Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2013 (version originale luxembourgeoise)

Le 10 avril 2013, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la déclaration du gouvernement sur la politique économique, sociale et financière du pays (discours sur l'état de la nation).

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an dir Hären Deputéiert,

Näischt ass méi wéi et war. Et ass net alles anescht ginn, mee Villes huet geännert a Muenches huet sech verännert. Aner Saache musse sech änneren, soss gëtt alles anescht.

Et ass ni liicht ze regéieren. Et gesäit just heiandsdo esou aus. Déi, déi schon eemol regéiert hunn, déi wëssen, datt et mol méi schwéier mol méi einfach ass. Mee ganz einfach ass et ni.

De Moment ass et besonnesch schwéier. D'Regéieren ass extra-schwéier ginn – grad an engem klenge Land, dat d'Achse vun der Weltpolitik net reajustéiere kann – well eist Jorhonnert an engem Moment ukomm ass, wou een deen nächste Moment net richteg gesäit. Al Gewëssheete klappen zesummen: den Dram vum konstante Wuestum ass ausgedreemt, d'europäesch Integratioun verléiert un Tempo an un Intensitéit a verleeft sech an nationalen Niewen- a Sakgaassen. Nei Konflikter entstinn. Déi eng – wéi de Konflikt op der koreanescher Hallefinsel – wuessen op dem Buedem vun enger ni ganz ausgedroener Geschicht. Déi aner brieche vun haut op mar aus, wéi d'Geraibers am Mali oder wéi dat net ëmmer geschéckten Taaschten no Demokratie an Nordafrika. All dës Virgäng impaktéieren och eis Wierklechkeet, déi en plus de Wierkungen an de Nowierkunge vun der globaler a kontinentaler Finanz- a Wirtschaftskris net aus de Féiss kënnt.

Déi allgemeng Veronsécherung gëtt heiheem verstäerkt duerch eng hausgemaachte Vertrauenskris an d'Institutioune vun eisem Staat. Et muss ee blann an daf sinn, fir net ze mierken, datt fir vill Leit eenzel Institutiounen net méi iwwer all Zweifel erhabe sinn. Mir hu keng Staatskris, mee 't kriselt awer am Staat. D'Bommeleeëraffär an hir Opklärungsëmstänn, d'Affär ëm de Geheimdéngscht an dat partiellt Fehlverhale vu wéinege vu senge Mataarbechter hu Vertrauen zerstéiert.

Et gëtt dacks vu Staatsaffäre geschwat. Ech wëll mech do mat Commentairen zréckhalen, Spekulatiounen a Mutmaassunge bréngen eis net virun, déi iwwerloossen ech aneren. Mee erlaabt mer Iech iwwer de Staat selwer eppes ze soen.

Am Staat lafen d'Ambitioune vun engem Land zesummen. De Staat organiséiert d'Ëmsetze vun den Aspiratioune vun der Natioun. Hien ass zoustänneg fir de korrekten Oflaf vun all senge Funktiounen. Hien ass net kompetent fir dat, wat schiefleeft ze verstoppen, zouzedecken an ze vertuschen. En däerf sech duerch säi Behuelen och net dem Verdacht aussetzen, d'Staatsorganer géife vertuschen, zoudecken a verstoppen. A se géifen dat bewosst maachen. De Staat verléiert seng Crédibilitéit – an déi ass fir den nationalen Zesummenhalt onverzichtbar –, wann e seng Organer do schützen an decke géif, wou dës géint Staatsinteresse verstoussen. D'Staatsraison ass e seltent Gut a mat dësem däerf e kee Schindluder dreiwen. Vun der Staatsraison gëtt dacks geschwat, mee et gëtt se nëmme ganz seelen. Ech sinn hir bal nach ni begéint. A wann een hir begéint muss een – wann d'Grënn fir d'Staatsraison eriwwer sinn – erkläre fir wat et zu engem bestëmmte Moment Grënn fir d'Staatsraison gouf.

D'Bommeleeëraffär huet näischt mat Staatsraison ze dinn. Op eng bestëmmten Art a Weis huet se awer ganz vill mat hir ze dinn: d'Staatsraison wëllt nämlech, datt d'Bommeleeëraffär opgeklärt gëtt.

Déi, déi regéieren, sinn der Crédibilitéit an der Irréprochabilitéit vum Staat a besonneschem Mooss verflicht.

Dofir hunn d'Ministere sech e Verhalenskodex ginn an ech si frou datt d'Chamber déiselwecht Exigenzen an Normen an hiert Regelwierk wëllt ophuelen.

Dofir huet d'Regierung e Gesetzesprojet iwwert den Zougank zu ëffentlechen Informatioune virgeluecht. Dee Gesetzesprojet huet Kritik provozéiert an natierlech – wéi kënnt et och anescht sinn – ass de Staatsminister beschëllegt ginn, hie wëllt mat dësem Gesetz den Accès zur Informatioun blockéieren a boykottéieren. De Gesetzesprojet ass ee Projet vun der Regierung. Ech hunn en an hirem Numm déponéiert. Ech stinn zum Projet, mee ech si bereet, d'Informatiounsflicht vum Staat méi breet unzegoe wéi de Projet dat mécht. Wann Dir als Chamber Är Aarbechten an déiselwecht Direktioun orientéiert, da sinn ech Ären Alliéierten. Dir bréngt et besser wéi ech fäerdeg, déi méi zréckhalend Ministere vun der Richtegkeet vun enger méi flächendeckender Transparenz ze iwwerzeegen a wann der se an Är Kommissiounen invitéiert, wäert Der ouni all Zweifel hir Argumenter widderleeë kënnen.

Dofir wäerte mer d'Chamber mat enger Reform vum Geheimdéngscht befaassen. De Regierungsprogramm gesäit se vir. D'Chamber bereet se mat vir. Si muss de Perimeter vun de Geheimdéngschtaktivitéite kloer ofstiechen a seng politesch a parlamentaresch Kontroll verstäerken.

Dës an aner Initiativë sollen d'Vertrauen an de Staat ënnermaueren. Bei alldeem däerfe mer net vergiessen, datt een d'Vertraue lues a lues, drëpseweis gewënnt. Et verléiert een et méi séier wéi een et opbaut, net Drëps fir Drëps, mee liter- a fudderweis.

Här President,

Näischt ass méi wéi et war.

D'ëffentlech Finanze sinn och net méi déi al. Verglach mat deene vun eisen Nopeschlänner si se nach zolidd. Mee si wackelen, wann ee se mat fréier vergläicht. Also musse mer se stabiliséieren.

Dat ass net einfach an enger Zäit wou eng Wuestumsprognos déi aner jot an dës sech am Laf vum Joer méi wéi widderspriechen. Et gëtt net nëmmen de Spread vun den Zënsen, et gëtt bedauerlecherweis och de Spread vun de Prognosen. Ech begéinen hinnen dofir mat wuessendem Mësstrauen a loosse mech vun den Estimatiounen, déi dauernd wiesselen och net méi nervös maachen.

Den Op an Of vun de Prognosen an Estimatioune war am Joer 2012 beandrockend. Wéi mer de Budget fir dat Joer opgestallt hunn, si mer vun enger vun der europäescher Kommissioun virausgesotener Croissance vun engem bis annerhalwem Prozent fir d'Eurozon ausgaang. D'Joresresultat awer war ee Wuestumsminus vun 0,6 Prozent, méi wéi zweemol méi schlecht wéi prognostizéiert. Bei der Ausaarbechtung vum Lëtzebuerger Budget hu mer op eng previsibel Croissance vun 2 Prozent heiheem gesat. Zwëschenzäitlech – am Laf vum Joer 2012 – hunn national an international Prognostiker gemengt, si kënnt op 0,1 Prozent eroffalen, duerno hu se hir Aschätzung op ee Plus vun 0,5 Prozent ugehuewen. Haut wësse mer, datt eis Wirtschaft trotz engem gudde leschte Quartal am Joer 2012 nëmmen ee klenge Spronk no vir vun 0,3 Prozent gemaach huet. D'Estimatioun war ee Plus vun 2 Prozent, d'Resultat ee Plus vun nëmmen 0,3 Prozent. De Finanzminister an d'Regierung, déi vun eenzelne Säiten ëmmer erëm virgeworf kréien iwwermoosse pessimistesch ze sinn an dat bewosst wëllen ze sinn, waren also fir d'Joer 2012 däitlech ze optimistesch a si war dat onbewosst.

Wann een dem erateschen Danz vun de Prognosen nokuckt, da gëtt et engem dronken. Dronke gëtt et engem och, wann een am Budgets-Zueleballet, dee sech an zwielef Méint dréint an dréint – an eisem Fall iwwer dat ganzt Joer 2012 – muss matdanzen ouni de Schrëtt ze verléieren.

