Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Jay Schiltz: Här Staatsminister, wéi mir dësen Interview Ufank November ugefrot haten, wousste mir nach net wéi eng Fonctioun Dir fir den Neijoschinterview hätt. Haut wësse mir, datt Dir net fir déi nächst 2 an en halleft Jor EU-President sidd, mä weider lëtzebuerger Premier, op d’mannst emol bis 2014. Ass den 19. November zu Bréissel e perséinlechen Dram vum Jean-Claude Juncker geplatzt?

Jean-Claude Juncker: Neen, eigentlech net, well vläicht ass an der Erënnerung hänke bliwwen, datt ech eigentlech zu deene gehéiert hunn, déi dee Poste vum President vum Europäesche Conseil net wollten an de Vertrag ageschriwwen hunn, well ech ëmmer gefaart hunn, dat géif zu enger intergouvernementaler Dérive féieren a mir géifen eis vun der esou genanntener communautairer Method ëmmer méi ewech beweegen, e Risiko, e latenten, deen et ëmmer an Europa gëtt.

Ech war enttäuscht, well déi meeschte Länner gäre gehat hätten, datt ech déi Funktioun géif iwwerhuelen, précisément och fir déi Risiken an déi Dérapagen do z’ëmfueren an ze verhënneren. Datt den Här van Rompuy et ginn ass, ass fir mech kee grousse Problem, well ech sinn deen eenzege vun allen europäesche Premieren deen e gutt kennt, zanter 20 Joer schonn. Ech weess, datt dat ee Mann ass dee mat 2 Féiss um Buedem steet.

Jean-Claude Franck: Wien zu Bréissel eppes wëll, dee muss sech taktesch richteg uleeën. War Är Strategie mat Momenter vläicht ze vill emotional oder hutt Dir och vläicht am Virfeld vun den Décisiounen ze vill haart gesot wat Dir geduecht hutt?

Jean-Claude Juncker: Also, dat sinn zwou verschidde Froen. Et gëtt en allgemengt Behuelen an Europa, dat esou ass bei mir, datt ech meng Meenung soen, och heiansdo haart. Ech hunn och als President vum Eurogrupp keen anere Choix. Ech kann net, just well eng Deécisioun iwwer de President vum Europäesche Conseil usteet d'franséisch Budgetspolitik luewe wa se schlecht ass an déi däitsch Finanzpolitik luewen, och wa se mangelhaft ass. Dat muss een da soen, soss gëtt ee senger Aufgab net gerecht. Datt dat da muncher engem net gefält ass kloer. Datt och d'Art a Weis wéi mir an engem bestëmmte Moment hu musse lëtzebuergesch Intérête kuerzfristeg verteidegen op Widerstand stéisst, dat ass och normal. Dat ass awer keng Strategie a keng Taktik, dat ass eigentlech den Export vu menger innepolitescher Method an Europa.

Jay Schiltz: Vläicht emol eng Kéier als Hannergrondinformatioun, fir d'Leit och, wéi esou en Décisiounsprozess zustane kënnt. Dir waart ëmmer am Gespréich. Dunn op eemol war den Tony Blair dobäi, du sinn erëm aner Nimm komm, verschwonnen. Wéi mécht sech eigentlech op esou engem Niveau e Prozess vun enger Décisioun, fir finalement dann zu deem ze komme wat erauskënnt?

Jean-Claude Juncker: Déi Transparenz zum Schluss, déi war net do, dat huet een net richteg erausfonnt wéisou a fir wat dann d'Décisioun esou geholl ginn ass. Dat hunn och vill Leit sech an der Sitzung selwer gefrot. De schwedesche President huet gefrot, fir wat deen an net deen do. Dorop ass keng kloer Äntwert komm. Ech hat eng Kéier an engem Pressebriefing gesot, op d'Fro hin ob ech géif alles maache fir dat ze ginn, ech géif alles maache fir datt een et net gëtt. Dat hunn ech däitlech gemaach virum Europäesche Conseil, an deene Woche virdrun, datt ech dat net géif wëllen, well ech fonnt hunn, datt den Här Blair, bei aller Sympathie déi ech och fir den Här Blair hunn, op Grond vu sengem Parcours an op Grond vu sengen awer e bësse méi enken europapolitesche Virstellungen eng schlecht Besetzung wier. Déi aner hunn dat ni gesot, mä ech soe meng Meenung.

Jay Schiltz: Ass et Iech vläicht net zum Verhängnis ginn, wann ech dat esou ausdrécke kann, datt Dir ëmmer konkret Virstellungen hat wéi dee Posten auszegesinn huet? Dir hutt domat ni hannert dem Bierg gehalen, datt Dir ëmmer kloer gesot hutt, wéi Dir Iech dee Postë virstellt.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn eng bestëmmte Virstellung vun deem Postë gehat an ech hunn ëmmer gesot, esou als Grüssaugust oder als Frühstücksdirekter, wéi ech mech heiansdo ausgedréckt hunn, géif ech mech net op deem Postë gesinn an esou dierft en och net ausgefëllt ginn. Ech stelle fest, datt mir doriwwer ni richteg geschwat hunn, ënner anerem aus Rücksicht op den iresche Wieler, dee sech jo nach net definitiv geäussert hat an deen et vläicht komesch fonnt hätt, wa mir do scho mat den Tapéiten ënner dem Aarm do an dat Zëmmer era gaange wieren, vun deem een nach guer net wosst ob d'ganzt Haus iwwerhaapt géing un d'Stoe kommen. Ech stellen haut fest, datt alleguer déi Froen déi ech ëmmer behandelt hu sech frësch stellen an et ass keng Äntwert do. Déi Äntwert muss elo fonnt gi vum Här van Rompuy, dee fënnt se och, mä et wier besser gewiescht wann d'Konditioune vun der Stee, d'Machtfülle, wann een esou wëll, de Costume vun den Zoustännegkeete vum Rotspresident, virdru kloer definéiert gewiescht gi wieren. Si sinn et awer net.

Jean-Claude Franck: Dir hutt gesot, den 19. November do wier zu Bréissel och an der Ronn Owes selwer net alles ganz transparent gewiescht. Wien huet dann do d'Fiedem gezunn um Enn? War et den Nicolas Sarkozy, esou wéi et duergestallt gëtt?

Jean-Claude Juncker: Esou steet dat an de franséischen Zeitungen, jo.

Jean-Claude Franck: Wéi huet dann do Angela Merkel sech verhalen? Wéi huet London sech verhalen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu bei London kee grousse Widerstand gespuert a bei Däitschland laang Ënnerstëtzung.

Jean-Claude Franck: Ass dat da richteg, datt do ee Land kann esou Saache blockéieren?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat ass net richteg. Et hätt een och kënnen eng Ofstëmmung froen. Dat wier eigentlech zoulässeg gewiescht, mä ech hunn, no Gespréicher mam schwedesche Premier a mam Här van Rompuy fonnt, et wier vläicht net gutt, wann ee bei der éischter Besetzung vun deem Posten direkt géif am Konflikt mat anere starten. Et huet mir geschéngt, datt et fir Europa besser wier wann net géif eng einvernehmlech Léisung gi wéi eng Kampfofstëmmung, vun där ech wousst wéi se géif ausgoen, mä dat wier awer e Start gewiescht wou een hätt kënne séier an d'Schliddere kommen, schonn op der Startlinn selwer.

Jay Schiltz: Am Januar soll elo am Prinzip Äert Mandat als Eurogrupppresident fir 2 an en halleft Jor confirméiert, erneiert ginn. Ass dat sécher? Et gëtt jo do och elo Bestriewunge vun Italien fir dee Posten, déi hunn Interessi ugemellt.

Jean-Claude Juncker: Jo, dee Posten interesséiert e puer Regierungen, dat ass och gutt esou. Dat weist, datt en esou gefouert ginn ass déi lescht Joeren, datt dat eng Donnée vun dem europäesche Paysage ginn ass. Ech ginn dovun aus, datt dat Mandat renouvelléiert gëtt.

Jean-Claude Franck: De Postë vum EU-President ass jo elo emol fir 2 an en halleft Jor, e kann erneiert ginn op 5 Joer. Duerno stellt sech déi Fro jo erëm iergendwann eng Kéier wien dann neien EU-President gëtt. Kënnt Dir Iech virstellen, datt Dir nach eng Kéier Interessi fir dee Posten hutt?

Jean-Claude Juncker: Virstelle kann ech mir alles, mä ech denken awer net all Dag driwwer no ob ech an 2 an en halleft Jor oder a 5 Joer dat dote maachen. De Moment läit dat eigentlech net am kuerzfristegen Ambitiounsspektrum.

Jay Schiltz: Léisst den Nicolas Sarkozy Iech elo mam Bankgeheimnis a Rou?

Jean-Claude Juncker: Mam Bankgeheimnis gi mir ni a Rou gelooss, zanter 30 Joer net. Ech war 20 Joer Finanzminister, ech hu mech ee Mol de Mount musse mat deem Bankgeheimnis do erëmklappen, dat ass eng Opfaassung déi vill Leit hunn, nämlech déi, datt et d'Bankgeheimnis net dierf ginn. Et gëtt och bal keent an der Welt oder an dem evoluéierten Deel vun der Welt méi. Dat muss een esou geréieren, datt kuerzfristeg kee Schued entsteet an datt laangfristeg eppes Guddes aus der Ëmgestaltung an aus der Reconfiguratioun vun der Finanzplaz gëtt.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, et leeft op Iwwergangsbestëmmungen eraus, wéi an ähnlechen aneren Dossieren och, wéi d'Harmonisatioun vun den Accisen zum Beispill. Kann een dat haut schonn esou soen?

Jean-Claude Juncker: Neen, ech verhandelen eigentlech ni um Radio.

Jay Schiltz: Ech ka mech erënneren, d'lescht Jor hat ech Iech, mengen ech, d'Fro gestallt ob d'Fonctioun vum Eurogruppechef, respektiv de lëtzebuerger Premier, déi Gratwanderung tëscht nationalen Interessien an europäeschen Ugeleeënheeten – deen Drock deen Dir do hat, huet dee sech an dësem Jor confirméiert, ausgebaut, ofgeholl?

Jean-Claude Juncker: All Premier an Europa huet e Spagat ze maachen, e Spagat tëscht dem Vertriede vun nationalen Interessien, déi legitim sinn – net all national Interessië si legitim – an deem Grousse Ganze wat sech Europa nennt. Do kënnt et ëmmer erëm zu Konfliktsituatiounen, wou ee muss jugéieren ob een ee Schratt méi a Richtung Europa mécht oder ob een ee Schratt zréck an dat Nationalt Feld mécht. Dat ass eng permanent Fro mat där ee sech muss ausernaner setzen.

Dat ass och dëst Jor net méi schlëmm ginn, just datt mir vläicht, wat d'Steierung vun de Finanzpolitiken ubelaangt eng Rei vun ongesonden Entwécklunge gesinn, well einfach ongenéiert an eenzelne Länner Defiziter gemaach a Scholdebierger opgebaut ginn an dat geet à terme net op. Da muss een dat soen. Dat heescht awer net, datt dat dann eng direkt Repercussioun op d'lëtzebuerger Politik hätt. Et gëtt heiansdo geschriwwen a gesot, datt mir eise Budget probéieren an der Rei ze halen, well soss de President vum Eurogrupp géif mat sech selwer a Konflikt kommen. Dat ass net de Fall.

Jean-Claude Franck: Et muss een och soen, Ären europäeschen Engagement, iwwer dee mir elo vill geschwat hunn, och wann Dir net EU-President gouft, huet dat awer gehollef a Verhandelungen an anere Beräicher, wann een zum Beispill kuckt, de Posten dee Lëtzebuerg an der EU-Kommissioun kritt huet? War dat an de Verhandlungen eng Géigepartie?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat hunn ech ni mateneen a Kombinatioun bruecht. Ech hu mam President vun der Kommissioun geschwat iwwer de Portefeuille deen d'Madame Reding soll kréien a mech dofir agesat, datt si géif Vizepresidentin vun der Kommissioun ginn, mä dat hunn ech ni am Zesummenhang mat deem anere bruecht. Dat war einfach erëm dofir suergen, datt mir an eng Positioun era kommen, déi gutt ass, étant entendu, datt ee Commissaire ni Vertrieder vun nationalen Interessien ass. De Vertrag seet ausdrécklech, datt en dat net dierf. Et gëtt der och e puer déi sech drun halen.

Jay Schiltz: Ass d'Roll vun de klenge Länner nach déi grouss déi se an der Vergaangenheet emol war oder hunn esou Leit wéi Sarkozy, déi probéieren d'Decken ëmmer méi op sech ze zéien – hu mir nach eppes ze soen?

Jean-Claude Juncker: Et besteet en Hang zur monopolistescher Entscheedungsfindung. Dat geet eng Zäit an da kënnt erëm eng aner Well well d'Roserei an den Ierger vun aneren, déi kënnen emol eng Kéier esou grouss ginn, datt dat net geet. Et geet och net ëmmer. Et huet een den Androck et géif ëmmer goen, well déi Leit déi dat bedreiwen dat all Kéier melle wa si sech duerchgesat hunn. Ech hunn déi Art a Weis net gär fir sech zu Bréissel ëmmer géint Anerer duerchzesetzen. Et mécht een eppes zesumme mat anere 26 Länner wat gutt soll si fir de Kontinent. An ëmmer ze zielen, auszeziele wéi an engem Boxréng wien dann do no Punkten oder duerch KO gewonnen huet, dat halen ech fir eng eigentlech net zoulässeg Art a Weis fir europäesch Entscheedungen z'erklären.

Jay Schiltz: Mä oft bleift Iech näischt anescht iwwereg wéi et ze maachen, fir Iech duerchzesetzen.

Jean-Claude Juncker: Ah jo, duerchsetzen ass erlaabt. Mir setzen eis jo och als Lëtzebuerger ganz oft duerch, da ginn ech awer net d'Dier vum Conseil op- an zouschloen a soen, elo hunn ech deenen aneren et gutt gewisen. Dat fannen ech lächerlech. Jiddweree mécht seng Aarbecht, heiansdo muss een noginn, heiansdo kann een net noginn oder nach net noginn, ma dann dierf een awer net, wann een déi aner dru gehënnert huet eng Décisioun ze huelen déi engem net gefall hätt an Triumphgehäul ausbriechen a soen, u mir kënnt kee laanscht. Dat si Rugbysmethoden.

Jean-Claude Franck: Nationalpolitesch dann dierft d'Tripartite 2010 eng grouss Erausfuerderung gi fir d'Regierung, awer och fir d'Gewerkschaften an d'Patronat. Wat erwaart Dir Iech fir déi Verhandlungen?

Jean-Claude Juncker: Ech stelle fest, datt d'Sozialpartner sech de Moment kaum ee frëndleche Bléck zouwäerfen. Et ass eng total Polariséierung agetrueden. D'Positioune ginn absolut beschriwwen, mam Risiko, datt ee sech an de Positiounsbeschreiwungen esou verbäisst an esou agrieft, datt een net méi aus deene Lächer déi ee selwer gegruewen huet eraus kënnt. An da stellt sech d'Fro no den Tugende vum lëtzebuerger Modell. Deen ass nun emol an der Kris gebuer gi fir Krisesituatiounen ze bewältegen. Elo si mir an enger Kris an déi Krisesituatioun musse mir bewältegen.

Dat brauch Beweegungsmass op der Säit vun deenen 2 Sozialpartner, Gewerkschaften a Patronatsorganisatiounen engersäits, an dat brauch och e geschéckt Féiere vun deene Gespréicher duerch d'Regierung. An dat geschéckt Féiere vun de Gespréicher probéieren ech doduerch erbäi ze féieren, datt mir eis fir d'éischt emol mat de Sozialpartner getrennt gesinn an dann e bësse méi spéit eréischt eng Tripartite maachen, wann een all Elementer zesummen huet aus deem de Stoff fir Léisunge ka gemaach ginn. Étant entendu och, datt d'Regierung jo weder Arbiter nach Moderator ass. Also, déi Virstellung, datt d'Regierung géif do sëtzen d'Punkten ze zielen an ze kucken, d'Positioune vun deenen Engen un d'Positioune vun deenen Aneren ze strécken, wat si muss maachen, ass eng Beschreiwung déi net richteg ass well si wier net komplett. An deem Flijer deen an der Tripartite flitt, do sëtzt och e Pilot. Dee mellt sech am richtege Moment zu Wuert, an da muss de ganze Cockpit kucken, datt en d'Saach an d'Rei kritt.

Jay Schiltz: Dir hat relativ fréi beim Ausbroch vun der Kris op d'Gefor vun enger sozialer Kris higewisen. Elo si mir ee Jor mat där Kris beschäftegt – stellt Dir déi sozial Kris fest? Fäert Dir se nach ëmmer? Kënnt se?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn zu Lëtzebuerg eng Situatioun wou ganz vill Leit vun där Kris net betraff waren oder nach net betraff waren.

D'Aarbechtslosegkeet hëlt zou d'nächst Jor an déi Leit wësse wat gemengt ass wann ee vun der Kris schwätzt. Déi Leit déi kuerz schaffe mussen an doduerch ee Stéck vun hirer Pai verluer hu wëssen och vu wat mir schwätze wa mir iwwer d'Kris schwätzen. An déi Frontalieren déi entlooss gi sinn, déi mir net méi gesinn, déi wëssen och wat d’Kris ass.

Mä trotzdem ass et net zu Lëtzebuerg zu där sozialer Kris komm, déi ech mat Bléck op Europa eigentlech als Gefor gesinn hat. Ech mengen awer, datt déi Gefor nach ëmmer do ass, well d'Zuel vun deene Leit déi fannen, datt et ongerecht zougeet, déi hëllt zou. An dat dierf een net ënnerschätzen. Dat äussert sech net direkt a konkreten Aktiounen, dat äussert sech net direkt an enger massiv virgedroener Totalkritik un eisem Wirtschaftssystem, mä et muss een awer spieren, datt d'Leit d'Gefill hunn – nach méi d'Gefill de Moment wéi d'Wëssen – datt eng relativ kleng Zuel vun Acteurë grousst Onheel iwwer d'Welt leschten Enns bruecht huet. Et sinn esou vill dausende Milliarde Geld zerstéiert ginn an et ass kee schëlleg drun.

Verstitt Dir, wann een ee Vëlo klaut, dee gëtt och net méi agespaart, mä e kritt awer méi wéi de béise Fanger gemaach. Ech fannen, datt, obscho mir villes aus där Kris geléiert hunn, mir awer streckeweis net hardi petit genuch zur Saach ginn. Fir mech ass dat total onverständlech an dofir ginn d'Leit schrecklech rosen, datt elo erëm dee System vun de Bonusë sech erëm ongenéiert reproduzéiert, woubäi et grad déi Incentivë mat dru Schold waren, fir onconsideréiert Risiken z'iwwerhuelen, well een drop verdéngt, als Eenzelnen deen de Risiko hëllt, datt déi Kris, dat war net dat eenzegt Element, lassgetruede ginn ass. An ech géif mir e bësse méi Dignitéit eigentlech vun deene Chefetagen do wënschen.

Et ka jo net sinn, datt déi kleng Leit op d'Arbeitsamt ginn an déi aner an d'Kees. Dat hunn d'Leit net gär. Well dat ass net gerecht. Mir solle ganz gutt oppassen, datt mir net an eng Situatioun era komme wou d'Leit fannen, datt dee Wirtschaftsmodell wéi mir en hunn, dee vun der sozialer Maartwirtschaft, net dee richtegen ass. En fait ass jo d'Kris doduerch entstanen, datt mir eis vun de Kardinaltugende vun der sozialer Maartwirtschaft verabschied hunn. Mir hu gemengt, enfin ech net, mä et ass awer vill gemengt ginn, de Maart eleng géif et scho maachen. De Maart eleng produzéiert keng Solidaritéit. Solidaritéit entsteet nëmmen aus där vun de Maartkräften erbäi gefouerter gesamtwirtschaftlecher Effizienz an dem staatlech uerdnenden Zougrëff vun de Regierungen.

Déi Thes, déi och zu Lëtzebuerg méi grasséiert huet wéi d'Leit wëllen drun erënnert ginn, datt de Staat sech soll zeréckhalen, datt d'Regierung sech soll ducke wann et ëm seriös Saache geet, datt déi an der Wirtschaft scho wësse wat si maachen an d'Politiker emol, ier et ugeet, méi blöd si wéi déi déi an der Wirtschaft d'Soen hunn; déi atmosphäresch Grondlag ass awer um Verschwannen. Et huet een an dësem Jor gemierkt, datt Regierungen nach gebraucht ginn. Et ass e gutt Gefill eigentlech, op eemol erëm vu jiddwerengem gesot ze kréien, mir brauchen d'Regierungen.

Jean-Claude Franck: Wéi grouss ass dann an esou Zäiten d'Erausfuerderung un eng Koalitioun tëscht CSV an LSAP, wou et jo net un Iddië feelt, am Fong. Mir hu virdrun iwwer déi Moderatioun geschwat am Kontext vun der Tripartite. D'Regierung huet bis elo nach keng eege Pistë genannt, Iddië sinn do, mä wahrscheinlech och verschiddener, jee no Partei. Wéi staark ass dann do 2010 d'Regierung gefuerdert als Ganzt?

Jean-Claude Juncker: D'Regierung als Ganzt ass gefuerdert an Iddië gëtt et vill, déi muss ee jo och emol uerdnen, Uerdnung an déi Iddië bréngen. Dat geschitt jo am Krees vun der Regierung. A wësst Dir, esou ass dat net, wéi vill Leit mengen, datt et wier, datt d'Sozialisten dat Eent denken an déi Chrëschtlech Sozial dat Anert. Dat ass scho méi gemëscht wéi esou, dat geet net no Parteigrenzen.

Jean-Claude Franck: All Partei huet jo där enger an där anerer.

Jean-Claude Juncker: Jo, ma jo, a mir hunn der besonnesch vill a méi wéi déi aner.

Jay Schiltz: Ech komme vläicht nach eng Kéier zréck op dat wat Dir virdru gesot hutt. Dir hutt gesot, mir hu vill geléiert mat där Kris, mä ginn dann, elo net nëmmen hei zu Lëtzebuerg mä vläicht iwwerhaapt, d'Konsequenzen dovunner aus deene Léiere reell gezunn? Dir sot, d'Politik ass erëm wichteg ginn. Ass dat da fir déi aner Säit net e geféierlecht Polster, datt ee seet, ok fuere mir einfach erëm viru mam System.

Jean-Claude Juncker: Mä kuckt emol, mir musse gesinn, datt d'Politik eng staark Reaktioun hat, fir datt mir net géifen an där Kris ënnergoen. An Europa, zesumme mat den Amerikaner, mat de Chineesen, ech war wéini bei hirem Premier fir iwwer esou Währungsfroen an Ausstiegsfroen aus de Konjunkturprogrammer ze schwätzen. Mir hunn am europäesche Krees, fir et op deen Aspekt ze beschränken, gemeinsam Krisemoossname geholl am Eurogrupp an duerno am Europäesche Conseil. Do hu mir gesot, ok elo huele mir en Defizit a Kaf fir d'Jor 2010 a mir probéieren, falls et genuch Signaler gëtt déi op eng Reprise hindeiten, am Jor 2011 erëm op eng Reconsolidéierung vun den ëffentleche Finanzen ze kommen.

Dat ass iwweregens genau dat wat mir hei am Land gemaach hunn. 2010 loosse mir et sech normal otmen. Mir kënnen net, well mir manner Recettë kréien, esou vill Dépensë sträichen, well dat géif d'Konjunktur total zum Erlahme bréngen. An da musse mir d'nächst Jor aner Moossnamen huelen, awer keng déi d'Konjunkturreprise géife menacéieren. Dat ass an Europa gemaach ginn. Mir diskutéieren elo driwwer am Eurogrupp an am Conseil européen wéini a mat wat fir Methoden a wéi international vernetzt a koordinéiert kënne mir aus deene Konjunkturprogrammer do eraus klammen, well mir weder an Europa nach zu Lëtzebuerg kënnen op Dauer mat ausufernden Defiziter a mat zouhuelender Staatsschold liewen.

Wéi meng Elteren en Haus kaaft hunn, an deem hunn ech gewunnt, do huet mäi Papp net zu mir gesot, du däerfs hei wunne bleiwen, mä du muss d'Schold bezuelen. Hien huet se selwer bezuelt. Ech net, hien. An esou muss dat och hei goen. Mir dierfen dat wat mir elo hu musse leeschten an déi Defiziter déi mir hu mussen a Kaf huelen, an dat Uklamme vun der Staatsschold, déi zu Lëtzebuerg net dramatesch ass, dat musse mir selwer regléieren. Mir kënnen dat net regléiere loossen duerch déi déi haut 15, 16 Joer hunn. Dat ass eng intergenerationell Responsabilitéit déi mir do ze droen hunn. Doriwwer sinn d'Gespréicher intensiv an hefteg, och am europäesche Krees.

Dobäi kënnt, datt jo awer am Beräich vun der Reguléierung vun de Finanzmäert eng Hellewull vu Moossnamen, net nëmmen envisagéiert gi sinn, mä décidéiert gi sinn, Iwwerwaachungsmechanismen an Europa dobäi komm sinn, déi natierlech net esou wäit gi wéi se kéinte goen. Mä do muss ee sech awer dann heiansdo hanner dem Ouer krazen, wann ee sech selwer schwätzen héiert a seet, et misst eng europäesch zentral Plaz gi wou all Banke mussen iwwerwaacht ginn. Wëlle mir dat? Net, datt hei zu Lëtzebuerg d'Banke géife Saache maachen déi d'Moral an den Anstand verbidden, mä do läit de Risiko dran, datt een op eemol ënner eng Dampwalz geréit wou d'Gras sech herno net méi opriicht wann déi iwwer ee gefuer ass. An dofir sinn déi Léisungen déi mir fonnt hunn, menger Ansiicht no, adequat fir Europa. Do wier eng kleng Dosis méi Europa gutt gewiescht, do hunn ech och dofir plädéiert, och fir Lëtzebuerg.

[Noriichteniwwerbléck vum Carole Schimmer]

Tëschemoderatioun:

Weider geet et lo mam 2. Deel vum Interview mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Präziséiere mir nach emol, datt dësen Interview virun de Feierdeeg opgeholl gouf. Moderatioun Jay Schiltz a Jean-Claude Franck. Virop ass et d'Fro un de Staatsminister Jean-Claude Juncker ob dann elo am Kontext vu Chômage a Kuerzaarbecht d'Solidaritéitssteier effektiv nees zur Diskussioun steet an ënner Ëmstänn gehéicht gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech war an enger Regierung, do huet d'Solidaritéitssteier 10% bedroen, 1979 bis 1984, esou datt ech u sech dat Instrument vun der Solidaritéitssteier net als Däiwelswierk gesinn, well et eng Steier op de Steieren ass an dofir och Solidaritéitssteier heescht, well déi Leit déi Steiere bezuelen a vill Steiere bezuelen och deem entspriechend vill Solidaritéitssteier bezuelen, an déi Leit deenen hir Akommessituatioun se steierfräi léisst, déi bezuelen näischt.

Ob dat ganz gutt ass, datt et 40% vun de Leit hei am Land gëtt, déi keng Steiere bezuelen an domat och net um Solidargeschéien deelhuelen, falls méi Solidaritéitsefforte verlaangt ginn, an déi wäerte verlaangt ginn, ass jo eng Fro, mat där ee sech och mol eng Kéier muss beschäftegen. Well déi Solidaritéitssteier ersetzt jo d'Cotisatioune fir d'Aarbechtslosegkeet kënnen an all hire Bekämpfungsinstrumenter ze finanzéieren. Am Ausland, och wann ee keng Steiere bezilt, bezilt een awer Sozialabgaben un d'Bundesagentur für Arbeit oder un déi respektiv Aarbechtsmaartverwaltungen déi et gëtt. Dat muss een also an aller Rou kucken.

