Le Premier ministre Jean-Claude Juncker invité de l'émission "Background am Gespréich"

Francine Closener: Background am Gespréich, haut mam Jean-Claude Juncker. Här Staatsminister, gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: En Dënschdeg sot Dir an der Chamber, zu Kopenhagen geet et drëm fir d'Welt ze retten. Ass se dann elo gerett?

Jean-Claude Juncker: Nee.

Francine Closener: Firwat net?

Jean-Claude Juncker: Well mir et net fäerdeg bruecht hunn als déi déi do zesumme waren, nieft enger Rei vu Progrèsen, beispillsweis, datt et elo Averständnis an der Welt doriwwer gëtt, datt d'Temperatur net manner wéi 2 Grad par rapport zum preindustriellen Zäitalter däerf usteigen, d'Grondachsen definitiv ze leeën, fir datt et zu enger wierklecher Reduktioun vun den Emissioune kënnt.

Francine Closener: Dat heescht Dir sidd enttäuscht?

Jean-Claude Juncker: Ech halen dat fir ee relative Succès a fir ee staark ze nuancéiernden Echec. Meng global Appreciatioun tendéiert éischter a Richtung, mir waren zesummen a mir hunn net dat bruecht firwat mir zesumme waren a mir hunn e bëssen eppes fäerdeg bruecht, wat awer net an alle Fäll zilführend ass wann net massiv nogebessert gëtt. Dat zielt fir déi aner Deeler vun der Welt, dat zielt och fir Europa.

Frank Kuffer: An deem, loosse mir mol soen, Minimalkonsens vun hënt si keng verbindlech Ziler dra wat d'Reduktioun vun den Emissiounen ugeet. Bis Enn vum nächste Joer sollen d'Industrielänner eege fräiwëlleg Ziler nennen, wéi een Zil wëll Lëtzebuerg dann do uginn?

Jean-Claude Juncker: Mir wëlle méi wäit goe wéi bis elo, dat ass awer eng Deliberatioun verlaangt déi am Regierungsrot muss geholl ginn. Ech war mat de Ministere Wiseler a Schank zu Kopenhagen, déi waren och bis haut de Moien 7 Auer nonstop am Asaz, ech war éischter fortgeflunn, well ech jo wollt bei Iech kommen. A mir schwätzen doriwwer am Krees vun eisen europäesche Kollegen, mä ech mengen, datt mir als Lëtzebuerger musse méi een héije finanzielle Beitrag leeschten, wat déi sougenannte Fast-Start Period ubelaangt, dat heescht dat wat elo an deene méi aarme Länner vun 2010 bis 2012 ze geschéien huet a wat muss vum räichen Deel vun der Welt cofinanzéiert ginn. Do sinn ech der Meenung, datt mir eis Mise, dat war mir ugebueden hunn, e bësse mussen erhéijen. Ech sinn och der Meenung, datt mir an Europa eng richteg strategesch Debatt mussen driwwer féieren, nodeem mir eis an der Nuecht net drop gëeenegt hu fir 30% Reduktiounen ze maachen, wat ech gäre gehat hätt a wat ech scho gären virun der Konferenz gehat hätt, datt mir eis dem Zil als Europäer alleng méi no beweegen, am Wëssen drëm dass wann anerer net matmaachen, datt dat d'Weltklimasituatioun net rett. Mä wann een ëmmer op anerer waart, da bréngt een d'Klima an eng Situatioun, datt et seng Zäit verléiert.

Francine Closener: Am Accord vu Kyoto hat Lëtzebuerg sech jo dozou verpflicht fir seng CO2-Emissiounen ëm 28% ze reduzéieren, par rapport zum Stand vun 1990. Haut wësse mir, dorausser ass näischt ginn, grad mol minus 5% hu mir ronn kritt. Wat ass esou een Accord dann iwwerhaapt wäert, wa kee sech dorun hält oder muss drun halen?

Jean-Claude Juncker: Een Accord dee generell formuléiert ass, dee passt net ëmmer an national Situatiounen. Mir hunn op eisem relativ klengen Territoire net extrem vill Méiglechkeeten am alternativen Energieberäich, am klasseschen alternativen Energieberäich grouss Fortschrëtter ze maachen. Mir kënne jo net d'Land voll Wandmille setzen. Mir wëllen awer och, de Minister Wiseler an de Minister Schank, virukommen a Saache Wandmillen, mä ech weess awer elo schonn, datt dat méi Gejäiz wéi Zoustëmmung bréngt.

Francine Closener: Firwat? Rechent Dir dann datt Biergerinitiative sech dogéint wieren oder firwat mengt Dir, datt dat méi Gejäiz gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt d'Leit Wandmillen an eiser Landschaft net schéi fannen, si sinn och net schéin. Ech mengen, datt Sensibilitéiten déi sech ëm de Vulleschutz bekëmmeren, dat ass keng kleng Sensibilitéit, sech dogéint wieren, well jo awer ganz vill Vullen an deene Wandmillen do ëmkommen. Mä et ass awer eng Méiglechkeet déi mir hunn. Dofir hu mir och Accorde mat anere Länner ausgeschafft, mir maachen der nach, mat Estland, mat Schweden, wahrscheinlech och mat Russland, fir datt mir Wandmillen an deenen hire Mierer kënnen ënnerbréngen, déi eis dann awer wat hir Energieproduktioun ubelaangt, op eisem nationale Kontingent vun alternativer Energieproduktioun ugerechent gëtt. Mir mussen also eng, wéi dat op Lëtzebuergesch heescht Case by Case punktuell alternativ Energiepolitik maachen, plus musse mir eis hei am Land packen an eenzelnen Hisiichten. Mir däerfen hei net weiderhi gréisser Prisdifferenzialer beim Bensin a beim Diesel entstoe loossen. Beim Diesel si se iwwregens par rapport zur Belsch quasi annuléiert. Mir musse wëssen, datt mir ee gudden Deel vun de Recetten déi mir iwwer Diesel, Bensin erakréien, mussen als Zuelungen un aner Deeler vun der Welt leeschten, fir am globale Klimaschutzprogramm valabel a credibel matzemaachen. Dat bedingt also eng intensiv Diskussioun an der Regierung, och mat der Chamber an da musse mir eis frësch positionéieren.

Frank Kuffer: Klamme mir dann elo lues aus dem Tanktourismus eraus?

Jean-Claude Juncker: Jo, wa mir aus dem Tanktourismus ruckzuck erausklammen, da féiert dat zu enger schwiereger Haushaltslag. Mir musse ganz genau gesinn, wéivill musse mir bezuelen am Emissiounsreduktiounseffort weltwäit, doduerch datt mir aner Länner ënnerstëtzen a wéivill hu mir dann als Nettorecette nach bei Diesel a Bensin, woubäi mir jo regelméisseg déi Accisen upassen. Mä ech maache mir jo keng Illusiounen iwwert de Bensinspatriotismus vun de Lëtzebuerger. Wann de Bensin mar méi bëlleg ass an der Belsch wéi zu Lëtzebuerg, dann hu mir zwat eist Kyotozil vill méi séier erreecht, mä mir kréien awer näischt méi an d'Staatskeess. Ech denken un déi zwou Saachen, Kyotoziler erreechen, halen ech fir eng zivilisatoresch Aufgab vun eiser Generatioun an och de Staatsbudget halen ech fir eng immediat Erfuerdernis där ee sech net total kann entzéien.