Erënnert Iech: de Budgetsprojet fir 2012 hat ee gesamtstaatlechen Defizit vun 330 Milliounen – 0,7 Prozent vum PIB – virgesinn. An en hat den Defizit vum Zentralstaat op 1143 Milliounen ageschat – 2,6 Prozent vum PIB. D'Zuelen an den éischte Méint vum Joer 2012 hunn eis am Abrëll derzou bruecht d'gesamtstaatlech Defizitschätzung op 805 Milliounen – 1,8 Prozent vum PIB – an am Oktober op 860 Milliounen – 2 Prozent vum PIB – unzehiewen. Den Defizit vum Zentralstaat huet sech bei der Opstellung vum Budget 2012 op 1143 Millioune belaf, am Abrëll ass en op 1470 Milliounen – 3,1 Prozent vum PIB – an am Oktober op 1640 Milliounen estiméiert ginn – 3,8 Prozent vum PIB. Et war fir de Kapp ze verléieren. Mee de Finanzminister huet Gott sei Dank keen Torticoli kritt an ee klore Bléck behal. En huet et fäerdeg bruecht de gesamtstaatlechen Defizit op 359 Milliounen Euro – 0,8 Prozent vum PIB – ze begrenzen statt op 2 Prozent wéi ee Moment gefaart. Den Defizit vum Zentralstaat konnt bei 1157 Milliounen Euro – 2,6 Prozent vum PIB – gestoppt ginn statt eréischt wéi ee Moment an Aussicht gestallt bei 3,8 Prozent vum PIB. No all deem Hin an Hir, no deem incroyable Slalomlaf duercht d'Joer 2012 huet den Ofschloss vum staatleche Finanzgebaren – trotz dem net pronostizéierte Wuestumsabroch vun 2 op 0,3 Prozent – sech ganz no bei den Zuelen opgehal déi mer am Oktober 2011 fir d'Joer 2012 heibanne virgeluecht haten. Am Oktober 2011 si mer vun engem Totaldefizit vun 330 Milliounen ausgaang – 0,7 Prozent vum PIB –, d'Resultat beleeft sech op 359 Milliounen – 0,8 Prozent vun eisem PIB. Am Oktober 2011 si mer vun engem zentralstaatlechen Defizit vun 1143 Millioune fortgaang – 2,6 Prozent vum PIB – fir op ee Minusofschloss vun 1157 Milliounen ze kommen – punktgenau 2,6 Prozent vun eisem PIB. Mir sinn also genau an där Zon gelant wou mer d'Landung programméiert haten. Trotzdem: de gesamtstaatlechen Defizit ass vun deenen 0,7 Prozent déi mer am Oktober 2011 virausgesot haten op ee vun 0,8 Prozent Enn Dezember 2012 an d'Lut gaang. Mee weist mer een anere Budget an der Eurozon deen trotz dramatescher Wirstschaftswuestumsdifferenz tëschent den initialen Hypothesen an der effektiver Entwécklung esou wéi eisen d'Bunn gehal huet. Dir braucht en net ze sichen, et gëtt en net.

D'Finanzresultater vum Joer 2012 si besser wéi déi vum Joer 2010 – 0,8 géint 0,9 Prozent fir de Gesamtstaat. Mee se si méi schlecht wéi déi vum Joer 2011 – 0,7 géint 0,2 Prozent fir de Gesamtstaat, 2,6 géint 2,4 Prozent fir den Zentralstaat. Mir haten 2012 ee Finanzlach vun 1157 Milliounen am Zentralstaat, Souen déi mer musse léine goen. Dës Verschlechterung riskéiert an de Joren 2014 bis 2016 leider virunzegoe wann een dann de Prognose gleewe kann. Et muss ee se net gleewen, mee 't muss ee vun hinne kënnen ausgoen.

Ier ech Iech mat de Prognose fir déi nächst Jore bekannt maachen, wollt ech Iech mat e puer aneren Iwwerleeunge kënneg maachen, déi Iech zwar misste geleefeg sinn, mee déi et awer verdéngen a kompakt Erënnerung geruff ze ginn.

D'Leit froe sech dacks, wat de Staat mat hire Soue mécht. A well se dat net genau wëssen, gleewe se nawell gären deenen, déi hinnen erzielen de Staat bräicht zevill Soue fir sech selwer a géif net genuch an d'Zukunft investéieren. Si gesinn, datt ënnert dem Stréch eng déck Milliarde feelt a rëselen de Kapp. Wann een awer net nëmmen ee quantitative Bléck ënnert de Stréch werft, mee e qualitative Bléck op dat wat iwwert dem Stréch steet, da stiechen engem déi Milliarden an d'A, déi der Virbereedung vun der Zukunft déngen.

Vun 2009 bis 2013 inklusiv gëtt de Staat 62 Milliarden Euro aus. Dës Zomm enthält een Zukunftsblock, deen impressionnant ass.

- Sou loosse mer der Schoul – der Zukunftsfabrik par excellence – 9,7 Milliarden Euro zoukommen. 9,7 Milliarden Euro fir d'Schoul ouni d'Käschte fir hir Annex- a Konnexaktivitéiten. Op der Bildung kënnen an däerfe mer an den nächste Joren net spueren. De Budgetsposte fir d'Schoul kann een net ofsenken.

- Sou investéiere mer an der Period 2009-2013 8 Milliarden Euro, direkt an indirekt Investissementer beienee geluecht. Et wier keng falsch Politik wa mer dës Investissementer – vun deene jo och déi nächst Generatioune profitéieren – integral iwwer Scholdenophuele génge finanzéieren. Mir huelen awer bis Enn 2013 nëmme ronn 5 Milliarden Euro Emprunt op, investéieren also méi wéi mer eis verschëlden. Mir investéiere vill, am Schnëtt 3,8 Prozent vun eisem PIB. An der Moyenne ginn d'Eurostaaten 2,3 Prozent vun hirem PIB fir Investissementer aus. Wa mer hinnen et géifen nomaachen, da kënnte mer 500 Milliounen Euro d'Joer spueren. Wa mer et géife maache wéi déi Däitsch – si ginn nëmmen 1,1 Prozent fir Investissementer aus – da kënnte mer esouguer eng Milliarde Euro aspueren. Da géife mer haut spueren, mee ee Stéck Zukunft verléieren. Däitschland huet bei wäitem net iwwerall Modellcharakter an 't ass net iwwerall ee Beispill deem ee soll nogoen.

- Sou bezuele mer iwwer de Budget 5,3 Milliarden Euro familljepolitesch Leeschtungen. Eis Kanner sinn eis Zukunft gëtt oft gesot. Mir loossen eis eis Zukunft eppes kaschten.

- Sou hu mer vun 2009 bis 2013 der Recherche hei am Land 1245 Milliounen Euro ëffentlech Gelder zoufléisse gelooss, 250 Milliounen all Joer. Eise resoluten Zukunftswëllen huet eis esouguer am Krisejoer 2010 net verlooss, well am Budget 2010 sinn d'Krediter fir d'Fuerschung ëm 21 Prozent geklommen. Keen anert Land huet seng Fuerschungsausgaben an dëser Krisenzäit esou ausgebaut wéi mir. Vun 2004 bis 2008 – also an där leschter Legislaturperiod – huet de Fuerschungsbudget 592 Milliounen bedroen, 118 Milliounen d'Joer, zweemol manner wéi an de leschte fënnef Joer. D'Fuerschung weist de Wee an d'Zukunft. Mir däerfen dee Wee net verloossen.

- Sou hu mer tëschent 2009 an 2013 der Uni Lëtzebuerg insgesamt 515 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt, 100 Milliounen d'Joer. Am Krisejoer 2010 hu mer de Budget fir d'Universitéit ëm 19,1 Prozent ugehuewen. Keen anert Land huet an der Kris esou een Effort gemaach. Am Géigendeel: d'Budgetë fir d'Universitéite falen iwwerall. An der leschter Legislaturperiod krut d'Uni 202 Milliounen zougewisen, 40 Milliounen Euro géint 100 Milliounen Euro pro Joer zanter 2009. Den Unis-Budget gouf also och verduebelt, grad wéi dee vun der Fuerschung.

Firwat soen ech Iech dat, firwat erënneren ech un e puer Saachen, déi iwwer dem Stréch stinn? Well ech Iech an de Leit wëll weisen, datt mer och an der Kris d'Zukunft preparéieren an net – wéi dat vun Zäit zu Zäit behaapt gëtt – blann an ouni Verstand spueren. Hätte mer ouni Verstand wëlle spueren, dann hätte mer pro Joer fir 500 Milliounen Euro Investissementer manner gemaach, mir hätte fir d'Fuerschung an d'Uni an dëser Period net méi ausginn, wéi an der Period virdrun an hätten esou 190 Milliounen Euro abehal. Ënnert dem Stréch wier dann de Budgetsdefizit 690 Milliounen Euro méi niddreg, iwwert dem Stréch hätte mer awer dat Falscht gemaach, well mer op Käschte vun der Zukunft gespuert hätten.

Här President,

Ech hunn Iech viru Minutte gesot d'Finanzperspektive géife sech op Grond vun de Prognosen, déi eis virleien, weider verschlechteren.

Wéi gesinn déi Prognosen aus?

Eis Wirtschaft ass 2012 ëm 0,3 Prozent gewues. Dat ass ee schwaacht Wuestum, dat weist, datt mer nach laang net iwwer de Bierg sinn. Mir sinn 2013 net méi räich wéi mer et 2008 waren. Mir trëppelen zanter fënnef Joer op der Plaz. Aner Länner sinn 2012 no hanne gaang: Holland zum Beispill 0,6 Prozent, d'Eurozon als Ganzt och.

Et ass dervun auszegoen, datt d'Eurozon am Joer 2013 an der Rezessioun stieche bleift. Ee Wuestumsrepli vun 0,3 Prozent gëtt hir virausgesot. Fir 2014 gëtt dann awer mat engem Plus vun 1,4 Prozent gerechent a fir 2015 an 2016 mat engem vun 2 Prozent respektiv 1,6 Prozent. Ech halen dës Zuele fir relativ optimistesch. Si kënnen – wann iwwerhaapt – nëmmen dann erreecht ginn, wa mer deenen Eurolänner, déi sech ënner engem europäeschen Upassungsplang bewege méi Zäit fir d'Erreeche vun den Ajustementszuelen zougestinn. D'Leit a Griechenland, op Zypern, a Portugal a soss doruechter packen den aktuelle Konsolidéierungsrythmus net méi. Een ze extremt Konsolidéieren an de Programmlänner an an aneren divergéierende Staate wéi zum Beispill Frankräich géif d'Croissance ofwiergen. D'Objektiver, déi gesat goufen, bleiwe richteg a mussen erreecht ginn. Vun 2008 op 2013 ass d'ëffentlech Schold an den Eurostaate vu 70,2 op 95,1 Prozent geklommen. Si muss zréckgedréckt ginn, awer net esou séier wéi geplangt. D'Lëtzebuerger Regierung setzt sech fir eng Tempodrosselung an. Wann dat net geschitt kënnt et zur sozialer Explosioun. Schonn haut besteet d'Eurozon, net wéi mer mengen aus 17, mee effektiv aus 18 Staaten. Deene 17, déi den Euro hunn an deem 18. An dat ass d'Land vun deenen 19 Millioune Leit, déi keng Aarbecht hunn.