D'Solidaritéitssteier z’erhéijen ass fir mech keen Tabu. Ech fanne just, datt et vläicht gutt wier, richteg vun Ufank bis un d'Enn nozedenken ier een esou Propositiounen einfach formuléiert, déi mech also ideologesch an och soss net stéieren. Et gëtt esou gemaach, wéi wann et elo géif duergoen d'Solidaritéitssteier z’erhéijen, eventuell nach de Spëtzesteiersaz z'erhéijen an da wier de Problem geléist. Mir hunn e Problem, Dir Hären, deen ass 1,5 Milliarden Euro breet. Dat ass den Defizit dee mir am Jor 2010 kréien. Do wäert jo net iergendeen eeschthaft drun denken ze mengen, dat kéint een iwwer Steiererhéijunge finanzéieren. Dat ass net dran. Dat muss och iwwer de Wee vun Ausgabekierzunge goen. An d'Solidaritéitssteier ass jo do, esou wéi mir eis op Lëtzebuergesch ausdrécken, fir de Chômage ze bezuelen.

Elo wëll ech Iech emol soen, wann een all Ausgaben déi d'Arbeitsamt huet, esouwuel Aarbechtslosenentschiedegunge wéi d'Ënnerstëtze vun aktiven Aarbechtsbeschafungsmoossnamen – wann een nëmmen dat wéilt iwwer d'Solidaritéitssteier bezuelen, misste mir déi vun 2,5% op 13% erhéijen. Also, d'Fro ass net einfach, ob een d'Solidaritéitssteier bereet ass z'erhéijen, et muss een och wësse wat dat heescht, wann een et dorop wëll beschränken. Et geet net duer fir d'Solidaritéitssteier z'erhéijen – ob mir dozou kommen, dat weess ech net, dat hate mir 2006 schonn eng Kéier décidéiert a mir hunn et du si gelooss – et muss och op der Ausgabesäit eng energesch Aktioun stattfanne fir eis Staatsfinanzen erëm innerhalb vun 2, 3 Joer an de Grëff ze kréien.

Jay Schiltz: Sidd Dir optimistesch, datt Dir dat hikritt? 1,5 Milliard ass jo, wéi Dir gesot hutt, en zimlech déckt Stéck?

Jean-Claude Juncker: Dat geet jo net an engem Worf. Enfin, et geet an engem Worf fir 1,5 Milliarden Defizit ze maachen, mä et geet net an engem Worf fir en Defizit vun 1,5 Milliarden ofzebauen. Dat hänkt jo ganz vill vun der wirtschaftlecher Entwécklung of, vun der Entwécklung um Aarbechtsmaart of, vun der Entwécklung vun eenzelne Steierrecetten, déi nach gutt sinn, zum Deel, mä zum aneren Deel grausam schlecht sinn. Alles dat muss ee sech emol fanne loossen ier een dat kann definitiv beäntweren.

Mä richteg ass, datt mir am Laf vum Jor 2010 musse relativ substantiell Aspuerunge plangen, déi vum Jor 2011 u wierksam ginn, à moins datt d'lëtzebuerger Gesellschaft seet, mir kënne Scholde maachen, mir kënnen Defiziter maachen, et geet eis näischt un. Nach uns déi Sinnflut, an déi déi no eis komme sollen dat bezuelen. Dat ass och eng – ech gebrauchen dat Wuert net ganz gär, dat klengt esou päpstlech – moralesch Fro fir déi déi de Moment regéieren, verstitt Dir?

Jay Schiltz: Et ass jo net schlëmm, wann een als Politiker moralesch Froe stellt.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat kléngt ëmmer esou päpstlech, ech wëll do net [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Dann nennt se ethesch.

Jean-Claude Juncker: Ech nenne se awer moralesch. Enfin, mir kënnen elo e laangt Gespréich iwwer d'Moral vun der Ethik hei féieren, mä loosse mir dat op der Säit.

Et ass eng moralesch Fro, ob ee selwer d'Viraussetzunge schaaft, datt e Problem deen een huet musse schafen, fir datt keng méi grouss Problemer géifen entstoen, kann ofgebaut ginn.

Kuckt emol, elo sëtzen d'Leit an der Regierung. Wann ech mir elo eng Sekonn virstellen, dat ass jo denkbar, datt déi meescht vun deenen an där nächster Regierung net méi sinn, an do komme méi Jonker, Neier. Iergendwann kënnt jo de Moment wou Neier musse kommen. Mengt Dir wierklech, an deenen éischte 5 Joer wou jonk, talentéiert, wëll Politiker Ministeschämter iwwerhuelen, géifen déi ufänke wéi geckeg ze spueren? Dat maachen déi net, maachen déi net. Also mussen déi et maachen déi elo do sinn, soss gëtt et net gemaach. A wann et net gemaach gëtt während 10 Joer, da wëll ech net a 15 Joer hei am Land Steiere musse bezuelen. Ech wanderen zwar dann och nach net aus, mä da gëtt et monter.

Jean-Claude Franck: Wann iwwer d'Kierze vun Ausgabe rieds geet, do gëtt e an der Gesellschaft och en Drock, ëmmer méi staark, op d'Fonction publique. Verschidde Patronatsverbänn hu verschidden Attacken an déi Richtung geridden. Wat haalt Dir vun där Diskussioun, den Drock deen op d'Fonction publique elo entsteet wéinst der Kris a wéinst dem Kierze vu verschiddenen Ausgaben?

Jean-Claude Juncker: Ma ech halen dovun iwwerhaapt näischt. Ech sinn der Meenung, datt mir déi Efforten déi mir mussen als national Gemeinschaft maachen, korrekt verdeelen. Dat heescht, datt déi déi méi breet Schëlleren hunn och musse méi Laaschte kënnen droen an datt déi déi méi schwaach op der Broscht sinn, datt déi deem entspriechend manner belaascht ginn.

Wann een am Ufank vu Gespréicher jiddwereen op där anerer Säit vun der Sozialpartnerschaft déi designéiert déi mussen emol bréngen ouni selwer ze soe wat een da bereet ass ze bréngen, da begëtt ee sech an eng Gespréichslogik déi zu kengem Gespréich féiert. Dat ass een no-go, wéi dat neierdéngs genannt gëtt. Dofir halen ech dovun net vill. D'Staatsbeamte wësse selwer, datt si eng Rei vu Situatiounen hunn déi Leit déi an der Realwirtschaft ënnerwee sinn net hunn. Et si responsabel Leit an déi wësse sech och responsabel ze behuelen, mä ech sinn absolut net domat d'accord, datt hei eng eesäiteg Hetz op d'Staatsbeamte gemaach gëtt. Datt d'Fonction publique och muss zu deem kollektiven Effort bäidroen ass evident, mä de Moment hu mir eng Diskussioun wou gesot gëtt d'Solidaritéitssteier, de Spëtzesteiersaz gëtt gehéicht an d'Staatsbeamte kréien eppes ewech geholl. Esou mécht ee keng Politik.

Jean-Claude Franck: Dir selwer hätt gär méi sozial Gerechtegkeet zu Lëtzebuerg, Dir hutt rezent an aneren Interviewen och gesot, datt dat ee vun Ären Haaptziler ass fir méi Gerechtegkeet ze kréien. Wéi kann da méi sozial Gerechtegkeet zu Lëtzebuerg erreecht ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn och gesot, datt ech net weess wat sozial gerecht ass. Ech weess ëmmer nëmme wat sozial net gerecht ass. Ech hunn e ganz feint Gefill fir eppes wat net gerecht ass. A wann ee schonn emol probéiert ze verhënneren, datt een näischt mécht wat net gerecht ass, ka vläicht aus där Ustrengung fir ze verhënneren eppes ze maache wat sozial ongerecht ass, esou eppes wéi sozial Gerechtegkeet entstoen.

Ech wëll awer keng negativ Beschreiwung vu sozialer Gerechtegkeet maachen. Mä wann een emol drop verzicht Saachen ze maachen, déi vum Sozialen hir falsch sinn, dann huet ee schonn eng Viraussetzung geschaft, fir datt een der sozialer Gerechtegkeet méi no kënnt. Ech fannen, mä dat ass jo hefteg ëmstridden neierdéngs, datt mir, obschonns d'Leit an enger anerer Situatioun sinn, se sozialpolitesch d'selwecht behandelen. Esou wéi wann d'Sozialpolitik neutral wier.

Dat heescht jo, datt mir dann der Sozialpolitik eigentlech de Lenkungseffekt ofspriechen. Doriwwer muss een a rouege Gespréicher diskutéieren, ob wierklech jiddwereen, onofhängeg vu senger Liewenssituatioun Usproch huet, Recht huet op déi selwecht sozial Leeschtungen. Dat ass eng richteg gesellschaftspolitesch Fro. Wann ech héieren, wann d'Regierung seet, mir mussen eng selektiv Sozialpolitik maachen, dat wier Sozialofbau, dat géif iwwerhaapt net a Fro kommen. Et gëtt Gewerkschaften déi wëlle vu selektiver Sozialpolitik iwwerhaapt näischt méi héieren, während se 30 Joer laang soss näischt gefuerdert hu wéi dat.

Jean-Claude Franck: D'Angscht ass wahrscheinlech, datt de Gesamtvolume vun de Sozialausgaben einfach vill méi kleng ausfält herno.

Jean-Claude Juncker: Jo, kuckt emol, mir hunn eng Rezessioun gehat 2009. Mir hunn 3,9% vun eiser Wirtschaftskraaft verluer. Elo wuesse mir d'nächst Jor moderat, vläicht 2%. Wann alles gutt geet, da si mir nom Jor 2011 erëm esou räich wéi mir nom Jor 2007 waren. Mir hunn 3, 4 Joer Wirtschaftswuesstëm regelrecht verluer.

Dat zeitegt iergendwou eng Konsequenz. Et kann net sinn, datt d'ganz Welt ännert an zu Lëtzebuerg fundamental Daten änneren an d'Politik gëtt gemaach wéi wann dat alles net geschitt wier. Ech hätt et och vill léiwer ëmgedréint, datt een einfach seet, bon, mir maachen esou viru wéi bis elo. Et geet net. Et geet net, et dierf net sinn, mir mussen eppes maachen an ech géif dat gären a rouegen, gutt preparéierten, fundéierten, jo kollegiale Gespréicher tëscht de Sozialpartner a mat de Sozialpartner maachen. Mir brauchen hei net den totale Sozialkonflikt. Dat féiert zu guer näischt. Mä mir brauchen eng ofgewie gesamt Reartikulatioun vun eisem kollektive Sozialwiesen.

Jean-Claude Franck: Heescht dat dann och, datt awer déi Moossname kënnen erëm réckgängeg gemaach ginn, wann d'Staatsfinanzen nees am Equiliber sinn? Well et huet een heiansdo elo den Androck wéi wann elo géif hei iwwer Reformen diskutéiert ginn déi da fir ëmmer wieren.

Jean-Claude Juncker: Et gëtt eng Rei vu strukturell Reformen, frot mech net wat fir, well ech soen Iech dat net, déi déi musse bleiwende Charakter hunn. Et gëtt jo Froen déi sech op eng Zäit vun 10, 15, 20 Joer stellen, déi muss een haut upaken. Notamment d'Ofsécherung vun de Renten a vun de Pensiounen. Dat ass eng Fro, mat där sech elo muss beschäftegt ginn an déi och emol erëm Loscht op Zukunft maache soll, anstatt datt mir jonk Leit astellen an e System wou se herno wa si schaffe ginn zu engem ganz groussen Deel zoustänneg si fir d'Altersfinanzéierung, well ëmmer eng Solidaritéit tëscht de Generatioune muss bleiwen.

Ech hu mech ëmmer dogéint gewiert fir de Pensiounssystem vum Umlageverfahren op Kapitaldeckungsverfahren ëmzestellen. Fir wat schwätzt eigentlech kee méi vun deene groussen Iddien déi d'Leit nach virun 10 Joer haten, wou ech ausgelaacht gi sinn, als een archaeschen Typ beschriwwe si ginn, well ech net mat op de Wee gaange si vun der kapitalgedeckter Renten- a Pensiounsversécherung. Kuckt emol eng Kéier an Amerika, wéi vill Millioune kleng Aarbechter do d'Halschent vun hirer Pensioun verluer hunn, well do spekuléiert ginn ass mat den Einlage vun de Leit déi déi gemaach hunn, fir datt si roueg kéinten dem Alter entgéint goen.

Also, all déi Modeerscheinungen déi mir do haten, vun deenen haut kee méi eppes wëll wëssen, déi droen ech emol nach eng Kéier a konzentréierter, geballter Form zesumme fir emol ze weisen, wat fir Feeler een hätt kënne maachen, wann een alle Mouden nogelaf wier, och New Economy. Ech weess nach an der Chamber, 1999-2000, datt sech do lëschteg gemaach ginn ass iwwer esou en europäesche Premier deen iwwerhaapt kee Goût fonnt huet un där neier Ekonomie. Déi ass geplatzt mat Donnerhall. Mir sinn aus där schwiereger wirtschaftlecher Phase relativ gutt eraus komm zu Lëtzebuerg, well mir, dat war eng CSV-DP Regierung, gutt reagéiert hunn, wéi ech hoffen, datt et dës Kéier och déi richteg Saache waren déi mir gemaach hunn.

An da gëtt et aner Moossnamen déi hu selbstverständlech temporäre Charakter. Dat musse mir an deene Gespréicher gesinn.

Jay Schiltz: Wann een Iech esou héiert, Här Staatsminister, kéint ee mengen, datt Dir Iech effektiv op vill Basisdiskussiounen an der Tripartite astellt.

Jean-Claude Juncker: Jo, et wier gutt wann déi déi um Dësch vun der Tripartite sëtzen – ech schwätze vun de Sozialpartner, bei der Regierung wëll ech gleewen, datt dat souwisou de Fall ass – ëmmer wësse wie si do vertrieden. Et vertrëtt ee jo net sech selwer. Eng Vertriedung besteet net doranner, datt een ëmmer nëmmen noseet wat déi déi ee vertrëtt engem virsoen. Dat ass keng gutt Method. Zur politescher Féierung, an d'Tripartite ass jo op hirer Plaz e Gesamtführungsinstrument, gehéiert och, datt ee probéiert Afloss ze kréien op d'Denke vun de Leit, an Afloss ze kréien op d'Mentalitéite vun de Leit, an Afloss ze kréien op d'Verhalensweise vun de Leit. An dat kann een zu Lëtzebuerg, dat ass e fundamentale Punkt, nëmmen an der Concertatioun erreechen.

Mä Concertatioun ass net dann e Succès wann een e Konsens erreecht huet dee soss näischt ass wéi d'Reflektéiere vun engem faule Kompromëss. Kompromësser sichen – déi an der Demokratie musse sinn, ouni Kompromësser geet et net, déi déi ëmmer soen e Kompromëss ass ëmmer e faule Kompromëss, och an de Radioscommentairen, déi hu vun der Demokratie net alles verstanen – a Konsens fannen, do muss ëmmer och eng Léisung um Wupp stoen hunn.

Jean-Claude Franck: Fir wat gëtt eigentlech de Programm vum Militärflijer A400M an esou Situatiounen net a Fro gestallt oder ass dat en Thema an der Regierung awer? Dat si jo grouss Dépensen déi an dësen Zäiten awer esou no baussen och schwiereg ze vermëttele sinn?

Jean-Claude Juncker: Wësst Dir, ech kann Iech der nach ganz vill opzielen déi op de Préifstand gehéieren. Mä dee Flijer do, dat ass en Engagement wat mir an der Allianz, an der NATO iwwerholl hunn, fir d'Transportcapacitéit vun der NATO méi grouss ze maachen. Déi ass nämlech ze kleng. Nu sinn ech nu wierklech kee kriegslüsterne lokale Krichshäuptling hei, mä ech weess awer, datt d'NATO muss kënnen Zaldoten transportéieren an ech weess och, mir hei, ëmmer wa mir grouss humanitär Aktioune plange scheitert dat ganz oft, d'Schnellegkeet vun der Hëllef, un enger total mangelhafter Ausstattung vum Lofttransport. Also ass dat eppes, menger Ansiicht no, wat een net kann zréck huelen.

Jay Schiltz: Vläicht ier mir zum Schluss vun dëser Emissioun kommen, Här Staatsminister, iwwer e grousst Thema wat d'Mënsche vläicht genausou beweegt wéi d'Kris, dat war de Klimasommet zu Kopenhagen, Enn Dezember. Dir hat an der Chamber gesot, Dir géift dohinner fueren, ënner anerem, fir mat ze hëllefen d'Welt ze retten. [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt ech mech esou ausgedréckt hunn.

Jay Schiltz: Aus dësem noble Geste ass leider Gottes näischt ginn. Wéi reagéiert Dir op d'Resultater vu Kopenhagen?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen déi Resultater net gutt. Si si suboptimal, fir dat frëndlech auszedrécken. D'Staats- a Regierungschefe sinn hirer Aufgab net gerecht ginn. Dat hat och eppes mat enger relativ onméiglecher Verhandlungsführung ze dinn a mat enger Choreographie déi net gutt war, wou net d'Länner alleguer matenee verhandelt hunn, mä wou sech der just 25 zesumme gesat hunn, déi déi verschidden Deeler vun der Welt sollten ofdecken, wat zu Frustratiounen, besonnesch bei deene klengen Inselstaaten a bei méi aarme Länner gefouert huet, déi fonnt hunn, déi sëtzen do an engem Sall a si schwätzen iwwer eis a mir ginn emol net gewuer wat si do schwätzen. Dat huet also eng Stëmmung geschaf déi net propice war fir eng Eenegung ze fannen. Mir mussen dat also elo erëm zréck op de Wee kréien.

Ech sinn der Meenung, datt mir als Europäer an eisen Emissiounsreduktiounsziler méi wäit musse goen, am feste Wëssen drëm, datt dat en fait d'Saach net rett. Well och wann d'Europäer den absolute Maximum vun Aspuerunge bei den Emissioune maachen an aner Deeler vun der Welt, China, Indien an esou virun, déi maachen dat net, dann ass dat, ech wëll net soen eng Drëps op e waarme Steen, mä da geet dat einfach als Gesamteffort net duer.

Mä ech denke mir ëmmer, dat ass dat Naivt wat ech mir ëmmer wollt behalen, datt wann ee mam gudde Beispill virgeet, datt doduerch esou vill schlecht Gewëssen op anere Plazen entsteet, datt déi sech soen op deenen anere Plazen, et kann dach net sinn, datt d'Europäer déi eenzeg sinn, déi elo hei wierklech eppes maachen. Ech denke mir ëmmer, datt och den Drock vun der Gesellschaft, vun de Leit op déi Regierungen, esouguer a China, esou grouss gëtt, datt si sech eng Kéier un deen europäeschen Zuch do unhänken. A wat mir Waggonge schonn am europäeschen Zuch hunn, wat déi Gleisführung ëmmer méi zilorientéiert gëtt. Dofir hunn ech ech am Virfeld vu Kopenhagen dofir plädéiert, datt mir eist Emissiounszil direkt solle vun 20% op 30% par rapport zu 1990 setzen, fir mam gudde Beispill virzegoen. Dat ass net geschitt, well och déi aner, muss ech soen, op eng Aart a Weis op déi europäesch Offertë reagéiert hunn déi net esou waren, datt ee si direkt ëmäermelt hätt.

Jay Schiltz: Mä wéi ass dat dann eigentlech z'erklären? Ech mengen, iwwer dat wourop et histeiert, doriwwer ass jo wuel net méi ze diskutéieren. Jiddweree weess wat leeft, wat kënnt an awer deet ee sech schwéier. Ass de Mënsch ebe global [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Dat sinn handfest Interessien, dat muss een och probéieren ze verstoen, och wann een et net guttheescht.

Ech hu jo mat mengem chineesesche Kolleg Premier do hantéiert, enfin geschwat am November mengen ech. A China gëtt et 40 Millioune Leit déi hu manner wéi 1 Dollar den Dag fir ze liewen. Et gëtt, klenggerechent, 140 Millioune Chineesen déi wierklech ganz aarm sinn. Et fënnt eng permanent Vëlkerwanderung a China statt, vu Leit déi aus de Provënze komm sinn an d'Stied, déi hir Aarbecht verléieren, déi erëm zréck ginn, déi net wësse wat mat hinne geschitt an déi net wësse wou hiert Liewen eigentlech higeet.

Doraus ergëtt sech fir d'chineesesch Führung en Dilemma. Wa si vill Emissiounsreduktioun akzeptéieren, an ech fanne si mussen dat, dann heescht dat, datt hiert Wirtschaftswuesstëm sech net méi esou entwéckelt wéi dat an de leschten 20 Joer de Fall war. Dat heescht, datt déi sozial Problemer déi doraus resultéieren a China ganz grouss sinn, voire net méi maitrisabel sinn.

Anerersäits mussen d'chineesesch Regierungs- a Parteileit och wëssen, datt, wa si viru fueren hiert Land ze verknaschten – ech drécke mech elo mol e bësse primitiv aus – datt dat och sozial Problemer schaaft. Ech menge kënnen ze beweisen, datt massiv Ëmweltschied fir d'éischt déi Leit treffen déi net kënnen aus de Féiss lafen an dat si méi aarm Leit. Wann déi mierken, datt Ëmweltschied sech op hir Käschte maachen an net op Käschte vun deenen aneren, da féiert dat och zu Onrouen.

Nu sinn d'Chineesen dogéint gewiescht fir en iwwerpréifbare System ze maachen, e Monitoring wéi mir dat op Lëtzebuergesch nennen, wou een all puer Joer hätt kënne kucken, wéi wäit si mir dann elo op deenen eenzelne Plaze mat eise Reduktiounen. Mir si jo och net d'Weltmeeschter an den Emissiounsreduktiounsresultater. Mir brauchen awer eng international Iwwerwaachungspressioun. Dorunner ass och villes gescheitert, datt d'Chineese gesot hunn, mir sinn e souveränt Land a bei eis huet keen ze kontrolléiere wat bei eis geschitt. Weltbierger misste mir alleguer sinn, awer Lokalpatriote si mir leider alleguerten.

Jean-Claude Franck: Dir hutt gesot, Lëtzebuerg ass och net Weltmeeschter am Reduzéiere vun CO2 Emissiounen. Wann ambitiéis Reduktiounsziler sollten décidéiert ginn, da gëtt dat awer och fir e Land wéi Lëtzebuerg net evident?

Jean-Claude Juncker: Ma jo mir hunn dee patrikuläre Problem – et ass awer net deen eenzegen dee mir hunn – vum esou genannte Bensinstourismus. Dat musse mir jo offensiv ugoen an eis froen, wéi vill kascht de Bensinstourismus – ech nennen en net gär esou, mä ech maache mech am beschte verständlech wann ech en esou nennen – a wat bréngt en eis. An da musse mir dat emol eng Kéier op der laanger Zäitachs niewentenee leeë fir ze kucke wat dann déi méi intelligent Politik ass.

De Problem ass just, dee Bensin an deen Diesel deen zu Lëtzebuerg getankt gëtt, gëtt jo net zu Lëtzebuerg verbraucht, e gëtt Lëtzebuerg ugerechent. Och wa mir eis Präisser massiv héijen, da gëtt awer nach ëmmer getankt, da gëtt awer nach ëmmer dee selwechte Schued produzéiert. A wa mir eis Präisser iwwer den Niveau vun eisen Nopeschlänner hiewen, fir da strahlend wäiss do ze stoen an esou wéi Klimaengelen iwwer de Kontinent ze fléien, da wäert Dir feststellen, datt d'Lëtzebuerger alles anescht wéi Bensinspatriote sinn. Déi tanken dann zu Arel, wann et do méi bëlleg gëtt, déi tanken net méi zu Stengefort.

Jay Schiltz: Gutt, mir kommen esou lues awer sécher zum Enn vun dëser Emissioun. Wéi kuckt de Jean-Claude Juncker op dat Jor 2010 wat elo ugefaangen huet ? Eigentlech misst jo Verschiddenes méi einfach ginn, well Dir no e puer Joer Ongewëssheet einfach emol sécher sidd, datt Dir déi nächst Joeren hei am Land sidd. Dir hutt bei de Kollege vun RTL am Interview ugekënnegt mat méi Élan wëllen Iech der lëtzebuerger Aktualitéit ze widmen.

Jean-Claude Juncker: Ech weess net ëmmer wat ech um Radio soen, mä ech mengen net, datt [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Nees déi Saach?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt déi Saachen esou zougespëtzt si wéi Dir se hei reproduzéiert. Ech hunn iwwerhaapt net d'Gefill, wësst Dir, déi lescht Joeren d'lëtzebuerger Innepolitik vernoléissegt ze hunn. Dat ass eppes wat mech bal rose mécht, fir ze mengen, datt, wann een eemol d'Woch op Bréissel muss fueren, datt een dann um aneren Enn vun der Welt wier. E Bundeskanzler dee sech 200 Kilometer deplacéiert, do kënnt iwwerhaapt keen op d'Iddi fir ze soen, dee bekëmmert sech jo net ëm d'Saachen déi zu Berlin sinn.

Neen, déi Saachen déi zu Bréissel an op anere Plazen diskutéiert ginn, déi sinn identesch wichteg fir eis. Mir hunn hei Bankerettunge gemaach, mir hunn an der leschter Legislaturperiod e Gesetz iwwer d'duebel Nationalitéit gestëmmt, mir hu Schoulreformen, a grousser Zuel, déi ganz wichteg ware gemaach. Dat setzt schonn eng gewëssen Élanbereetschaft viraus, well déi Saache musse jo net nëmmen erduercht ginn, si mussen och duerchgesat ginn. Dat ass et iwweregens a menger Partei heiansdo méi schwéier wéi an anere Parteien, obscho jo ëmmer gesot gëtt, an der CSV séngt ee vir an déi aner huelen of, esou ass et Gott sei Dank net.

Also, ech brauch keen neien Élan, et ass och net esou, datt ech elo joerelaang nuets erwächt wier um halwer 3, schweissgebadet a mech gefrot hätt, bleifs du elo Premier zu Lëtzebuerg oder geess du op Bréissel, esou fonctionnéieren ech net. Ech war frou, datt d'CSV an ech selwer d'Wahle gewonnen hunn. Doriwwer schwätzt kee méi, wann iwwer 2009 geschwat gëtt. Jiddweree seet mir, du bass net President vun Europa ginn, dat wier awer gutt gewiescht wann s du dat gemaach häss, mä et ass awer besser du bleifs hei. Mä et seet iwwerhaapt keen, datt mir d'Wahle gewonnen hunn. Dat huet mir méi Suerge gemaach, datt d'CSV d'Wahle géif gewannen, obschonns dat och kee Liewensgléckszil ass wéi vill aner Saachen, déi mech guer net esou ëmdreiwe wéi d'Leit mengen.

Jean-Claude Franck: Et ass wahrscheinlech awer méi einfach wann ee weess wéi d'Zukunft ausgesäit a wann ee sech da kann op eppes méi fixéieren.

Jean-Claude Juncker: Ma u menger Aart a Weis fir ze schaffen ännert sech guer näischt. Ech hunn Aufgaben heiheem, ech hunn Aufgaben an Europa. Ech hätt och gären, datt déi Aufgabestellung verlängert gëtt, well ech dat wichteg fanne fir Europa an och wichteg fir Lëtzebuerg. An do kënnt keng nei Zortéierung vun Aarbechtszäitvolumen op mech zou. Also, et ass näischt Dramatesches geschitt.

Jay Schiltz: Gutt, wat géift Dir Iech wënsche fir déi nächst 12 Méint?

Jean-Claude Juncker: Ech wënsche mir wierklech, well ech op dat Jor 2010 awer mat Suerg kucken, datt mir als Lëtzebuerger déi Qualitéit net verléieren déi mir hunn, an déi doranner besteet aus dem Wëssen ëm déi kleng Zuel déi mir sinn d'Conclusioun ze zéien, datt mir mussen zesumme stoen, datt mir eis net dierfen auserneen dreiwe loossen; datt mir iwwer deem Particulairen an deem wat ee rose mécht dat Grousst an dat Ganzt net aus den Ae verléieren. Ech wënsche mir, datt mir och net nëmmen op eisen eegenen Nuebel kucken, op eisen eegenen Generatiounsnuebel an eis froen, wat ass elo an den éischten 2, 3 Joer. Mir mussen och kucken, wat sinn dann op déi nächst 20 Joer verdeelt d'Liewenschancë fir déi déi no eis kommen. Dat gëtt een ustrengend Jor, jo.

Jay Schiltz: Här Staatsminister Merci fir dëst Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour