Jean-Claude Juncker au sujet d'une éventuelle assistance financière à la Grèce

Frank Kuffer: Elo ass jo décidéiert ginn, datt eventuell Griichenland déi Suen zur Verfügung gestallt kritt. Fir wat war déi Réunioun iwwerhaapt elo néideg ginn? Um Sommet virun engem gudde Mount hat Dir jo awer och schonn doriwwer geschwat. War dat net kloer genuch?

Jean-Claude Juncker: De 25. Mäerz, um leschten Europäesche Conseil, hu mir eng prinzipiell Décisioun geholl, déi doranner besteet fir ze soen, datt mir Griichenland net géingen alleng loosse falls et noutwenneg géing ginn, datt Griichenland Hëllef bräicht. D’Finanzmäert, hirersäits, hunn awer fonnt, datt dat Sätz an d’eidel Loft gewiescht wieren, well mir net präziséiert hu mat wat fir engem Instrument datt mir Griichenland, falls da Griichenland Hëllef bräicht, zur Säit géinge sprangen.

Dofir hu mir an de leschten Deeg vill geschafft fir dat Instrument ze präziséieren. An ech hunn eng Telefonskonferenz vun den Euro-Finanzministere fir haut de Mëtteg 2 Auer aberuff gehat, wou mir eis op d’Aart a Weid geeenegt hu wéi déi Hëllef leeft, wéi se verzënst gëtt, datt Griichenland zu 5% soll geléint kréien, datt dat ënner Form vu bilaterale Prêtë geschitt déi verzënst ginn, esou datt mir déi Suen erëm kréien, an datt mir am Laf vun dësem Jor 30 Milliarden Euro zur Verfügung stellen, eng Zomm déi ergänzt gëtt duerch e Bäitrag vum Internationale Währungsfonds, deen nach am Detail muss festgeluecht ginn.

Frank Kuffer: Elo wou e Montant do um Dësch läit, 30 Milliarden Euro, Dir hutt et gesot, elo misst ee jo och kënnen awer genee chiffréieren, wéi vill dann eventuell, wann et esou wäit kéim, d’Participatioun vu Lëtzebuerg wier.

Jean-Claude Juncker: Esou wäit wéi mir dat elo gesinn, a sous réserve vun enger Rei vun techneschen Detailer, wieren dat 100 Milliounen Euro déi mir u Griichenland géinge léinen, an déi mir zu engem héijen Zënssaz zréckbezuelt kréien, esou datt mir keng Sue bei der Operatioun verléieren. Mä d’Griichen géingen, duerch de lëtzebuerger Bäitrag an duerch de Bäitrag vun de 16 Eurolänner déi matmaachen, méi bëlleg geléint kréie wéi de Moment. D’Griichen mussen elo zu iwwer 7% léinen, elo géife si zu 5% geléint kréien a mir géingen déi Suen zréck kréien.

Frank Kuffer: Dir sot, 100 Milliounen, Dir sot och, mir kréien déi Suen zréck, dann eben och mat Zënsen. Mä sinn déi Suen awer do? Et gëtt jo ëmmer geschwat vu Budgetslächer hei zu Lëtzebuerg.

Jean-Claude Juncker: Mir hu Budgetslächer, mä mir mussen eis an der Trésorerie vum Staat esou organiséieren, falls et dozou géing kommen, datt mir déi Sue géifen opdreiwen. Dat si jo keng Suen déi definitiv fort wieren. Dat si Suen, déi erëm an d’Staatskees zréckkommen, wat also eng aner Dépense ass, wann Dir esou wëllt, wéi déi klassesch budgetär Dépensen déi ee mécht, wou d’Suen eraus ginn, wou d’Sue fort sinn a wou d’Suen net erëm kommen. Dat ass eng Trésoreries-Operatioun déi net mat deem normale Budgetsverhale vum Staat comparabel ass.

Frank Kuffer: 5%, dat ass vill manner wéi Griichenland elo misst bezuelen op de Mäert. Dat heescht, dat ass e gudden Zënssaz och fir si. Gitt Dir dovun aus, datt si dee Mechanismus och aktivéieren?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn haut nach, wéi och déi lescht Deeg, mam griichesche Premier geschwat.

Griichenland huet, op déi Minutt wou ech mat Iech schwätzen, net d’Absicht, den Déclenchement dovun de froen, well si ëmmer nach menge si géinge sech selwer finanzéiert kréien. Dat hei ass jo och en Hiwäis fir d’Finanzmäert, datt déi wëssen, datt si sollen ophalen déi griichesch Zënsen onendlech wäit an d’Lut ze dreiwen, well déi europäesch Staate bereet sti fir Griichenland zur Säit ze sprangen. Ech wëll nach eng Kéier däitlech soen, datt d’Décisioun fir de Mechanismus spillen ze loossen nach net geholl ass. Do brauch een eng speziell Ufro vun der griichescher Regierung, eng Aschätzung vun der Europäescher Kommissioun a vun der Europäescher Zentralbank, an dann eng unanime Décisioun vum Eurogrupp ier dat ka geschéien. Dat ass a kengerlee Zort vun Automatismus mat dem Unhuele vun engem Plang a mat dem Ausléise vun engem Mechanismus verbonnen.

Frank Kuffer: De griichesche Premier hat awer elo an engem Interview gesot, de Revolver hätt um Dësch geleeën, prett fir benotzt ze ginn. Elo, zanter haut, wier de Revolver da gelueden. Dat heescht, Dir wësst awer och net, ob elo geschoss gëtt?

Jean-Claude Juncker: Onofhängeg dovun, datt ech mir déi militäresch Billersprooch do net zu eege maachen, ass et esou, datt d’Finanzmäert elo mierken, datt hanner der europäescher Solidaritéitserklärung och reellt Geld stécht wat mir wëllen an Opstellung bréngen, net nëmme fir Griichenland ze retten, ma och fir Schued vun der gesamter Eurozon an domat och vu Lëtzebuerg ofzehalen.

Ma Griichenland ass net aus senger Flicht entlooss, fir säin eegene Stoot an Uerdnung ze bréngen. Dat hei ass kee Geld wat mir einfach esou iwwer den Dësch reechen a wou d’Griichen domat kënne maache wat si wëllen. Dat ënnerläit strikte Conditiounen déi fixéiert gi sinn, an dat si Suen déi mussen zréckbezuelt ginn. D’Erwaardung ass, datt déi Hëllefsstellung vun der Eurozon, falls se dann noutwenneg géing ginn, Griichenland et séier erlaabt zu normale Conditiounen op d‘Finanzmäert zréck ze kommen.

Frank Kuffer: Nach eng Fro, Dir sidd keen Hellseher, ma iwwerzeegt dat do d’Finanzmäert dann elo muer de Moien?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt d’Finanzmäert intensiv zur Kenntnis huelen, datt d’europäesch Währungszon net nëmme Gedichter schreift iwwer Solidaritéit mat engem Memberstaat, ma datt d’Memberstaaten och bereet si Solidaritéit ze üben. An ech ginn dovun aus, datt d’griichesch Regierung hir Hausaufgabe mécht. Déi ass se iwweregens amgaangen ze maachen, well de griicheschen Defizit ass an den éischten 3 Méint vun dësem Jor iwwer 40% méi niddereg wéi en an deenen éischten 3 Méint vum leschte Jor war.

Frank Kuffer: Här Staatsminister, da soen ech Iech villmools Merci op Bréissel fir déi Präzisiounen.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour