Interview de fin d'année du Premier ministre, Jean-Claude Juncker

Jean-Marc Sturm: Wéi mir virun engem Jor hei beienee soutzen hat Dir gesot, déi lescht Méint 2008 wäre mat déi häertst, déi ermiddenst gewiescht, déi intensivst an Ärer politescher Carrière. 2009, als 12 Méint gekuckt, dierft do wuel net wäit hannendra gewiescht sinn?

Jean-Claude Juncker: Jo mä et ass awer eng notabel Differenz. Um Enn vum leschte Jor, September, Oktober, November, Dezember ware mir notamment wat eis Finanzinstituter ubelaangt an enger extrem schwiereger, geféierlecher Situatioun a mir hu musse séier handelen, mat der Angscht heiansdo dobäi, datt ee vläicht dat Falscht géif maachen. Dëst Jor hate mir et mat engem Jor vu méi laang gestrecktene Prozesser ze dinn, wou d'Urgence vun den Décisiounen déi ze huele ware bei wäitem net déi selwecht war wéi d'lescht Jor. Dëst Jor hat seng eege Schwieregkeeten, mä net déi geballten Dramatik wéi déi lescht Méint vum leschte Jor.

Jean-Marc Sturm: 2009 war zum Deel e Jor vun der Enttäuschung, Stéchwuert EU-Conseilspresident. Géift Dir Iech elo am Nachhinein anescht uleeën?

Jean-Claude Juncker: Dat géif viraussetzen, datt ech eng bestëmmte Fassong gehat hätt fir mech unzeleeë fir déi Décisioun déi do geholl ginn ass vläicht anescht geroden ze loossen. Mä ech hu mech do net ugeluecht. Ech hu meng Bereetschaft erkläert fir dat ze maachen an ech géif dat och net anescht maache wann ech dat nach eng Kéier ze maachen hätt.

Jean-Marc Sturm: Dir hutt virun allem kloer Är Meenung gesot. Dowéint hu verschidde Leit, fir net den Här Sarkozy ze nennen, Iech muttwëlleg ausgebremst. Mécht een dat net rose wéi eng Spann?

Jean-Claude Juncker: Oh dach, ech war rosen a wa mir net um Radio wiere géif ech soen, ech si gefreckt vu Roserei, well och net bei deenen déi dogéint waren, an “deenen�? ass e Plural deen een och méi singulär kéint faasse wéi esou, gesot ginn ass wat si da géif stéieren. Mä ech hu gemierkt an deene leschte Joeren, datt déi Fassong déi ech hu fir zu Lëtzebuerg Politik ze maachen, dat heescht, fir mat menger Meenung net hannert dem Bierg ze halen an déi ech och an Europa ëmmer esou praktizéiert hunn, mä déi Zäit sinn et grouss Leit ginn déi dat verdroen hunn, eng Fassong ass déi net ganz gutt ukënnt. Dat ass awer keng Ursaach fir da seng Fassong ze änneren. Ech hunn ëmmer gäre wa Mënsche versti wat ee mécht a firwat, datt een et mécht, respektiv firwat een eppes Bestëmmtes net mécht wat anerer gär vun engem Hätten. Da muss ee Kloertext schwätze statt Buchstawenzopp duerch de Raum ze geheien.

Jean-Marc Sturm: D'Sympathie schéngt jo awer an Europa trotzdeem geklommen ze si fir Iech oder fir eist Land.

Jean-Claude Juncker: Ech ka mech vun zäertleche Liebesbeweiser vu menge Kollege kaum wieren, well déi jo och wësse wéi dat do gaangen ass, an déi Meescht ware jo och dofir, datt e Lëtzebuerger dat soll maachen. Insofern hu mir kee Sympathieknacks kritt an Europa, mä éischter de Géigendeel war de Fall.

Jean-Marc Sturm: Sujet Weltklimakonferenz, Kopenhagen, mat de Propositiounen déi Dir ënnerstëtzt hutt. An der Lescht waart Dir fir vill Leit méi gréng wéi een Iech virdrun ageschat hat.

