Interview de fin d'année du Premier ministre

Caroline Mart: Här Staatsminister, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Caroline Mart: Wësst Dir wat d’Haaptfro 2009 fir d’Lëtzebuerger war?

Jean-Claude Juncker: Net onbedéngt, well et gëtt vill Lëtzebuerger.

Caroline Mart: Geet en, geet en net? Geet de Juncker op Bréissel, oder geet en net?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt dat d’Leit dozou bruecht huet fir nuets am Bett z’erwächen, an am Schweess sech déi Fro ze stellen, déi keng existenziell fir d’Land war.

Caroline Mart: Et huet se awer vill beschäftegt.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä ech war jo rosen, datt ech net President vun der Europäescher Unioun gi sinn, well ech mat menger üblecher Bescheidenheet fannen, datt ech dat hätt kënne maachen. Déi meeschten aner Länner jo och. Datt dat net gaangen ass, huet mech e bësse rose gemaach, eng Enttäuschung vum Moment.

Mä wat mech frou gemaach huet dat ass, datt, wéi ech erëm komm si vu Bréissel, ech hei an dausende Bréiwer ënnergaange sinn, an an dausende Gespréicher op der Strooss drop ugesprach gi sinn, an d’Leit hunn all gesot, Dir hätt et verdéngt, mä mir si frou, datt Dir hei bleift. Dat geet mir duer.

Caroline Mart: 88% Zoustëmmung, dat ass jo och schonn e phänomenalt Ergebnis. Dat heescht awer och, datt 12% vun Iech ëmmer nach net esou begeeschtert sinn, ënner deenen 12% si jo och vläicht eng Partie Politiker. Si wiere jo net all frou gewiescht, wann Dir gaange wiert.

Wie war dann do méi enttäuscht? An den eegene Reihen déi, déi sech waarm gelaf hunn, oder d’Oppositiounspolitiker déi gesot hunn, endlech si mir de Juncker lass?

Jean-Claude Juncker: Dat war eng Fro, déi ech mir awer ni gestallt hunn. Déi a menger Partei, déi sech waarm gelaf hunn, hu sech eigentlech net misse waarm lafen, well déi ware scho gutt temperéiert well se gutt sinn a Profil hunn. Enfin, dat ass e Plural, ech schwätzen eigentlech an der Einzahl hei. Mä dat ass awer niewesächlech.

Caroline Mart: D’Succenssiounsfro, war déi gekläert?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Caroline Mart: Dir sot an aller Bescheidenheet, Dir hätt de Poste verdéngt. Dir hutt d’Wëssen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat wierklech.

Caroline Mart: Jo, majo, Dir hutt d’Wëssen, Dir hutt d’Experienz, Dir sidd wierklech en ale Fuuss, mat alle Waasser gewäsch. An trotzdem, an trotzdem net. Dat heescht, Mérite, Kompetenz, spillt dat keng Roll an der Politik?

Jean-Claude Juncker: Dat spillt eng enorm Roll, wann een aktiv handelt. Dat ka genéieren, wann ee Prätentiounen op e Posten huet. Et ass net am Intérêt vu jiddwerengem gewiescht, een ze hunn dee weess wéi den Hues leeft.

Ausserdem fënnt an Europa en erstaunleche Phänomen statt, dat ass, datt et keng Erënnerungsfäegkeet méi u Saache gëtt, déi virun 10, 15, 20 Joer waren, well ee selwer net dobäi war. Et gëtt vill Politiker, ech hunn déi Tendenz och heiansdo, déi mengen d’Weltgeschicht géing mat hinnen ufänken. Esou et ass net, et huet scho virdrun eppes stattfonnt, an ech ka mech u Villes gutt erënneren.

Caroline Mart: Dir hutt gesot, et ass net am Intérêt vu jiddwerengem en onofhängege Kapp ze hunn, well dat sidd Dir jo. Schwätzt Dir do elo just den Här Sarkozy un, oder sinn et nach e puer anerer vun deene 26, déi keng Loscht hunn een ze hunn, dee sech net nëmmen als verlängerten Arm vum Conseil versteet?

Jean-Claude Juncker: Ech weess jo net wéi dat do am Enddetail war. Ech hat mam Här Sarkozy dëser Deeg e laangt Gespréich, ech hu mech der Zärtlechkeet kaum kënnen erwieren. Also, ech stelle keng Nobetruechtung driwwer un, wien do net d’accord war oder wien d’accord war. Ech weess jo wat déi aner Leit mir gesot hunn, an dat klasséieren ech dann.

Déi Saache leeën ech séier ad acta. Ech hunn eng Aufgab heiheem, déi maachen ech iwweregens ganz gär. A meng Aufgab zu Bréissel, wier net de Géigendeel gewiescht vun deem wat een heiheem ze maachen huet, dat sinn 2 Säite vun enger Gei, dat gëtt eng Gesamtmelodie.

An elo muss ech dofir suergen, datt mir eis Plaz an Europa kënne wouerhuelen. Dat kënne mir. Eist Sympathiekapital huet éischter duerch déi Episod, well dat war et, zougeholl wéi ofgeholl. Ech muss dofir suergen, datt mir gutt Relatioune mat eisen Noperen hunn, notamment mat Frankräich. An do muss een déi eege Persoun dann, bei aller Wichtegkeet [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Seng Roserei dann erof schlécken.

Jean-Claude Juncker: Neen, dat ass, wéi wann ee Wahle verléiert. Kann ech rose gi wann ech d’Wahle géif zu Lëtzebuerg verléieren? Neen, doriwwer kann een net rose sinn, dann ass dat esou, et muss ee sech domat [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Et ass jo awer eppes aneres, wéi wann een Iech elo bewosst blockéiert, also net eng Persoun ass, esou wéi Dir et duerstellt.

Jean-Claude Juncker: Ech stellen dat net esou duer, esou stellt d’franséisch Press dat duer, déi ass besser informéiert iwwer dem Här Sarkozy säin Denke wéi ech.

Neen, ech maache meng Aarbecht, verstitt Dir. Ech sinn do net nodroend. Ech hunn hei, zesumme mat menge Kollegen an der Regierung, d’Geschäfter vum Land ze féieren an ze regléieren. Dozou gehéiere gutt Bezéiungen, notamment zu Frankräich, an dat kann ech net belaaschte mat enger Roserei vum Moment, déi ass fort.

Caroline Mart: Ausgläich tëscht Länner ass eng Saach, och dat Schachspill tëscht groussen a klenge Länner an Europa. Mä d’Persoune spillen natierlech och eng wichteg Roll. A fir d’Leit ass et awer net oninteressant ze wëssen, wéi vill hänkt dann elo un der Konstellatioun vun eenzelne Persounen of? mir hunn elo vum Här Sarkozy geschwat. Wann elo zum Beispill an der Plaz vun der Madame Merkel nach den Här Kohl do gewiescht wier, wier d’Situatioun dann anescht gewiescht?

Jean-Claude Juncker: Wann den Här Chirac do gewiescht wier, jo.

Caroline Mart: Déi Frëndschaft, déi Dir mam Här Kohl hutt, wat jo eng ganz staark an déif Frëndschaft ass, sinn esou Frëndschaften haut des Dags nach méiglech an der Politik?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt der vill déi dat fir iwwerflësseg fannen. Ech hunn awer eng ausgeprägte Frëndschaft mam Helmut Kohl an och mat aneren, wat net esou apparent gëtt. Ech leeën awer eigentlech Wäert op esou almoudesch Gefiller. Et ass ee frou mat engem, et huet een ee gär, et huet ee mat engem Villes gemaach, et ass eng grouss Complicitéit entstanen. Den Helmut Kohl huet dem lëtzebuerger Land dacks gehollef, dat wëssen d’Lëtzebuerger emol guer net esou an där Form wéi et stattfonnt huet. An da bleiwen ech bei deem. Punkt.

Caroline Mart: An den Här van Rompuy kennt Dir och scho laang. Dir sot, ech sinn deen Eenzegen deen e schonn zënter 20 Joer kennt, déi aner hunn en elo just eréischt entdeckt. Ass dat eppes wat och wäert Europa hëllefen, an Är Zesummenaarbecht?

Jean-Claude Juncker: Ech si mam Här van Rompuy gutt befrënd. Mir hunn dëser Deeg zu Bréissel zesumme giess a geschafft an nach eng Kéier eis géigesäiteg gesot wéi mir eis schätzen. An den Här van Rompuy huet nach eng Kéier rappeléiert, datt hie mech virgeschloen huet, ech hunn nach eng Kéier rappeléiert, datt ech hie virgeschloen hat. Dat ass eng Frëndschaft, déi iwwer 20 Joer gewuess ass an dat hëlleft eis enorm fir do mat engem ze dinn ze hunn, deen eis gutt kennt.

Caroline Mart: Dir hutt awer eng aner Definitioun, oder eng liicht aner Definitioun vum Posten. D’Fro, datt hie gewielt gouf, ass dat net och iwwer d’Persoun eraus eng Fro vun, wéi definéiere mir Europa, wéi soll dat fonctionnéieren?

Jean-Claude Juncker: Ech hu fonnt, doraus hunn ech jo ni en Heel gemaach, datt de President vum Europäesche Conseil – wann et en da scho gëtt, ech war net onbedéngt dofir, datt et e géif ginn – deen dierf net, wéi ech dat eng Kéier gesot hunn, Grüssaugust a Frühstücksdirekter sinn. Ech denken och, datt den Här van Rompuy dat net wäert sinn.

Ech hätt gäre gehat, datt géif akzeptéiert ginn, datt deen, deen un der Spëtzt vum Europäesche Conseil steet, och de Lead, d’Féierung do hëllt, a seng Saache virdréit, an net den Notaire vum Europäesche Conseil ass, net de Schriftführer, net de Sekretär. Dat ass bei de Startbedingunge schonn eng ënnerschiddlech Vue gewiescht.

Ech sinn awer iwwerzeegt, datt den Här van Rompuy dat net bleift wat hien elo seet, datt hie wëll maachen, nämlech keng eege Meenung hunn a just d’Meenung vun deenen aneren ze repetéieren.

Caroline Mart: Wéi d’Madame Merkel sot, heiansdo sinn déi am beschten, déi een ënnerschätzt am Ufank.

Jean-Claude Juncker: Ech ënnerschätzen den Här van Rompuy net, mä anerer ënnerschätzen e schonn, an déi wäerte sech wuel wonneren.

Caroline Mart: A fir den Eurogrupp, do steet Ärt Onofhängegkeetsstriewe deem net am Wee, datt do am Januar alles okay ass?

Jean-Claude Juncker: Elo am Januar geschitt dat, do gëtt et natierlech [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Ouni Diskussioun?

Jean-Claude Juncker: Aner Leit, déi och gäre géifen Eurogrupp-President ginn, wat mech esouguer e bësse rassuréiert, datt och Finanzministeren aus grousse Länner dat mordicus wëlle ginn, well dat heescht jo, datt dat eppes duerstellt, dee Presidentepostë vum Eurogrupp, an datt doraus och e bëssen eppes gemaach ginn ass. Mä dat geet esou.

Caroline Mart: 2009 sidd net nëmmen Dir eis erhale bliwwen als Staatsminister. Och no de Wahle schwaarz-rout. Et ware jo gutt Wahlë fir Iech, gutt Wahlë fir d’CSV. Dir schéngt nawell e ganz glécklecht Händchen ze hu mat den Neibesetzungen an der Regierung. Wann een de Politbarometer elo kuckt, da stiermen déi nei, Françoise Hetto, Marco Schank, dann do de Politbarometer. D’CSV méi wéi jee fest am Suedel?

Jean-Claude Juncker: Ech si frou, datt se gutt ofschneide bei deene Politbarometeren, mä ech halen awer vun deene Sondagen, wéi Dir wësst, iwwerhaapt strikt näischt. Ech kéint eppes dovun halen, well ech ginn ëmmer gutt [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Dir féiert se ëmmer un.

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, mä ech soen awer, datt dat näischt aussergewéinleches. Ministere beuerteelen ech net no hirem Positionnement an den Tabellë vun der Popularitéit, d’Ministere beuerteelen ech no deem wat se kënnen, no deem wat se wëssen, no hirem Aarbechtsäifer. Dat ass méi wichteg wéi de Klassement. Klassementer, wësst Dir, déi vergiesse mir eng Kéier. Déi Spuren déi d’Ministeren hannerloossen, oder net hannerloossen, domat hu mir nach laang ze dinn.

Caroline Mart: Jo, mä fir se alleguer, fir d’CSV an d’LSAP Ministeren, heescht et, datt d’Regéieren net onbedéngt méi einfach gëtt, wann net just verdeelt, mä wa muss gespuert ginn. Zesumme regéiere schéngt och net méi einfach ze ginn: wann een elo d’Budgetsdebatten esou kuckt, da mierkt een, datt de Koalitiounsklima awer e bësselche schonn ännert, d’LSAP sech däitlech profiléiert, also Solidaritéitsprofil gëtt. D’CSV kontert, si hätten net de Monopol vum Häerz. Dat versprécht fir Är Seminairsdebatten am Januar.

Jean-Claude Juncker: Enfin, d’CSV muss sech net profiléieren. D’CSV huet Profil, dofir brauch een net dauernd Profiléierungsübungen ze maachen.

Ech mengen och net, datt dat wat do als Divergenz, oder als Meenungsënnerscheedsfeinheete gemengt ginn ass an de Budgetsdebatten ze gesinn, dramatesch Écarten tëscht deenen zwou Regierungsparteie verréit. Jiddweree weess, datt mir mat deem rise-Budgetsdefizit, dee mir amgaange sinn ze kréien, net iwwer déi nächst Joere kënne viru fueren, well mir net déi nächst Generatioune kënnen iwwerbelaaschte mat dem Ewechraume vun deem, wat mir u Reschtscholden hannerlooss hunn. An dat huet d’Regierung ze leeschten. An datt et do ënnerschiddlech Temperamenter gëtt, dat ass evident.

Et ass awer keng Trennungslinn eigentlech, déi duerch déi zwou Regierungsparteien, déi tëscht den zwou Regierungsparteie verleeft. Et ass en Temperaturënnerscheed an eng analytesch Intensitéit, oder net-Identitéit, déi déi eenzel Acteurë vuneneen ënnerscheed. Mä ech sinn iwwerzeegt dovun, datt mir dat packen.

Caroline Mart: Mä d’Erausfuerderunge si grouss. Wa Sue feelen, da gëtt een der entweder manner aus oder et muss ee kucken, datt der neier erakommen. Steieren ass ee Wee zum Beispill: fir d’LSAP d’Solidaritéitssteier, den OGB-L fuerdert méi en héije Spëtzesteiersaz, d’Erëmaféiere vun der Verméigenssteier. Wat haalt Dir vu méi Steieren?

Jean-Claude Juncker: Ech schléissen dat net aus, weder virun de Wahlen, nach no de Wahlen. Mä de Problem läit net op der Recettësäit, quitte datt elo d’Steiereinnahme staark ofhuelen, net alleguer, mä eng Rei. De Problem ass, datt mir ze vill Ausgaben hunn. An et ass natierlech méi liicht, à première vue, mengt een, d’Steieren ze héije wéi Ausgaben ze kierzen. Mä et muss fir d’éischt en Effort gemaach gi fir d’Ausgabekierzungen esou ze gestallten, datt mir an deenen nächste Joere besser zu Wee kommen.

D’Solidaritéitssteiererhéijung ass fir mech keen Tabu. Et ass eng Steier déi gerecht ass, well et eng Steier op der Steier ass, an déi kontributiv Méiglechkeete vum eenzelne Steierzueler vollëmfänglech respektéiert. Mä d’Solidaritéitssteier ass agefouert gi fir d’Ausgabe fir de Chômage, fir de Fonds pour l’emploi, ze bestreiden. Wa mir déi Ausgaben nëmmen iwwer d’Solidaritéitssteier probéieren ze finanzéieren, musse mir d’Solidaritéitssteier vun 2,5% op 13% erhéijen. Dat muss ee wëssen, wann een esou monter einfach iwwer d’Solidaritéitssteier schwätzt.