2013 bleift d'Croissance zu Lëtzebuerg phlegmatesch. Eise PIB schéngt nëmmen 1 Prozent kënnen ze klammen an net 1,7 Prozent wéi nach beim Vote vum Budget am Dezember gemengt gi war. Mee 2014, 2015 an 2016 gi Realwuestumszuele vun 2,3 Prozent, 1,9 Prozent an 3,8 Prozent erwaart.

Den Emploi géng 2013 mat 1,6 Prozent, 2014 mat 1,2 Prozent, 2015 an 2016 mat 2,2 Prozent expandéieren. De Chômage géng am Joer 2013 6,7 Prozent ausmaachen, fir dann 2016 op 6,4 Prozent erofzegoen.

Dat verfügbaart Akommes vun de Leit géng 2013 ëm 1,3 Prozent an an deenen dräi Joren duerno ëm 2 Prozent an d'Lut goen. D'Inflatioun wäert 2013 1,8 Prozent bedroen an an deene kommenden dräi Joer ënner 2 Prozent bleiwen. Wann den Indexautomatismus am Joer 2015 reaktivéiert gëtt, da géif déi nächst Indextranche no där vum Oktober 2014 wahrscheinlech am Juni 2016 erfalen.

Déi europäesch an national Prognose musse mer uräicheren duerch eng Rei vun externe makroekonomeschen Donnéeën, déi fir all d'Eurolänner déiselwecht sinn. All Eurolänner schaffen op der Basis vun enger konstanter Uelegpräis- a Wiesselcoursentwécklung tëschent Dollar an Euro iwwer den Zäitraum 2014-2016. Si tabléieren hir Finanziwwerleeungen op eng graduell Augmentatioun vun de kuerz- a laangfristegen Zënssätz vun 2014 un an op eng „Normaliséierung" vun de Verhältnisser op de Finanzmäert, in concreto vun engem Uklamme vum Eurostoxx 50 vu 4,7 Prozent am Joer 2014, vun 12,9 Prozent 2015 a vun 9,8 Prozent 2016.

Compte tenu vun de Prognosen, Estimatiounen an Hypothesen entwécklen d'ëffentlech Finanze sech an eng Richtung, déi esou ass, datt mer se mussen ëmdréien.

Ee kuerze Rappel fir d'éischt: d'gesamtëffentlech Finanze schléissen 2012 mat engem Gesamtdefizit vu ronn 360 Milliounen of – 0,8 Prozent vum PIB. Den Zentralstaat schléisst mat engem Defizit vu ronn 1150 Milliounen Euro oder 2,6 Prozent vum PIB of. Nom Vote vum Budget fir 2013 beleeft den Negativsaldo beim Gesamtstaat sech op ronn 340 Milliounen Euro – 0,7 Prozent vum PIB – a vu ronn 1025 Milliounen Euro am Zentralbudget, ass gläich 2,2 Prozent vum PIB. Dës Resultater si besser wéi déi vun 2012, haaptsächlech well mer fir 2013 ee Konsolidéierungspak vun iwwer 900 Milliounen Euro opgeluecht hunn.

Ënner Berücksichtegung vun der inevitabler Tatsaach, datt vun 2015 un d'TVA-Recetten op dem elektroneschen Handel ronn 700 Milliounen ofhuele wäerten a wann een desweideren unhuele géif, d'Politik bléif genau déiselwecht wéi haut, da wier de Profil vun de Staatsfinanzen net schéin unzekucken. 2014 hätte mer dann een totale Minus beim Gesamtstaat vun 1,3 a vun 2,6 Prozent beim Zentralstaat. 2015 wieren dat 3 respektiv 4,1 Prozent an 2016 2,8 respektiv 3,7 Prozent.

Dës Zuelen an hir Evolutioun weisen, datt mer d'Zil d'Gesamtfinanzlag bis 2014 an den Equiliber ze bréngen net erreeche kënnen. Dat ass ënner anerem haaptsächlech op dat extrem schwaacht Wirtschaftswuestum zréckzeféieren. An de kommenden dräi Joer – ech hunn Iech dat d'éinescht gesot – beweegt d'Croissance sech awer – wa keng absolut Katastroph geschitt – däitlech no uewen. Mir mengen dofir, datt mer gutt Chancen hätten, de gesamtstaatlechen Equiliber fir fréiestens 2016 a fir spéitstens 2017 ze packen. Mir packen en awer nëmme wa mer vun 2015 un déi TVA-Recette déi am e-Commerce ewechbrécht duerch eng Augmentatioun vun eisen TVA-Sätz kompenséieren. Mir hunn déi niddregsten TVA-Sätz an Europa. Si hu vun 1993 un net méi bougéiert. Mir sinn dat eenzegt Land an Europa dat d'TVA esou laang agefruer hat. Mee 2015 wäert de Moment komm si fir se unzehiewen, awer esou, datt mer déi niddregsten TVA an Europa behalen. Et recommandéiert sech, dës TVA-Reform an eng méi breet Steierreform anzekleeden, déi eis Tarifstruktur esou ëmbaut, datt déi sougenannte Mëttelschicht – ee schrecklechen Ausdrock, niewebäi bemierkt – net penaliséiert gëtt. Mat de Virbereedungen zur Steier- an TVA-Reform ass ugefaang ginn. Mee virun 2015 bleift alles esou wéi et ass. Et wier och net klug, am aktuelle konjonkturellen Ëmfeld d'TVA-Struktur ze reartikuléieren.

Mee fir d'Finanze vum Gesamtstaat ze equilibréieren an den Defizit vum Zentralstaat ze diminuéieren, brauch et méi, wéi eng nei Ausriichtung vun der TVA. Mir mussen an de Joren 2014, 2015 an 2016 weider konsolidéieren.

Weider konsolidéieren: dat ass liicht gesot; et ass schwéier ze maachen. Et wier liicht ze maachen, wann ee sech et wëllt liicht maachen.

Da kënnt een zum Beispill d'Investitiounen ëm 500 Millioune kierzen andeem ee se géif op den Niveau vum Eurozonenduerchschnëtt bréngen. Mee da géif een de Wuestum schaarf ofbremsen an d'Zuel vun de Failliten explodéieren dinn. Dofir maache mer dat net. Mir beschränken eis drop fir den aktuellen Investitiounsvolumen nominal ze stabiliséieren. Mir wäerten investitiounspolitesch verstäerkt mat der Europäescher Investitiounsbank zesummeschaffen. Dat wäert eis Investitiounsprojeten méi bëlleg maachen.

D'Krediter fir d'Recherche, Innovatioun an Uni musse weider wuessen, mee si wäerten net méi zweestelleg wuesse kënnen.

Wann ee sech et liicht wëllt maachen, kënnt een de staatleche Beitrag zur Finanzéierung vun eise soziale Versécherungssystemer – dee mécht 45 Prozent vun de Recettë vun deem aus – op den Niveau vun eise Nopeschlänner erofzéien – dee mécht 33 Prozent aus. Da géife mer net 10,5 Prozent vun eisem PIB, mee nëmme 7,8 Prozent dervun opbrénge mussen. Erspuernis: 1 Milliard Euro manner Defizit am Zentralbudget. Mee logescherweis misste mer déi Milliard duerch méi héich Cotisatioune vun de Patronen an den Assuréën ersetzen. Da wier eis Kompetitivitéit am Eemer. Stattdesse wëlle mer d'Cotisatiounen, déi op de Betriber leie bis 2016 op dem aktuellen Niveau stabiliséieren.

Et kann een d'Funktionnementskäschte vum Staat weider drosselen. Dat maache mer och. Mee vill Sputt bleift eis no den Effortë vun de leschte Joren net.

Mir sinn amgaang, déi finanziell Hëllefe fir de Logement op hir Efficacitéit hinn ze iwwerpréifen. Hei gëtt et Aspuerungsméiglechkeeten, déi et fir d'Zukunft ze notze gëllt. Fir d'Zukunft, net fir d'Bénéficiaire vun deene Moossnahmen déi lafen. D'Bonification d'intérêt gëtt ofgeschaaft. En plus menge mer datt eng méi staark Besteierung vun de Plus-valuen déi op den Terrainë realiséiert ginn, ugesot ass.

Am Sozialberäich musse mer – doduerch datt mer déi festgefueren ideologesch Barrièren iwwersprangen – déi Leeschtungen op de Métier huelen, déi no jéngster Jurisprudenz verstäerkt an den Export musse goen. Net alles, wat juristesch stéchhalteg ass ass materiell a sachlech nozevollzéien. Och hei kënnt et zu Aspuerungen. Mir mussen eis och d'Finanzéierung vun der Fleegeversécherung nei ukucken. Et kommen all Joer vill Bénéficiairë bäi – dat ass net verwonnerlech bei eiser demographescher Struktur. D'Käschte klammen. Mir wëllen d'Qualitéit vun der Fleeg bäibehalen, mee mir mussen hire Coût nees an de Grëff kréien. Entweder duerch d'Agrenze vum Uklamme vun de Prestatiounskäschten. Oder awer – falls dat net geet – duerch eng Erhéijung vun den Assuréen hire Cotisatiounen, ouni datt d'Finanzlaascht fir de Staat zouhëllt.

Mir waarden op een Urteelssproch vum Europäische Geriichtshaff a Saache Studenteboursen a mir wäerten déi am Liicht vun deem Arrêt a mat klorer Aspuerungsabsicht reformuléieren.

Mir wäerten d'Préretraite-Solidarité op een Enn féieren an d'Aide au réemploi verschlanken.

Mir wäerten derfir suergen, datt déi Critèren, déi nach iwwerkuckt musse ginn, no deenen den Innenministär seng Subsiden un d'Gemengen organiséiert och vun allen aneren Departementer applizéiert ginn.

Bref, et muss weiderhi Fouss bei Mol gehal ginn. Op alle Pläng. Am Budget 2014 wëlle mer op d'mannst fir 250-300 Milliounen Euro konsolidéieren. Mir mussen d'Defiziter 2014 par rapport zu 2013 erofkréien. A mir mussen 2015, 2016 a spéitstens 2017 de gesamtstaatlechen Equiliber realiséieren an dofir grouss Konsolidéierungsustrengungen 2015 an 2016 maachen. Da sti mer spéitstens 2016/2017 finanziell betruecht erëm esou gutt do wéi 2005. D'Zil heescht: null Defizit am Gesamtstaat, een Defizit vun ënner 1 Prozent vum PIB am Zentralstaat. Deen Defizit vun 1 Prozent ass am Liicht vun engem Investitiounsvolumen – fir d'Zukunft a fir déi nächst Generatiounen – vun op d'mannst 3 Prozent vum PIB ze liesen. Och an Zukunft ass et net anormal, d'Investissementer zu engem Deel iwwer Emprunten ze finanzéieren.

Ech weess: et gëtt Leit, déi hu sech erwaard ech géif Blutt an Tréinen iwwer d'Land fir d'Joer 2014 vergéisse wëllen. Ech weess och, datt vill Leit et couragéiert géife fannen, wann ech haut Budgetsaspuerunge vun 1 Milliard Euro fir d'Joer 2014 géif annoncéieren. Dat wier vläicht couragéiert, mee dat wier och conter-indikéiert. Den aktuelle Kurvenverlaf vum Konjunkturzyklus léisst eng Konsolidéierung vun iwwer 300 Milliounen Euro net zou. D'Eurozon ass an der Rezessioun, d'Wirtschaftswuestum zu Lëtzebuerg ass mickreg. No engem Konsolidéierungseffort vun iwwer 900 Milliounen Euro fir d'Joer 2013 wier ee Konsolidéierungspak vun iwwer 300 Milliounen Euro fir d'Joer 2014 kontraproduktiv fir eist Wirtschaftswuestum, fir d'Evolutioun vum Chômage a fir de Konsum am Land.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech kommen net derlaanscht, Iech iwwer den Niveau vun eiser ëffentlecher Schold ze schwätzen.

Si beweegt sech tendenziell an déi falsch Richtung. Obschonn ee muss drun erënneren, datt eis Scholdestänn an de 60er Jore vum leschte Jorhonnert méi héich waren, wéi déi, déi mer haut kennen.

Si ass vun hirer Evolutioun hir spektakulär. 2007, virun der Kris, louch se bei 2,5 Milliarden Euro, 6,7 Prozent vum PIB. Si läit elo bei 11,4 Milliarden, 25 Prozent vum PIB. Ouni den Emprunt fir d'Rettung vun der Generalbank chiffréiert se sech op 9,4 Milliarden Euro, 20,6 Prozent vum PIB. Am europäesche Vergläich huet se een Niveau erreecht, deen net spektakulär mee ordinär ass: eis 25 respektiv 20,6 Prozent entspriechen engem Scholdenniveau an der Eurozon vun insgesamt 95 Prozent vum PIB, engem belsche Scholdenniveau vu ronn 100 Prozent, engem franséische vun 93,4 Prozent, engem däitsche vun 80 Prozent – tiens! – , engem éisträichesche vu 75 Prozent, engem hollännesche vu 74 Prozent an engem finnesche vu 57 Prozent. Déi aner Triple-A-Staaten aus der Eurozon – Däitschland, Holland, Finnland – leie proportional däitlech iwwer eisem Scholdenniveau.

Mee eis Schold klëmmt fir eis Verhältnisser ze séier. A wann ee Scholde mécht da geet et séier. D'Eurozone-Schold ass vun 2008 un ëm 25 Prozentpunkte par rapport zum Euro-PIB geklommen. Dat weist déi geféierlech Explosiounsdynamik, déi an enger inconsideréierter oder vun den Ëmstänn opgezwongener Verschëldung läit. Eng héich Verschëldung zitt een héije Scholdendéngscht no sech. An een héije Scholdendéngscht bréngt eng Verengung vun de budgetäre Manövréierfräiheete mat sech. Doraus ergëtt sech, datt mer d'Entwécklung vun der ëffentlecher Schold a vum Scholdendéngscht am Grëff behale mussen. Sech verschëlde statt ze konsolidéieren ass ee séisst Gëft. Zréckbezuelen awer ass sauer. Dofir soll een – wann ëmmer et geet – seng ëffentlech Schold duerch intelligent Verhalen no ënne corrigéieren.

De Lëtzebuerger Staat huet 2008 d'Banque générale gerett – anescht kann een dat net soen – andeems mer en Emprunt public vun zwou Milliarden opgeholl hunn, dee mat 3,75 Prozent verzënst gouf. Mir hunn eis Banke selwer gerett, mir hu keng Hëllef vun deenen aneren Eurostaaten dofir gebraucht. De Staat huet op deem Emprunt, dee mer fir d'BGL opgeholl hu 450 Milliounen Euro un Zënse bezuelt. Si sinn an d'Täsche vun deene Lëtzebuerger gefloss, déi sech um Rettungsplang fir d'BGL bedeelegt hunn. Doduerch datt mer Aktionär an der BGL gi sinn, wäert de Staat bis Enn 2013 alles an allem Dividenden an Dépôtzënse vu 508 Milliounen Euro kasséiert hunn. Mir hu bis elo op där Operatioun, déi d'Bank gerett an d'Spuerer an d'Clienten indemne gehal huet méi gewonn wéi mer ausginn hunn: 58 Milliounen Euro. Op där paralleler Aktioun d'BIL betreffend hu mer een Zënsgewënn vu 27,3 Millioune gemaach. Déi zwou Operatiounen zesummen hunn dem Budget een Netto-Plus vu 85 Millioune bruecht. Statt Konkurs vun zwou Banken ee Gewënn!

De BGL-Emprunt leeft am Dezember 2013 aus. De Lëtzebuerger Staat ass bereet sech dann als Aktionär bei der BGL zréckzezéien. Net well mer eis zréckzéie missten: eis Scholdelaascht vergläicht sech konfortabel mat där vun eisen Nopeschlänner. Mee wann de Präiss um Enn vum Joer oder um Ufank vum nächste Joer stëmmt, wa mer also vu BNP-Paribas déi Zomm kréien, déi eis ugemiessen erschéngt, da verkafe mer. Mir verkafen net well mer mussen, mee well mer dat vläicht zu gudde Konditioune kënnen. Mee wann d'Konditiounen net stëmmen, verkafe mer net. Wa se stëmmen, da maache mer et. A wa mer et maachen, da géife mer eis Staatsschold ëm 2 Milliarde reduzéieren a géife se vu 25 Prozent vun eisem PIB op 20,6 Prozent ofsenken. D'Bank gerett, d'Aarbechtsplazen erhal, d'Clienten net geschiedegt, Gewënn gemaach an duerno d'Schold reduzéiert: dat kann een och méi schlecht maachen! Mee nach muss verhandelt ginn an dofir halen ech och hei op.

Här President,

Ech war elo grad bei enger voire zwou Banken.

Ech kommen elo bei d'Banken alleguer.

Ech komme bei d'Bankgeheimnis.

Mee ier ech dohinner kommen, bleiwen ech bei der Finanzplaz generell.

Eis Finanzplaz steet fir 36 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt a fir dausenden, jo zéngdausenden direkt an indirekt Aarbechtsplazen. Si huet sech hir Plaz an der Welt eruewert duerch hiren Know-how, duerch d'Breet vun hirer Produktpalett – groussen Ënnerscheed iwwregens zu Zypern – an duerch d'Expertise vun hiren Dirigenten a vun hire Mataarbechter.

Et wier ee verhängnisvollen Trugschluss, net weiderhin op d'Finanzplaz ze setzen. Mir developpéieren hir international Ausriichtung weider.

Et wier awer och ee Fehler dervun auszegoen, d'Finanzplaz wier ee Geldautomat, deen eis ëffentlech Keese géif einfach esou zum Iwwerspruddele bréngen. Dofir brauche mer och aner Revenusquellen.

Wa mer d'Zukunft vun eiser Finanzplaz wëlle sécheren, da musse mer eis aktiv un der Festleeung vun deene Regele bedeelegen, déi dat internationalt Finanzgeschäft encadréieren. Eis Plaz als féierende Finanzzentrum an der Welt ass net am Motzeck. Mir gehéieren an d'Mëtt vum Terrain. Mir mussen an der Mëtt vun deem Spillfeld sinn, wou d'Soliditéitsregele vun de Banken opgestallt ginn. Mir mussen eis um Kampf géint d'Geldwäschen an der Lutte géint Steierhannerzéiung bedeelegen, Steierhannerzéiung, déi jo een Akt vun nationaler an internationaler Desolidaritéit ass.

Am Joer 2000 huet déi deemoleg Lëtzebuerger Regierung am portugiesesche Feira de Wee ewech vum Bankgeheimnis a Richtung automateschen Informatiounsaustausch ageschloen, mam Accord vun der Chamber iwwregens. Den Zuch dohinner ass virugefuer: ënnert dem Androck vun der Finanzkris huet sech fir d'éischt den Informatiounsaustausch op Ufro duerchgesat, d'USA hunn duerch Gesetz – d'USA, net d'Europäer, an och net déi Däitsch – alle Länner mat deene si Finanzgeschäfter maachen den automateschen Informatiounsaustausch virgeschriwwen. De Quellesteiermodell, deem eis éischt Präferenz gegollen huet, huet sech international weder behaapt nach duerchgesat. Mir kënnen eis doriwwer bekloen, well mer gemengt hunn d'Quellesteier géif méi Erträg bréngen, wéi deen dach komplizéierten automateschen Informatiounsaustausch. An 't ass awer esou komm, erbäigefouert an éischter Linn vun där radikaler Positioun, déi d'Amerikaner bezunn hunn. Wa mer elo eis Positioun änneren da geschitt dat net ënner europäeschem Drock, deen et selbstverständlech gëtt well bis elo 25 Staate resolut fir den automateschen Informatiounsaustausch antrieden. Wa mer eis Positioun änneren da geschitt dat well d'Amerikaner eis keen anere Choix loossen. D'Amerikaner maachen nach just Finanzgeschäfter mat deene Länner, déi mam automateschen Informatiounsaustausch averstan sinn. Wa mer eis där Exigenz entzéien, fanne keng Finanzgeschäfter mat den USA méi statt. Eng international Finanzplaz ka sech awer net vum amerikanesche Finanzcircuit ofschneiden. Nun ass et Gott sei Dank esou, datt eis Finanzplaz sech resolut enger Wäissgeldstrategie verschriwwen huet. Eis Finanzplaz lieft net vu Schwaarzgeld a vun der Steierhannerzéiung. Hir Repräsentante ginn net midd ze soen d'Finanzplaz wier propper a si géif op déi Clienten, déi vum Schwaarzgeld, déi vum Stéierhannerzéien, verzichten. Dofir kënne mer ouni gréissere Schued den automateschen Informatiounsaustausch op den 1. Januar 2015 aféieren. Et si vun dësem automateschen Informatiounsaustausch d'Revenusë vun deenen EU-Bierger betraff, deenen hir Revenuën, déi hei zu Lëtzebuerg géréiert ginn an déi an d'Applikatiounsfeld vun der europäescher Zënsdirektiv falen. Mir kënnen den Europäer net alles dat verweigeren, wat mer den Amerikaner an engem bilaterale Vertrag wäerte mussen zougestoen. Fir déi Leit, déi hei am Land wunnen ännert sech näischt: si behale wéi bis elo d'Bankgeheimnis an hir Zënsrevenusë ginn un der Quell besteiert. D'Bierger aus Drëttlänner ausserhalb vun der Europäescher Unioun falen ënner d'Bestëmmunge vun de bilateralen Duebelbesteierungsofkommessen, déi mer ofgeschloss hunn oder déi mer ofschléisse wäerten.

De Schrëtt an den automateschen Informatiounsaustausch, dee kënnt net iwwer Nuecht. En ass alles anescht wéi eng hektesch Reaktioun vun der Lëtzebuerger Regierung op d'rezent Publikatioun vu richtegen a vermeintleche Steiersënnerlëschten. Am Géigendeel: e fänkt 2000 zu Feira un, e gëtt vun engem dach irresistiblen internationalen Trend pousséiert. E gouf iwwer Méint a Verhandlungen a Gespréicher tëschent dem Finanzminister an den Akteure vun der Finanzplaz diskutéiert a virbereet. Dem Finanzminister seng Äusserungen iwwer de Weekend refletéieren déi, déi en zënter enger gewëssener Zäit schon an der internationaler Press gemaach huet a sinn an esouwäit näischt Neies. An engem Gespréich mat der Neuen Zürcher Zeitung vum 6. Februar 2013 huet e seng Iwwerzeegung zum Ausdrock bruecht, datt a Saache Verméigensverwaltung d'Bankgeheimnis ëmmer manner wichteg géif ginn. E wier zwar fir de Schutz vum Bankgeheimnis Drëtte géintiwwer, mee net fir säi Schutz wann et Bezéiungen tëschent Banken a Steierverwaltungen ugeet. En huet sech och der Lëtzebuerger Press géintiwwer an deem Sënn geäussert. Am Januar vun dësem Joer huet en an engem RTL-Interview zu Protokoll ginn, datt d'Bankgeheimnis vun der Zukunft ee Bankgeheimnis bleiwe wäert dat de Schutz vun der Privatsphär géintiwwer Drëtte garantéiert, mee datt dat awer kee Schutz géintiwwer den internationale Steierverwaltungen implizéiert. Am Februar 2013 huet en dem Paperjam géintiwwer datselwecht erklärt.

Mir maachen also eng global Entwécklung mat. Dës Entwécklung war ënnerwee, mer hu se opmierksam an aktiv begleet, mir knécken net ënner dem däitschen Drock – dem „preiseschen" wéi eis Internaute schreiwen – an. 25 EU-Länner plus d'USA wëllen den automateschen Informatiounsaustausch. Mir kënnen en elo ab den 1. Januar 2015 matmaachen, well eis Finanzplaz am Wëssen ëm déi international Entwécklung sech prett dofir gemaach huet.

Wéi mer viru Joren d'Quellesteier agefouert hunn, do hunn der vill den Doud vun der Finanzplaz virausgesot. Haut héiert een d'Doudesklack emol net méi bimmelen. Mir hunn d'Quellesteier agefouert nodeem mer fir hir Aféierung prett waren. A mir hate Recht se anzeféieren.

Ech liesen an opgereegten Zeitungskommentaren heiheem an dobaussen, den automateschen Informatiounsaustausch géif d'Enn vun der Finanzplaz Lëtzebuerg bedeiten. Mee d'Finanzplaz hänkt net existentiell vum Bankgeheimnis of. D'Regierung knipst der Finanzplaz d'Luten net aus. Et ka sinn datt et zu marginalen Upassungsproblemer kënnt. Mee mir wëssen eppes wat vill anerer net wëssen oder vun deem vill anerer maachen, wéi wa se et net géife wëssen: déi, déi eis Finanzplaz féieren an déi, déi op hir schaffen, gehéieren zur absoluter Weltspëtzt.

Alles gëtt anescht hat ech gesot a Villes verännert sech. Dat stëmmt och fir dat globalt Ëmfeld mat deem eis Finanzplaz muss liewen. Gleeft mer es: wa mer den automateschen Informatiounsaustausch elo net géifen aféieren, géif et eis an e puer Joer näischt hëllefen en iwwer Nuecht missen anzeféieren. Mir setzen op eis Fähegkeet eppes fäerdeg ze bréngen. Mir setzen net op eis Fähegkeet eppes verhënneren ze kënnen.

Här President,

Ech sinn ee Frënd vun den Zuelen an dofir hunn ech Iech der vill genannt. Fir Äre Goût vläicht zevill. Fir den Appetit vun de Leit och. Mee ech war 25 Joer laang Budgets- a Finanzminister an dann huet een et mat den Zuelen. Et kann een net ouni Zuelen iwwer de Budget an d'Finanze schwätzen. Mee dat kléngt dann technokratesch, wäit ewech vum Liewen a vun de Leit. Mee passt op: hanner den Zuele sti Leit an Zuele beschreiwen d'Liewen. Och Dir musst Iech nach mat de Chiffren, déi ech Iech an aller Transparenz op den Dësch geluecht hu beschäftegen. Virun Enn Abrëll muss d'Regierung hire Stabilitéitsprogramm fir d'Joren 2014-2016 zu Bréissel areechen an deem se net nëmme festleeë wäert wéi mer de Gesamtequiliber erreeche mee awer och Zwëschenziler pro Joer muss fixéieren. Doriwwer – an iwwer déi Bréisseler Reaktioun dorop – ass heibannen ze schwätzen an och am Mee/Juni mat de Sozialpartner, am Beschten am Kader vun enger Tripartite déi ee gutt muss virbereeden.

Da gëllt et fir jiddferee Jo oder Neen ze soen zur budgetärer Etappen-Trajectoire déi d'Regierung virschléit, Jo oder Neen oder awer eng aner Propositioun maachen. Jiddferee muss soen, wéi en d'Staatsverschëldung an domat d'Belaaschtung vun den nächste Generatioune gesäit.

D'Oppositioun seet d'Lag vun der Natioun wier schlecht. Ech soen: si war scho besser, wéi och d'Lag vun deenen anere Länner ronderëm eis scho besser war. Mee ech soen och: mir hunn – dat ka keen ofstreiden – déi déckste Peien a Pensiounen wäit a breet, mir hunn deen zweetniddregste Chômage wäit a breet, mir hunn deen héchste Prozentsaz vun onbefristeten Aarbechtsverträg wäit a breet, mir hunn déi niddregste Soziallaaschten, déi niddregste Staatsverschëldung an déi niddregsten Defiziter wäit a breet, mir bezuele manner Steieren wéi eis Noperen. Wa mer déi décksten Defiziter, deen héchste Chômage, déi niddregst Peien a Pensiounen, dat niddregste Kannergeld an déi héchste Lounniewekäschten a Steieren hätten, da kënnt ech d'Reprochë vun der Oppositioun an d'Kritike vu Gewerkschaften a Patronatsorganisatioune besser novollzéien. Esou awer muss ech soen, datt déi Larmoyanz, déi eist Land iwwerzitt – esou wéi wa mir vun allen am schlechsten dru wieren – mer ongerechtfertegt, suspekt an dubios virkënnt. Mir kënne Villes besser maachen, mir hätten och Villes méi schlecht kënne maachen.

Eis feelen zwou Saachen: mir sinn net houfreg genuch op dat, wat mer fäerdegbruecht hunn. Mir hunn net genuch Courage virun der Zukunft. Wann ee gutt ass – trotz Schwächeufäll – da soll een net lamentéieren a Selbstmord aus Angscht virum Doud maachen, mee da soll een d'Äerm eropstrëppen a sech drugi fir weider ze kommen. Net nëmme wirtschaftlech – mir kënnen net méi esou wuesse wéi an der Vergaangenheet an dat ass och keng Katastroph. Mee och an eisem Mateneen ënnereneen. Net Solidaritéit menacéiert eis, den Egoismus – deen individuellen an dee korporatisteschen – bedroht eis. Den Egoismus an den stupide korporativen Näid zerstéiert d'sozial an d'national Kohäsioun. D'Solidaritéit festegt se. Mee d'Solidaritéit mat Allen ass méi ustrengend wéi deen exklusiven Egoismus, dee sech am eegene Krees dréit. Mir brauchen eng fair Gesellschaft, wou een op deen anere kuckt an eréischt eppes gëtt duerch de Bléck vun deenen aneren op hien. Dat bréngt eis derzou do ze spuere wou mer alleguer betraff sinn an eis do zréckzehale wou déi, déi méi Schwaach sinn als eenzeg d'Pan musse klaken. Dat ass keng Invitatioun fir sozialromantesch an naiv ze sinn an ze ginn. Et ass just een Appell fir méi sozial a gesellschaftlech Fairness.

- Eng méi fair Gesellschaft: dat war schonns mäi Motto an der Erklärung zur Lag 2011. Ech hat Iech deemools gesot mir missten 300 supplementar Poste schafe fir déi Kanner an déi Familljen déi besonnesch Schwieregkeeten hunn ze ënnerstëtzen. Mir hunn der dovun 232 kreéiert a fuere virun domat.