Jean-Claude Juncker: Neen. Du sollst dir, heisst es, vun Gott kein Bildnis machen, schreift de Max Frisch ee vu senge schéinsten Texter un an da seet en, dofir soll ee sech och kee Bildnis vum Mënsch maachen. Wann et elo Leit gëtt, déi sech vu mir ëmmer d'Bild entworf hu wéi wann ech insensibel wier fir esou genannte gréng Froen, wat jo géif heeschen, datt een insensibel wier fir d'Welt esou wéi et se gëtt, da war dat eenzeg an eleng op e mangelnd Observatiounstalent zréck ze féieren.

Ech hu mech fir déi Froen ëmmer interesséiert, mä ech muss net all Woch e grousse Statement lassloosse fir mech a gréng Erënnerung ze ruffen. Fir mech ass dat eng essentiell, eng vital Zukunftsfro, déi vum Klimawiessel. Ech loosse mech net iermaachen duerch Tëscheriff vun anerer Säit, déi soen, esou schlëmm ass dat alles schonn net. Ech gleewen net, datt dat net schlëmm ass, ech mengen dat wier schlëmm an dofir hunn ech mech och an Europa dofir agesat, datt mir als Europäer, fir d'gutt Beispill ze ginn, méi wäit gi wéi mir scho méi wäit gaange si wéi déi aner vergläichbar räich Deeler vun der Welt.

Ob dat eppes genotzt hätt woen ech, nodeems ech zu Kopenhagen war, ze bezweiwelen. Ech halen och d'UNO iwwerhaapt net fir dee Gremium, wann ech kann esou soen, deen am beschte gestiwwelt wier fir esou Prozesser an esou Verhandlungsprozesser ze steieren. Et ass eigentlech lächerlech fir ze mengen, et géif duergoe fir 100, ech weess net wéi vill datt mir waren, 150 Regierungs- a Staatschefen zesummen ze ruffen, déi dann innerhalb vun 2 Deeg sollen dee Problem léisen. Wann een dat scho mengt, datt d'Chefe selwer, wéi gesot gëtt, d'Saach sollen an d'Hand huelen, da soll ee se am Ufank ruffen an zum Schluss eng Kéier erëmkommen, anstatt d'Leit do 2 Woche laang sëtzen ze loossen, déi sech net beweege wëlle well si jo wëssen, datt d'Staats- a Regierungschefen herno dobäi kommen an dat da scho wäerte reegelen. Dat ass eng eenzeg Katastrof gewiescht.

Jean-Marc Sturm: War zu Kopenhagen net och ze soen eng Geiselnahm duerch e puer Länner?

Jean-Claude Juncker: Vu datt net richteg verhandelt ginn ass wéi d'Staats- a Regierungschefen do waren, vu datt just 25 Länner verhandelt hunn, déi déi eenzel Bléck déi et an der Welt gëtt duergestallt hunn, weess een emol iwwerhaapt net richteg wat dann déi 192 oder 193 Länner déi do vertruede waren eigentlech am Detail geduecht hunn, well mir hunn iwwer den Detail ni geschwat.

Mä richteg ass, datt grouss Puissancen, wéi mir op Lëtzebuergesch soen, wéi d'Chineesen oder wéi d'Inder sech deem solidareschem Zougrëff op d'Zukunft verweigert hunn, ënner anerem doduerch, well si net wollten e System mat sech erfanne loossen, wou een och hätt kënnen novollzéibar kontrolléieren ob da jiddwereen och déi Efforte géif maachen zu deenen e sech engagéiert huet. An deem Mooss allerdéngs wou déi international Zivilgesellschaft elo ganz hefteg géint dee Fiasko do reagéiert, an ech dovun ausginn, datt d'Staats- a Regierungschefe vun hire Leit net a Rou gelooss ginn an deem Thema, bis do wierklech eppes zesumme geschneidert ginn ass wat och an Zukunft passt, ginn ech dovun aus, datt mir am Jor 2010 op enger adequater Plaz an engem richteg zesummegewierfelte Kreess nach eng Kéier probéieren deen Zukunftszuch do erëm op d'Schinnen ze setzen.

Jean-Marc Sturm: D'Regierung lancéiert am neie Jor heiheem e konkrete Pakt fir Nohaltegkeet a Klima mat um Enn, wéi et geheescht huet, contraignante Mesuren zu Lëtzebuerg. Wéi wäit wëll een do goen? Kann een zum Beispill en Tanktourismus afferen?

Jean-Claude Juncker: Den Tanktourismus ass jo manner eng volontaristesch Politik vun der lëtzebuerger Regierung bedriwwen, wéi et schéngt. Mir hunn 1991 Mindestaccisen um Pëtrol an um Bensinn an Europa agefouert a mir hunn eis ëmmer relativ an där Géigend opgehalen, obscho mir haut och schonn driwwer ewech sinn. Mä déi aner si ganz wäit vun deenen Ziler, vun deene Mindestziler ewech, andeem si hir Präisser no uewe gedriwwen hunn, wat zur Konsequenz huet, datt vill Leit op Lëtzebuerg tanke kommen.

Mir mussen eng Rechnung opmaachen, eng roueg, a kucke wéi vill musse mir eigentlech bezuelen, well mir eis Kioto-Ziler net erreechen, well mir dee staarke Bensinn- an Dieselimpakt hei zu Lëtzebuerg hunn; a wéi vill kréie mir eigentlech duerch deen Handel eran? Vergläicht dat sech nach? Mir stinn an der Welt do als déi gréissten Ëmweltverschmotzer, als mat ee vun deene gréissten Ëmweltverschmotzer a musse schrecklech vill Milliarde bezuelen an den nächste Joere fir eis, wann ech dat ka simplistesch esou formuléieren, am Ausland lasszekafen. Dat muss een eng Kéier alles op der Zäitachs beienee bréngen a sech ganz genau froe wat da geschitt. Woubäi ech awer wëll soen, datt d'Lëtzebuerger bis elo ganz zefridde waren, datt si méi bëlleg konnten tanke wéi hir Noperen. An ech sinn absolut iwwerzeegt, datt wa mir muer e bësse méi héich si wéi d'Belsch, wéi déi Däitsch a wéi d'Fransousen, da wäerten d'Lëtzebuerger sech och net als Bensinnspatrioten entpuppen. Dann tanken déi zu Däitsch-Aude a si tanken zu Sterpenich a si tanken am Tréierer Raum an dann ass de Budget hinnen egal an d'Klima och.

Jean-Marc Sturm: 2010 soll fir d'Land d'Sortie aus der Kris ginn, Lëtzebuerg muss net just eng weltwäit Konjunkturkris meeschteren, mä sech och strukturell änneren. Trotzdem schéngen, am Hibléck op déi nächst national Tripartite an der Approche vun de Sozialpartner, wéi solle mir et soen, déi mannste Schinne parallel ze lafen. Wéi kritt Dir déi gär beieneen?

Jean-Claude Juncker: D'Sozialpartner kucke sech onfrëndlech un, de Moment, wa si sech begéinen a si schwätzen och net gutt iwwereneen. Jiddwereen ass eigentlech d'accord fir ze spueren, do féiert och absolut kee Wee dolaanscht, mä jiddweree gëtt net fäerdeg all déi gutt Iddien ze klasséieren déi en huet, wou déi aner kënne spueren. Ech hunn nach keen héieren, deen emol beschriwwen huet wou hien da mengt bei sech a sengem Secteur kënnen Erspuernisser erbäizeféieren.

A well dat esou ass, hunn ech décidéiert déi Tripartite net am Januar, wéi dat déi ursprénglech Absicht vun der Regierung war, zesummen ze ruffen, mä eréischt am Februar-Mäerz, a fir d'éischt emol Sondéierungsgespréicher mat alle Sozialpartner getrennt ze féieren, fir emol d'Temperatur ze huelen a fir emol ze kucke wou d'Schmäerzensgrenzen an d'rout Linne verlafe fir dann Elementer genuch ze hunn, fir da kënnen an der Tripartite zu eppes ze komme wat d'Strooss hält. Et ass och net esou, datt d'Regierung och nëmme géif moderéieren, just vermëttelen tëscht deenen engen an deenen aneren, et sëtzt ee Pilot am Flijer.

Jean-Marc Sturm: Riskéiere mir dann net awer bei där Tripartite dat selwecht Minimalresultat wéi beim Weltklimasommet, och do nom Motto, wien als éischt bougéiert, deen huet verluer? Um Enn huet een dann als Resultat, datt kee sech bougéiert.

Jean-Claude Juncker: D'Tripartite dierf kee Mikadospill ginn, wou deen éischten dee sech beweegt verluer huet. Wann ee fäert sech als éischten a Beweegung ze setzen an doduerch mat schëlleg drun ass, datt kee sech a Beweegung setzt, also schëlleg drun ze sinn, datt keng Beweegung geschitt, da si mir an 10 Joer beweegungslos. Also muss Beweegung geschéien.

Ech sinn och iwwerzeegt dovun, datt wann et emol zu engem Temperaturstuerz komm ass um Niveau vun de Sozialpartner a si sech an enger Situatioun erëmfanne wou se sech emol erëm géigesäiteg nolauschteren, matenee schwätzen – mir si jo nëmmen e klengt Vollék hei vu 500.000, nir schloen eis d'Käpp jo awer net an, ouni datt een deem aneren nolauschtert, an ouni datt een deem aneren direkt schlecht Absichten ënnerstellt – wann d'Welle sech bis geglätt hunn, da mengen ech, datt mir als Lëtzebuerger, wie soll et da maache wa mir et net fir eis selwer maachen, déi Léisunge fannen déi mir musse fannen, fir datt net duerch eng permanent onkontrolléiert Defiziterweiderung an en Opkéipe vu Scholdebierger déi nächst Generatiounen eigentlech an hirer Energie gelähmt sinn, doduerch, datt si déi Scholde mussen ofdroen, déi mir elo hei accumuléiert hunn. Also musse mir kucken e laange Bléck ze behale fir déi Zäit déi kënnt, statt nëmmen op eisen eegenen Nuebel ze kucken.

Jean-Marc Sturm: Wann et muss sinn, da schlot Dir mat der Fauscht op den Dësch.

Jean-Claude Juncker: Dat ass eigentlech net mäi Genre, mä ech hoffen och net, datt et e muss ginn.

Jean-Marc Sturm: Kënne mir eis iwwerhaapt en Échec an där Tripartite leeschten? Respektiv, wéi crédibel wier do de System Tripartite dee Moment nach?

Jean-Claude Juncker: D'Tripartite ass erfonnt gi fir Krisesituatiounen ze meeschteren. Dat ass hiren historeschen Ursprung. An an enger solcher Krisesituatioun si mir elo. Dat heescht, da muss dat Instrument do gräifen an da muss jiddweree bereet sinn och iwwer säin eegene Schiet ze sprangen, well soss jo reng vun der Politik ze veräntwerend Moossname getraff ginn. Dat geschitt falls d'Tripartite net virugeet an net zu engem Resultat kënnt. Mä fir elo am Ufank schonn ze soen, wann d'Tripartite sech net eens gëtt, dann décidéiert d'Regierung eleng, dat ass eng gutt Method eigentlech fir déi aner dozou ze beweege sech net ze beweegen.

Jean-Marc Sturm: Kann et hëllefe Beweegung an d'Tripartite ze bréngen duerch de Fait, datt d'Kris wahrscheinlech 2010 eréischt bei de meeschte Leit am Kapp ukënnt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt d'Kris vill Lëtzebuerger an hirem eegene Liewen nach net staark beréiert huet, sauf déi Leit déi kuerzgeschafft hunn, déi hu vill an hirer Pai verluer – mä dat ass anere Leit ganz dacks egal – sauf déi vill Frontalieren déi entlooss gi sinn, oder déi déi an engem protegéierte Secteur schaffen an net direkt mat der rauer Wirtschaftsloft an der rauer Sozialloft konfrontéiert ginn. Mä d'Aarbechtslosegkeet wäert klammen am Jor 2010 a vläicht dréit hiert Klammen – wat ech mir jo awer net wënschen, datt se klëmmt, mä si wäert klammen - ozou bäi, datt méi e Krisebewosstsäin eigentlech entsteet. An da muss een, falls esou eng Prise de conscience geschitt, déi notze fir doraus positiv Energie ze gewannen déi engem et erlaabt d'Saache besser ze maache wéi se de Moment sinn.

Jean-Marc Sturm: En Damoklesschwäert hänkt iwwer dem Bankgeheimnis. D'Bankgeheimnis ass och gläichbedeitend mat Recettë fir de Staat, ass gläichbedeitend mat villen Aarbechtsplazen. Dir sidd do fir eng progressiv Approche ouni Hauruckverfahren. Wéi vill Sputt kritt Lëtzebuerg do nach accordéiert?

Jean-Claude Juncker: Dat sinn alles Froen déi mussen an Europa eestëmmeg beschloss ginn. A well mir, notamment, eis och ëmmer dogéint geweigert hunn, datt an deene Froe mat Majoritéit kéint décidéiert ginn an ëmmer drop gehalen hunn, datt eestëmmeg muss beschloss ginn, huet d'Debatt sech eigentlech an aner Foren deplacéiert, wéi zum Beispill dee vum G20, déi einfach keng Ofstëmmungsreegele kennen an déi sech séier driwwer eens gi fir hire Banken ze verbidde mat Länner zesummen ze schaffen an a Länner ze schaffe wou een ze vill breet Bankgeheimnis géif bestoen.

Esou datt et net nëmme vun eis ofhänkt, mä och vun där Faarw déi anerer mat an d'Dëppe géissen. Ech sinn zanter laange Joere schonn, dat ass gewosst, der Meenung, datt d'Finanzplaz sech net kann op d'Bankgeheimnis eleng verloossen. Dat ass keng Politik, dat ass kee Profil deen eng Finanzplaz soll hunn. Am Géigendeel, eng Finanzplaz muss duerch d'Qualitéit vun hire Produkter an d'Breet vun hirer Produktpalett liewen an do ass d'Bankgeheimnis deen onwichtegeren Deel dovun. Et gëtt jo op eiser Finanzplaz ganz vill Aktivitéiten, notamment d'Fongegeschäft, déi guer näischt mam Bankgeheimnis ze dinn hunn an déi awer floréieren, well déi Leit déi an deene Secteure schaffe gutt sinn. Den know-how vun deene Leit déi am Bankesecteur beschäftegt sinn ass och wichteg. Also ech soen, wann d'Finanzplaz Lëtzebuerg sech drop verstäipt, alles ënner dem Prabbeli vum Bankgeheimnis un Aktivitéite sech zu Lëtzebuerg ofspillen ze loossen, da klappt dee Prabbeli eng Kéier vum selwen zesummen.

Jean-Marc Sturm: Den CSV-Fraktiounschef Jean-Louis Schiltz hat am Kader vun de Budgetsdebatten dëst Jor vun engem méigleche Moratoire fir net-prioritär Projete geschwat. Op wat kënne mir da verzichten, respektiv wéini gi mir dat Ganzt gewuer?

Jean-Claude Juncker: Dofir ruffe mir jo no Sondéierungsgespréicher d'Tripartite zesummen. Et mécht einfach kee Sënn, datt ech elo hei an de Mikro soe wat ech menge wat elo d'nächst Jor misst geschéien, well da geschitt et net. Et kann een net, obschonns een dat heiansdo muss, vun uewen erof ex cathedra apodiktesch virformuléiere wat dann elo déi aner ze denken an ze maachen hunn. De lëtzebuerger Modell ass esou gestréckt, datt mir am Gespréich matenee probéieren déi Pisten ze fanne wou een erëm feste Buedem ënner d’Féiss kritt.

Jean-Marc Sturm: Wann ee kuckt, Fuerschung, Educatioun, Infrastrukture si jo awer verschidde Beräicher wou een net soll spueren?

Jean-Claude Juncker: Mir fale mat Liichtegkeet an deem Gespréich hei déi Beräicher a wou net soll gespuert ginn, dat do sinn der ouni Zweiwel. Mir wäerte jo elo net ufänken un der Schoul ze spueren an un der Fuerschung ze spueren, eis also selwer vun der Zukunft ofzenuebelen. Mir mussen an anere Beräicher vum ëffentlechen Handele Spuerpotentialer a Spuerpochë fräileeën, déi ee kann de Budget entlaaschtend aktivéieren.