Wann een d’Solidaritéitssteier héicht, esouguer staark héicht, wann een de Spëtzesteiersaz héicht, esouguer staark héicht, a wann een d’Verméigenssteier, déi mir jo nach bei de Betriber hunn, erëm aféiert – déi ass ofgeschaft gi wéi d’Quellesteier agefouert ginn ass – dat géif also eng duebel Belaaschtung, net nëmme fir gutt Verdénger ginn, mä och fir normal Leit.

Déi Steiere ginn net duer fir de Problem ze léisen. Et kënnt keen dolanscht an den Ausgaben ze kierzen, an et soll kee probéieren dauernd iwwer Steiererhéijungen ze schwätzen, nëmme fir net brauchen an den Ausgaben ze kierzen. Et gëtt an den Ausgabe gekierzt.

Caroline Mart: Et feelt jo net u Proposë vun de Sozialpartner. Et mierkt ee schonn, wann Dir ufänkt ze schwätzen, do kënnt eng liicht Roserei dra well Dir wësst wat op Iech duerkënnt, Januar, Februar. D’Tripartite sollt ufanks dës Jors sinn, elo hutt Dir se schonn no hanne geréckelt, Dir zitt Iech se eenzel op d’Long.

Mä déi Roserei, déi kënnt jo och duerch déi Positiounen, déi déi eenzel Sozialpartner jo scho ganz kloer gemaach hunn. Wat ass, wann déi esou radikal bleiwe wéi Dir se beklot?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen dat net gutt, datt een, ier een an eng national Reorganisatioun- a Reconfiguratiounsronn a ville Beräicher vum Liewen geet, datt een dann esou staark festgefuere Positiounen anhëllt, sech ouni Nout géintenee polariséiert.

Déi Sozialpartner kucke sech total onfrëndlech de Moment. An ech hätt gären, datt mir wëssen, datt mir hei a Lëtzebuerg sinn. Et kann ee grouss Saachen an der Welt maachen, mä hei si mir elo zu 500.000 an hunn e Problem. Dee kann d’Regierung net eleng léisen. Wa se e muss eleng léisen, léist se en eleng. Mä déi Leit déi do um Dësch vun der Tripartite sëtzen, déi Leit déi an der Chamber sinn, déi Leit déi déi Responsabilitéiten an eisem Land droen, dat si jo net nëmmen d’Ministeren, solle sech emol froen ob dat gescheit ass, fir datt mir eis elo d’Käpp aschloen.

Sech mateneen ausernee setzen op eng gesond Method ass gutt, mä sech esou ausernee setzen, datt ee sech net méi zesumme setze kann, dat ass keng gutt Method. An ech hätt gären, datt d’Leit erëm verstänneg ginn, c’est tout. D’Leit solle verstänneg ginn an zesumme probéieren dee grousse Problem dee mir hunn ze léisen.

Caroline Mart: Mä wéi optimistesch sidd Dir dann, datt dee Bewosstseinswandel do stattfënnt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn d’Erfahrung gemaach, am Regelfall, datt, wa mir als Land e grousse Problem ze léisen hunn, datt mir zum Schluss ëmmer iergendwéi beienee fannen. Dat ass dann net ëmmer ästhetesch ganz schéin, dat ass och net ëmmer alles logesch, wat do gemaach gëtt, d’Liewen an d’Politik sinn eben net logesch, déi sinn oft iwwerhaapt net ze explizéieren. Den Här Bérégovoy, fréiere franséische Premierminister, huet, ëmmer wann ech mat him gestridden hunn, gesot: Jean-Claude, écoute, la politique c’est l’inexplicable.�? Esou ass et zum Deel.

Et muss een heiansdo Saache maachen déi eigentlech organesch a logesch guer net an ee Pak passen, mä déi awer d’Sensibilitéite bedéngen, déi déi eng an déi aner hunn.

An ech sinn iwwerzeegt, wa jiddweree sech e bëssen zesummehëllt, an drun denkt wéi et hei am Land viru geet, da komme mir zu engem Resultat. Wa jiddweree sech freet, wéi ass dat dann elo hei an deenen nächsten 20 Joer, a wou musse mir an deenen nächsten 20 Joer landen, komme mir zu engem Resultat. Wann d’Zuel vun deenen déi just kucken, wat gëtt elo a 4 Méint gesot, wa mir dat, an dat maachen, da komme mir zu kengem Resultat. Ech si fir eng Period wou de Bléck iwwer 20 Joer geet, an net fir déi kleng Nuebelbetruechtung, déi nëmmen 3, 4 Méint unhält.

Caroline Mart: Dir hat bei de Kollege vum Radio schonn e relativ staarke Message, och an enger Roserei, gesot. Dir sidd carrément aus der Këscht gesprongen, Dir hutt gesot, iwwerall ännert sech alles, just hei zu Lëtzebuerg ännert sech näischt. Wat heescht dat? Datt eenzel Leit nach net verstanen hunn, datt zu Lëtzebuerg d’Verhältnisser definitiv changéiert hunn?

Jean-Claude Juncker: Kuckt emol, ech fannen, an dofir gesinn ech d’Sozialpartner gäre getrennt, datt sech net genuch mat der Situatioun beschäftegt gëtt an där mir sinn.

Ech wëll elo Iech an d’Leit net geckeg hei maache mat Zuelen, mä mir hunn am Jor 2009, dat Jor ass elo eriwwer, 3,9% vun eiser Wirtschaftskraaft verluer, nodeems mir am Jor 2008 0% bäikritt hunn, dat heescht also stoe bliwwe si par rapport zum Jor 2007. Elo wuesse mir am Jor 2010 lues, moderat 1,5%, 2%. Mir musse bis un d’Enn, wann alles gutt geet, bis un d’Enn vum Jor 2011 waarden, ier mir als Wirtschaft an als Land erëm esou räich si wéi mir um Enn vum Jor 2007 waren. Doraus muss een awer Schlussfolgerungen zéien. Da kann ee jo net viru fueren alles ze maachen, wéi wann ee 4% gewuess wier, wann een en fait iwwer dräi Joer stoe bliwwen ass, respektiv zréck gaangen ass. An doriwwer muss ee schwätzen.

Ech hunn d’Gefill och, enfin ech ka mech ieren, datt vill Leit am Land dat verstinn. Déi hunn dach net déi, déi elo an der Regierung sinn, a mech scho guer net, gewielt fir do Kanner ze këssen a mam Pudderdëppchen duerch d’Welt ze lafen. Neen, neen, neen, hei ass eng hefteg Massage ugesot.

Caroline Mart: Jo, mä d’Leit déi änneren oft aus zwee Grënn, entweder well se ännere mussen, well et iergendwéi dréckt, well et wéi deet, vläicht deet et jo nach net esou wéi, oder well ee sech enger gewëssener Responsabilitéit, oder och Schold bewosst ass.

Dir hutt och vu moralescher Schold vun der Kris ee Moment geschwat. Mä elo ginn d’Gewerkschaften, oder d’Staatsbeamten, dach dohinner a soe mam beschte Gewëssen, mir sinn dach net Schold un der Kris, fir wat solle mir dann elo d’Pan klaken? An d’Gewerkschafte maachen eng gemeinsam Front, a soen, mir waren et net, also si mir net prett dofir opzekommen.

Jean-Claude Juncker: Déi Wirtschaftskris an déi Finanzkris ass jo net zu Lëtzebuerg fort gaangen, déi ass an de Vereenegte Staate fort gaangen. Déi ass awer zu Lëtzebuerg ukomm.