- Eng méi fair Gesellschaft: dat war eis Suerg, wéi mer d'lescht Joer decidéiert hu Famillje mat niddregem Akommes mat 800 Euro pro Kand – Subsid- a Schoulbichergeld – ze ënnerstëtzen. 5000 Famillje kréien déi Hëllef déi iwwer 5 Milliounen Euro ausmécht.

- Eng méi fair Gesellschaft: dat war de Grond fir wat mer déi staatlech Bedeelegung un de Käschte vun der betriblecher Weiderbildung vu 14,5 op 20 Prozent fir all Salariéën a vu 14,5 op 35 Prozent fir Mataarbechter iwwer 35 Joer an d'Lut gesat hunn. De staatleche Beitrag huet sech verduebelt, e läit haut iwwer 40 Milliounen Euro. 51 Prozent vun de Salariéën am Privatsecteur, 72 Prozent vun de Salariéën a Betriber vu manner wéi 20 Beschäftegten profitéiere vun dëser Moossnahm déi dofir suergt datt keen a senger Aarbechtsbiographie zu sengem Nodeel hänke bleift.

- Eng méi fair Gesellschaft: 2004 nach hate mer 17,2 Prozent vun de Schüler déi d'Schoul ouni Qualifikatioun verlooss hunn, 2011 waren et der nëmme méi nach 9 Prozent. D'Schoul vun der zweeter Chance fänkt – ee Beitrag zu méi Liewensfairness – ëmmer méi Jonker an heiandso och méi Eelerer op.

- Eng méi fair Gesellschaft: déi Absicht huet bewierkt, datt tëschent 2004 an 2012 d'Plazen an de Crèchen, an de Foyeren, an de Maisons-relais an esou virun, sech verfënneffacht hunn. D'Halschecht vun de Kanner ënner 12 Joer huet haut Zougank zu de Strukturen déi d'Familljeliewen an d'Beruffsliewe méi kompatibel maachen. Mir hu méi Soue fir d'Kannerbetreiung ausgi wéi mer Souen duerch d'Desindexatioun vum Kannergeld agespuert hunn.

- Eng méi fair Gesellschaft: dat mierkt een och dorunner datt mer d'Deierechtzoulag erhéicht hu wann d'Petrolspräisser geklomm sinn a se net erofgesat hu wa se gefall sinn. Dat mierkt een och dorunner – wann ech an déi lescht Legislaturperiod zréckginn, mee Politik vun enger Koalitioun ass jo ee Ganzt –, datt mer de Kannerbonus agefouert hunn, deen ee Kand wéi dat anert behandelt onofhängeg vun der Revenussituatioun vun der Famill. Dat mierkt een och un der Aféierung vum Statut unique – kuckt emol wéi schwéier d'Belsch sech domat dinn. Dat mierkt een och – fir nach méi wäit zréckzegoen – un der Pensiounsreform vum ëffentlechen Déngscht, déi dem Land méi Gläichheet bruecht huet. Dat mierkt een och – fir ganz wäit zréckzegoen – un der Steierreform vun 1991, déi méi Gerechtegkeet tëschent de Steierklasse zur Folleg hat.

- Eng méi fair Gesellschaft: wat war dann d'Schafe vum Mindestakommes a vun der Flegeversécherung – zwou grouss Fairnessleeschtunge vun LSAP an CSV – anescht wéi e supplementare Bléck op deen Nächsten?

Ech kënnt mat där Opzielung virufueren. Ënner anerem fir ze beweisen, datt dës Koalitioun d'Land verännert a weiderbruecht huet, och doduerch, datt mer de Perimeter vun der Fairness no an no an ëmmer erëm erweidert hunn. Ech wëll net alles opzielen. Mat der Politik awer a Richtung méi Fairness, mat där wëlle mer virufueren.

Dat Sichen no méi Fairness, no méi Gerechtegkeet, no méi Chancenoptiméierung zitt sech wéi e schwaarz-roude Fuedem duerch eis vergaangen, aktuell an zukünfteg Politik. Ech kann – am Kader vun dëser Debatt – leider net op all Segmenter vun eiser zukünfteger Politik agoen. Dofir feelt mer d'Zäit. An ausserdeem: d'Ministeren hale Pressekonferenzen drop an derwidder, d'Ministeren hale Rieden hei an do, Dir organiséiert Aktualitéitsdebatten iwwer de Chômage an iwwer d'Kompetitivitéit, d'Ministere beäntweren Är parlamentaresch Froen. Et mécht kee Sënn alles dat ze widderhuele wat bekannt ass an et mécht och kee Sënn déi Themen déi Dir hei a speziellen Debattë wëllt behandelen an der Erklärung zur Lag virzebehandelen. Mee iwwer alles gëtt haut, mar, an den nächste Wochen a Méint intensiv geschwat.

De Wonsch no méi inklusiver Fairness beinhaltet och d'Sichen no méi Zäertlechkeet an der Gesellschaft. Verlaangt, datt mer eis ëm déi bekëmmeren, déi net méi wësse wie se sinn a wou se sinn. Déi Leit, déi liicht oder staark dement sinn, déi Alzheimer-Krank an alleguer déi déi verluer si brauchen eist tatkräftegt Matgefill. Demenz- an Alzheimer-Krankheeten huelen zueleméisseg enorm zou. Mir ginn dervun aus, datt mer am Joer 2025 méi wéi 8.000 Demenz- an Alzheimer-Kranker hunn. Dofir lancéiert d'Regierung een nationalen Alzheimerplang. Hie wäert den Akzent op primär Preventiounscampagnen, op d'Ausschaffe vun nationalen Diagnostikstandarden an op d'Qualitéit vun der Prise en charge. Dee Plang muss finanzéiert ginn an e gëtt et.

Ee Beräich wou däitlech méi Fairness ugesot ass, dat ass dee vum Wunnengsbau a vum Logement. An den nächste Jore ginn zéngdausende Wunnenge gebaut. Dir kennt déi Chiffren. Ech brauch se net nach eng Kéier ze widderhuelen. D'Terrains- an d'Wunnengspräisser sinn ze héich. Se sinn dat net well de Staat d'Acquisitioun vun engem Logement mat ongenügende Finanzmëttele géif begleeden. Et ass éischter esou, datt mer d'Demande no Wunnenge finanziell zevill ënnerstëtzen. Dofir orientéiere mer eis Politik a Richtung Vergréisserung vun der Offer. Well dausende Wunnengen am Land eidel stinn, suerge mer mat de Gemengen derfir datt déi Wunnenge mat enger Tax beluecht ginn. Bis elo hu just e puer Gemengen dat gemaach. All Respekt fir si, mee déi aner Gemengen am Land mussen dat och maachen. Diesbezüglech Texter leie vir, si mussen nach vum Syvicol aviséiert ginn an da musse mer lass goen. Mir féieren och iwwer de Wee vun engem neie Gesetz déi sougenannte Gestion locative sociale an: d'Gemenge kréien d'Méiglechkeet, eidel Wunnenge vu Privatleit ofzelounen a se dann u Stéit mat klenge Revenusë weider ze verlounen. Mir wëllen d'Leit mat niddrege Revenusen aus der Energiefal befreien. Dofir wäert een neit Gesetz d'Méiglechkeet vun engem Prêt zum Nullzënssaz aféiere fir den Energie-Assainissement vu méi ale Wunnengen. D'Leit kënnen een Hypothekar-Prêt ophuelen, dee bis zu 50.000 Euro ka goen an deem säi Kapital a seng Zënse vum Staat garantéiert ginn. En plus iwwerhëllt de Staat d'Käschte fir d'Energieberodung. Dës nei Moossnahm kënnt bei déi iwwer de Mietzuschuss derbäi, Mietzuschuss, dee mer als Loyerssubventioun d'lescht Joer agefouert hunn an dee 15 Milliounen Euro kaschte wäert.

Méi Matenee brauche mer och an der Schoul. D'Reform vun der Grondschoul ass an déi richteg Richtung gaang. Verschidden Upassunge sinn néideg. Den Ëmgank mat de sougenannte Bilanen – dat sinn d'Zensure vu fréier – gëtt iwwerpréift an d'Ministesch wäert do, wou et néideg ass, modifikativ Propositioune maachen. D'Reform vum Lycée ass noutwendeg. D'Reformvirbereedungen hunn 2009 ugefaang. Et gëtt intensiv mat den Enseignanten, mat den Direkteren, mat den Elteren an de Schüler diskutéiert. D'Schoulministesch wäert ëm d'Päischten e Gesetzesprojet op den Instanzewee bréngen. D'Parlament huet dann dat leschte Wuert. Dës Reform viséiert net d'Diminutioun vum Effort mee d'Augmentatioun vun de Chancë vu jiddferengem. D'Liewen ass och Schaffen an Ustrengung. Vu klengem un. Mee all Form vu Starthandicap muss eliminéiert ginn, och wat d'Start-Kompetenz an d'Enn-Kompetenz an deene verschiddene Sproochen ubelaangt. D'Enn-Kkompetenz muss net an all Sprooch déiselwecht sinn.

