Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Eldoradio: Den Tom, 37 Joer, freet: Déi Nei Gripp war e grousst Thema dëst Jor. Grouss Quantitéiten un Tamiflu a Vaccinë goufe bestallt, laang net alles gouf verbraucht. War et awer déi richteg Décisioun fir déi héich Käschten, och vun den Impfzentren, op sech ze huelen? An huet den Här Juncker sech och impfe gelooss?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech net impfe gelooss. Wann ech Iech muss genau erkläre fir wat, da weess ech dat eigentlech net, mä et huet sech einfach net erginn, datt ech mech impfe gelooss hätt. Et hunn awer eng Rei vu Ministere sech impfe gelooss, 2 dovunner haten och d'ailleurs eng Woch laang e geschwollenen Aarm. Dat hunn ech mat gewëssener Satisfaktioun zur Kenntnis geholl.

Ech mengen, et war déi richteg Décisioun fir sech op de schlëmmste Fall virzebereeden. Stellt Iech eng Sekonn vir, déi Schwéngsgripp, a mir wësse jo nach guer net wéi et virugeet, wier elo mat verheerender Wierkung iwwer d'Land gebraust a mir hätten eis net dorop virbereet. Da wëll ech net an de Schung an Huese vum Gesondheetsminister stiechen. Ech hu léiwer mir bereeden eppes vir, fir e Fall deen da Gott säi Dank net antrëtt, statt datt mir net virbereet wiere falls en dann awer géif antrieden. Also, ech hunn déi Décisioun richteg fonnt.

Eldoradio: D'Angela, 29 Joer, freet: Ee vun de gréisste Museker vun allen Zäiten huet eis dëst Jor verlooss. Wéi hutt Dir den Doud vum Michael Jackson ëmfonnt? Ass dat en Thema bei de Politiker oder hutt Dir keng Zäit fir esou Saachen?

Jean-Claude Juncker: D'Politik muss alles opsuckele wat geschitt. A wann ee gesinn huet, déi weltwäit Bestierzung eigentlech déi den Doud vum Michael Jackson, onofhängeg vu senge genauen Ëmstänn, ausgeléist huet, dann ass dat schonn eppes woumat ee sech ze beschäftegen huet. An ech verstinn, well déi Musek ebe flott ass, datt dat e Stéck Liewensgefill ass wat elo feelt. Dat gesot, hunn ech fonnt, datt et e bësse vill Michael Jackson op 1, 2 Wochen zesummegedréckt war. Manner wier méi gewiescht.

Eldoradio: D'Pauline, 43 Joer, freet: De Barack Obama huet dëst Jor de Friddensnobelpräis kritt. Ass dat Ärer Meenung no verdéngt?

Jean-Claude Juncker: Dat ass net verdéngt. Och wann et net verdéngt ass, ass et awer net onbedéngt falsch. Mä ech fannen, wann ee manner wéi ee Jor am Amt ass an et kritt ee schonn de Friddensnobelpräis, dat ass jo net iergend eng Medaille, dann hätt ech léiwer dat géif sech op eng Liewensleeschtung bezéie wéi op eng Perspektiv déi e lassgetrueden huet duerch ëffentlech gekonnt Rieden.

Eldoradio: Hätt Dir eng Alternativ ze proposéieren?

Jean-Claude Juncker: Alternativen, jo. Fir de Friddensnobelpräis gëtt et Milliounen Alternativen. Kuckt mol ee Mann – iergend een oder eng Fra – deen 10 Joer vu sengem Liewen hëllt fir an der Entwécklungshëllef ze schaffen; oder en Dokter deen hei seng Waliss paakt an 2 Joer an Afrika geet fir do d'medezinesch Versuergung sécher ze stellen; e Mensch deen an engem Spidol schafft, méi wéi e muss, a sech ëm déi krank Leit méi bekëmmert wéi e misst. Dat sinn esou vill kleng Beiträg zum klengen an zum grousse Fridden, datt ech einfach emol gären eng Kéier gehat hätt, datt een dee Friddensnobelpräis géif kréien, vun deem ee virdrun nach ni eppes héieren huet, mä dee mindestens esou vill mécht wéi déi déi e kréien.

Eldoradio: De Marco, 41 Joer, freet: Nom Zesummefall vum Bankesystem wäert d'Bankeplaz net méi déi selwecht si wéi fréier. Op wéi e Secteur wäert Dir d'Prioritéit an Zukunft stellen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt et richteg ass, datt een net méi kann dovun ausgoen, datt d'Finanzplaz nach eng Kéier déi Wuesstëmsdynamik entwéckelt déi si an der Vergaangenheet hat, an aner Secteuren hei am Land regelrecht maträisst, wat d'Wirtschaftskraaft vun der Gesamtekonomie ubelaangt. Trotzdem bleift déi Finanzplaz wichteg a wat ze geschéien huet, a wat amgaangen ass ze geschéien, ass, datt een déi Finanzplaz permanent diversifizéiert. Mir kënnen eis net op d'Bankgeheimnis verloossen eleng, dat geet net, dat soll och net sinn. Mir mussen op der Finanzplaz eng Palette vu Finanzprodukter vun héijer Qualitéit uleeën an dorunner permanent schaffen, dat ass den Här Frieden amgaangen ze maachen.

Eldoradio: D'Nicole, 35 Joer, freet: Den EU-Conseilspresident gouf virun e puer Woche gewielt. Dir hutt gesot, Dir hätt dee Poste gären iwwerholl, Dir krut déi Méiglechkeet awer net. Wéi ass et um Sommet zu Bréissel ofgelaf? Hutt Dir d'Chance op dee Posten nach ëmmer?

Jean-Claude Juncker: Et ass esou ofgelaf wéi et a villen Zeitunge beschriwwe ginn ass, datt op d’mannst een hefteg dogéint war an anerer och grad esou hefteg dofir waren. Ech hunn dat net op d'Spëtzt gedriwwen, well ech och an der Persoun vum Här Van Rompuy, dem belsche Premier, e gudde President detectéiert hunn, deen ech schonn zanter 20 Joer kennen a vun deem ech weess, datt hien dat ganz gutt wäert maachen. Ech hätt et awer gär selwer gemaach. An ob ech eng aner Kéier dat soll maachen, dat huet mäi Kapp nach net duerchquiert, muss ech soen. Ech si jo gutt wou ech sinn. Wësst Dir, wat mir vill Freed gemaach huet, bei all Roserei déi ech ee Moment do hat, war datt Dausende Lëtzebuerger mir geschriwwen hunn a gesot hunn, et wier gutt gewiescht, wann Dir dat hätt kënne maachen, mä et ass besser Dir bleift hei. Ech hunn dat gären héieren.

Eldoradio: D'Jessica, 26 Joer, wëll wëssen: Ech fannen, datt Dir wierklech eng gutt Aarbecht maacht an dat huet mech motivéiert fir an d'Politik eran ze goen. Meng Fro ass, wat soll ech maache fir eng Kéier mat Iech kënnen ze schaffen.

Jean-Claude Juncker: Sech fläissen. Ech sinn net éiweg do an ech si jo keng 30. Wann d'Jessica 56 Joer huet, dann hunn ech der 86. Dann ass et ze spéit, also muss d'Jessica sech éischter drugi fir mat mir ze schaffen. Dat kann een och maachen, doduerch datt een a meng Partei geet oder an eng aner Partei geet – ech wëll do keng intempestiv Recommandatiounen haut maachen – an ech halen et fir wichteg wa jonk Leit, 26 Joer ass jo jonk, jiddwerfalls vu mir aus gekuckt, sech fir d'Politik A) begeeschteren a B) fannen, datt ee wann een an engem Land lieft ëm d'Saache vun engem Land ze bekëmmeren huet. An déi beschte Fassong fir dat ze maachen, beileiwen net déi eenzeg, mä déi décisivste Fassong fir dat ze maachen ass fir selwer an der Politik aktiv ze ginn.

Eldoradio: D'Angélique, 17 Joer, freet: De Staat huet wéinst der Kris vill Scholde gemaach. Wou, wéini a wiem wëllt Dir déi Suen nees ofhuelen, dat betrëfft jo sécher och meng Generatioun?

Jean-Claude Juncker: Wa mir déi Scholdebierger virun uwuesse loossen an d'Defiziter sech weider ausweide loossen, wat eng Zäit laang muss geschéien, da ginn d'Sue sécherlech enges Dags bei deene geholl déi haut 17 Joer hunn. Wa mir awer eng raisonabel Politik maachen, eng mat Häerz a Verstand, an dofir suergen, datt mir déi Defiziter an den nächste Joeren erëm agegrenzt kréien an déi Scholdebierger net uwuesse loossen, da verhënnere mir, datt déi Generatioun vun haut 17-järegen 20, 25 Joer vun hirem Liewen domat beschäftegt wäert sinn déi Scholden zréck ze bezuelen déi mir elo an 2, 3 Joer maachen. Also musse mir Fouss beim Mol halen, och mat Rücksicht op déi déi haut déi Jonk sinn an deenen hir Liewenschancen een net däerf anengen, doduerch datt mir eis elo e bësse goe loossen.

Eldoradio: De Sascha, 37 Joer, wëll wëssen: An e puer Deeg geet e weidert Jorzéngt op en Enn. Wéi huet sech d'Politik an deene leschten 10 Joer verännert?

Jean-Claude Juncker: Mir fält op, datt alles vill méi komplizéiert ginn ass wéi et war, well mir definitiv am Zäitalter vun der Globaliséierung ukomm sinn, well näischt Wichteges wat op der Welt geschitt esou onwichteg wier, datt et eis net géif betreffen. Doraus ergëtt sech d'Noutwennegkeet fir Europa méi waasserdicht ze maachen, well mir nëmmen zesumme mat deene Problemer kënnen eens ginn. Or stellen ech an Europa fest, datt den Hang fir déi eegen national Interessie prioritär ze behandelen ëmmer méi grouss gëtt. Dat huet net nëmme mat der Schwächt vun der Politik ze dinn, et huet och mat der Faiblesse vun de Leit ze dinn. Well d'Leit hätten dat eigentlech gär. Ech sinn ni méi beléift zu Lëtzebuerg wéi wann ech iergendee vun eise groussen Noperen emol eng Kéier esou richteg erbäihuelen. Dat fält mir einfach op, maachen ech och nëmme wann et muss sinn. Mä wann ech e Kompromëss mat engem grousse Land schléissen, da seet kee Bravo. Wann ech awer soen, elo geet et duer, elo klibbert eis, dann hunn ech nach ëmmer näischt geschafft, ech hu just menger Roserei fräie Laf gelooss an da fannen d'Leit dat gutt.

Eldoradio: A Wéi hutt Dir perséinlech Iech verännert?

Jean-Claude Juncker: Heiansdo mengen ech, wann ech mech esou selwer kucken, mech esou nieft mech stellen, ech wier méi, wéi soll ech soen, méi streng ginn an och méi ongedëlleg, an och méi brutal a mengem Uerteel iwwer Anerer. A wann ech mech da richteg kucken, da stellen ech fest, et ass just de Géigendeel. A wou ech an 10 Joer sinn, dat hänkt vill vun de Leit zu Lëtzebuerg of an e bësse vu mir.

Dernière mise à jour