Wann elo jiddwereen zu Lëtzebuerg seet, mir waren et net, a mir wëllen näischt mat der Problemléisung ze dinn hunn, mengt dann een den Obama géif hei um Knuedler landen, an um Fëschmaart, an um Krautmaart a soen, ech regelen iech déi Problemer. Mir musse se selwer regelen. Mir liewen an enger globaler Welt, ob mir ursächlech dru schold sinn, datt mir an déi Situatioun komm sinn, oder net, vläicht ware mir och selwer net ëmmer Schold drun, datt mir esou staark gewuess sinn, vläicht war dat net nëmmen eis Aarbecht, vläicht war dat och d’geographesch Situatioun, vläicht waren dat och Nischen, déi d’Europapolitik eis opgemaach huet.

Also, mir sollen oppasse bei der Scholdzouweisung, obschonn ech mam Adressat vun der Scholdzouweisung séier d’accord sinn, well einfach op den internationale Finanzmäert Behuelensformen agerass waren, déi logescherweis hu mussen an esou eng Katastrof féieren, obschonn ech mir déi ni als eng vun deem Ausmooss virgestallt hat.

Mä och mat Iech hei an deene Gespréicher hunn ech esou dacks gewiedert géint déi blann Privatiséierung, géint déi wëll Dereguléierung, ouni Gêne an ouni Grenzen. Alles dat, zesumme mat deene Bonien, déi awer elo erëmkommen – et mengt een, et kéint net sinn – déi dozou gefouert hunn, datt mir an déi Situatioun komm sinn. An ech hätt gären, datt aus där Situatioun, déi déi aktuell Situatioun erkläert, geléiert gëtt.

Ech sinn total entsat driwwer, datt elo erëm déi Bonien do an de Bankekreeser – dat ass kee Phänomen hei zu Lëtzebuerg, mä international betruecht – erëm zouhuelen. Also, déi kleng Leit, fir dat emol salopp auszedrécken, déi ginn op d’Arbeitsamt, an déi Déck ginn an d’Kees. Esou kann et net sinn.

Caroline Mart: Ech wollt nach eng Kéier zréck kommen op d’Tripartite an op d’Gewerkschaften. Droits acquisë verdeedegen, dat ass extrem staark an dësem Land verwuerzelt. Wat maacht Dir da wann d’CGFP, zum Beispill,, op hirer Positioun bleift? Seet neen zu Allem, kierzen néierens, scho guer net bei den Ufanksgehälter, mir maachen do net mat. Wéi wëllt Dir géint déi CGFP virgoen?

Jean-Claude Juncker: Wat maache si dann, wann ech op menger Positioun bleiwen?

Caroline Mart: Da gëtt et spannend.

Jean-Claude Juncker: Et geet awer net drëm fir hei spannend Momenter ze organiséieren. Et geet drëm fir kuerz-, mëttel-, a laangfristeg Problemer, déi sech stellen, ze léisen. An do appeléieren ech un d’Responsabilitéit vu jiddwerengem. An datt zum Bespill d’CGFP sech brackéiert, verbarrikadéiert, huet jo och domat ze dinn, datt an eenzelnen Avisë vun de Beruffschamberen zum Budget einfach eng Dreifjuegd op d’Staatsbeamten opgemaach gëtt. Esou kënne mir net diskutéieren.

Ech stelle fest, jiddweree weess, datt muss gespuert ginn, a jiddweree schléit der Regierung vir wou bei deenen Anere muss gespuert ginn. Wa mir dat alles géifen zesummeleeën, da géife mir dat Richtegt am Volume maachen, mä et kann een net alles zesummeleeën, well et passt net alles beieneen.

Caroline Mart: Zu deenen déi wëssen, wou bei deenen anere soll gespuert ginn, gehéiert och d’Patronat. An déi jäizen dann elo schonn, datt se d’Kompetitivitéit ganz verléieren, an datt si nun emol wichteg sinn, an datt se net nach weider dierfe belaascht ginn. Mengt Dir, et wier de richtege Moment komm fir den Index definitiv lass ze ginn?

Jean-Claude Juncker: D’Kompetitivitéit ass eng wichteg Fro. Allgemeng betruecht, als Gesamtekonomie verglach mat anere Gesamtekonomien, ass eis Kompetitivitéit net schlecht. Dat ass awer largement bedéngt duerch de Finanzsecteur. Net well deen esou wichteg hei am Land ass, mä well en, wéinst der Zuel vun den Aarbechtsplazen, op d’Duerchschnëttsproduktivitéit, well do méi poduktiv ka geschafft ginn, Gesamtresultater zeitegt déi besser sinn.

Mä wann een d’Secteuren heiheem mat Secteuren am Ausland vergläicht, zum Beispill d’Industrie heiheem mat der Industrie am Ausland, da si mir net kompetitiv. An dofir muss een a feine Gespréicher Secteur fir Secteur kucken, wat een an deenen eenzelne Secteurë ka maachen. Zum Spektrum vu mengen Absichte gehéiert et net den Index ratzekal ofzeschafen. Mä mir mussen awer heiansdo emol kënnen a Rou iwwer seng Ausriichtung an iwwer d’Richtegkeet vu senge Moossinstrumenter diskutéieren.

Caroline Mart: D’Tripartite wäert hanner zouenen Diere stattfannen, dat ass esou, d’Parlament beklot sech schonn e bësselchen driwwer [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Är Redaktiounskonferenzen och.

Caroline Mart: Jo, an Dir hutt eis och schonn ugekënnegt, datt mir Iech ganz wéineg wäerte gesinn déi éischt Woche vum neie Jor.

Jean-Claude Juncker: Jo, wann ech mat deene Sozialpartner schwätzen, an ech schwätze jo mat deene well se Seriöses hunn, dat interesséiert mech jo, wat se ëmdreift.

Caroline Mart: Dir hutt jo och gesot, Dir lauschtert fir d’éischt emol.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech schwätzen och, mä ech lauschteren awer och. Ech ka lauschteren, dat gleewe vill Leit net, mä dat ass awer esou.

Ech huelen déi Leit serös, déi hunn eng grouss Responsabilitéit an eisem Land ze droen, an esou laang wéi ech mat deene schwätze maachen ech net all Kéier, wann ech mat engem geschwat hunn, grouss Déclaratiounen, och net am Ufank vun der Tripartite.

Mä ech hunn och dëser Deeg gesot, ech weess net méi wou, datt ee sech net virstellen dierf, d’Regierung géif just an der Tripartite sëtzen a géif deenen engen nolauschteren, an deenen aneren nolauschteren, an da probéieren déi zwou Saache beieneen ze bréngen. Géif se dat fäerdeg bréngen, dann hätt se scho vill geschafft. Mä Tripartitesitzunge féieren ass net einfach Tripartiteréunioune moderéieren. Et sëtzt ee Pilot am Flijer.

Caroline Mart: An Dir sidd de Chefpilot?

Jean-Claude Juncker: Ech beméie mech drëm de Flijer erëm an d’Lut ze kréien, mä dat ass awer eng Aufgab vum ganze Cockpit.

Caroline Mart: Dat wat d’Leit interesséiert als d’Fro, och wann Dir elo nach keng Léisung kënnt ginn, dat ass einfach emol d’Analys. Wéi eescht ass d’Lag? Heescht et, datt mir Lëtzebuerger eis mëttel- a laangfristeg op manner Räichtum mussen astellen, jo oder neen?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Caroline Mart: Wéi mëttel- a laangfristeg? Gëtt et ni méi wéi et war?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, mä ech kann dat awer net mat wëssenschaftlecher Genauegkeet viraussoen.

De Problem ass jo, well mir beim Pilot waren, datt et ëmmer nach an der internationaler Wirtschaftspolitik, an och an eisem nationale Wirtschaftsgebaren, vill Pilotage à vue ass. Ech weess net, wéi d’lëtzebuerger Wirtschaft an d’europäesch Wirtschaft an 8 Méint ausgesinn. Ech weess, datt mir eng Reprise kréien, ech weess datt mir déi Reprise kënne futti maache wa mir déi falsch Politik maachen, dat heescht, wa mir ze fréi aus deene Konjunkturënnerstëtzungsprogrammer, och heiheem, eraus klammen. Mä ech weess awer och, datt mir net ze laang kënnen dra bleiwen, well mir soss déi Scholden- an Defizitlaascht net packen.

Mä déi Virstellung, datt mir erëm op Dauer kéinte mat 4%, 5% d’Jor wuessen ass eng déi ech net hunn. A wann een déi net huet, muss een d’Politik ausriichten, laangfristeg, op manner héich Wuesstëmsspréng, déi ee vun engem Jor zum aneren huet.

Caroline Mart: Déi Recetten, déi erof ginn, dat ass jo och virop op der Finanzplaz. Déi Finanzplaz, déi hat eis jo gehollef no der Stolkris. Dat war jo wierklech esou d’Wonnermëttel fir aus där Kris eraus ze kommen. Dir hutt gesot, et ass net ëmmer nëmmen de Mérite gewiescht, datt mir e Räichtum haten, ma dat war déi boomend Finanzplaz. Kënnt Dir Iech virstellen, datt mir eng vergläichbar Nisch, oder Nische fannen, déi kéinten op d’mannst zum Deel dat séier opfänken, opfierderen, oder gëtt et dat net méi?

Jean-Claude Juncker: De Moment leide mir net staark ënner engem Steierréckgang, deen duerch d’Finanzplaz geschëld wier. D’Kierperschaftssteier evaluéiert ganz gutt, mä d’Kierperschaftssteier déi elo erhuewe gëtt, ass d’Kierperschaftssteier aus de Joeren 2006, 2007 an 2008. Vum nächste Jor u komme mir an déi moer Joeren eran, dat gëtt et däitlech manner.

Mir verléiere ganz vill un Taxes d’abonnement, do hu mir a gudde Joere bis zu 700 Milliounen Euro kritt, dovu si mir elo wäit ewech, dat hu mir och ëmmer gesot, datt dat eng volatile Recette wier. Et sinn awer vill Fuerderungen no Steiererliichterunge begrënnt gi mat dem Explodéiere vun deene Steierrecettë mat deene mir eigentlech als reng Lëtzebuerger déi heiheem schaffen, net schrecklech vill ze dinn hunn.

Mir mussen esouwuel d’Finanzplaz diversifizéieren, andeem mir d’Qualitéit vun de Produkter no uewe schrauwen, andeem mir d’Palette vun de Produkter méi breet maachen, andeem mir op Qualitéit setzen, op den Know-how, dee grouss ass, vun de Leit déi op der Finanzplaz schaffen. An da musse mir am Rescht vun der Ekonomie zukunftsorientéiert Opportunitéiten notzen a se regelrecht siche goen. Ech hunn d’Ministere vun de Finanzen a vun der Ekonomie gebieden, hir Promotiounsaktivitéiten nach ze verdräifachen, an déi si scho grouss. Mir mussen einfach Chancë fir eist Land siche goen. Déi falen eis net an de Schouss, déi muss een am Ausland organiséier fir datt se zu Lëtzebuerg ukommen.

Caroline Mart: Jo, am Moment ass et jo éischter esou, datt d’Ausland géint eis schafft. Den Drock ass immens, d’Bankgeheimnis esou vill an der Diskussioun gewiescht. Wéi laang ka Lëtzebuerg sech do nach wieren – et ass jo eng relativ isoléiert Positioun – wann dann awer se alleguer drécke fir den automateschen Informatiounsaustausch?

Jean-Claude Juncker: Mä kuckt emol, ech war 20 Joer Finanzminister an dat hunn ech 20 Joer laang erdroen, anerer kënnen dat och nach eng Zäit laang erdroen.

Caroline Mart: D’Konditiounen hu jo awer zum Deel geännert.

Jean-Claude Juncker: D’Konditiounen hu geännert, well d’Bankgeheimnis eigentlech net méi an der Moud ass. Et sinn nëmme méi ganz wéineg Länner an Europa, just nach zwee, Éisterräich a Lëtzebuerg, déi d’Bankgeheimnis hunn. Mir mussen eis jo froen, hunn déi aner Recht, oder hu mir Recht? Mir sinn extra Leit. Vun deenen 193 Staaten an der UNO gëtt et der 5 oder 6 déi den Index hunn. Mir hunn en, an et huet keen en esou wéi mir. An dat gëtt et an Europa zwee Länner, déi d’Bankgeheimnis hunn, déi aner hunn et net. Hu mir Recht oder hunn déi aner Recht?

Also muss ee probéieren déi Positiounë sech openeen zoubewegen ze loossen. Also, ech behaapte scho laang, datt d’Finanzplaz net glécklech gëtt wa se sech just op d’Bankgeheimnis verléisst. D’Finanzplaz huet jo massiv ëmgestallt. Déi wéinegst Aktivitéiten op eiser Finanzplaz hunn nach mam Bankgeheimnis ze dinn. D’Fongenindustrie, de Bijou op eiser Finanzplaz gewëssermoossen, déi huet iwwerhaapt näischt mam Bankgeheimnis ze dinn.

Doduerch, datt mir awer e breet gezunnent Bankgeheimnis haten, hu mir et jo net méi fäerdeg bruecht mat anere Länner an der Welt, net nëmmen an Europa, Duebelbesteierungsofkommes ofzeschléissen, déi sinn awer wichteg fir aner Aktivitéiten op der Finanzplaz. Also muss een déi Saach mateneen ofweien.

Caroline Mart: Dir hutt an der Kris Iech staark entwéckelt als Kapitalismuskritiker, wéi vill anerer jo och [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Neen, dat war ech scho virdrun.

Caroline Mart: Dir hutt et awer nach méi staark artikuléiert an der [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Et ass du besser verstane ginn.

Caroline Mart: an der Kris. Mä ass dann net e Paradox, elo emol ofgesinn esouguer vum Bankgeheimnis, datt, esouguer wann een dat elo ewech hëllt, genee dat wat Dir dénoncéiert, dat heescht d’Tatsaach, datt ee Geld iwwer Nuecht schaffe léisst; datt Geld lassgekoppelt ass u sech vun der Aarbecht, vum Mënsch; datt Realwirtschaft a Finanzwirtschaft och ëmmer méi auserneen driften, ee Faktor ass op deen eise Räichtum opgebaut ass?

Jean-Claude Juncker: Dat do ass eng gutt Fro, well do si mir am Kär vum Problem.

Wann ech nolauschtere wat un eiser Fassong fir Wirtschaft z’organiséieren, falsch ass a wat eis an d’Kris gefouert huet, da si ganz vill Elementer dobäi – dofir hunn ech elo éinescht gesot, passt ganz gutt op, mir sinn och heiansdo räich ginn, ouni datt mir ganz vill domat ze dinn haten – déi och heiansdo op eis passen. An dofir muss een déi Saache lues a lues änneren. Et kann een d’Saachen net, an esou sensibele Beräicher wéi zum Beispill d’Bankgeheimnis, abrupt änneren.

Mä elo hu mir d’Quellesteier agefouert an Europa. Ass doduerch d’Finanzplaz an d’Gette gaangen? 20 Joer laang ass mir gesot ginn, wann s de dat méchs, da si mir fort. Kee Mënsch ass dowéinst fort. Elo féiere mir den Informatiounsaustausch op Demande an, dat ass e System dee geet. A wann déi international Trendë sech viru setzen, kënne mir eis deenen internationalen Trenden, an deenen internationalen Organisatiounsmustere vu Finanzplazen, net definitiv entzéien.

Mä datt een elo eng fundamental Bankekritik mécht huet mech insofern, obschonn ech och eenzel Aspekter ëmmer erëm kritiséiert hunn, gestéiert, well eis Zeitunge regelméisseg schreiwen: “Lassen sie ihr Geld über Nacht arbeiten.�? Näischt schafft iwwer d’Nuecht. Wann een net selwer schafft fir et zu eppes ze bréngen, da kënnt ee ganz séier an deen Desaster eran an deem mir elo sëtzen.

Caroline Mart: An elo gëllt et eben ze spueren. Spuerpotenzial, Finanzéierungsbedarf, dat sinn esou Wierder, déi mir an der Lescht vill héieren hunn, déi wäerte mir nach ëmmer méi héieren. Mä wat e bësselche feelt ass, datt konkret Pisten opgewise ginn. Wéini wësse mir dat dann?

Jean-Claude Juncker: Haut net. Wann ech haut soe wat ech denken a wat eenzel Kollegen an der Regierung denke fir ze maachen, da brauche mir iwwerhaapt keng Gespréicher mat de Sozialpartner ze féieren, brauche mir keng Tripartite ze maachen. Et kann een elo net mat enger Basta-Politik ex cathedra apodiktesch vun uewe verfügen, elo geet et esou. Ech hunn där Saachen am Kapp, mä esou kann een net regéieren. Et muss ee probéieren Averständnis iwwer d’Analys erbäi ze féieren, an dann och wäitgehend Averständnis iwwer d’Methoden erbäi ze féiere mat deenen ee géint déi Dérapagë wëll virgoen.

Caroline Mart: Dir wëllt net konkret, da loosst mech awer e konkret Beispill huele fir einfach emol eng prinzipiell Fro ze stellen. Wa mir [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Probéiert Dir elo deen anere Wee?

Caroline Mart: Et ass mäin Job ze probéieren.

Wa mir da vun engem Sozialstaat schwätzen, ass jo och diskutéiert ginn, wéi vill Sozialstaat kënne mir eis nach leeschten. Huele mir d’Chèques service. Ech wëll guer net elo an d’Debatt era goen, déi schonn aktuell ass, vun der Qualitéit vun der Betreiung an esou weider. Mä déi prinzipiell Fro vun deem Zil, wat jo ugekënnegt ginn ass, wéi d’Chèques service agefouert goufen, dat heescht, laangfristeg gratis Kannerbetreiung fir jiddwereen. Kënne mir eis esou Ziler an Zukunft nach leeschten?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech mengen, datt mir eis déi an Zukunft nach leeschte kënnen, well dat eng sozialpolitesch an eng gesellschaftspolitesch Noutwennegkeet ass. Dat ass jo net nëmmen eng Fro vu Geld, dat ass eng Fro vun Ambiance an enger Gesellschaft. An et geet mir ëm déi. A wann een dat wëll erreechen – mir kënnen dat wahrscheinlech net esou séier erreeche wéi ech mir dat gewënscht hunn – da muss een op anere Pläng méi kuerz trëppelen. Entweder wëll een dat eent, oder et wëll een dat anert.

Wat mir heiheem hunn ass, datt mir ëmmer dat eent wëllen, an dat anert, an nach eppes Neies. Dat geet net. All Kéier wann een nei Saache mécht, muss ee kucken, wa se eppes kaschten, wat kann ech bei deenen ale Saachen no ënne corrigéieren, datt mir nei Saachen, déi vläicht méi wichteg si wéi déi al Saachen, un déi mir eis gewinnt hunn, kënne maachen.

Caroline Mart: Mä Dir hutt jo selwer d’éinescht virgerechent, déi 4% Wuesstëm op déi eise Sozialsystem opgebaut ass, déi hu mir sécher net am Moment. Mir mussen eis mat der Halschent zefridde ginn, an et weess nach kee wéi et viru geet. Wie garantéiert, éischtens, datt et iergendwéini eng Kéier esou zu enger Reprise kënnt, datt déi al Verhältnisser erëmkommen, wéi laang riskéiert déi Duuschtstreck ze sinn? Wéi laang packe mir dann e Wuesstëm vun 2% oder 1,5%?

Jean-Claude Juncker: Et dauert ganz laang bis esou Zäiten erëm kommen. Déi kënnen emol eng Kéier zoufälleg an engem Jor entstoen, mä dat ass strukturell net méi esou ugeluegt, eise ganze System hei zu Lëtzebuerg, an Europa, datt erëm esou héich Wuesstëmsspréng kënne gemaach ginn.

Caroline Mart: Hu mir dann eng aner Kris, eng vill méi strukturell Kris wéi eis Noperen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat net. Ech mengen, mir hu mat eisen Nopere gemeinsam – mä eis Noperen hunn dogéint scho probéiert eppes ze maachen – eng mëttel- a laangfristeg finanzpolitesch a sozialpolitesch Bedrohung, dat ass, datt mir mat engem däitlech méi nidderege Wuesstëm eis Altersversécherungssystemer net méi finanzéiert kréien. Renten a Pensioune kann een net op deem Niveau wou mir se ausbezuelen an der Finanzéierung sécherstellen, wann een esou lues wiisst wéi dat de Moment de Fall ass.

Caroline Mart: Wou kënnt Är berühmte Mauer dann?

Jean-Claude Juncker: Mauer oder net, et deet wéi wann een, egal wéi ee se nennt, dra rennt. Doriwwer muss een dach awer an aller Rou kënne schwätzen. Mir mussen eis dach haut d’Fro stellen, elo maache mir Defiziter a mir setzen d’Staatsschold an d’Lut – déi ass Gott sei Dank zu Lëtzebuerg niddereg gehale ginn déi lescht 20 Joer – a mir wëssen, datt déi Pensiouns- a Renteproblematik op eis zoukënnt. Wat ass dat da fir eng Aart a Weis wéi d’Afe sech do dohinner ze setzen, an d’Aen zou ze halen, an ze soen, dat sollen déi maachen déi no eis kommen. Ech soen Iech, wa mir et net maachen, déi maachen et net. Meng Iwwerleeung ass eng einfach, et ass awer eng primitiv.

Ech kucken, déi Leit, déi elo an der Politik sinn, déi si grosso modo esou a mengem Alter, 56, zënter kuerzem. Ech maachen dat jo keng 10 Joer méi. An aner Leit maachen dat och keng 10 Joer méi. Mengt Dir, datt déi Generatioun Politiker déi no eis kënnt, déi dann 38, 40 Joer hunn, ech verlaange jo net, datt jiddweree wéi ech mat 28 Joer scho muss ufänken, mä déi déi 40 Joer hunn, mengt Dir déi géifen déi éischt 5 Joer wou se do sinn, déi Saachen do alleguer regléieren? Déi maachen dat iwwerhaapt net. Déi soe sech, si hunn dat net gemaach, fir wat musse mir dat elo am Ufank maachen?

Et ass d’Aufgab vun dëser Politikergeneratioun, déi Affären do an de Grëff ze kréien. An dofir setzen ech mech an. Dat dat bréngt mir keng Popularitéitsspréng. Mä dat sinn awer d’Noutwennegkeeten, déi ee muss gesinn.

An déi déi eis kucken, déi déi wëllen zu Lëtzebuerg investéieren, déi kucken dat jo och. An déi kucken, wéi entwéckelt dat Land sech dann elo a 15, 20 Joer? Packen déi dat alles wat se hunn? A wa se menge mir géifen et net packen, an ergo wëssen, déi héijen elo d’Steiere massiv fir enges Dags déi Problemer do an de Grëff ze kréien, da komme se net op Lëtzebuerg. Da gi se dohinner wou d’Steiere méi niddereg sinn. Ech hunn déi Welt hei net erfonnt, mä esou fonctionnéiert se.

Caroline Mart: Dir hutt d’Verschëldung schonn ugeschwat, Dir hutt och d’Efforten ugeschwat déi mir mat den Noperen deele fir en antizyklesche Budget ze maachen. Jiddweree seet, mir mussen awer esou séier wéi méiglech elo erëm op d’Brems drécken, d’Kéier kréien, an dat Ganzt stabiliséieren, noutfalls mat, wann d’Recetten net deem entspriechend erëm unzéien, enger Neiverschëldung, zousäzlecher Verschëldung?

Jean-Claude Juncker: D’Staatsausgaben, och déi konjunktur, antizyklesch bedéngte Staatsausgabe musse vum Jor 2011 un zréck gefouert ginn, esou gutt zu Lëtzebuerg wéi och an anere Länner – an eenzelne Länner méi spéit, an anere Länner méi fréi, ech ginn net op deen Detail an, dat ass Eurogeschäft. Mir mussen d’Neiverschëldung begrenzen. Mir kënnen net mat där Neiverschëldung an Europa esou viru fueren. Kuckt emol eis däitsch Noperen. Déi maachen 100 Milliarden Euro Neiverschëldung fir d’Jor 2010. Dat ass enorm. D’franséisch Budgetsdefiziter sinn iwwer 7%, 8%. Déi englesch Budgetsdefiziter iwwer 10%, Irland iwwer 10%, Griechenland 12,7%.

De System brécht zesumme wa mir déi Verschëldungsspiral do net gestoppt kréien. Déi kann een net ze fréi stoppen, soss mécht een d’Konjunktur futti. D’Wirtschaft huet jo eis net aus der Konjunkturkris eraus bruecht. Et war jo erstaunlecherweis d’Politik déi déi richteg Moossname geholl huet, koordinéiert an der Eurozon, an der Europäescher Unioun, esouguer weltwäit.

D’Léisung ass jo net vun de fräie Kräfte vum Maart komm. Well déi fräi Kräfte vum Maart hu versot, well se sech un d’Kardinaltugende vun der sozialer Markwirtschaft net gehalen hunn. Et si jo d’Regierungen – déi brauche sech dofir net ze bretzen – déi hu mussen asprange fir d’Situatioun ze stabiliséieren. Mä mir kënnen net viru fueren esou massiv staatlech Interventiounen an der Wirtschaft konjunkturbegleedend ze maache wéi mir dat de Moment amgaange sinn.

Mir hunn d’lescht Jor, an der Mëtt vum Jor 2009, e Konjunkturpak vun 1.228 Milliounen Euro ugeholl. A mir hunn elo, wat d’Gesamtstaatsfinanzen ubelaangt, e Lach vu 1.500 Milliounen Euro, vun 1,5 Milliarden. A wann ech just de Staatsbudget kucken, den eigentleche Staatsbudget vun iwwer 2 Milliarden. Esou kann dat jo net viru goen. Mir kënnen dat jo net all Jor maachen. Wéi solle mir et dann eng Kéier zréck bezuelen?

Caroline Mart: Dir hutt de Chômage schonn ugeschwat. All Kéier wann Dir iwwer d’Situatioun um Aarbechtsmaart schwätzt, da sot Dir zu Recht, et soll een net och all déi vergiessen déi a Kuerzaarbecht sinn. Mä wann elo déi Konjunktur net deem entspriechend unzitt, riskéieren eis Chômagezuelen net nach wäit iwwer déi 7%, déi elo ugepeilt ginn, z’explodéieren?

Jean-Claude Juncker: Also, mir peile keng 7% un, mä 7% wäert dat wahrscheinlecht Resultat am Jor 2010 sinn. De Chômage hëllt zou am Jor 2010. Dat ass eng logesch Entwécklung. Och wann et keng schéin ass, well den Effet deen eng Wirtschafts- a Finanzkris um Aarbechtsmaart produzéiert kënnt ëmmer mat engem gewëssene Retard op deen eigentleche Virgang. An 2011 geet dat esou virun.

Elo ass d’Fro, fënnt ee sech domat of oder probéiert een do aktiv dogéint ze halen? Fir ze mengen, d’Reprise eleng géif Aarbechtsplaze schafen, dat trëtt net a well mir ginn dovun aus, datt mir am Jor 2010, dat wat elo ufänkt, 0,9% manner Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg wäerten hunn, wéi am Jor 2009. Et ass also relativ wahrscheinlech, trotz der klenger Reprise, datt de Chômage staark an d’Lut geet. Sécher ass, datt en an d’Lut geet, wahrscheinlech ass, datt e staark an d’Lut geet. Da musse mir eis Aarbechtsmaartinstrumenter heiheem iwwerpréiwen.

Dofir brauch een och d’Tripartite. Wéi schaffen d’Betriber mam Arbeitsamt zesummen? Wéi preparéieren déi Leit, déi keng Aarbecht hunn, sech op hir Zukunft vir, wou se erëm eng Kéier wëllen eng Aarbecht hunn? Dat sinn alles deier Politiken déi och vill Ustrengung kaschten. Mä ech sinn net der Meenung, datt een einfach roueg nokuckt, op de Gradinë vum Stadion wou ëmmer méi Chômeuren alafen. Dat kann net Zil an Zweck vu Politik sinn.

Caroline Mart: Et kann och net Zil an Zweck vun der Politik sinn nozekucken, datt eis Welt Problemer huet, an et mécht een näischt, genee dat ass awer geschitt.

Dir ward zu Kopenhagen, Dir sidd erëm komm, Dir ward dégoûtéiert. Dir hutt gesot, dat wier en absolut lamentabelt Resultat. Mä wéi erkläert Dir dann den Échec? Geet et do ëm Geld? Ass dat just eng Saach vun Teppechhändler, oder ass de Problem dee vun Demokratien, esou wéi se haut fonctionnéieren, déi am Fong net méi amstand si laangfristeg Problemer ze léisen?

Jean-Claude Juncker: Bein, China ass dat bevëlkerungsräichst Land vun der Welt, mä op et déi gréissten Demokratie vun der Welt ass, dat woen ech ze bezweiwelen. Et ass och haaptsächlech [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Et hänkt awer net nëmmen u China.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä et ass awer e ganz wichtege Punkt gewiescht. China an Indien – an Indien ass eng Demokratie, insofern hutt Dir Recht – konnte sech net offanne mat engem System wou géif iwwerpréift gi wéi vill Émissiounsreduktiounen datt se géife maachen.

Ech war am November a China fir mam chineesesche Premier iwwer Währungspolitik ze schwätzen. China ass e Land, wou 40 Millioune Leit manner wéi 1 Dollar den Dag hunn. China ass e Land, wou 140 Millioune Leit wierklech aarm sinn, dat ass Däitschland a Frankräich zesummen, 140 Millioune Leit. Mäi chineesesche Kolleg seet, ech versti wat s Du hei sees, mä ech muss 9%, 10%, 11%, 12% d’Jor Wuesstëm hu fir meng Bevëlkerung ernährt ze kréien. A wann ech dat alles muss maache wat dir mir do virschlot, a wat dir gär vu mir hätt, da bréngen ech dat net fäerdeg, da kann ech net méi esou séier wuessen, an doraus resultéieren a China gewalteg regional a sozial Onrouen, vun deene kritt dir och an Europa eppes ze spieren.

Dat ass de Problem mat de Chineesen, wou munches wouer drun ass, mä wou een da muss erklären, mä dir musst a China, wéi mir och, eng aner Form vu Wuesstëm entwéckelen, déi eben net déi Ëmweltbelaaschtung mat sech bréngt.

Caroline Mart: Mä mir liewen hinnen et jo awer net onbedéngt beispillhaft vir.

Jean-Claude Juncker: Mir sinn och net immens gutt, mä mir hunn als Europäer awer Propositiounen op den Dësch geluegt, éischtens emol 20% Émissiounsreduktioun ze maachen, 30% ze maachen, falls aner Deeler vun der Welt sech och bewegen. Wa mir an Europa 50%, 70%, 80% Émissiounsreduktioune maachen, an déi aner maachen net mat, dann ass de Klimawiessel net ze stoppen. Also, mir brauchen eng weltwäit breet ugeluegten, de Globus ëmspaanend Gesamtpolitik fir mat deem Problem eens ze ginn.

An ech hu fonnt, datt déi Konferenz zu Kopenhagen éischtens miserabel organiséiert war, an zweetens net richteg gefouert ginn ass. Well et kann een net esou Tralalas-Manifestatiounen organiséieren, wou ee seet, déi lescht zwee Deeg kommen 150 Staats- a Regierungschefen dohinner an déi regelen dann de Problem. Dat ass jo iwwerhaapt net méiglech. Et soll een déi am Ufank ruffen a se zum Schluss eng Kéier erëm komme loossen, an dotëscht schaffe loossen. Mä fir ze mengen, datt déi wéi deus ex machina do op Kopenhagen erofsegelen an dann esou maachen, an dann ass de Problem geléist, ass jo eng naiv Virstellung gewiescht.

Ech wollt jo och laang net dohinner goen, mä ech si richteg gedriwwe ginn heiheem fir dohinner ze goen. Et wier méi wichteg gewiescht et wieren esou vill Regierungschefen um Welternährungsgipfel zu Roum gewiescht, wou se hätte kënne feststellen, datt eng Milliard Mënschen dëst Jor Honger leiden. Dat ass och wichteg.

Caroline Mart: Jo, mä d’Glaafwierdegkeet vun der Politik huet awer gelidde bei esou Saachen?

Jean-Claude Juncker: Dat géift Dir esouguer soe wann d’Resultat ganz gutt wier, datt et net immens wier. Wat heescht hei d’Glaafwierdegkeet vun der Politik huet gelidden? Jo, iergendwou soen ech mir dat selwecht.

Mä ech soen Iech, Dir kënnt net mat 193 Staaten, Dir musst se awer alleguer dobäi hunn, Léisungen treffen op engem Sommet deen zwee Deeg dauert a wou 14 Deeg virdrun hefteg mateneen diskutéiert gëtt. An Dir musst emol kucke wien dann déi 193 Länner sinn, dat si jo net alles gefestegt Demokratien, dat sinn net alles éclairéiert demokratesch gepréifte Leaderen, déi do zesumme kommen. Dat ass ein bunter Haufen, dee sech do gesäit. An déi Verhandlungsmethod ass einfach net gutt.

Ech sinn der Meenung, datt mir elo mussen, als Europäer méi wäitreechend Virschléi maache wéi déi, déi mir a leschter Instanz gemaach hunn. An ech sinn der Meenung, et muss ee weider Efforten, weider Réuniounen am Laf vum Jor 2010 hunn, zu Bonn an der Mëtt vum Jor, zu Mexiko um Enn vum Jor, fir dat nach eng Kéier ze probéieren.

Caroline Mart: Enn vum Jor ass och e Stéchwuert fir Lëtzebuerg. Mir kënne jo da weisen, datt mir et besser maachen. Bei eis sinn et hei keng 193 déi sech treffen, mir si just eng kleng hallef Millioun. Mir hu jo och elo virgeschloe kritt, datt do e Klimapak soll gemaach ginn um Enn vum Jor. Wäerten dann do verbindlech Klimaschutzmesuren eraus komme mat Virbildcharakter hei zu Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Et ass jo net esou, datt bei Kopenhagen guer näischt eraus komm wier. Mä ech zielen dat net op, well et huet iwwerhaapt kee Wäert, well dat hält de Verglach mat deem, wat net gemaach ginn ass, guer net aus.

Eis eegen Ziler si schwéier z’erreechen zu Lëtzebuerg. Eisen Territoire ass kleng. Alternativ Energien – ech sinn en Unhänger dovun, dat kléngt net nëmme gutt, dat ass absolut noutwenneg – do si mir begrenzt. Eis Waasserkraaft ass limitéiert. Mir kënnen d’Land net voll Wandmille stellen. Mir sinn amgaange mat anere Staaten, mat den Hollänner, mat de Belsch, mat den Estlänner, mat de Schweden ze verhandelen, datt mir Wandmillen an deenen hire Mierer kënnen opstellen, deenen hir Energieproduktioun eis alternativ ugerechent gëtt.

Mir mussen eis mat der Fro beschäftegen, wéi et viru geet mat deem Phänomen, datt mir e groussen Deel vun eise Recetten aus Bensin- an aus Dieselverkaf zéien.

Caroline Mart: Dat ass jo awer eng Inkonsequenz zanter Joeren, wou da gerechent gëtt, ëmweltpolitesch gesinn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Wat heescht hei eng Inkonsequenz? Zu Lëtzebuerg gëtt getankt an am Ausland gëtt verpolfert. Wann zu Lëtzebuerg de Bensin méi deier gëtt, da gëtt och nach ëmmer getankt an et gëtt awer nach ëmmer am Ausland verpolfert. Ech sinn awer d’accord, datt dat eis ugerechent gëtt. Ech wëll dat guer net diskutéieren. Elo hu mir jo interessant Méiglechkeeten. Elo musse mir jo Émissiounshandel bedreiwen, an op anere Plazen an der Welt eis lasskafen, wann ech dat kann esou soen [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Fräikafen.

Jean-Claude Juncker: Elo muss een emol rechnen, wéi vill kréie mir dann als Steieren eran iwwer Bensin, an iwwer Diesel, a wéi vill musse mir dovunner huele fir eis fräi ze kafen? Wann net esou vill géif verkaf ginn, Bensin an Diesel, zu Lëtzebuerg, a mir missen eis manner fräikafen, wéi géif dann d’Gesamtrechnung ausgesinn? Dat ass eng Diskussioun, déi iwweregens och an der Tripartite, a mat dem Parlament, selbstverständlech, als éischt Instanz an deene Froen, muss diskutéiert ginn.

Wa mir awer elo de Bensinspräis iwwer den Niveau vun eisen Nopere setzen, mengt Dir wierklech d’Lëtzebuerger wiere Bensinspatrioten? D’Lëtzebuerger soen an all Sondage, Klima, Klima, Klima. Wann de Bensin 10 Cent méi deier ass zu Stengefort wéi zu Arel, da gi se op Arel tanken, da gi se op [inaudible] tanken, da gi se op Tréier tanken. Mir sinn net anescht wéi déi aner.

Also, fir gutt auszegesinn, fir de wäisse Ritter am Klimaschutz ze sinn ass einfach, mä et muss jiddweree matmaachen. Et mécht awer net jiddweree mat. A mir verléiere Suen dobäi. Also musse mir dat roueg tesselen.

Caroline Mart: Dir maacht scho laang mat. 28 Joer an der Regierung, de 26. Januar elo ginn et da 15 Joer Staatsminister. Sidd Dir den Job an d’Lëtzebuerger, déi Dir elo genannt hutt, nach net midd?

Jean-Claude Juncker: Neen, also d’Lëtzebuerger scho guer net. Ech verdroe mech besser mat de Lëtzebuerger, wéi si mat mir. Ech hunn d’Leit ëmmer nach gär. An dat ass eng Aarbecht, déi ech gäre maachen.

Caroline Mart: Keng Ofnotzungserscheinungen? Et ass jo awer en haarden Job.

Jean-Claude Juncker: Ech liesen dauernd an ech héieren, de Juncker gëtt midd an de Juncker dee schlappt méi do wéi e geet. Politik mécht midd, verstidd Dir, net nëmmen, et ass esou eng laang Zäit, mä och am Alldag mécht Politik heiansdo schrecklech midd, wéi all Aarbecht leschten Enns midd mécht, wann een d’Aarbechtzäit iwwerdreift.

Mä ech hätt awer gär, datt et de Leit gutt geet am Jor 2010, de Lëtzebuerger an deene Leit déi bei eis wunnen. An ech wier frou, wa mir géifen erëm en neie Sënn fir een ze renouveléierende Sozialkontrakt zu Lëtzebuerg entwéckelen, datt mir eis net auserneen dreiwe loossen, just well d’Situatioun elo schwiereg gëtt, mä datt mir aus där Klengheet, leschten Enns, déi eis ausmécht, d’Kraaft zéie fir Saache besser ze maache wéi déi aner. Déi grouss Länner kënne sech oft ieren, an déi kënnen oft donieft trëppelen. E klengt Land huet d’Obligatioun virsiichteg ze plangen, a kräfteg zouzegräife wa mir eis eens sinn a wat fir eng Richtung datt mir den Arm ausstrecken.

Caroline Mart: Ass dat de Wonsch fir 2010?

Jean-Claude Juncker: Dat ass mäi Wonsch, a mäin anere wier, datt et dem Grand-Duc, der Grande-Duchesse, hire Kanner, och dem Grand-Duc Jean am Jor 2010 gutt geet, datt se hir Aarbecht esou maache wéi déi aner Leit hir och musse maachen, an datt mir alleguer zesumme gutt duerch dat neit Jor kommen, wat ee komplizéiert wäert ginn.

Caroline Mart: Vill Courage fir dat neit Jor, a villmools Merci fir dat Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci Madame.

Dernière mise à jour