Den Aarbechtsmaart ass wäit dervun ewech, fir jiddferee fair ze funktionéieren. Zevill Leit, besonnesch zevill jonk Leit kucken him vu baussen no. D'Politik an d'Tarifparteie mussen derfir suergen, datt wiesentlech méi Leit den Aarbechtsmaart erëm vu banne kenne léieren. An zwar duerch Aarbecht vu banne kenne léieren. Dofir menge mer et eescht, mat der Jugendgarantie. All Jonke soll no Ausscheeden aus dem Bildungssystem innerhalb vu véier Méint eng Beschäftegung, e Stage oder eng Formatioun kréien. Eis Absicht ass et net – fir eis ee gutt Gewëssen ze maachen –, jonk Leit a Stagen oder an eng Beschäftegung ouni Perspektiv ze „stiechen". Dës jonk Leit musse suivéiert ginn. Déi, déi se suivéieren, musse fonnt an agestallt ginn. Dat kascht Geld an dat wat et kascht, musse mer eis et kaschte loossen. D'Contrats d'initiation à l'emploi an d'Contrats d'appui-emploi gi lafend evaluéiert an an hirer Ausrichtung ugepasst. Déi verschidde Pilotprojetë fir aarbechtsmaartfern Jugendlecher ginn ausgebaut. Déi progressiv Préretraite gëtt reamenagéiert. Zumutbarkeetsregele fir d'Unhuele vun enger Aarbecht ginn iwwerpréift. Et ass haut scho kloer, datt eng ze grouss Distanz tëschent dem Wunnuert an der Schaff keen Argument méi ka bleiwe fir eng Aarbecht ze refuséieren. An der Hôtellerie an der Restauratioun sinn tëschent 2011 a Januar 2013 2.450 Leit agestallt ginn, ënner hinnen nëmmen 327 Lëtzebuerger. Et muss jiddferengem aliichten, datt een onqualifizéierte jonke Lëtzebuerger muss bereet sinn – a wann et och nëmme vorübergehend ass – an der Hôtellerie oder an der Restauratioun ze schaffen. Et ass keng Onéier fir an engem Restaurant oder an engem Hotel ze schaffen. Et ass eng wäertvoll an interessant Aarbecht.

D'Zuel vun den RMG-Bezéier ass an deene leschte 6 Joer vun 8.700 op 11.300 eropgaang. Hir Zuel weist, datt mer een effektiven an echten Aarmutsproblem zu Lëtzebuerg hunn. Ech hunn et dofir net gär, wann iwwer d'RMG-Bezéier domm geschwat an op si erof gekuckt gëtt. Ech hunn awer och net gär, wa mer mengen, mer hätten eis Flicht hinne géintiwwer gemaach, wa mer se an der finanzéierter Aarmut sëtze loossen. Dofir wëlle mer a vill méi groussem Mooss wéi bis haut, d'RMG-Bezéier zu allgemeng nëtzlechen Aarbechte beim Staat a bei de Gemengen erunzéien. Aarbechtslosegkeet bekämpft een am beschten duerch Aarbecht.

D'Aarbechtsrecht gëtt net flexibiliséiert. Méi Flexibilitéit bedeit net automatesch méi Aarbecht. Ech wëll keng däitsch Verhältnisser zu Lëtzebuerg. An Däitschland gi Milliounen Arbeitnehmer schaffen, déi um Enn vum Mount net genuch hu fir ze liewen. D'Lëtzebuerger Regierung setzt sech an Europa fir gesetzlech Mindestléin an. Déi Mindestléin kënnen net iwwerall d'selwecht sinn, dat ass kloer. Mee kloer ass och: zum europäesche Modell muss och de Prinzip gehéieren, datt all Land an Europa ee gesetzleche Mindestloun huet.

D'Regierung huet een dueble Wonsch un d'Sozialpartner. Mir hätte gär, datt déi europäesch Arrangementer zum Kampf géint de Stress op der Aarbecht vun de Sozialpartner zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt. A mir hätte gär datt d'Sozialpartner um Verhandlungswee all Méiglechkeeten auslote fir d'Aarbechtszäitorganisatioun am Interesse vu méi Beschäftegungsméiglechkeeten manner rigid ze gestalten. Ënner anerem wier ech frou, wa géif driwwer nogeduecht ginn, ob et wierklech gescheit ass am Summer wann d'Wieder gutt ass an ee schaffe kann, de Betrib zouzemaachen an am Wanter wann d'Wieder schlecht ass an een net schaffe kann, sech d'Net-Schaffen deelweis vum Staat bezuelen ze loossen. Ech wier frou, wann a rouege Gespréicher kënnt iwwer d'Bäibehalen oder d'Ofschafe vum Congé collectif geschwat ginn.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Dës Regierung an dës Koalitioun kënnen op d'Realisatioun vu wichtege Strukturreformen zréckblécken. Am Beräich vun der Steierpolitik. Am Beräich vun der Familljepolitik. Am Schoulwiesen. Am Beräich vun der Sozialpolitik: d'Krankekeesereform hat et a sech an d'Pensiounsreform gëtt eisem Rentewiesen eng nei Richtung well se déi éischt Rentereform ass déi d'Leeschtungen net no uewe schrauft mee d'Instrumenter enthält, déi mer brauche fir am gegebene Moment géigesteieren ze kënnen.

Et ass d'Absicht vun der Regierung, niewt der Lycéesreform eng weider Strukturreform ënner Daach ze bréngen. An dat ass d'Strukturreform am Beräich vum Ëffentlechen Déngscht. Dës Strukturreform wäert Villes ëmänneren a muenches regelrecht ëmkrempelen. Si wäert mëttelfristeg d'Lounmass vum Staat net uwuesse loossen, am Géigendeel.

Wien e faire Sozialstaat wëllt, wie méi sozial Gerechtegkeet wëllt, wien eng kontinuierlech Upassung vum soziale Mindestloun beispillsweis wëllt – am mir wëllen déi –, dee muss dofir suergen, datt d'Viraussetzunge fir dat maachen ze kënnen, stëmmen. Dee muss dofir suergen, datt d'Wirtschaft funktionéiert an déi Erträg produzéiert déi ee brauch fir d'Fairness ze organiséieren.

Mir setzen dofir weider op d'Expertise vun der Finanzplaz a mir hëllefen hir Produkter ze erweideren, ze affinéieren a virun allem dobaussen ze promovéieren.

Mee mir däerfen eis net op d'Finanzplaz aleng verloossen. Mir si souwisou scho villzevill ofhängeg vun hir. Mir mussen do diversifizéieren, wou mer nach Lacunen hunn an do stäerke wou mer nach méi staark kënne ginn.

Eise Mëttelstand ass haut scho staark. Hien zielt 20.000 Betriber – dovun der 6.300 am Handwierk – a stellt 180.000 Aarbechtsplazen – dovun 80.000 am Handwierk – op d'Been. Et ginn netto bal al Joer 1.000 nei Betriber gegrënnt. De Mëttelstand investéiert: an de Joren 2009 bis 2012 huet d'Handwierk 400 Milliounen, de Commerce 200 Milliounen an den Horesca-Secteur 170 Milliounen investéiert. Dës Investissementer goufe vum Mëttelstandsministär finanziell begleet. Dofir musse mer de Mëttelstand, deen d'Réckgrat vun eiser Wirtschaft a vun eisem Aarbechtsmaart ass weiderhi massiv ënnerstëtzen. Dofir brénge mer nach dëst Joer de 4. Fënnefjoresprogramm fir de Mëttelstand op de Wee. Dofir fuere mer virun de mëttelstänneschen Entreprisen déi Terrainen zur Verfügung ze stellen, déi se fir hir Expansioun brauchen. Dofir akzeleréiere mer d'Prozeduren, déi d'mëttelstänneg Entreprisë betreffen: d'Kommodos-Dossierë gi wiesentlech méi séier trätéiert. 2008 huet et nach 178 Kalennerdeeg an der Moyenne gebraucht fir een Dossier vun der Kommodosklass I ze trätéieren, 2011 waren dat nach just 127 Kalennerdeeg. D'nächst Joer wäerten et der nach manner sinn.

Zum Mëttelstand gehéiert och den Tourismus. Am Schnëtt hu mer méi wéi 2 Milliounen Iwwernuechtungen d'Joer. Den Tourismus beräichert den Aarbechtsmaart mat 16.500 Aarbechtsplazen. Hien dréit 5,4 Prozent zu eisem PIB bäi. Et ass also kee klenge Secteur. Et ass ee Secteur dee vill Potentialitéiten huet, notamment de Geschäftskongresstourismus, deen haut scho 55 Prozent vun den Iwwernuechtungen zu Lëtzebuerg ausmécht. Den 9. Fënnefjoresplang fir den Tourismus ass vun der Regierung approuvéiert ginn. En huet e Finanzvolume vu 45 Milliounen.

Mee ënnerschätzt mer d'Landwirtschaft net.

Hir Wichtegkeet kann een net nëmmen un hirem Beitrag zum Bruttoinlandprodukt festmaachen. Hire Beitrag geet wäit doriwwer eraus. Net nëmme solle mer net vergiessen datt mer alleguer iergendwéi – iwwer Generatioune betruecht – vum Bauer hirkommen an datt dat den nationale Charakter matgeformt huet. Virun allem solle mer wëssen datt de Beitrag vun der Landwirtschaft zur Erhalung vun der Natur een Déngscht vun de Baueren a vun de Wënzer um Land ass deen, wa mer e selwer misste finanzéieren, extrem deier géif ginn. Dofir hu mer eis an de Verhandlungen iwwer d'mëttelfristeg Finanzperspektiven zu Bréissel fir d'Erhalung vun der gemeinsamer Agrarpolitik agesat. An dofir brénge mer nach dëst Joer een neit Agrargesetz op de Wee.

Här President,

Mir däerfen eis net op d'Finanzplaz eleng verloossen a mir mussen eis Wirtschaft weider diversifizéieren.

Dat maache mer.

Mir bauen de Secteur vun der Logistik weider aus. Ouni d'Cargolux geet dat net. Mee d'Cargolux muss sech a méi wéi enger Hisiicht op déi nei Verhältnisser am Loftfrettransport astellen. Mir bauen zu Beetebuerg-Diddeleng eng multimodal Plattform fir Logistik, Invest 250 Milliounen Euro. 50 Milliounen Euro ginn an de Luxembourg Freeport um Findel investéiert. De Wirtschaftsminister huet Pläng virgestallt déi mer wëlle mat den ëffentleche Betriber a mat de Betriber wou de Staat ee groussen Aktionär ass oder den Haaptaktionär ass ëmsetzen. Si investéieren iwwer 2 Milliarden Euro an de Joren 2013 bis 2018. D'Regierung mécht domat däitlech, datt de Staat do wou e Propriétaire ass an do wou en den Haaptaktionär ass eng aktiv zukunftsorientéiert Roll spillt. De Luxembourg Future Fund kënnt un d'Lafen. ICT, Cleantec an aner Beräicher sinn déi Secteuren op déi ee sech konzentréiere wäert. De Secteur vun de Gesondheets- a Liewenswëssenschafte gëtt duerch ee Sonderfong vu 25 Milliounen Euro ënnerstëtzt.

