Jean Asselborn au sujet de la Conférence sur la politique de sécurité à Munich

Joel Detaille: Zu München ass dëse Weekend jo déi 46. Sécherheetskonferenz. Fir genuch Gespréichsstoff huet jo gëschter schonn den Optrëtt vum iraneschen Ausseminister Mottaki gesuergt deen den Atomsträit tëscht dem Iran an der westlecher Welt nees souzesoen nei lancéiert huet. Mir hunn eis de Moien an deem Sënn mam lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ënnerhalen, dee gëschter och zu München dobäi war a wollten de Problem aus lëtzebuerger Siicht beliichten. Déi ganz Saach ass dem Ausseminister no nämlech ganz komplex.

Jean Asselborn: Fir datt d'Leit e wéineg verstinn, mengen ech, musse mir vläicht ufänken ze soen, datt den Iran Uran huet; datt den Iran deen och uräichert; an dass den Iran dat och däerf maachen, awer nëmmen ënner där Conditioun, datt sie mat der UNO-Agentur, der AIEA zu Wien, kooperéiert. Den Iran räichert den Uran bis op 3,5% un. Fir zivil Zwecker brauch een och net wäit doriwwer eraus ze goen. Mä den Iran wëll natierlech uräicheren a vill méi enger grousser Konzentratioun. Dorop baséiert de ganze Mësstraue vun der internationaler Kommunautéit selbstverständlech, déi dem Iran virwäerft, an dëst och zu Recht, net transparent ze handelen. An dofir ass d'Propose komm vun der AIEA, datt een déi Uräicherung vun 3% op, zum Beispill, 20%, wouvunner Teheran seet si bräichten déi, wat och verständlech ass, fir zum Beispill medezinesch Zwecker. Dëst géif dann a Russland gemaach ginn. Dëse méi héich ugeräicherten Uran géif da weider gefouert ginn a Frankräich, wou da géifen aus dem 20%egen Uran Brennstäb zréck an den Iran geliwwert ginn. Firwat elo Frankräich? Well déi een vun deenen eenzege Länner sinn op der Welt, déi ebe Brennstäb kënne produzéieren.

Joel Detaille: Virun enger gudder Woch hat sech den iranesche President Ahmadinejad jo bereet gewisen dat iranescht Uran an d'Ausland ze ginn fir et do ënner internationaler Kontroll unzeräicheren. Den Ausseminister Mottaki war an deem Sënn och dowéinst gëschter zu München an huet dobäi awer och kloer gemaach, datt den Deal elo nees e bësse changéiert hätt. Deemno wier een zwar d'accord, datt den Uran zwar am Ausland kéint ugeräichert ginn, dofir wéilt d'Land dann awer Brennstäb mat méi engem héije Brennwert wéi bis ewell. Déi Aussoen hunn natierlech fir Opreegung bei ville westleche Vertrieder gesuergt.

Jean Asselborn: Wann Dir meng perséinlech Conclusioune frot: ech hunn dat Schauspiel do e wéineg nogekuckt, wou den Ausseminister Mottaki déi Pressekonferenz ginn huet. Dat eent dat ass folgendes: den Iran huet zanter 6 Joer eng Strategie fir d’international Kommunautéit ze dividéieren a virun allem anzewierken op Russland an op China. Et muss ee wëssen, datt elo dee Sträit tëscht China an den USA net dozou bäidréit fir China do, loosse mir soen, ganz, ganz fest mat am Boot ze behalen. Mä dat ass elo eng aner Saach. Zweetens hun d’Iraner ëmmer eng Taktik: wann een déi lescht 6 Joer verfollegt, mécht den Iran soss näischt wéi „souffler le chaud et le froid“ fir all gegesäitegt Verständnis ze verspreeën. De Mottaki, dat soen déi eng, ass den Echo vum Ahmadinejad. Anerer soen, datt en net am Coup ass. Also, ech géif éischter fir déi zweet Optioun do tendéieren. Et ass e Fait, datt deen, deen d'Soe mat grousser Wahrscheinlechkeet huet an deem Dossier, no hirem reliéise Führer, dat ass den Ali Larijani. Dat ass de fréiere Verhändler, deen den Iran vertrueden huet beim Javier Solana. Den Larijani ass elo President zu Teheran am Parlament, an dat ass fir Spezialisten an där Fro dee staarke Mann eigentlech wat den nuklearen Dossier ugeet. De Clergé, daat heescht d’Mullah’en, déi sinn zimlech dividéiert, dat ass och e Fait deen op der Hand läit. Ech mengen, dat eent dat ass, et gëtt eng Strategie vum President, mä et gëtt awer och op där anerer Säit eng Incapacitéit fir all Stréimungen am Iran op een Nenner ze kréien an dofir mengen ech, datt een dovunner soll ausgoen, datt net den Iran oder d'Autoritéite vum Iran wéi ee Bloc hannert deene Propositiounen do stinn. Dohier kënnt deen hin an hier. Soll een éischter noginn oder soll een zesumme schaffe mat der internationaler Kommunautéit, oder soll een dat a kengem Fall maachen. Do gëtt et am Iran doudsécher, an dat mécht d'Saach jo esou schwéier, doudsécher keng eenheetlech Meenung.

Joel Detaille: Fir d'éischte Kéier iwwerhaapt huet dann en amerikanesche Spëtzepolitiker dem Iran mat Krich gedréit. Dem fréiere Senator Joe Liberman ass gëschter op der Sécherheetskonferenz kuerz gesot de Gedoldsfuedem gerass. Et géife just 2 Méiglechkeete ginn fir, datt den Iran nees erwächt, entweder mat ganz haarde Wirtschaftssanctiounen oder awer mat enger militärescher Interventioun, esou de Liberman. E Krich géint den Iran ass awer fir vill Länner an och fir de Jean Asselborn déi komplett falsch Léisung. Eng Atombomm dierf d'Land zwar net kréien, mä d'Aussoe vun engem Krich wiere villäicht e bëssen naiv gewiescht, mengt den Ausseminister.

Jean Asselborn: Den Iran huet d'Méiglechkeet fir mat der AIEA zesummen ze schaffen an Atomenergie ze gebrauche fir friddlech Zwecker. Dat ass evident. Elo kënnt d'Geschicht vum Krich. Dat muss een a méngen Aen mat Viirsiicht genéissen. Dat wier jo eng kuerzfristeg Optioun, mä déi wier fatal. Vill méi fatal nach wéi eng Proliferatioun vun den Atomwaffen an där Regioun. Dat wier fatal net nëmme just aus militäresche Gesiichtspunkten elo gesinn, mä dat géif déi ganz Géigend, a mir sinn net wäit dovunner ewech, emboiséieren an dat soll ee wierklech net als eng Optioun ugesinn. Wat eng Optioun ass, dat ass, datt een, och an der Europäescher Unioun, weider fiert mat Preparatioune fir den Drock op den Iran méi grouss ze maachen, duerch Sanctiounen. Dës Sanctioune sinn virgesin an der Charta vun den Nations Unies a ginn décidéiert vum Weltsécherheetsrot. Et sinn elo schonn 3 Résolutiounen mat Sanctiounen décidéiert ginn an der Vergaangenheet. Et gëtt elo un enger véierter geschafft an do muss zougedréint ginn. Ech mengen, datt dat bei der Féierung vum Iran net ouni Konsequenzen géif bleiwen. Wann een do nach géif zousäzlech wirtschaftlech Sanctiounen treffen, déi géifen, dat ass deen eenzege Wee deen ech op jiddwer Fall gesinn an dëser Situatioun, do fir deen néidegen Drock suergen. Dobäi muss virun allem gekuckt ginn, datt een bei dësen Démarchen déi Mächten, déi d'Vetorecht hunn, déi permanent 5 plus Däitschland, datt een déi zesumme behält, datt ee Russland a China am Boot behält.

Joel Detaille: Positiv ze bewäerte wier dann och d'Positioun vu Russland an hirem Ausseminister Lawrow dee sech gëschter kloer dofir ausgeschwat huet, datt den Iran keng Atombomm dierf besëtzen.

Dernière mise à jour