Frank Kuffer: An der internationaler Press ass haut ëmmer nees ze liesen, datt Europa zu Kopenhagen net vill Poids hat an zur Ofwiesslung mol net mat enger Stëmm geschwat huet. Gesitt Dir dat och esou?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat gesinn ech net esou. Ech kann net erkennen, wou Europa hei net mat enger Stëmm geschwat hätt. D'Beschlussfassunge vun dem europäesche Rot ware glaskloer, zanter zwee Joer schonn. Si sinn a mengem Gefill – mä dat ass ee klengt Gefill vun engem klenge Lëtzebuerger, ech sinn nëmmen ee klengen Äishellegen an enger grousser Klimakathedral – net wäit genuch gaangen, well ech geduecht hunn, wa mir direkt géife soen, mir ginn op 30% Emissiounsreduktiounszil, dann hätt dat anerer vläicht méi fréi an déi richteg Richtung beweegt. Elo hunn déi aner sech net wäit genuch beweegt, dofir konnte mir net eis Offerte oprecht erhalen, fir op 30% Emissiounsreduktioun ze goen, well d'Amerikaner, eigentlech trotz groussem mediepoliteschen Asaz wéineg gebueden hunn, well d'Chineesen an d'Inder sech refuséiert hunn, och net wëllen, datt Kontrollmechanisme gräifen, déi iwwerpréiwe sollen ob da jiddwereen dat gemaach huet wat zu wat e sech engagéiert hat. Dofir war et e bësse schwiereg, datt d'Europäer dann eesäiteg alleng méi wäit géife goen, mä ech mengen awer d'Aufgabestellung ass esou, fir deen Eenzelnen deen handelt a fir déi Länner déi betraff sinn, ech schwätze vun den europäeschen, datt mir awer nobessere mussen. Ech akzeptéieren, datt och wann d'Europäer op 40% ginn, datt dann de Problem sech net léist op der Zäit, mä wa kee sech beweegt, da beweegt kee sech, an déi Kopenhagener Konferenz ass mir virkomm – ech hunn nach ni un esou enger lamentabeler Konferenz deelgeholl a Gott weess, datt ech u villen deelgeholl hunn – wéi sou Mikado spillen, deen éischten dee sech beweegt deen huet verluer. Elo huet kee sech beweegt, elo hu mir alleguerte verluer.

Francine Closener: De Plaidoyer fir eng aner Klimapolitik, dat ass jo an engems bal ëmmer ee Plaidoyer fir Verzicht. D'Leit kréien ëmmer gesot si missten op hiren Auto verzichten, si misste Stroum- an Heizkäschte spueren, d'Klimaanlag net méi umaachen an d'Hardliner maachen eis och nach ee schlecht Gewësse wa mir Fleesch iessen. An deem Sënn ass et jo am Fong kee Wonner, datt d'Leit net ganz begeeschtert si vun esou enger neier Politik. Misst een net elo mol een anere Message no vir bréngen?

Jean-Claude Juncker: Et kann ee jo net de Message no vir bréngen, datt et esou viru ka goe wéi bis elo. Et kann net esou virugoe wéi bis elo. Mir sëtzen elo mat 2 Féiss a mam Rescht vun dem ënneschten Deel vum Kierper nach an der Wirtschafts- a Finanzkris. Doraus ergëtt sech eng Situatioun wou all Handelen op aneren essentielle Punkten, wéi beispillsweis de Klimaschutz schwiereg ze finanzéieren ass. Mä et däerf een net ënner Hiweis op d'Wirtschaftskris d'Klimakatastrof aus den Aen verléieren. Déi Wirtschaftskris ass eng Kéier eriwwer, mir sinn duerno méi aarm a musse méi lues trëppelen, mä d'Klimakatastrof geet virun. Insofern muss een dat laangfristegt Mënschheetszil géif ech bal gäre soen, déi global Liewens- an Doudeserausfuerderung fir vill Deeler vun der Welt, net mir, mä anerer, déi kleng Inselen déi ersaufen, et kann een dat jo net anescht soen, a Relatioun brénge mat deem Kuerzfristegen. E bësse Verzicht an all Hisicht ass nach net onbedéngt ee Verloscht. Wann ee méi lues geet gesäit een och besser.

Frank Kuffer: Den däitschen Ëmweltminister, Norbert Roettgen huet viru kuerzem dofir plaidéiert virun allem an nei Technologien z'investéieren, mat deene mir eise Liewensstandard kënnen erhalen am Plaz drop ze verzichten, zum Beispill mat Klimaanlagen déi genee esouvill Leeschtung hunn awer 80% manner Energie verbrauchen. Ass dat da vläicht dee Wee zum Gléck, ee Wee aus der Wirtschaftskris?

Jean-Claude Juncker: D'Politik ass net zoustänneg, wéi ech et schonn öfters hei op der Antenn gesot hunn, fir de Wee zum Gléck ze bereeden, jiddwereen ass fir säin eegent Gléck zoustänneg. Wann ech liesen, eis Leit heiheem, wat si interesséiert, esouwäit wéi Meenungsëmfroe valabel, wann och net verifiabel Indikatioune sinn, da si si ganz staark interesséiert um Klimaschutz an un enger mënschekonformer och intergenertionell mënschheetskonformer Ëmwelt- a Klimaschutzpolitik. Déi Virstellung déi mir heiheem heiansdo hunn, dat wier alles zum Nulltarif ze kréien ass eben eng falsch. Da muss een dat plaidéieren, mä et däerf een d'Leit net un der Nues erëmféieren. Et kann een net d'Emissioune massiv reduzéieren, ouni datt deen Eenzelnen dat a sengem Portemonnaie spiert. Dat ass esou, Klimaschutzpolitik huet ee Präis, d'Refuséiere vu Klimaschutzpolitik huet am Géigesaz zu Klimaschutzpolitik, déi ee relative Präis huet, een totale Präis, just datt eis Generatioun net brauch ze bezuelen, mä déi Generatiounen duerno. Also ass d'Fro, maache mir elo genuch, fir datt déi aner net alles musse maachen an alles kann een net maachen. Also ass dat och eng Gerechtegkeetsfro tëscht de Generatiounen.

Francine Closener: Mä den Invest an nei Technologien, an Ëmwelttechnologien, dat ass jo awer sënnvoll. Wéi bereet ass Lëtzebuerg dann do matzemaachen?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn zanter Joere beméit an deenen zukunftsorientéierten Partialberäicher vun der wirtschaftlecher Entwécklung eng Plaz ze fannen. Dat ass net onbedéngt ganz einfach, well et sinn der vill ënnerwee fir déi Investissementer an hir Länner ze zéien, mä mir ginn eis all Méi vun der Welt, de Wirtschaftsminister, de Finanzminister, d'Ëmweltministeren an anerer, fir dat ze maachen. Ech fannen eben déi Technologieëmstellung ee valabele Wee deen ee muss goen. A jiddweree spiert, jiddweree weess, jiddweree richt, datt mir jo net esou kënne virufueren, also musse mir an zukunftsträchteg Ëmwelttechnologien investéieren.

Frank Kuffer: Vum Klimaschutz weltwäit dann op Lëtzebuerg, Här Staatsminister. Dir wart dës Kéier fir d'éischt zanter laangem net bei de Budgetsdebatten an der Chamber dobäi, grad elo bei dësem Krisebudget hutt Dir gefeelt a gouft dowéinst och vum politesche Géigner kritiséiert. Dir krut deen Dag de Faselpräis, also ee Präis vun der däitscher Faselstëftung. War dat méi wichteg?

Jean-Claude Juncker: Et ass falsch wat Dir sot.

Francine Closener: A wéi engem Sënn?

Jean-Claude Juncker: Well dee Faselpräis, wat ee Präis fir sozial Marktwirtschaft ass, et däerf ee sech net un deem komesche Familljennumm vun deene stéieren déi dee Präis gestëft hunn, Méindes kritt hunn, Méindes ass keng Chamber. Ech sinn elo 15 Joer [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Dir waart awer nach zu Berlin dunn?

Jean-Claude Juncker: Ech war och zu Berlin, an do war ech, well de Bundespräsident mech zu engem Gespréich iwwert Europa gebieden huet, deen Dag nodeem den europäesche Conseil den Här Van Rompuy ernannt huet an ech hat Rendez-Vouse mam fréiere Bundeskanzler Schroeder, mat der Madame Merkel a mat vill fréiere Gréissten, och mam Helmut Kohl, deen net gutt drun ass, ergo ginn ech dohin, An elo gëtt gesot, vum Här Meisch, wat deen och ka maachen, et wär eng Traditioun, datt de Staatsminister bei de Budgetsdebatte wier. Elo hunn ech dat nogekuckt, obschonns ech jo wosst, datt et keng Traditioun wier: ech si 15 Joer Staatsminister, dat heescht am Januar sinn et 15 Joer, ech hunn 8 mol eng Ried gehalen, 7 mol net. Da weess ech net wat traditionell dorunner ass an ech hunn dës Kéier dat och bewosst net gemaach, fir däitlech [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Fir dem Luc Frieden eng Chance ze ginn sech ze profiléieren?

Jean-Claude Juncker: Enfin…

Francine Closener: Als Finanzminister…

Jean-Claude Juncker: Ee Finanzminister profiléiert sech jo op seng eegen Aart a Weis. Ee Finanzminister gehéiert ni zu deene beléifteste Mënschen an engem Land. Bei mir ass dat ëmmer gutt gaangen, mä dat ass Zoufall gewiescht. Mir hunn een neie Finanzminister an deen huet d'Politik duergestallt an ech hunn Enn Juli eng Regierungserklärung virgedroen, wou ech genau erkläert hunn wat am Budget 2010 géing geschéien a wat net. Ech hätt iwwerhaapt näischt kënnen, de Mehrwert vergréisserndes an där Ried soen. Ech hunn am Juli gesot wat Saach wier am Joer 2010, nämlech, datt mir dee Budget géifen normal wuesse loossen, eng gewësse Verschëldung géifen a Kaf huelen, ee gewëssenen Defizit géifen a Kaf huelen, fir d'Konjunktur net ofzedéiden, datt mir am Joer 2011, ugefaangen am Joer 2011, missten zréck op en Nokrisekonsolidéierungsplang vun den ëffentleche Finanze kommen. Ech hätt dat och nach eng Kéier kënne soen, mä den Här Frieden huet et jo och gesot. Mir hunn een neien Finanzminister, ech sinn net méi Finanzminister. Et muss ee sech dru gewinnen. Ech hu mech direkt dru gewinnt.

Frank Kuffer: Dir hutt jo awer d'Echoe vun de Budgetsdebatten héieren. Sidd Dir dann elo méi schlau wéi virdrun?

Jean-Claude Juncker: Nee.

Francine Closener: Nee? A firwat dann net? Ass guer näischt op d'Tapéit komm?

Jean-Claude Juncker: Nee, ech wëll déi Leit déi an der Chamber iwwer Budget diskutéiert hunn net beleidegen a soen, Dir hutt näischt gesot an Dir hutt näischt bruecht. Esou arrogant a primitiv ofschätzeg iwwert anerer ze schwätzen ass net meng Fassong. Mä déi déi gefrot hu wat am Joer 2011 muss geschéien, an et ass jo ee Konsens an der Chamber driwwer, datt vum Joer 2011 u muss méi stramm agespuert ginn, déi hunn och net gesot wou dat da soll geschéien, jiddefalls näischt Neies par rapport zu deem gesot wat si virun de Wahle gesot hunn. Ergo resultéiert doraus, jiddefalls fir de Chef vun der Regierung d'Obligatioun an intensiv Gespréicher mat allen Deeler vun der Gesellschaft, notamment mat de Sozialpartner, Gewerkschaften a Patronatsorganisatiounen anzetrieden an dat ze mësche mat eegene Virstellungen déi déi vun der Regierung sinn.

Ech ruffen d'Regierung och nach eng Kéier fir ee Seminaire vun 2 Deeg am Januar-Februar zesummen an da kucke mir wat mir zesumme fäerdeg bréngen. Wat mech de Moment stéiert, an dofir hunn ech d'Tripartite ausgesat, déi ech eigentlech ursprénglech am Januar sech ofwéckele gesinn hunn ass, datt notamment d'Sozialpartner sech a Positioune beginn déi radikal sinn. Déi eng soen et bleift alles wéi et ass, obschonns d'Welt sech ännert. Ech weess net wou een op d'Iddi kënnt, datt alles sech ännert, alles, tutti quanti ännert sech op der Welt, just zu Lëtzebuerg soll alles bleiwen wéi et ass, an déi aner schreiwen deenen enge vir wat déi sollen noloossen an deenen anere vir wat si net solle bäikréien. Dat ass eng, eigentlech, sozial a gesellschaftspolitesch Kapitulatioun virun der Wierklechkeet. Mir mussen hei probéieren zesummen eppes fäerdeg ze bréngen. Hei geet et jo net drëm wie gewënnt. Mir liewen an enger Welt wou dauernd ee wëll gewannen. Wat ass dat fir ee Schwachsinn, datt ëmmer ee muss Recht behalen an ëmmer ee muss noginn a sech muss virféiere loossen, wéi deen dee sech net duerchgesat huet. Hei geet et drëm, datt d'lëtzebuerger Land sech duerchsetzt. Dorunner schafft d'Regierung an dorunner schaffen ech an da probéiere mir ee Pak zesummen ze kréien deen iwwer Joere betruecht d'Strooss hält an dat kann och mëttel- a laangristeg Froen betreffen, wéi d'Ofsécherung vun eise Sozialsystemer, vun eise Renten- a Pensiounssystemer an do maachen ech och dem zoustännege Sozialminister, dem Mars Di Bartolomeo all Vertrauen, datt dee Propositioune formuléiert, déi eben net weisen datt ee bei deem bleift wat een huet a wou een ass, mä datt een och un déi denkt, déi nach net op der Welt sinn.

Francine Closener: Mä wéi kann ee sech dat dann elo virstellen, wann Dir elo separat Gespréicher féiert mat de Sozialpartner, mam Patronat a mat de Gewerkschaften. Ass et dann esou, datt d'Regierung fir d'éischt mol nolauschtert an och vläicht mol e bëssen d'Gemidder berouegt oder kommen awer schonn do konkret Propose vun Iech op den Dësch déi dann an der Tripartite behandelt ginn?

Jean-Claude Juncker: Dir musst Iech elo op eng Welt astellen, esoulaang wéi ech do am Optrag vun der Regierung déi Consultatioune féieren, eng Welt an där ech mech laang net zu Wuert mellen. Ech lauschteren no an ech hoffen, datt d'Sozialpartner och nolauschteren. Ech hunn och eng Rei vun Iddien. Et ass jo net, wéi wann ech deen Eenzege wier deen net iwwert d'Saachen nogeduecht hätt. An dann diskutéiere mir doriwwer a wa mir dat all Kéier grouss duerno an der Press breettrëppelen, wou dann allméiglech Rosener op de Plang trieden oder Enttäuschter oder Onzefriddener, da komme mir zu näischt. Also zum Regéiere gehéiert och moderéieren, mä regéieren erschöpft sech net am Moderéieren. Ech hunn dat och ni esou gehal. Zum Schluss, ech wëll net soe schellt et, mä zum Schluss entsteet déi Musek vun där ech hoffen, datt se aus engem an deemselwechte Partiturblad kënnt.

Frank Kuffer: Dir hutt moderéieren elo ugeschwat…

Jean-Claude Juncker: Eine Stimme déi aus zwei Saiten eine Geige zieht, heescht et beim Rilke.

Frank Kuffer: Dir hutt moderéieren elo ugeschwat, d'DP seet Dir géift elo just Mediateur spillen tëscht de Sozialpartner am Plaz Decisiounen ze huelen, also geréieren am Plaz ze regéieren.

Jean-Claude Juncker: Ech halen dat fir ee Virworf, deen ech verstinn, datt e formuléiert gëtt, aus der oppositioneller Vue eraus, mä wann ech elo haut de Mëtteg hei – et gëtt jo vill Leit am Land déi esou frëndlech sinn eis nozelauschteren – elo géif soen, elo soen ech Iech mol wat d'nächst Joer muss geschéien [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: D'Leit erwaarde sech dat.

Francine Closener: Dat wier schonn net schlecht.

Jean-Claude Juncker: Nee, Dir erwaart zwee erwaart Iech dat [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Jo d'Leit och.

Francine Closener: D'Leit och.

Jean-Claude Juncker: Nee, d'Leit hu vill méi Verständnis fir mech wéi Dir es am Regelfall hutt an déi wësse ganz gutt, datt ech net hei kann, ouni mat de Sozialpartner geschwat ze hunn, ouni mat de Fraktiounen am Parlament geschwat ze hunn, ouni dat och ofgetaascht ze hunn a sengem europäesche Gehalt, ob dat an d'Landschaft passt – dovu kennen ech awer eppes vun där Eurodimensioun. Wann ech hei einfach géif quiitschfidel heihinner komme Samschdes mëttes, well Dir dat gären hätt, wat ech verstinn, a soen, elo maache mir dëst an dat an dat, dann ass den Här Meisch e Méindeg de Mueren hei an e seet, “keen Dialog, keng Concertatioun, de Juncker fiert iwwert d'Leit ewech, wéi en dat ëmmer gemaach huet�?. Ech hunn dat nach ni gemaach, mä et gëtt ëmmer herno erëm gesot wéi wann ech et gemaach hätt, also wat soll dat?

