Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion de l'Eurogroupe et de la désignation du nouveau vice-président de la BCE

Den Eurogrupp huet gëschter Owend de Spuerprogramm vu Griechenland ugeholl. Ënnert der Konditioun awer, datt Athen an engem Mount weist wéi eescht et dem Land ass. En éischte Rapport iwwert d'Sanéierung vun de griechesche Staatsfinanze muss de 16. Mäerz presentéiert ginn. Griechenland muss dëst Joer säin Defizit ëm 4% reduzéieren, fir bis 2012 vun den ablackléchen 12,7% op déi virgeschriwwen 3% ze kommen.

A fir iwwert d'Diskussiounen zu Bréissel gëschter Owend ze schwätzen, begréissen ech elo de President vum Eurogrupp um Telefon, de Jean-Claude Juncker. Gudde Moien.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Claude Zeimetz: Griechenland muss sech also beweisen. Wéi grouss sinn dann Ärer Meenung no d'Chancen, datt Athen déi drastesch Spuermesuren och duerchzitt?

Jean-Claude Juncker: Déi Chancë si grouss. Déi griechesch Regierung huet sech engagéiert deen Effort, deen enorm ass – eng Ofsenkung vu 4% vum Budgetsdefizit an Terme vum Bruttosozialprodukt – duerchzezéien. An d'Eurogrupp ass net der Meenung, datt een de Griechen dat kann einfach als Verspriechen duerchgoe loossen. Mir stelle Griechenland ënnert eng staark europäesch Iwwerwaachung. Mir komme periodesch op déi griechesch Finanzsituatioun zeréck a maachen dat ganz intensiv an eiser Sitzung vum 15. a 16. Mäerz wou Griechenland, falls et bis dohinner net bewisen hätt, datt et sech op deem Wee befënnt, muss domat liewen, datt d'Eurogrupp, dat heescht déi aner 15 Finanzministeren, ouni datt Griechenland un där Ofstëmmung kann deelhuelen, nei Moossname wäert decidéieren.

Claude Zeimetz: An engem Interview mat der Süddeutsche Zeitung, deen e Samsden ze liese war, hutt Dir vu mëttelméisseg schwéiere Feeler vum Eurogrupp geschwat déi gemaach goufen. Wéi konnt et da geschéien, datt Griechenland esou laang säin Defizit verstoppe konnt, a wéi kann dat an Zukunft evitéiert ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn ongenügend staark drop insistéiert, datt d'Länner vun der Eurozon mussen hir international Wettbewerbsfähegkeet dauerhaft ënner Beweis stellen. Mir hunn de Griechen et duerch gelooss, datt se sech, vun un datt se Member vun der Eurozon sinn, ëmmer méi ewech bewege vum europäesche Kompetitivitéitsmainstream. E Land wat eng héich Inflatioun huet, e Land wat eng iwwerzunnen Entwécklung vun de Léin a Gehälter huet, entfernt sech aus dem Beräich vun dem europäesche Mëttelmooss, vun der europäescher Intersectioun an deem ëmmer Verléieren u Wettbewerbsfähegkeet, dat fannen ech enges Dags erëm an enger desaströser gesamter Finanzsituatioun wéi dat de Moment a Griechenland de Fall ass. Ech werfe mir selwer vir, obschon mir ëmmer erëm, ech och, de Grieche gesot hunn, passt op, Dir sidd amgaang iech fort ze bewegen vun der europäescher Mëtt, dat maache mir de Moment och mat Spuenien, dat maache mir de Moment och mat Portugal. Ech werfe mir vir, trotzdem, jo wéi soll ech dat soen, net streng genuch gewiescht ze sinn.

Claude Zeimetz: Wéi kann dat doten dann an Zukunft evitéiert ginn? Do kënnt jo och Eurostat mat an d'Spill.

Jean-Claude Juncker: Mir hunn ofgemaach – dat war ee vun de Basiselementer vun deem Kontrakt deen ech menge Kollege proposéiert hunn, wéi se mech nach eng Kéier un d'Spëtzt vun der Eurogrupp gewielt ze hunn – mir hunn de Kontrakt, datt mir eis an Zukunft méi intensiv mat deenen internen Desequilibrë wäerte beschäftegen déi et an der Eurozon gëtt. Dir hutt Länner, déi si staark exportorientéiert, Beispill Däitschland, an hunn eng ongenügend intern Demande. Dir hutt Länner, Beispill Spuenien, déi sinn am gaang sech mühselegst mat dem Ofbau vun enger spekulativer Blos am Beräich vun den Immobilien auserneen ze setzen. Dat Entdecken, dat Behandelen, dat Mateneen diskutéieren iwwert d'Entstoe vu Blosen déi zu Ongléck féieren an de reguléierten Ofbau vu Blosen déi zum Auswee aus dem Ongléck féieren, dat wäert am Mëttelpunkt zukünfteg vun den Aarbechte vun der Eurogrupp stoen.

Claude Zeimetz: An nach villäicht ee Wuert iwwert d'Designatioun vum neie Vizepresident vun der europäescher Zentralbank. De lëtzebuerger Yves Mersch, dee war laang als Favorit gehandelt ginn. Gëschter gouf sech awer op de Portugies Vitor Constancio gëeenegt. Dat net zulescht ënnert dem Drock vun Däitschland, well esou d'Chancë klammen, datt den däitsche President vun der Bundesbank Successeur vum Jean-Claude Trichet gëtt. Wat halt Dir elo vun där Decisioun?

Jean-Claude Juncker: Ech hale vun där Decisioun déi gëschter Owend zustan komm ass relativ wéineg. Den Här Mersch, dee laut Aussoe vu jiddwer engem mol mat Ofstand, mol mat däitlecher Distanz virun deenen aneren, dee beschte Kandidat war, ass hei d'Affer gi vun enger strategescher Iwwerleeung déi an der Zukunft eréischt zesumme leeft. Däitschland an anerer hätte gär, datt den däitsche Bundesbankpräsident, President vun der europäescher Zentralbank gëtt. Wann een dat gären hätt, ass et logesch, datt een als Vizepresident gären e Mënsch hätt, deen aus Südeuropa kënnt. Déi di wëllen also en däitsche President vun der europäescher Zentralbank hunn, hunn sech natierlecherweis op dem Numm vun dem Kandidat aus Südeuropa, dat heescht dem portugieseschen Zentralbankgouverneur erëm fonnt, dat ass keng Decisioun géint den Här Mersch, mä et ass och keng Decisioun déi automatesch dozou féiere wäert, datt den Här Axel Weber, President vun der Bundesbank, den nächste President vun der europäescher Zentralbank gëtt. Et ass en fait e primitive Machtpower deen sech hei um Bockel vum Här Mersch, dee meng Unerkennung fënnt, dee meng Frëndschaft huet, ofgespillt huet.

Claude Zeimetz: Jean-Claude Juncker, ech soe merci fir d'Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour