hei gäre giff umierken datt ech bei der Lecture an beim Nolauschtere vu munchem wat heiheem geschriwwen a gesot gëtt, heiansdo den Androck hunn et giff iwwert d’Situatioun vun engem aneren Land rapportéiert ginn. An dat féieren ech dorop zréck, datt eisen Ëmgang mat der Sprooch Verfeinerung brauch. Wann een d’lëtzebuerger Budgetspolitik zum Beispill als Austeritéitspolitik beschreift, dann ass dat een Fluch am Verglach mat deem wat an aneren Länner ass. Wann ee Rigueur schreift, huet een jo schon alles gesot. D‘Perceptioun déi ech hunn, ass datt mir heiansdo d’Problemlage vun aneren importéieren an d’Léisungen, déi déi aner hire Problemlagen entgéint bréngen, gläichzesetze mat deem wat mir hei maachen an et gëtt an deem selwechten Sproochgebrauch ennergedeckelt, an dat ass eigentlech een Ëmgang mat der Sprooch deen net ganz gutt ass. Ech soen dat souwuel fir d’Politk – ech sinn och net ëmmer sécher an mengen Sproochmettelen – wéi fir déi, déi d’Politik begleeden.

Ech wënsche mir fir d’Joer 2011 méi Noodenklechkeet wéi dat wat mir am Joer 2010 haten, méi Beharrlechkeet am Erkenne vu Problemer op deenen hier Natur een sech gemeinsam muss eenegen, méi Bereetschaft zu intersectionnellem Denken, tëscht dem Uleies vun deenen engen an vun deenen aneren, méi Serenitéit an Rou am Ëmgang mat Problemer an e bessert Regéieren an e bessert Kommentéieren. E bessert Kommentéiere fällt jo liicht wann d’Regéiere besser gëtt an ech well de Verdacht net hunn, datt och wann d’Regéiere giff besser ginn, d’Kommentéieren automatesch giff besser ginn well do sinn mir rëm bei der Pressefräiheet déi äre Präsident hei laang an breet entwéckelt huet.

Ech well der lëtzebuerger Press an all hire Varianten, dat heescht an all hirer Expressiounsvielfalt nach eng Keier meng Unerkennung soe fir – dat halen ech jo fir Europa an weltwäit, mä d’ganz Welt gesinn ech net, onerreecht – d’Komplettheet vun der Informatioun.

Ween eng lëtzebuerger Zeitung liest – d’Zeitunge bleiwe fir mech ëmmer nach dat éischt Informatiounsmedium well eebe méi komplett – deen ass allemfaassend informéiert, souwuel iwwert dat wat an der Welt wéi an Europa geschitt. Do gëtt et keng Zeitung europaweit déi méi dicht rapportéiert iwwert d’europäesch Aktualitéit, an och lokal am Bild ass. An wann een eng Zeitung liest déi ee Lichtkegel werft ob d’Situatioun an der Welt an an Europa an dann och dat beliicht wat heiheem ass, dann erschéngt dat wat heiheem ass, fir deen deen d’ganz Zeitung liest, mä ween mëscht dat schon?, richteg dimensionnéiert. Ech war elo am Schwarzwald an der Vakanz, do liesen ech ëmmer de Schwarzwälder Bote – deen huet awer ëmmerhin eng Oplag vun 80.000 – ech liesen ëmmer gär d’lokal Zeitunge fir ze wëssen wou ech sinn, mee wann ech den internationalen Deel vun der Zeitung liesen, och vun der Badischen Zeitung, wat eng relativ importent Zeitung ass, an ech vergläichen dat awer mat der Komplettheet vun der internationalen Informatioun an de lëtzebuerger Zeitungen, dann ass dat awer nëmmen d’Halschent wäert vun deem wat een heiheem offréiert kritt. Ee Lëtzebuerger, deen op lëtzebuerger Dageszeitungen abonnéiert ass, bréicht eigentlech, sauf fir den Kommentardeel, keng auslännesch Zeitungen ze liesen. Well et ass keng Informatioun net an enger lëtzebuerger Zeitung, déi an enger auslännescher Zeitung wiir, an dat an 2 Sproochen, wat souwisou kee fäerdeg bréngt! Woubäi ech well soen datt ech zu deene gehéieren, zu deenen almoudesch gestreckten, déi fannen datt der franséischer Sprooch awer eng exorbitant well extraordinare Bedeitung zoukënnt, ouni datt ech der englescher Sprooch hir Virmachtstellung well contestéiren.

Bref, wat ech well soen, mä dir sidd keng Leit déi Komplimenter gären hunn, an der och selte maacht, d’Lëtzebuerger Press ass gutt, an sou wéi d’Politik kann se nach besser ginn!

Ech wënsche jidderengem vun iech ee professionell erfëlltent neit Joer, ee perséinlech deck impregnéiert Joer an eis alleguer leed net nemmen de Gedanken em dat Gutt wat een hei am Land an an Europa muss machen, mee och dee gedeelte Wonsch datt et jidderengem vun eis gutt geet. Passt op op déi mat deenen dir frou sidd, vernoléissegt se net well dir braucht och hir Hëllef.

Ech wënschen iech all Guddes fir dat neit Joer!

Dernière mise à jour