Francine Closener: Mä esou Kritik, mécht Iech jo awer normalerweis näischt aus?

Jean-Claude Juncker: Nee.

Francine Closener: Fäert Dir dann net, datt d'Leit soen, oh mir ginn awer léiwer virsiichteg a mir wëlle léiwer spueren an net consomméieren, well mir net wësse wat op eis duerkënnt.

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Suerg déi ech hunn, dofir däerf een d'Saachen och net ze laang dauere loossen, obschonns d'Saachen déi an d'Zukunft weise guer net esou evident sinn. Heiansdo kommen ech mir vir, wéi een dee spiert, datt en nach feste Buedem ënnert de Féiss huet, mä e gesäit de Pad net méi richteg. Also fir sech virzestellen de Staatsminister dee wéisst méi wéi alleguer déi aner zesummen, dat ass eng falsch Virstellung. Ech muss diskutéiere mat de Leit, mat de Secteuren, kucke wou si mir drun, wou gi mir hin, wat kënne mir zesumme maachen an da kann ech net einfach hei um Radio oder och an enger Budgetsried an der Chamber dekretéieren. Ech hunn eng bestëmmten Opfaassung vu sozialer Harmonie, dat dreift mir keng Tréinen an d'Aen, ech romantiséiere sozial Harmonie zu Lëtzebuerg net, mä ech fänken dach net un d'Leit geckeg ze maache mat Virschléi, ouni mat de Leit driwwer geschwat ze hunn. Esou kann een net regéieren. Dat ass eng exklusiv politesch Gestioun vun den Affairen. D'Regierung seet a geet an d'Chamber a seet elo musst Dir dat stëmmen an da gëtt dat esou gemaach. Nee esou ass modern Demokratie net z'organiséieren, do muss ee mat all deenen déi Verantwortung am Land droen diskutéieren, an da muss ee kucken déi beschte Päck doraus ze schnüren. Ech kann Iech awer soe wat ech wëll maachen, just braucht Dir mech dat net ze froen, well ech fir d'éischt mat deenen anere Leit doriwwer diskutéieren. Ech sinn net méi gescheit wéi déi aner.

Francine Closener: Dir hutt gesot, et kéint mol sinn, datt um Enn vun der Tripartite dann, net géif schellen, mä bon, datt dann awer die Stunde der Wahrheit schlägt. Muss esou ee Sanéierungskonzept dann awer onbedéngt am Konsens fonnt ginn oder huelt Dir och ee Sträit awer mat a Kaf, eventuell ee Streik?

Jean-Claude Juncker: Ech huelen alles mat a Kaf wann et ëm d'Zukunft vum Land geet. Wann ech d'Gefill hunn, datt d'Kompromissmass net dicht genuch ass fir ee klore Wee an d'Zukunft ze zeechnen a fir eng kloer verifiabel, credibel, iwwerpréifbar, och vum Ausland iwwerpréifbar an am Inland mat vollzunne Streckeführung ze maachen, da wëll ech net just fir ee Konsens ze kréien ee Konsens sichen. Wann ee Konsens ee faule Kompromëss ass deen näischt bréngt, da maache mir dat net, mä ech gleewen awer, datt mir dat fäerdeg bréngen. Meng Erfahrung a mengem klenge Liewen ass, datt d'Gewerkschaften zu Lëtzebuerg ëmmer bereet waren, wann et drop ukomm ass, enfin net ëmmer, mä meeschtens wann et drop ukomm ass couragéiert Weeër matzegoen, och wéinst der Interessewahrung vun hire Leit. Interessewahrung vun de Gewerkschaftsmemberen a vun deene Leit déi schaffe ginn ass jo net doduerch erreecht wann ee seet, elo ännere mir näischt, et bleift alles wéi et ass, wann ee weess, datt et, wann alles bleift wéi et ass, schif geet, an datselwecht zielt fir d'Patronat. Et ass jo net esou, datt d'Patronat hei näischt ze bréngen hätt, et ass jo net esou, datt mir eis net mol, dat däerf zwar net wochelaang daueren, mir maache jo keng Seminairen do iwwert d'Ursaache vun der Kris, mä d'Ursaache vun der Kris si jo awer bal moralesch ze faassen. Doduerch datt mir gemengt hunn et brauch een net ze schaffe fir räich ze ginn, et kann ee spekuléiere fir räich ze ginn, et kann een d'Geld iwwer Nuecht schaffe loossen, wéi d'lëtzebuerger Zeitungen 12 Joer laang geschriwwen hunn, ouni datt si eng Kéier rout am Gesiicht gi sinn oder datt de Griffel en aus der Hand gefall wier. Doriwwer muss ee schwätzen. Ass dat ee Liewensmodell dee mir do am gaange sinn ze maachen, datt mir eigentlech ganz dacks op Käschte vun anerer eis méi räich maachen oder ass et net besser mir kommen zréck op déi al Dugenden, ech schwätze fir meng Generatioun, déi déi vun eisen Eltere waren, datt ee kuckt, datt een net méi ausgëtt wéi een huet an datt ee kuckt, datt een dat vergréissert wat ee kritt, fir datt ee méi kann ausginn an datt ee keng Scholde mécht ouni datt een d'Kanner domat chargéiert déi Scholden ze bezuelen. Mäi Papp a meng Mamm déi hu sech een Haus kaaft a Schold opgeholl, mä si hunn awer ni zu mir gesot, du bezills eis Schold, wëlls du hei wunns. Et war relativ kloer, datt déi hir eege Schold géife selwer bezuelen. Esou hunn ech d'Land och féiere geléiert. Déi déi Scholde maachen, sollen se och bezuelen, fir datt déi déi duerno kommen eens ginn.

Frank Kuffer: Huet déi Mentalitéit vun de Banker sech da geännert?

Jean-Claude Juncker: Mir hu jo zu Lëtzebuerg keen esou ee rise Bankermentalitéitsproblem wéi dat um globale Plang de Fall ass. Et gëtt kee Lëtzebuerger Bankdirekter deen 80 Milliounen Euro d'Joer verdéngt. Si verdénge gutt, si brauchen net ze kräischen, mä mir sinn net an där verréckter Welt ukomm an där anerer ënnergaange sinn an eis mat erof gerappt hunn. Déi Gier ëmmer méi wëllen ze hunn a wat ech méi hunn, wat ech méi wëll hunn a wat ech méi räich sinn, wat ech méi räich wëll ginn, ouni ee Bléck ze hu fir déi déi eigentlech den Otem verléieren, fir iwwerhaapt nach an eisem System nach matzekommen. Dat ass jo déi eigentlech zentral Fro. Déi kann awer net nëmmen zu Lëtzebuerg beäntwert ginn. Do kënne mir lëtzebuergesch Deeler dobäimaachen. Ech si resolut der Opfaassung, datt déi déi méi hu wéi den Duerchschnëtt och méi mussen zur Krisebekämpfung bäidroen. Dann nennen déi dat Verzicht. Ech nennen dat Responsabilitéit an déi Leit déi net esouvill hunn, déi kann een net zevill belaaschten. Dat ass eng Fro vun der sozialer Gerechtegkeet. Nu weess ech net richteg wat sozial Gerechtegkeet ass. Dat hunn ech trotz engem liewelaange Schwammen an deem Begrëffsmier do ni erausfonnt, mä ech weess ganz genau wat ongerecht ass an et gëtt vill Saachen déi ongerecht sinn an der Welt an et gëtt och nach Saachen déi heiheem ongerecht sinn an doriwwer schwätze mir. An da kann ech net, fir dat nach eng Kéier ze soen, mech dohinner sëtzen a soen, elo soen ech mol wéi et geet. Ech schwätze mat de Leit, d'Regierung schwätzt mat de Leit an da kucke mir eis dat un an da probéiere mir ee ee Plang z'entwéckelen no Méiglechkeet am Konsens, mä net am faule Kompromëss, deen de Leit et erlaabt d'Strooss ze halen an deen och deenen déi deene klengen Auto fueren, déi nach an der Wéi leien, et erlaabt och nach eng Kéier eng Strooss ze fannen, wou et sech riicht drop fuere léisst, ouni datt si direkt aus der Kéier fléien.

Francine Closener: Mir kommen elo gläich awer nach eng Kéier drop zréck. Merci awer mol fir elo, Här Staatsminister. Mir maachen eng kuerz Paus, da kënnt de Journal an da geet et weider mam Background.

Noriichteniwwerbléck

Frank Kuffer: D'Suite vu Background am Gespréich mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Mir ware virdru beim Budget stoe bliwwen. Wann een de Budgetsrapporter héieren huet, Här Juncker, da muss d'Bankgeheimnis onbedéngt gerett ginn. De Finanzminister sot awer den Dag drop, et misst ee sech schon op d'Zäit nom Bankgeheimnis astellen. Gëtt et do och an der CSV ënnerschiddlech Approchen, och iwwer den Eescht vun der Situatioun vläicht.

Jean-Claude Juncker: D'CSV ass eng Partei an där diskutéiert gëtt. Wéi iwwerhaapt an der Lëtzebuerger Politik däerf ee sech net iwwer Ënnerschidder an den Nuancen opreegen. Ech sinn, vun un datt ech Finanzminister war, ech war dat 20 Joer laang, der Meenung, datt d'Bankplaz net à terme kann exklusiv sech op deem protegéierte Feld vum Bankgeheimnis ophalen. Dat akzeptéieren aner Leit net.

Stellt Iech emol vir, mir missten zu Lëtzebuerg alleguer vill méi Stéiere bezuelen, wëll d'Lëtzebuerger d’Suen alleguer géifen an d’Ausland droen. Et ass iwweregens net esou, datt net vill Lëtzebuerger och hir Suen am Ausland placéiert hätten. Da wiere mir och net frou. Et ass eng Saach vu breeder sozialer a fiskaler Gerechtegkeet. Also, et muss een einfach wëssen, datt déi Form vu Bankgeheimnis déi mir zum Deel haut nach hunn, datt déi net a 40 Joer nach besteet. An ech mengen, de Finanzminister hat Recht, et ass seng Responsabilitéit, fir d'Leit drop opmierksam ze maachen, datt do eng Kéier Ännerungen antrieden. Mä dat kann ee net vun haut op muer maachen, dat muss ee mat Intelligenz maachen, och an intelligenten Discoursen no baussen.

Verstidd Dir, wann de Finanzminister sech op de belsche Radio setzt oder op den däitschen oder de franséischen, a seet, d'Bankgeheimnis ze Lëtzebuerg gëtt d'nächst Joer ofgeschaaft, da bezuele mir alleguer méi Stéieren. Also muss een dat mat Verstand maachen, an dat mécht de Finanzminister mat Verstand. Dass de Budgetsrapporter Thiel, den d'ailleurs een exzellente Budgetsrapport virgeluegt huet, seet, mir mussen dat an engem geuerdnete Verfahre maachen, dat passt eigentlech zesummen.

Frank Kuffer: Et ass e bëssche wéi beim Tanktourismus, dat kéint awer och wéi dinn dann. De Lucien Thiel huet de Chiffer vu 6000 Aarbechtsplaze genannt, déi kéinten ewech falen, dat wieren der jo awer vill.

Jean-Claude Juncker: Dir sot et. An duefir hunn ech Iech dat gesot, wat ech Iech virdru gesot hunn, datt een dat alles mat Verstand a mat intelligenter Periodestreckung muss maachen.

Francine Closener: Dir selwer huet jo net onbedéngt eng erotesch Bezéiung zum Bankgeheimnis, an awer huet Dir et dat lescht Joer misse mordicus verteidegen op europäeschem Plang. Hat Dir do dann net heiansdo awer de Bauch wéi?

Jean-Claude Juncker: Wéini datt ech an der Politik de Bauch wéi hunn, dat soen ech eigentlech kengem, wëll ech mengen d'Leit hunn net gären e Staatsminister deen däraarteg Schwieregkeeten huet.

Ech hunn do Lëtzebuerg verteidegt, wëll ech net domat d'accord war, datt e puer vun eise groussen Nopere vun haut a muer wollten eise System vu Bankgeheimnis regelrecht futti maachen, ouni wëllen dat duerch eppes anescht ze ersetze wat intelligent wier. Heiansdo huet ee Laangzäitvirstellung. Déi hunn ech och an där Saach, och den Här Frieden, och den Här Thiel, an dann huet ee kuerzfristeg Noutwennegkeeten, datt een net vun haut op muer ka 6000 Aarbechtsplazen a Gefor bréngen, an da muss een deementspriechend an engem geschlossene Krees kohärent handelen.

Frank Kuffer: Virun engem Joer huet Dir op dëser Plaz gesot, déi lescht 4 Méint vum Joer 2008, dat wieren déi schwéierst, déi aarbechstintensivst, an ermiddenst an Ärer Carrière gewiescht. War 2009 da vill besser?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Francine Closener: Fir wat?

Jean-Claude Juncker: Well mir déi Problemer, déi mir an deene leschte 4 Méint vum leschte Joer haten, geléist kritt hunn, a mir haten déi net nach eng Kéier nozebehandelen. Mir behalen déi am A.

Francine Closener: Mir hu jo awer nach ëmmer d'Konsequenze vun der Finanzkris?

Jean-Claude Juncker: Selbstverständlech hu mir d'Konsequenze vun der Finanzkris, déi sinn d'Konsequenzen, déi sech am Budget erëm spigelen, an déi muss ee mat de klassesche politeschen Négociatiouns- an Handlungsmechanismen léisen. Mä, et ass een net méi an der Situatioun, datt ee fäert, et géif een iwwer Nuecht ee ganzt Land an d'Ongléck stierzen. Dat war awer eppes, wat mir d'lescht Joer, déi lescht 4 Méint haten, an dat ass an där geballter Form dëst Joer net méi festzestelle gewiescht, obscho sech kleng Verschlechterungen och am Liewe vun eenzelne Leit weisen. Mä déi kollektiv Schocken, an d'Gefor vu kollektive Schocken huet sech dëst Joer net esou gestallt wéi d'lescht Joer.

Francine Closener: Wat behaalt Dir dann zeréck vun dësem Joer u Positivem awer och vläicht un Negativem?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen, mä vläicht ass dat, wëll ech mam Alter méi optimistesch wëll ginn, ech weess net, wéi dat richteg ass, vill Décisiounen zréck, di gutt waren. D'Aféierung vun der duebeler Nationalitéit, déi gutt ugeholl ginn ass. Déi gutt Reaktioun vun de Lëtzebuerger bei de Wahlen, net nëmme well se d'CSV gestäerkt hunn, dat ass och scho gutt, mä och datt se d'Extremer ofgewielt hunn an och bei méi gestanene Parteien, wéi de liberale Kollegen, eenzel Positiounen net einfach verinnerlecht hunn, wéi beispillsweis datt d'Frontalierë solle manner Kannergeld kréien an esou virun, wougéint ech mech ëmmer gewiert hunn. Alles dat si positiv Zeechen, wéi och déi Schoulreformen, déi gestëmmt gi sinn, quitte datt dat bei der Ëmsetzung, wat normal ass, Iwwergangsschwieregkeeten stellt.

Nee, ech hunn do vill Guddes eigentlech an deem Joer fonnt. Meng Enttäuschung um Enn vum Joer ass eigentlech dee Verhandlungsdesaster, dee mir do a Saache Klimaschutz produzéiert hunn. Do ass Lëtzebuerg net den Haaptschëllegen do, mä dat bedréckt mech schonn, datt et einfach esou schwéier ass, Laangzäitproblemer kuerzfristeg ze léisen. Dat ass eppes, wat mech an der Demokratie bal zur Verzweiwelung an heiansdo zur Rebellioun dreift. Datt ee ganz genau weess, wa mir dat elo net an d'Hand huele fir déi grouss Problemer do ze behandelen, da wuesse se eis enges Daags iwwer de Kapp. A wëll déi Leit, déi haut liewen, sech net wëllen dorunner bedeelege ganz oft, an doduerch eigentlech Schold regelrecht op sech lueden, dat ass eppes wat mech regelrecht géint den Zäitgeescht zur Rebellioun bréngt.

Francine Closener: An d'Verhandlunge virun engem Mount iwwer den EU-Conseilspresident, hunn déi Iech net zur Verzweiwelung bruecht?

Jean-Claude Juncker: Dat huet mech net rebelléiert, mä ech halen Europa e bëssche fir méi eng wichteg Saach wéi déi eege Persoun. Insofern huet dat mech schwäirose gemaach, mä [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Mat weem?

Jean-Claude Juncker: Jo, mat deenen, déi net fir mech waren, an dat waren der wiesentlech manner, wéi déi, déi fir mech gewiescht wieren [gëtt ënnerrbach]

Frank Kuffer: Ma et huet ee jo d'Impressioun ebe wéi wann souzesoe jiddweree fir Iech war, just eben de Nicolas Sarkozy, fir hien net ze nennen, géint Iech war. Ass dat och Ären Androck?

Jean-Claude Juncker: Hien seet, dat wier net esou gewiescht. Mä mäin Androck ass et.

Frank Kuffer: Mä wat ass datt da fir ee Club do, wann [gëtt ënnerrbach

Jean-Claude Juncker: Dat ass kee Club, dat ass eng Sitzung vu 27 Staats- a Regierungschefen.

Frank Kuffer: Ma eben, mä wann dann do awer 25, 26 oder och nëmmen 23 Länner fir Iech waren, an dann um Enn sidd Dir et awer net? Et ass jo awer schwéier ze verstoe fir d'Leit dobaussen.

Jean-Claude Juncker: Fir mech och!

Frank Kuffer: Dann erkläert eis emol, wei dat méiglech ass.

Jean-Claude Juncker: Ma, ech wëll Iech dat soen. Ech hunn jo vill Ënnerstëtzung gehat, d'Kollegen hu mir dat jo ëmmer erëm gesot a mech och gedrängt, ech misst awer eigentlech emol e bësschen ufänken Interessen un där Saach ze weisen. Ech hu vill Gespréicher doriwwer gefouert, wou ech awer festgestallt hunn am Gespréich mat Eenzelen, datt mer verschiddentlech Opfaassungen doriwwer haten.

Well ech einfach décidéiert der Meenung sinn, datt deen, dee President ass vum Europäesche Rot eng eege Meenung muss hunn. Duefir sinn ech mat mengem Kolleg a Frënd Van Rompuy, deen ech e Méindeg gesinn, net d'accord wann hien ëmmer seet, hien hätt keng perséinlech Meenung ze hunn. Ech fannen, wann een Chef ass vun engem Veräin, elo soen ech selwer Club, da muss ee soe wat ee mengt. An da muss ee kämpfen fir seng Ideeën. Et kann een net nëmmen de Notär sinn vun deem, wat anerer soen, an dat ënnerenee schreiwen an da soen, dat do sinn eis Conclusiounen. Dat muss beienee passen. Ech sinn iwweregens der Meenung, datt den Här Van Rompuy dat och ganz gutt wäert maachen. Ech sinn deen Eenzegen, deen hien 20 Joer laang kennt, déi aner kennen hien 10 Méint.

Frank Kuffer: Dir hutt dat awer elo musse bezuelen, datt Dir eng Meenung hutt.

Jean-Claude Juncker: D'accord. Mä, dat ass jo awer keng Ursaach fir keng Meenung ze hunn. Also, ech sinn esou gestréckt, datt ech meng Meenung soen. Ech soe se iwweregens net ëmmer, mä ech soe se awer, wann ech fannen, elo muss de dat awer soen. Dat ass richteg, wann et em d’lëtzebuergesch Interesse geet. Ech hunn d'Bankgeheimnis verteidegt, an ech wosst, datt dat mer net géif hëllefen am Ëmgang mat den Englänner, mat de Fransousen, mat den Däitschen. Ech hunn d'Budgetspolitik vu Frankräich a vun Däitschland mussen dräi Wochen iert den europäesche Conseilspresident genannt ginn ass, hefteg kritiséieren als Eurogrupppresident. Dat ass alles net gescheit, mä esou sinn ech awer, datt ech do keng Loscht dann awer hunn, mech do op d'Knéien ze drécken, fir dat net méi drastesch auszedrécken.

An da war et deen Owend, wou déi Decisioun gefall ginn ass esou, datt de schwedesche Rotspresident mech geruff huet an do gesot huet, hei si si bal all fir dech, mä et ass ee géint dech. An do hat ech de Choix ze soen, also da stëmme mir elo of, kucke mer, ewéi et geet. Ech weess, datt et dann, fir dat primitiv auszedrécken, gutt fir mech gaange wier, mä dann hätte mir ugefaange mat engem neie Vertrag an der Ausernanersetzung an ech hunn zu den europäesche Saachen esou een intensive Bezuch, datt ech fonnt hunn, alleng mat mir, an am Gespréich mam Här Van Rompuy, deen ech do gesinn hunn, datt et besser wier, mir géifen et net drop ukomme loossen.

Francine Closener: Dir hutt Iech geaffert?

Jean-Claude Juncker: Nee, an eiser Generatioun huet nach kee sech missen afferen. Et geet eis ganz gutt. Ech si kee Martyrer. Mä et sinn awer vill Leit an Europa, bei de Regierungschefen, am Parlament, an der Kommissioun, an am breede Publikum, wéi mäi Bréifwiessel mir weist, déi fannen ech hätt dat och kënne maachen. Ech fannen dat selwer och, ech muss dat éierlech soen. A mir hunn als Land dobäi näischt verluer, verstitt Dir, well et sinn esou vill anerer, déi fannen, dat wier net mat richtege Saachen do zougaangen datt mir eigentlech eisen Sympathiestock éischter, ech och, vergréissert hunn.

Francine Closener: Wéi ass dann Äert Verhältnis elo mam Nicolas Sarkozy? Déi franséisch Zeitung “Le Point�?, déi huet elo eng Lëscht erausgi vun 10 Leit, déi de Sarkozy net leide kann, Dir sidd do op der Plaz 8, a si argumentéieren, well Dir Iech getraut huet him ze widderspriechen.

Jean-Claude Juncker: Jo, esou ass et, an ech hunn den Androck, hien hätt dat net ëmmer ganz gären, mä wann ech awer Saachen ze soen hunn, och wann den Här Sarkozy, oder een aneren, net där Meenung ass, da soen ech dat. Ech si jo hei gewielt, ech si jo net geputscht hei am Land, ech si gutt gewielt, hunn ech den Androck. An dann hunn ech Saachen am Numm vu mengem Land virzebereeden, ob dat mir elo perséinlech schued, an esou virun, esou kann ech jo net fonctionéieren. Ech muss jo duefir suergen, datt eis Saachen anstänneg un de Mann bruecht ginn. Da gëtt et eenzel Männer, déi hunn dat net gären.

Mä ech soen net, datt dat mir egal ass, mä ech kann net, well ech elo fäerte géif, den Här Sarkozy gëtt elo rose mat dir, net soen, wat ech am Numm vu mengem Land, et si jo d’Lëtzebuerger, déi mech op Bréissel schécken, ech vertriede jo net de Juncker do, ech vertriede Lëtzebuerg do. Da muss ech déi Saache soen, déi déi vun eisem Land sinn, a wann déi aneren net gefalen, da muss ech dann duefir riicht stoen. Mä dat halen ech awer fir eng responsabel Féierung vun deem Job deen ech uvertraut kritt hu vun de Leit.

A mam Här Sarkozy ginn ech awer ganz normal em. Ech sinn och en Charge vu gudden noperschaftleche Bezéiunge mat Frankräich. Ech kann dat net reduzéieren op d’Rosereië vu mir, oder d’Rosereië vum Här Sarkozy. Ech hunn hei d’Interesse vum Land ze vertrieden, an dat wëllt, datt mir gutt Bezéiungen zu Frankräich hunn. Dat ass wirtschaftlech wichteg, dat ass mënschlech wichteg, an ech sinn do heiter und gelassen, éischtens, an ech halen et ëmmer mam Lichtenberg, ee vu menge lieblings Aphoristiker, dee sot: “Auf eueren Kleinkram lache ich Philosoph, aus heiterer Höhe�?. A Kleinkram ass net lëtzebuergesch, en ass heiansdo entzwousch anescht.

Francine Closener: Trotzdem ass et jo awer esou, datt déi Carrière Iech jo awer gereizt hätt. Muenech ee seet, Dir hätt joerelaang drop higeschafft, elo gëtt näischt draus. Ass et dann net awer schwéier fir sech erëm ze motivéieren, fir elo hei mat der lëtzebuerger Politik, fir net ze soen Kleinkram, weiderzefueren?

Jean-Claude Juncker: Neen, neen, neen. Kuckt emol, ech hunn eng Bezéiung zu de Leit, an déi och zu mir, heiansdo extra, mä déi ass esou wéi se ass. Ech hunn, “ech�?, ech wëll net dauernd ech soen, d’CSV huet d’Wahle gewonnen, dat hat e bëssen eppes mat mir ze dinn, mengen ech, och wann net jiddwereen an der CSV dat vläicht esou gesäit, mä dat war awer esou. An ech hunn d’Vertraue kritt vu ville Lëtzebuerger, a meng Partei och, an ech hunn den Optrag hei dat Land korrekt ze regéieren.

An ech hätt dat an Europa gäre gemaach, dat wier eng Verlängerung vu lëtzebuergesche Méiglechkeeten op engem anere Plang gewiescht. Dat si keng kontrakdiktoresch, konfliktuell Engagementer, lëtzebuergesch Saachen, an europäesch Saachen. Dat ass esou enk matenee bestued, datt een dat guer net esou auserneen diebele kann. A wat mir am meeschte Freed gemaach huet, dierf ech dat eng Kéier soen, dat ass, datt ech vun onendlech ville Lëtzebuerger geschriwwe kritt hunn, an déi soe mir dat op der Strooss, déi soen, mir hätten Iech dat vergënnt, mä mir si schrecklech frou, datt Dir hei sidd. Ech och!

Frank Kuffer: Sidd Dir da sécher, datt Dir awer Chef vum Eurogrupp kënnt bleiwen, oder geheien Iech d’Fransousen do vläicht och nach eng Kéier Steng an d’Wee?

Jean-Claude Juncker: Ech si beréiert, datt Dir Iech doriwwer esou vill Gedanke maacht. Dat gëtt am Januar esou décidéiert.

Francine Closener: Ofgesi vun deem Posten vum Eurogruppechef, ginn et vläicht nach aner Posten an Europa, déi Iech awer laangfristeg, oder mëttelfristeg, géingen interesséieren?

Jean-Claude Juncker: Neen, eigentlech net. Kuckt emol, ech hätt kënne Kommissiounspresident ginn, dat ass jo largement bekannt. Dat wollt ech net, well ech de Leit heiheem versprach hat, 2004, ech géif dat net maachen, wa mir d’Wahle géife gewannen als CSV, an ech als solchen. Ech si kuerz duerno, nodeem all Mënsch gesot huet, och heiheem, elo ass deem seng Europacarrière definitiv eriwwer, den éischte President vum Eurogrupp ginn. An Europa gëtt et nëmmen zwee permanent Presidenten, dee vum europäesche Conseil, zwee an en halleft Joer, an dee vum Eurogrupp, zwee an en halleft Joer. Deen ee muss mat deem anere kënnen. Deen ee méi mat deem aneren, wéi deen anere mat him.

Frank Kuffer: Et ass zwar elo nach laang bis dohinner, mä huet Dir da wëlles nach eng Kéier hei mat an déi nächst Wahlen ze goen, oder wéi laang muss de Luc Frieden nach waarden?

Jean-Claude Juncker: Also, well ech gesot hunn, ech géif mech u mëttel- an u laangfristege Problemer staark interesséieren, mengt Dir och ech géif mech u mengem mëttel- a laangfristege Schicksal staark interesséieren. Dat ass awer net ausgeprägt de Fall. Ech fille mech gutt am Kapp, an och soss, an ech kann nach laang Politik maachen. Mä ech décidéieren, wéi ech schonn eng Kéier hei gesot hat, selwer ganz alleng mat mir wéini datt ech ophalen. An ech halen eng Kéier op, et brauch kee sech ze vill Gedanken ze maachen, datt mir iwwer Generatiounen nach mam Juncker gehäit wieren. Dat wäert net stattfannen. Ech maachen dat esou laang wéi ech wëll, wéi ech wëll.

Frank Kuffer: Bis op Weideres bleift Dir eis dann also nach erhalen?

Jean-Claude Juncker: Dat kléngt awer, also do läit awer vill Bedaueren an Ärem Kommentar do.

Frank Kuffer: Et ass jo am Fong geholl net nëmme wéi Dir wëllt, et ass och wéi de Wieler wëllt.

Jean-Claude Juncker: A jo, mä bis elo hunn ech nach ëmmer gemaach wat de Wieler wollt. Mä nieft dem Wielerwëllen hunn ech och mäin eegene Wëllen. An ouni de Wielerwëllen hunn ech keen.

Frank Kuffer: Kommt, mir kommen awer nach eng Kéier kuerz zeréck op déi lëtzebuerger Politik, wou mir Iech da géife bieden op e puer Stéchwierder kuerz ze äntwerten, och wann et net ëmmer esou einfach ass. Simplification administrative ass Chefsaach. Huet de Chef da schonne eppes Opweises?

Jean-Claude Juncker: E schafft.

Frank Kuffer a Francine Closener: Wourunner?

Jean-Claude Juncker: Dorunner. Et mécht kee Sënn do Zwëscheresultater bekannt ze maachen. Ech bekëmmere mech am Kapp intensiv drëm, a vum Mäerz un a Sitzungen méi particulièrement.

Francine Closener: Chômage, en anert Stéchwuert. Musse mir eis einfach domat offannen, datt Lëtzebuerg och Tauxë vun iwwer 7% huet, a behält?

Jean-Claude Juncker: De Chômage hëlt zou, well et eng méi spéit Reaktioun vum Aarbechtsmaart op d’Wirtschaftskris gëtt, wéi dat sech an de PIB-Zuelë selwer weist. Ech gehéieren zu deenen, déi sech net domat offannen, datt ëmmer méi Leit an de Chômage kommen. Mir brauchen eng Reaktivéierung vun der Aarbechtsmaartpolitik, a mir brauchen eng méi stark Prise de conscience, fir Problemer vun deene Leit, déi keng Aarbecht hunn. Ech bemängelen heiansdo, datt déi déi Aarbecht hunn, an déi déi keng kënne verléieren, oder déi déi se behalen hunn, net gesinn, datt et ganz vill Leit gëtt, déi se verluer hunn, an net gesinn, datt et ganz vill Leit gëtt, déi manner an der Pei hu well se Kuerzaarbecht gemaach hunn. Et ass net esou, datt d’Kris zu Lëtzebuerg u jiddwerengem laanscht gaange wier, ouni datt en et gespuert hätt. Mä wéi ëmmer, ass et esou, datt déi déi am meeschte leiden, am mannste schwätzen, an datt déi, déi sech net ze bekloen hunn, am haartste jäitzen.

Frank Kuffer: Anere grousse Sujet vum Joer 2009, d’Schwéngsgripp. Wat maache mir mat eiser Iwwerdosis Vaccinen?

Jean-Claude Juncker: Rufft de Mars Di Bartolomeo un, da seet deen Iech dat. Ech hu fonnt, datt hien déi Schwéngsgripp, an d’Perspektiven dovun, och déi geféierlech Perspektiven dovun, richteg gesinn huet. A stellt Iech emol vir, dat wier eng absolut grouss Katastroph ginn, ech ka jo net ausschléissen, datt et dat nach gëtt, an d’Regierung, an de Gesondheetsminister hätt sech net drëms bekëmmert, a sech net drop virbereet, da wiere mir jo hefteg kritiséiert ginn. Heiansdo muss ee Saache maache fir de schlëmmste Fall, och wann de schlëmmste Fall net kënnt. Mä näischt maachen, an de schlëmmste Fall kënnt, an da steet een do mat eidelen Tiräng an den Apdikten, dat wier och net onbedéngt dat gewiescht wouzou ech geroden hätt.

Francine Closener: Homosexuelle Mariage, an Adoptiounsgesetz sinn zwou gesellschaftspolitesch Reformen, déi Dir upeilt. Wéini hätt Dir déi gären iwwer d’Bühn, séier?

Jean-Claude Juncker: Ech hätt gären, datt dat an der éischter Halschent vum nächste Joer géif geschéien, wat de Regierungsprojet ubelaangt, wat de Mariage vun den Homosexuellen ubelaangt.

Frank Kuffer: Chèques service a Maisons relais, wat maacht Dir géint de Qualitéitsverloscht an de Betreiungsstrukturen?

Jean-Claude Juncker: Ech muss e fir d’éischt emol esou gesinn, datt ech en och richteg gleewen. Ech kann net ausschléissen, datt et partiell Problemer do gëtt, dat gehäit mech och. Mä ech vergläichen heiansdo Zoustänn an Zuelen tëscht Lëtzebuerg an dem Ausland, an dann ass dat net esou wéi vill Leit hei mengen. Woubäi ech eng relativ grouss Bewonnerung hu fir d’Aarbecht vun deene Leit, déi do schaffen, muss ech soen.

Francine Closener: Et sinn der vläicht net genuch?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä am Ausland sinn der dräi Mol méi.

Francine Closener: Et ginn der awer, jo…

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, also Dir wësst iwwerhaapt net heiansdo wat domat [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: A Skandinavien ass jo awer de Personalschlëssel jo awer besser.

Jean-Claude Juncker: Zu Bréissel an enger vergläichbarer Klass, wou mir dräi Leit hunn, ass een. Da soen ech net, datt dat gutt ass, mä ech fannen awer bei aller Wäertschätzung fir déi Aarbecht, well ech halen dat fir eng schwiereg Aarbecht, datt een awer heiansdo Fouss bei Mol muss halen. Wësst Dir, wann ee keng Suen huet, dann huet een och do keng, an da muss ee kucken duerch perséinlechen Engagement, d’Qualitéitssteigerung selwer erbäi ze féieren. Ech hunn och dee gréisste Respekt virun deene Leit déi an de Spidäler schaffen, déi och eng extrem schwiereg Aarbecht hunn, déi net genuch unerkannt gëtt leschten Enns. Also un deene Saache muss ee schaffen, mä fir sech elo virzestellen, elo géifen hei bombastesch Gehaltsopbesserungen, a bombastesch Personalerweiderunge kommen, do wëll ech Iech haut direkt soen, well Dir mech gefrot huet, wat geschitt d’nächst Joer? Dat geschitt net!

Francine Closener: Hu mir da Sue fir den Tram?

Jean-Claude Juncker: Ech géif emol gäre wëssen am Detail, obschonn ech jo net mengen, datt Dir den Tram hei mat de Maisons relais an Zesummehank bréngt, soss bréngen ech dat och nach mat anere Saachen an Zesummenhank [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Mä et ass just een anert Stéchwuert.

Jean-Claude Juncker: Et ass een anert Stéchwuert, an do hunn ech den Transportminister Claude Wiseler gebieden, mir eng Iwwerpréiwung vun de Käschtepunkter virzeleeën, déi déi eenzel Akzenter am Beräich vum Gesamttramsbetrib mat sech bréngen. An da muss een dat studéieren.

Frank Kuffer: Nach d’Schoulreform. Ass dat wierklech e Sprong no vir, oder en Nivellement vers le bas?

Jean-Claude Juncker: Et ass e Sprong no vir. Well ech mengen, datt déi Leit, déi an der Éducation nationale schaffen, ech schwätzen elo vun de Leit um Terrain, elo mat Problemer konfrontéiert sinn, wat typesch Iwwerganksproblemer sinn, vun deenen ech verstinn, datt se se heiansdo nervös maachen. Mä ech sinn iwwerzeegt, datt déi Reform vun der Madame Delvaux richteg geluegt ginn ass, an datt dat, wa mir an 10, 15 Joer emol eng Kéier op déi Reformperiod do zeréckkucken, als eng wichteg Phas vun der Verbesserung vun eiser Éducation nationale wäert ëmfonnt ginn.

Francine Closener: Jean-Claude Juncker, et ass eng Auer, nach eng leschte Fro. Wéi eng gutt Virsäz huet Dir Iech da geholl fir 2010? Haalt Dir vläicht op mat fëmmen?

Jean-Claude Juncker: Neen, mä ech fëmme jo, wéi d’Leit wëssen, manner, mä d’Madame Probst, an anerer soe mir, dat wier awer Null wäert, wann een nëmmen 10 Zigaretten den Dag géif fëmmen, da wier een awer schonn op engem Trip, deen net gutt wier.

Ech hätt gären, datt déi Fro do roueg gekläert gëtt an eiser Gesellschaft. Wësst Dir, mech exitéiert déi net, well jiddwereen hei am Land weess, datt ech fëmmen. A wann ech soen, dat do ass elo Blödsinn, datt dir dat elo och an de Bistroë wëllt verbidden, da soe se, dat mécht de Juncker jo nëmme wéinst sech selwer. Mä et ass scho laang hier, mengen ech, datt ee mech fir d’lescht an engem Bistrot gesinn huet. Dat ass net, wa Feierowend ass, fueren ech heem, an ech ginn net owens um 10 Auer an d’Bistroten.

Francine Closener: Huet Dir dann een anere gudde Virsaz vläicht?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat iwwerrascht Iech vläicht, ech komme mir ëmmer méi jonk vir. Dat gesäit net esou aus. Ech rebelléiere mech ëmmer méi géint grouss a kleng Ongerechtegkeeten. Ech soe mir heiansdo, elo gëtt et mengen ech, dëser Deeg sinn et 28 Joer, datt ech an der Regierung sinn, an am Januar 15 Joer Staatsminister, an et gëtt nach ëmmer esou vill Saachen an der Welt, fir déi ech net zoustänneg sinn, an Europa, fir déi ech mat zoustänneg sinn, an zu Lëtzebuerg, déi net esou si wéi ech gären hätt, datt se wieren, wou ech einfach fannen, datt mir net gutt genuch sinn, datt mir ënnert eisem Niveau bleiwen. A wat ech méi al ginn, ginn ech méi jonk, well ech mech dogéint esou rebelléieren, wéi mat 17, 18, 19 Joer. Ech kann neierdéngs erëm schrecklech rose ginn iwwer Saachen, déi net klappen, wou Leit schlecht behandelt ginn, wou net anstänneg mat Liewenssituatiounen ëmgaange gëtt. An zweetens wëll ech méi Rou hunn dëst Joer. Déi zwou Saachen, gesitt Dir, déi passen net zesummen.

Francine Closener: Déi Kombinatioun ass net esou einfach.

Jean-Claude Juncker: Déi geet net.

Francine Closener: Mir wënschen Iech awer trotzdem eist Allerbescht. Dat war et da fir de Background, dee leschte vun dësem Joer. Här Staatsminister, Merci fir Äre Besuch am Studio.

Jean-Claude Juncker: Merci.

Francine Closener: Vun eiser Säit och nach schéi Chrëschtdeeg.

Jean-Claude Juncker: Elo kréien ech jo mat de Leit um Radio net méi ze schwätzen, well Dir mech dëst Joer esou wäit virgezunn huet. An ech géif awer gären de Leit soen, datt ech wënschen, datt mir eis am Joer 2010 d’Méi ginn, eis gutt ze verstoen, an eis net auserneen dreiwen ze loossen, an datt mir dee laange Bléck behalen, an net nëmmen dee kuerze Bléck op dat, wat haut ass, mä eis méi un deem interesséieren, wat muer an iwwermuer ass. An ech hätt gären, datt soss jo, datt et de Leit gutt geet.

Francine Closener: Dat ass dat beschte Schlusswuert iwwerhaapt. Merci villmools. E schéint neit Joer och vun eis aus. Äddi a bis geschwënn.

Dernière mise à jour