D'Cyber-Security, den ultraséieren Internet, d'Vernetzung vun den Datenautobunnen, d'Akzeleréiere vun der Zirkulatiounsvitesse vun den Daten, Datenzentren an de Cloud-Computing sinn aner Achsen ëm déi mer d'wirtschaftlech Entwécklung vun eisem Land dréine loossen.

Ech wëll hei eng speziell Lanz fir d'Industrie briechen. Net all Industriebetrib ass maximal kompetitiv. Mee generell steet eis Industrie net schlecht do, wann ech hir Stonneléin an hir Lounniewekäschte mam Ausland a mat eisen direkten Nopeschlänner vergläichen. Ech wëll fir si eng speziell Lanz briechen, well ech heiandsdo den Androck hunn, d'Lëtzebuerger hätten d'Industrie net gär. Si ire sech fundamental, well d'Roll vun der Industrie an der genereller Wäertschöpfungsketten net kleng ze schreiwen ass. Dofir plädéieren ech fir méi Industriefrëndlechkeet hei am Land.

Méi generell musse mer déi Standuertvierdeeler halen, déi mer hu respektiv nach hunn.

Mir hunn am internationale Vergläich mëttelméisseg héich oder mëttelméisseg niddreg Betribssteieren – sicht Iech dat Wuert eraus wat Iech passt. Ech schwätzen net nëmme vun den nominale mee och vun de reale Steiersätz. Mir däerfen déi net no Kassenlage arbiträr hin an hir bewegen. D'Industrie, d'Banken an iwwerhaapt all international Investisseure brauche Besteierungsprevisibilitéit. Mir kënnen a mir wäerten d'Betribsbesteierung net no uewen upassen.

Mir hunn déi niddregste Persounesteier wäit a breet. Ech weess: wann d'Staatsgeld knapp gëtt, da mengen der vill, et géif duergoen de Spëtzesteiersaz ze erhéije fir Souen an d'Kees ze kréien. Mir hunn de Spëtzesteiersaz an dëser Legislaturperiod gehéicht. Okay. Mee mir musse wëssen, datt mer vital drop ugewise sinn, déi beschte Fachkräfte fir eis Banken, eis Recherche an eis Industrie ze rekrutéieren. Mir wuessen – wa mer dann nach wuesse wëllen – just nach an dem Haut de gamme-Beräich, an de Spëtzentechnologien, am Qualitéitsdelta. Dofir brauche mer déi beschte Leit. Déi kommen aus dem Ausland an déi kommen nëmmen op Lëtzebuerg wa se hei manner Steiere bezuele wéi do. Well dat esou ass, sinn der Erhéijung vum Spëtzesteiersaz Grenze gesat.

Een anere Plazvirdeel, dee mer hunn, besser gesot: dee mer kënnten hunn, dat ass dat prozeduralt Ëmfeld, an deem eis Wirtschaft plangen, investéieren a realiséiere kann a muss.

Mir waren ëmmer d'Land vun de kuerze Weeër a vun de séieren Entscheedungen. Mir mussen dat erëm ginn. Fir et erëm ze ginn, brauche mer kengem seng Hëllef. Mir brauche just eis selwer. Mee mir stinn eis méi wéi eemol selwer am Wee. Well mer de Konflikt tëschent Ëmwelt, Natur a Wirtschaft net iwwersprange kënnen. Oder well mer eisem eegene Schied net meeschter ginn: kommunal a staatlech Kompetenzen hu Sträit mateneen, Ministeren, Ministären a Verwaltunge wëlle bleiwe wat se sinn an halen ouni Rücksicht openeen an op de wirtschaftleche Schued stur un der Wourecht fest, déi kee Widdersproch a kee Kompromiss verdréit.

A Saache simplification administrative hu mer – dank dem Asaz vun der Madame Modert – grouss Progrèsen an de leschte Jore gemaach. Mee dat ass eng aner Debatt.

A Saache Beschleunigung vun de Genehmegungsprozedure si mer net esou gutt virukomm.

Ech hat z'joert op dëser Plaz eng Table-ronde zu deem Thema envisagéiert. Déi huet – wéi Der richteg bemierkt a wéi ech et muss zouginn – net stattfonnt. Déi huet net stattfonnt, well d'Meenunge mat an tëschent den Acteuren dacks ausernee ginn – trotz konsensuelle Pabeieren, déi produzéiert ginn. Déi huet net stattfonnt, well och op innerstaatlecher a kommunaler Säit Zeechen net an eng an déiselwecht Richtung weisen.

Mir haten – meng Mataarbechter am Ministère d'État an ech selwer – vill Gespréicher – ech manner wéi si – mat der UEL, mat dem Uerder vun Architekten an Ingenieuren, mat de Kollege vum Syvicol. Déi Gespréicher gi weider a gi geschwënn ofgeschloss an da musse mer alleguer zesummen zu Konclusiounen an Decisioune kommen.

Elo awer sti schonn eng Rei vun Decisioune fest.

- Nach dëse Mount setzt de Regierungsrot eng „cellule de facilitation" an. Un déi kënnen d'Initiatore vu Projetë sech wende wann Délaisen net respektéiert ginn, wa verschidden Administratioune sech iwwer een an deeselwechten Dossier net eens ginn, wann d'Verwaltungen inkompatibel Virschrëften erausginn, bref wann et net rutscht. Anstatt virun d'Geriicht ze goe fir virunzekommen oder fir Decisiounen, déi arbiträr schéngen unzefechten, kënnen d'Betriber sech un d'Cellule wenden, déi sech dann der Saach unhëllt.

- D'Investisseure brauche besser prealabel Informatiounen. Iwwer den „guichet.lu" kritt den Investisseur an Zukunft gesot, wat fir Autorisatiounen ee genee brauch. An iwwer den „Geoportail.lu" seet de Kadaster him, op déi Parzell, déi gebraucht gëtt, am Bauperimeter läit, e seet em, wat do ka gebaut ginn, en informéiert en iwwer Schutzzonen, Waasserquellen, Biotopen an Iwwerschwemmungsgeforen.

All Prozedur kritt ee Kalenner, dat heescht een Delai. A bestëmmten Dossieren intervenéiert den Ëmweltminister nach just eemol an zwar am Ufank – wann en Terrain am Kader vun engem neie PAG aus der Gréngzon an de Bauperimeter kënnt – an net méi eng zweete Kéier wann et drëm geet, op där Parzell och effektiv ze bauen.

- Juristesch Sécherheet ass ee grousst Thema. Mir kënnen – zum Beispill an der Kommodosprozedur – genau an net verréckbar Norme virschreiwen. Mir kënnen awer och doduerch, datt mer keng esou präzis Norme virstellen e Raum loosse fir Flexibilitéit, dat heescht fir Gespréicher tëschent dem Investisseur an der Verwaltung. Déi Fro ass nach net geklärt, well hei ginn d'Meenungen auserneen.

- Fir d'Regierung ass et haut scho kloer, datt Suerg dofir muss gedroe ginn, datt d'Commission d'aménagement am Innenministär sech mat de Gemenge muss berachelen ier se a méi komplizéierte Fäll hiren Avis ofgëtt, dee par ailleurs och net däerf der Regierungspolitik am Beräich vum Logement zum Beispill widderspriechen. Och d'Wasserwirtschaftsamt muss sech méi mat de Gemenge konzertéieren.

- D'Tutelle vum Innenminister iwwer d'Gemenge gëtt méi soupel gestallt. D'Gemengenobsiicht gëtt reforméiert. D'Regel ass haut, datt den Innenminister praktesch all kommunal Decisioune muss approuvéieren. D'Regel wäert mar sinn, datt e se net méi brauch ze approuvéieren, mee datt se him nach just matgedeelt ginn. Da verfügt en iwwer ee kuerzen Délai fir ze reagéieren a wann e bannent deem net reagéiert, da gëtt d'Decisioun vun der Gemeng rechtswierksam. Le silence vaut accord. Just nach eng kleng Zuel vu wichtegen Decisiounen – Steieren, PAG, PAP – mussen approuvéiert ginn.

- Distriktskommissariater ginn ofgeschaaft a ginn an enger Verwaltungsstruktur am Innenministär zesummegefaasst. Dat erliichtert d'Tutelle. Dat spuert Zäit.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Dës Erklärung war net esou laang wéi hir 18 Virgänger. Dir hutt mer jo och ëmmer gesot ech géif ze laang schwätzen.

Am längsten hunn ech iwwer d'Staatsfinanze geschwat. Dir gitt zou, datt et noutwendeg war, Iech an de Leit ze weisen, datt mer d'Staatsfinanzen zwar net total am Grëff hunn, mee datt se eis net aus den Hänn gerode sinn. Mir musse spueren a konsolidéieren, mee mir mussen dat an engem Tempo maachen, dee bei d'Konjunktur passt an deen dëser den Otem net hëllt.

Mee egal wéi laang oder wéi kuerz datt d'Erklärung ass, d'Reaktiounen drop sinn ëmmer déiselwecht. D'Regierungsparteie fanne se mat Nuancen éischter treffend a gutt, d'Oppositioun hällt se prinzipiell fir derniewt a fir schlecht. Et sief dann!

Dës Erklärung war méi kuerz wéi soss, méi konzentréiert, méi fokusséiert. Et wier nach Villes ze soen. An ech soen dat och an deenen nächste Méint. Ech hu mech vun enger schwéierer europäescher Aufgab befreit. Ech hunn also méi Zäit. Net méi Zäit fir d'Politik a fir Problemer heiheem. Un deene sinn ech während menger Euro-Zäit ëmmer dru bliwwen. Mee ech hunn elo méi Zäit fir ze explizéieren, ze argumentéieren a fir ze plädéieren. An dat wäert ech och maachen. Mat därselwechter Begeeschterung wéi den éischten Dag. A mat deenen zesumme mat deenen ech gär zesumme regéieren.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour