Jean Asselborn au sujet de ses visites de travail en Ouzbékistan, Turkménistan, Kirghizstan et en Chine

Simon Laroche: Suite vum Ausseminister Jean Asselborn senger Visite a China. Nodeems gëschter eng Visite vum lëtzebuerger Pavillon op der Weltexpo zu Shanghai um Programm stoung, waren et haut politesch Gespréicher mam chineeseschen Diplomatiechef Yang Jiechi. Bei den ekonomesche Sujeten hunn de Stolsecteur, d’Logistik an de Secteur vun den Déngschtleeschtungen dominéiert. Do huet China e groussen Interessi u Lëtzebuerg gewisen, esou de Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Et ass esou, souwuel beim Ausseminister wéi och beim Vizepremierminister hunn ech gespuert, datt China ganz, ganz staark un eis interesséiert ass, virun allem op 3 Niveauen. En général muss een emol soen, datt China eisen zweete Partenaire économique ass, ausserhalb vun Europa – den éischten ass Amerika. Et sinn 83 Milliounen Euro, déi déi gesamt Enveloppe vun eisen Échanges commerciaux ausmécht. Dat ass vill, immens vill fir eis.

D’Sidérurgie, dat ass den éischte Grupp. Et gëtt jo eng Geschicht vun iwwer 100 Joer déi China mat Lëtzebuerg verbënnt. Si wëssen daat z’appréciéieren, an de Vizepremier huet mir dat nach eng Kéier gesot. Si wëllen och op eisen Know-how zréckgräifen. China muss seng Stolindustrie restrukturéieren, an Firmë wéi ArcelorMittal, awer och wéi Paul Wurth, spillen do 100%eg eng Roll.

Zweetens ass et de Findel, zesumme mat der Cargolux an dem Centre logistique. D’Chineese gesi Lëtzebuerg als eng vun de grousse Paarte fir hir Wueren an Europa ze bréngen. Si hunn och gesot, si wéilten dat an Zukunft nach ausbauen.

An dann dat Drëtt ass d’Finanzplaz.

Simon Laroche: Op politeschem Plang goufe virun allem d’Sujeten Europäesch Unioun an d’Atomprogrammer vun Nordkorea an dem Iran diskutéiert. De Jean Asselborn konnt awer och dat fir China quokelegt Thema vun de Mënscherechter uschwätzen.

Jean Asselborn: Mir haten eng Réunioun vun 3 Stonnen, an ech hu mech praktesch eng hallef Stonn mat deem Thema mam Ausseminister befaasst. Ech sinn net als Professor opgetrueden, domat kënnt een net wäit. Et kann een hinnen net soen, wéi si dat si solle maachen; dat geet net.

Mä wat ee kann awer soen, als Lëtzebuerger, zum Beispill, ass datt mir 1997 an eiser Presidence déi éischt waren déi den Dialog tëscht der Europäescher Unioun a China ugekierpt hunn. Ma deen Dialog ass jo lo keen Zil un sech, et musse Resultater kommen. Ech hunn him gesot, datt zu Lëtzebuerg mir an eisem Parlament, an der Opinion publique, all Lëtzebuerger ganz staark attachéiert sinn un d’Libertés individuelles, d’Libertés publiques, Liberté d’expression, Liberté de la pensée, an esou weider.

An ech hunn och 2 Fäll zitéiert déi och am Europaparlament diskutéiert gi sinn, déi déi mir och schonn an eisem Parlament ugeschwat hunn, och an der Kommissioun ugeschwat hunn, iwwer de Liu Xiaobo an och iwwer de Gao Zhisheng. Dat si Fäll vu Leit déi condamnéiert gi sinn, déi sech fir demokratesch Ouverturen agesat hunn.

Et ass natierlech esou an der Äntwert, datt gesot gëtt, vu chineesescher Säit, dat wiere Leit déi si condamnéiert gi vu chineesesche Geriichter, an datt si sech als Politiker do net kéinten amëschen. Et muss een dës Fäll och erwähnen, an ech hunn och gesinn, datt den Ausseminister dat net opgeholl huet wéi eng aggressiv Attack. Ech mengen, d’chineesesch Autoritéite solle wëssen, datt esou Fäll wéi déi do an esou Beispiller wéi déi do an Europa diskutéiert ginn, datt Europa sech och positionéiert.

Et wier gutt wann d’Chineesen dat an hir Verfassung géinge schreiwen, nämlech d’Mënscherechter ze respektéieren an d’Mënscherechter ze verdeedegen. Et géif doduerch och méi konkret gemaach ginn, wa si géingen déi UNO-Konventioun iwwer d’Droits civils et politiques, wou si ënnerschriwwen hunn, wa si dat géife ratifizéieren, dat wier e grousse Schratt no vir.

Dernière mise à jour