Jean Asselborn au sujet de ses visites de travail en Ouzbékistan, Turkménistan, Kirghizstan et en Chine

Mick Entringer: 5 Deeg war de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn op Asien-Tournée. De leschte Samschdeg ass hien zréck komm. Fir d’éischt stoung Zentralasien um Programm, mat Usbekistan, Turkmenistan an dem Kirgizstan. Duerno goung et a China op Shanghai bei de lëtzebuerger Pavillon fir d’Weltausstellung, an zu Peking war et eng Entrevue mam chineeseschen Ausseminister Yang Jiechi.

China ass zanter Joeren e groussen Handelspartner fir eng Rei grouss lëtzebuerger Entreprisen. Relatioune mat den zentralasiatesche Staate gouf et bis ewell wéineg. Et sinn dëst politesch onstabil Länner wou et vill Korruptioun gëtt, wou westlech Staaten an och déi Europäesch Unioun hir wirtschaftlech Interessen hunn, an um Ausbau vun hirer geostrategescher Muechtpositioun schaffen.

Am Virfeld vum Panorama hu mir eis mam Ausseminister Jean Asselborn iwwer seng Asien-Tour ënnerhalen. Op d’Fro, wat den Intérêt vun engem klenge Land wéi Lëtzebuerg ass fir an déi zentralasiatesch Republiken ze reesen, war et dës Äntwert.

Jean Asselborn: Et geet jo och villes ëm d’Droits de l’Homme, et geet villes ëm d’Rechtsstaatlechkeet. Deene Länner muss ee ganz kloer ze verstoe ginn, wéi gesot, ëmmer un der Spëtzt, deene mat deenen een ze schwätze kritt, ma och wann een Ouverturen huet fir mat der Zivilgesellschaft ze schwätzen, datt zum Beispill eng Zesummenaarbecht mat der Commission de Venise an och mat der OSZE méiglech ass. Dës Organisatiounen, déi zum Beispill an engem Land, dat ass zu Bishkek a Kirghizstan, ganz staark vertrueden ass, datt do eng Zesummenaarbecht stattfënnt.

Ech hu selwer och de Chef vun där Missioun vun der OSZE zu Bishkek gesinn. Hien huet gesot, et ass net alles schwaarz a wäiss hei. Et gëtt och am Kirghizstan, bei alle Problemer déi bestinn, eng Zivilgesellschaft déi bougéiert. Et gëtt 1000e vun ONGen. Et muss ee weisen, datt een do ass, datt een en Ouer huet fir si. Wann ee se lénks leie léisst, dat notzt just deenen déi wëlle permanent hir Muecht ofsécheren. Wann een awer weist, datt een dohi geet an Intérêt, och als klengt lëtzebuerger Land, weist, dat ass scho ganz gutt ugesinn.

Et si just déi Gebidder, wou ech Iech elo just gesot hunn, wéi d’Rechtsstaatlechkeet, wéi d’Mënscherechter, déi och weisen, datt Europa en Ouer huet fir déi Leit. Déi Länner komme jo alleguer aus der Sowjetunioun, mir wësse jo wat dat war, do gëtt et keng Demokratie wäit a breet an där Regioun. Ech mengen, datt do och vun eis erhofft gëtt, datt mir sensibel genuch si fir ze kucken, Schrëtt fir Schrëtt hinnen eppes unzebidden, wat si vläicht weder an hirem Süden, nach an hirem Norden kënne kréien.

Mick Entringer: Vun Zentralasien ass d’Rees weider gaangen a China. An Zentralasien, sot Dir, war e wichtegt Thema d’Mënscherechter. Wéi wichteg war dat Thema dann a China?

Jean Asselborn: Vun deenen 3 Stonnen déi ech mam Ausseminister geschwat hunn, hu mir eng gutt hallef Stonn eis iwwer d’Mënscherechter ënnerhalen. Ech hunn 2 Saachen do erausfonnt. Dat éischt, dat ass, zum Beispill an der Saach Doudesstrof. 2005, an eiser Presidence, war dat en Thema wou ee kee Milimeter viru komm ass, wou direkt ofgeblockt ginn ass. Hei war dës Kéier en Dialog méiglech. Ech hu mäi Point de vue gesot, a gesot, datt ee mat enger Doudesstrof kee bestroft, ma domat een e Mënsch carrément eliminéiert, an dat ass keng Strof déi an d’21. Joerhonnert gehéiert. Et sinn e puer liicht, liicht Fortschrëtter gemaach ginn a China, an deene leschte Joeren. Zum Beispill, datt een iwwerhaapt eng Recoursméiglechkeet huet wann e Jugement gefall ass wou d’Doudesstrof drop steet.

Dat Zweet dat ass, datt eng Diskussioun an hire Gremien an och an der Gesellschaft ass, datt d’Fäll vun der Doudesstrof, solle reduzéiert ginn. Mä ech hu mech staark gemaach fir e Moratoire, wéi Russland et gemaach huet, anzeféieren, dëst als éischte Schrëtt. Als zweete Schrëtt misst China och d’Zeeche ginn, datt d’Doudesstrof wierklech net méi an dëst Joerhonnert gehéiert, an datt 136 Länner op der Welt d’Doudesstrof ofgeschaf hunn, datt d’Kriminalitéit an deene Länner net dorënner gelidden huet, also de Volumen vun der Kriminalitéit. Ganz au contraire.

D’Schlusswuert vum Ausseminister war, datt ee géif déi Argumenter respektéieren an och ophuelen, mä d’chineesesch Gesellschaft wier de Moment nach net esou wäit fir dee Schrëtt ze maachen. Ech hoffen awer, datt deen elo geschwë kënnt.

Mick Entringer: Esou wäit de lëtzebuerger Ausseminister mat engem Bilan vu senger Asien-Rees. De Jean Asselborn huet och ënnerstrach, datt China de wichtegsten Handelspartner vu Lëtzebuerg an Asien ass, mat engem Échange d’Jor vu ronn 180 Milliounen Euro.

Dernière mise à jour