Jean-Marc Sturm: Kann een d'Kris positiv gesinn, an der Hoffnung, datt Lëtzebuerg gestäerkt eraus kënnt?

Jean-Claude Juncker: Ech beméie mech dat positiv ze gesinn. Dat fält mir awer schwéier, well et muss ee wëssen, réischt am Jor 2011 hu mir erëm déi Wirtschaftskraaft erreecht déi mir am Jor 2007 haten. Dat heescht, mir hu bis elo an dëser Kris 15% vum geschafene Mehrwäert verluer. Dat ass enorm an dofir sinn ech net iwwerflächlech optimistesch, datt dat sech alles zum Gudden dréint, och wa mir elo d'nächst Jor vläicht erëm mat 2% wuesse bleiwe mir däitlech ënner deene Wuesstëmsspréng déi mir brauchen, notamment fir eis Renten- a Pensiounssystemer definitiv ze consolidéieren. Ech mengen awer, datt vill Leit dat mengen, et géif iergendwann erëm besser goen a mir bräichten tëschenduerch näischt ze maachen. Dat ass mat Sécherheet de falsche Wee.

Mir mussen aktiv handele fir eist Wuesstëmspotential, dat heescht déi Prozentzuel vu Wuesstëm déi mir iwwerhaapt kënnen erreechen, no uewen z'ajustéieren. Dat bedéngt eng Rei vu Reformen. An eng Reform déi haut vläicht wéi deet ass awer ganz dacks eng déi muer gutt deet. An eng Reform déi een net mécht, well se haut wéi deet, déi bedéngt Reformen an 10, 15 Joer déi schrecklech wéi dinn. Also ass et besser, fir et mat engem ale Saz ze soen, dee scho laang net méi gebraucht ginn ass, et soll een déi grouss Problemer behandelen esou laang wéi se kleng sinn. Mä si sinn eis scho bal iwwer de Kapp gewuess, si si scho guer net méi kleng.

Jean-Marc Sturm: Bleift et bei der selwechter Proportionalitéit beim Wéidoen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn als Suerg, datt déi Moossnamen déi geholl gi gerecht sinn, datt déi déi méi kënnen droen och méi mussen op hir Schëlleren huelen an drëm beméit, datt ee keng sozial Schiflag hei am Land schaaft. Wat sozial gerecht ass weess ech eigentlech ni esou 100%eg. Mä ech hunn e feint Gespier fir dat wat sozial ongerecht ass. Dat gëllt et emol jiddwerfalls ze verhënneren.

Jean-Marc Sturm: Wéi gesitt Dir mëttelfristeg d'Zesummewuesse vun der Gesellschaft am Land?

Jean-Claude Juncker: Doriwwer maachen ech mir erhieflech Suergen, well et gëtt vill sech Auserneebeweegen op Plaze wou mir méi beienee misste réckelen. Dat soen ech fir déi Leit déi vu bausse bei eis schaffen a wunne kommen, déi net ëmmer sech selwer richteg wëllen integréieren oder awer net richteg integréiert ginn. Dat soen ech och fir de reng lëtzebuergesche Kär vun der Gesellschaft, wou ech den Androck hunn, datt mir et lues a lues verléiert hunn no deenen aneren esou intensiv ze kucke wéi no eisen eegenen Interessien. Wann ee mengt, et wier fir jiddweree gesuergt wa jiddwereen no sech selwer kuckt, dann huet ee sech fundamental geiert. Et muss ee méi ee generéise Bléck fir déi aner kréien. Et ass eng Verdënnung vun der Léift an eiser Gesellschaft, déi mir Suerge mécht.

Jean-Marc Sturm: Schéi Gedanken um Enn vun engem Interview [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Noutwenneg Gedanken, keng schéiner, noutwenneger.

Jean-Marc Sturm: Um Enn vum Jor. Här Staatsminister, villmools merci, datt Dir Zäit hat an all Guddes.

Jean-Claude Juncker: Jo, Iech och an Äre Leit déi eis esou frëndlech sinn nozelauschteren och dat Bescht vum Beschten.

Dernière mise à jour