Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de son entrevue avec le président français

Sophie Morang: Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Sophie Morang: Den Nicolas Sarkozy ass d’accord, datt Dir President vum Eurogrupp bleift. Hutt Dir hie gëschter nach misse grouss iwwerzeegen?

Jean-Claude Juncker: Neen, ech hu jo keng Visite zu Paräis gemaach fir d’Erlabnis vum Här Sarkozy ze froen, President vum Eurogrupp dierfen ze bleiwen. Den Här Sarkozy huet einfach am Laf vum Gespréich däitlech gemaach, datt hie gären hätt, a Frankräich gären hätt, datt ech op Grond vun engem neie Mandat, well den Eurogrupp elo am neie Vertrag eng méi ervirgehuewe Stellung kritt, déi Aufgabe soll viru féieren.

Sophie Morang: Är Nominatioun vun e Méindeg ass dann elo sécher?

Jean-Claude Juncker: Dat gesinn ech e Méindeg den Owend, do kommen déi 16 Finanzministere vun der Eurozon zesummen. Ech hu Grond dovun auszegoen, datt dat kee gréissere Problem stellt. Mä an Europa wësse mir jo, datt een am leschte Moment heiansdo Iwwerraschungen erlieft, da musse mir also waarde bis e Méindeg den Owend.

Sophie Morang: Dir hutt zu Paräis gëschter eng Partie Versprieche gemaach kritt. Wéi ass et dann elo mam Yves Mersch? Huet deen och d’Ënnerstëtzung vu Paräis?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dem President vun der Republik, wéi och virdrun der Finanzministesch d’Méritë vum Yves Mersch duergeluecht, deen zënter laange, laange Joeren an der Geld-, a Währungs-, a Wirtschafts-, a Finanzpolitik ënnerwee ass, dee gehollef huet de Maastrichter Vertrag auszeschaffen. Ech mengen, dat wier eng exzellent Kandidatur. Ech sinn amgaangen all menge Kollegen an Europa d’Tugenden an d’Virdeeler, an d’Kenntnisser vum Yves Mersch nozebréngen. Dat hunn ech och zu Paräis gemaach.

Sophie Morang: Et war gëschter déi éischt offiziell Entrevue mam franséische President zënter dem Europäesche Conseil vun November, wou hien Iech als éischte permanente Rotspresident verhënnert huet. War d’Stëmmung am Gespréich gëschter da locker, oder awer crispéiert?

Jean-Claude Juncker: Mir haten eis schonn en marge vum Conseil européen vum 10. Dezember zu Bréissel doriwwer ausgeschwat, zermault, fir dat esou ze soen, wéi et war. Gëschter hate mir e Gespréich ënner 4 Aen, du si mir natierlech dorop zeréck komm. Mä ech mengen net, datt et vill Sënn mécht fir dat Gespréich doriwwer ëffentlech virun ze féieren. Et war ebe wéi et war, an ech hunn duerno gesot, et wier d’Aufgab vum lëtzebuerger Regierungschef fir fir gutt Relatiounë mat Frankräich ze suergen. Dofir war ech zu Paräis, nodeems den Här Sarkozy nach viru Chrëschtdag wollt op Lëtzebuerg kommen, wat bei mir awer terminlech net opgaangen ass. Et muss een iwwer Rosereie vum Moment, an iwwer dee klenge Schied kënne sprangen, deen heiansdo entsteet. Et geet hei ëm d’Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg, an déi si méi wichteg wéi meng Persoun.

Sophie Morang: Esouwäit also de Jean-Claude Juncker. Et sief nach präziséiert, datt den Nicolas Sarkozy elo Enn Mee, Ufank Juni soll op Staatsvisite op Lëtzebuerg kommen.

Dernière mise à jour