Jean Asselborn au sujet des discussions relatives à la Tripartite

Frank Kuffer: Eisen Invité ass haut de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn. Här Asselborn, gudde Mëtteg.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Dir sidd, wéi mir dat scho gewinnt sinn, mam Vëlo bei eis komm. Schalt Dir do komplett of, oder denkt Dir do och un Index, Kompetitivitéit, Luc Frieden, Nicolas Schmit a Jean-Claude Juncker?

Jean Asselborn: De Mënsch, fir kënne gutt ze liewen – iwwerhaapt ze liewen – brauch dräi Saachen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Juncker.

Jean Asselborn: Dat ass Waasser, et ass Schlof an et ass Sauerstoff. An et gëtt keen Instrument am Liewen, wou een esou gutt kéint Sauerstoff zapen, wéi um Vëlo. A wann ee vill Sauerstoff an de Kapp kritt, da gëtt et engem vill méi liicht, vill besser, an dat ass eng vun den Ursaachen, fir wat datt ech, wann ech nëmme kann, um Vëlo fueren.

Frank Kuffer: Schlof, hutt Dir gesot – krut Dir deeës dann dës Woch vill?

Jean Asselborn: Schlof brauch de Mënsch och, soss gëtt en däreg. An an enger Zäit wou ee muss cool bleiwen, muss e virun allem gutt ausgeschlof sinn.

Frank Kuffer: Dir hutt sécher de Moien de Leitartikel vum Marc Glesener am Lëtzebuerger Wort gelies. An där Zeitung, déi Ärem Koalitiounspartner jo awer no steet, gi quasi Neiwahle gefuerdert. Wier dat op d’mannst, wann et keen Accord an der Tripartite, an domat och keen Accord am Land gëtt, déi propperst Léisung? D’Leit décidéieren da selwer wéi et weider geet?

Jean Asselborn: Vläicht sidd Dir mat mir d’accord, datt a verschiddene Situatiounen, loosse mir emol soen, Journalisten a Politiker deen nämmlechte Feeler maachen, datt se net genuch Gedold hunn, datt se ongedëlleg sinn, datt se séier wëllen Evenementer hu wou vläicht e wéineg Blut fléisst, politesch gesinn [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et ass jo awer net eis Aufgab ze waarden, mä mir [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: An dofir géif ech mengen, datt een dat soll behäerzegen, wat ech versicht hunn och gëschter ze soen, nämlech schéine e kale Kapp behalen.

Mir sinn an enger Situatioun, wou mir eis selbstverständlech mussen an d’Ae kucken, a wou mir och mussen an eis eragoen, a versichen an där Koalitioun, wat fir mech nach ëmmer déi bescht méiglechst Koalitioun ass, fir déi riseg Erausfuerderung, deene mir eis ze stellen hunn, fir déi ze packen.

Ech kenne keng besser Koalitioun fir dat ze maachen, an dofir solle mir wierklech elo probéieren, an deenen nächsten Deeg, an déi ginn entscheedend, dat stëmmt, eis zesummenzerappen an déi Aarbecht ze maachen, déi mir eigentlech jo net konnte maachen an de Koalitiounsverhandlungen, well mir an de Koalitiounsverhandlungen jo eis d’Zil ginn hate fir déi Relance, déi mir jo och mat stimuléiert hunn, net ze stoppen, awer fir sech dann zesummenzesetzen an ze kucken, wéi mir eist Land kënnen opstelle fir aus der Kris eraus ze kommen.

An do gëtt et ee wichtege Punkt, gleeft mir dat, dat ass, datt mir elo déi Mesurë mussen huelen, déi ze huele si fir och eis Finanzen an den Équiliber ze kréien.

Frank Kuffer: Jo, mä Dir sot, et war net méiglech an de Koalitiounsgespréicher, de Marc Glesener schwätzt dat och un a sengem Artikel. Dat ass awer och schwéier ze verstoen. Ass dann do esou kuerzfristeg geplangt ginn, oder wéi? Et wosst ee jo awer, datt déi Kris do wier.

Jean Asselborn: An de Koalitiounsverhandlungen hu mir eis d’Wuert gi fir déi Relance, déi mir entaméiert haten, an och dee Budget dee virlouch, fir dee virun allem mat deenen Instrumenter déi mir jo gebraucht hu fir eis Ekonomie op Trapp ze halen, fir eis lëtzebuerger Betriber op Trapp ze halen, fir virun allem eis dorop ze konzentréieren.

Mir hunn awer gewosst, datt mir eis missten e Plang ginn, an dat hu mir jo an de Koalitiounsverhandlungen décidéiert, fir Spuermoossnamen ze décidéieren, fir iwwer nei Recetten nozedenken, spéitstens fir de Budget vum Joer 2011. An an där Phas si mir elo.

Frank Kuffer: Dat hätt ee jo awer deemools scho kéinte maachen?

Jean Asselborn: Neen, wësst Dir, elo sidd Dir e wéineg ongedëlleg, mir si jo am lëtzebuerger Modell.

Am lëtzebuerger Modell gëtt et eent, datt mir esou grave an esou grouss an esou wichteg Reformen net alleng an der Regierung, an an der Chamber alleng décidéieren, mä datt mir dat Instrument Tripartite benotzen. Dat si mir amgaangen elo ze maachen. An ech sinn och iwwerzeegt, datt wa mir deen Effort hei packen, datt dat eisem Land gutt deet. An ech wëll net de Moment d’Bengele bei d’Tromm geheie fir ze soen, datt mir keng Chance hu fir do erauszekommen.

Verstitt Dir dee klengen Ënnerscheed? No de Wahlen hunn zwou Parteie sech zesummefonnt fir en neie Koalitiounsprogramm opzestellen. Deen hu mir opgestallt a mir hu gesot, mir ginn eis elo ee Wee, wou mir déi Tripartite virbereeden, se lancéieren, zesumme kommen, negociéieren an dann déi Décisiounen huelen, déi mir bis 2014, bis un d’Enn vun dëser Legislaturperiod wëllen duerchsetzen.

Dat ass dat, wat ee muss mat a Rechnung huelen, soss huet een net de lëtzebuerger Modell verstanen.

Frank Kuffer: Esou liicht Pisten hätt een awer vläicht kéinte schonn undeiten. Mir ginn un den Index, oder mir ginn net un den Index. Mir kommen zwar herno nach dorop zréck.

Jean Asselborn: Hutt Dir mech elo gefrot, wéi et mam Index ass?

Frank Kuffer: Ech hunn Iech gefrot, ob een net awer hätt scho kéinte Pisten undeiten.

Et war gewosst, ee Joer laang musse mir et nach lafe loosse fir d’Ekonomie net ze bremsen an da muss gespuert ginn. Firwat sinn dann net iergendwellech Pisten awer schonn do opgedeckt ginn [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Jo, mä [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: an eng Richtung wou een hätt kënne goen? Dat hätt ee jo och nach kéinten diskutéiere mat de Sozialpartner.

Jean Asselborn: Jo, mä dat ass jo just dat, firwat datt mir d’Tripartite hunn. En gros soe mir jo an der Regierung, an dat hu mir an de Koalitiounsverhandlungen net anescht gesot, datt mir eng Partie Aspuerunge musse maachen an eng Partie musse nei Recettë kucken ze kréien. Déi Diskussioun ass jo elo amgaangen. Déi ass voll am Jus, wéi een dat ka soen, mir si voll an der Negociatioun.

Mir hunn eng kleng Nuance par rapport zu der Tripartite vun 2006, datt dës Tripartite – mir liewen an deem Zäitalter, wou gezwitschert a getwittert gëtt, dat ass esou – datt och Kommunikatioun no bausse stattfënnt. Dat soll een net bedaueren, dat ass e Fait an do soll een och kengem d’Schold ginn.

An dofir musse mir wëssen, datt mir dat net méi ronderëm den Dësch alles fäerdeg bréngen, an engem gewëssene Stadium, mä datt mir eis an dëser Phas am grousse Public, an der Ëffentlechkeet musse mat de Proposen a mat de Géigenargumenter ausernee setzen.

Dat war 2006 héchstwahrscheinlech nach am Ausseministère ëm deen Dësch méiglech ze maachen, dat ass elo net de Fall. An dat mécht d’Saach net méi einfach an der Substanz.

Mä ech mengen awer, datt mir alleguer erwuesse Politiker sinn, an datt op där anerer Säit erwuesse Gewerkschaftler sinn, op där anerer Säit och erwuesse Vertrieder vum Patronat, datt mir dat awer ze meeschtere kréien.

Frank Kuffer: Fir dat awer ofzeschléissen, nach mat dem Leitartikel de Moien aus dem Wort. Waart Dir awer iwwerrascht, datt do Neiwahle quasi gefuerdert ginn?

Jean Asselborn: Neen, dat ass e jonken, dynamesche Chefredakter am Lëtzebuerger Wort, deen ech och respektéieren, deen huet seng Meenung. Hie soll seng Meenung soen, esou wéi am Tageblatt den Alvin Sold all Samschdeg seng Meenung seet. Ech mengen, dat gehéiert zu der politescher Kultur. Dat ass gutt, datt mir Meenungen hunn, déi sech do confrontéieren [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: D’Tageblatt steet Iech och net ëmmer esou no, wéi dat misst sinn, oder wéi [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Mir perséinlech mengt Dir?

Frank Kuffer: Jo.

Jean Asselborn: Neen, dat dierf een net esou enk gesinn. Ech hu mam Tageblatt eng ganz gutt Relatioun, mat alle Redaktiounen, virun allem mam Ausland, well ech jo virun allem domat sinn, iwwregens och mat Iech hei, a mam Lëtzebuerger Wort.

Mä just fir ee Wuert ze soen, wësst Dir, ech sinn an enger Famill opgewuess, wou mäi Grousspapp a mäi Papp wierklech Schmelzaarbechter waren. An doheem sinn et dräi Saache gi wat d’Männer ugeet. Dat war den LAV déi Zäit, d’Gewerkschaft, et war d’Tageblatt an et war d’Partei. An dat ass vläicht net einfach z’explizéieren, déi dräi Elementer. Et ass vläicht grad esou schwéier ze explizéiere wéi d’helleg Dräifaltegkeet, mä awer ech soen Iech just eent, am Fong vu mengem Häerz sinn ech esou opgewuess, an ech sinn och esou al ginn, an dat ass e Reflex, deen hunn ech behalen, deen hunn ech mat der Mammemëllech kritt.

Onofhängeg vun der Direktioun vum Tageblatt, onofhängeg vun der Direktioun vum OGB-L, onofhängeg vun deenen, déi d’Spëtzt hunn an der Partei, gëtt et eng Responsabilitéit vun deenen dräi Elementer, net fir do Kumpanei ze maachen – jiddwereen huet eng aner Fonctioun – mä do gehéiere vill Saachen zesummen, fir eben dee sozialen Équiliber an der Gesellschaft, fir deen ze verdeedegen. An dat muss een eescht huelen.

An ob elo am Tageblatt deen een oder aneren an der Partei besser ewech kënnt, dat ass net wichteg. Wichteg ass, datt een dat a sengem Kapp huet.

An ech sinn esou opgewuess an ech wäert och esou eng Kéier och ophalen an der Politik, awer ëmmer dat verdeedegen. Dat ass fir mech eppes trotzdem ganz, ganz Wichteges fir d’Sozialbeweegung, fir d’Sozialisten, d’Sozialdemokratie zu Lëtzebuerg, wann Dir wëllt.

Frank Kuffer: Kommt, mir fänken awer elo emol vir un. De Misère, ech mengen Dir hutt jo elo e bësse Misère, deen huet de leschte Samschdeg ugefaangen. No der Tripartite haut virun 8 Deeg war net vill gewuer ze ginn, wou d’Regierung mat de Spuerpläng drun ass.

D’Gewerkschafte sinn awer dunn an d’Ëffentlechkeet gaangen, an den Här Frieden huet missen nozéien. Sidd Dir enttäuscht, rosen? Hätt Dir och elo emol nach léiwer alles hanner zouenen Diere gehalen?

Jean Asselborn: Neen, ech ka jo net rose sinn iwwer eppes wat sech zougedroen huet.

An der Tripartite war et esou: mir hunn als Regierung Pisten op den Dësch geluecht, Virschléi gemaach, déi Matière à discussion solle sinn, a wou mir en Dënschdeg elo déi nächst Ronn vun der Tripartite hunn. An do sollten dann d’Äntwerte komme vun de Sozialpartner.

An da wier d’Regierung a sech eragaangen a si hätt déi Kritiken, déi Suerge vun de Gewerkschaften a vun dem Patronat sech ugehéiert, an dann, fir déi lescht Ronn, déi de 27. ass, hätt se dann tranchéiert.

Bon, elo ass jo de Punkt, datt mir bei deem immens grousse Spuerpak, deen awer an der Diskussioun ass, datt do d’Gewerkschaften hir Gremië consultéiert hunn, an datt et da praktesch och public war. Dat wëll ech iwwerhaapt net kritiséieren, dat ass esou, dat ass e Fait, mat deem hu mir ze liewen.

Wat ech gëschter Malentendu genannt hunn, an ech mengen, et ass e grousse Malentendu, dat ass, datt aus deene Pisten do op eemol Décisiounë sollte gi sinn. Ech mengen net, ech soen dat elo hei ganz éierlech, datt dat och d’Intentioun vum Finanzminister war.

Frank Kuffer: Wosst Dir dann, datt de Finanzminister géif eng Pressekonferenz maachen? War dat mat Iech ofgeschwat, datt hien domat géif an de Public goen?

Jean Asselborn: Neen, loosse mir schéin der Rei no fueren. De Finanzminister brauch mech net unzefroen, wann hien eng Pressekonferenz mécht, ech maachen dat och net.

Frank Kuffer: Mä dat do war jo awer am Numm vun der Regierung.

Jean Asselborn: Jo, mä dat ass jo just de Punkt. Dat ass verstane ginn, et ass net gesot gi vum Finanzminister, datt dat Décisiounë wieren, dat ass esou eriwwerkomm. An dat mécht d’Saach jo schwiereg, datt dann op eemol gemengt gëtt, déi Pisten do, dat wieren elo Décisiounë vun der Regierung. Well wann dat [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dat ass schonn esou gesot ginn, datt et Pistë wieren, mä den Här Frieden huet gesot, wa mir dat eent net maachen, da maache mir et op enger anerer Plaz, also um Zil [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Här Kuffer, mir mussen elo kucken, datt d’Leit eppes verstinn. Dat si Propositiounë vun der Regierung, déi dohinner geluecht gi sinn. Déi Propositiounen hunn zwee Voleten. Dat eent ass de Volet vun den Aspuerungen. An dat anert ass de Volet vun den neie Recetten. An ech mengen, do ass elo e gewëssenen Équiliber dran, deen ee sollt versichen op jiddwerfalls en gros ze halen. Mir kënnen net alles maachen duerch nei Steieren. Et deet mir Leed, dat geet net, do mengen ech wiere mir komplett op der falscher Pist. Mir mussen also och Aspuerunge maachen.

Wa mir elo dee Pak do kucken, deen an der Diskussioun ass, da gesi mir, datt eenzel gekuckt, vläicht, well et ass jo net alles radikal ofgeleent ginn – et sinn Elementer ofgeleent ginn, et sinn och Elementer déi Matière à discussion bleiwen – da gesäit een, datt een e puer Problemer huet.

Ech mengen net, datt ech an enger Regierung wier, déi elo mam Kapp duerch d’Mauer wéilt goen. Ech sinn an enger Regierung, déi déi Kritiken do eescht hëllt, an dofir ass och nach Zäit, datt mir eis concertéiere kënnen, an da kuckt nach eng Kéier am Gespréich mat der Tripartite, a vläicht och, wéi dat jo scho vun erfuerenen Huese wéi vum John Castegnaro ugedeit ginn ass, datt ee vläicht eenzel Gespréicher muss féiere fir ze kucken, wéi kann een trotzdem op e gemeinsamen Nenner kommen.

Ech soen Iech just eent, dat Instrument Tripartite musse mir héichhalen, och an deem neie Modus, datt et ëffentlech ass, datt eng oppen Tripartite de Moment sech ofwéckelt. Mir mussen dat héichhalen. Deen, deen d’Dier do klaakt, ech mengen net, datt deen domat eist Land virubréngt. Et huet nach keen d’Dier geklaakt. Keen, weder bei de Patronen, nach bei de Gewerkschaften, an dat ass och gutt esou.

An dofir musse mir elo als Regierung och weisen, datt mir awer och Versteesdemech hu fir déi Kritiken déi komm sinn, datt mir déi Suergen deelen, a kucke vläicht op deem engen oder anere Punkt wierklech aner Pisten ze fannen, déi mir nach kënnen ugoen.

An ech soen dat net nëmmen elo hei als Sozialist oder als de Vizepremier vun der Regierung. Als Sozialist soen ech Iech och ganz kloer, an dat ass wichteg, wann ee kuckt, déi déi sech fir de lëtzebuergesche Sozialismus agesat hunn am Ufank vum leschte Joerhonnert, wat hu se gemaach? Si hu sech agesat fir d’sozial Versécherungen, dat heescht, dat innergenerationellt, déi Responsabilitéit war dobäi. Nom Zweete Weltkrich ass sech agesat gi fir d’Reformë vum Pensiounswiesen, d’Krankekeesen, awer och den RMG, d’Fleegeversécherung, alles Saachen déi Co-Notatiounë sinn, intergenerationell, an och als Responsabilitéit déi fir déi Generatiounen déi nokommen ganz vill Gewiicht ginn hunn.

Dat heescht, e Sozialist dee wierklech geléiert huet wat seng Virfahren him mat op de Wee ginn hunn, dee weess, datt hien haut och muss dofir suergen, datt d’Welt net ophéiert am Joer 2014. Déi geet virun duerno. Mir mussen also Budgeten hunn, mir musse Forcen hunn, Mëttelen hunn am Staat fir kënnen ze regléieren, fir kënnen ze schützen.

An dofir soen ech Iech, déi immens Belaaschtung vun enger Milliard am Joer léine bis 2014, doriwwer kann een net goen. Dat musse mir agesinn, dat musse mir wëssen. Iwwer eis Verschëldung, déi mir dann op 27% vum PIB géife féieren, ze goen, dat kënne mir net maachen. Well domat schwäche mir net nëmmen de Staat, mä mir huelen och deene klenge Leit am Land virun allem, d’Méiglechkeet ewech fir kënne vum Staat beschützt ze ginn.

An dofir dierfe mir d’Staatsfinanzen net einfach luppe loossen a kucken, après nous le déluge, oder, on verra bien demain, oder schauen wir mal – dat sinn Theorien, dat geet net do domat. An dat steet eis immens gutt zu Gesiicht, well dat si mir och geléiert gi vun deene Generatioune virdrun, déi sozialistesch Politik hei am Land gemaach hunn, an dat dierfe mir net vergiessen, weder bei de Staatsfinanzen, nach bei de Sozialversécherungen. An dat musse mir upaken.

An ech mengen, datt d’Gewerkschaften an hirer Essenz, dat do voll kënne matdroen. Mir mussen also elo kucken, datt wann dat [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et huet zwar net esou geklongen wéi wa se [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Jo, mä de Prinzip ass wichteg, datt een deen akzeptéiert. Wann een deen akzeptéiert a sech dann zesummesetzt, da fënnt een och Weeër fir dat ze maachen.

Frank Kuffer: Et war awer näischt dobäi, quasi, mat deem d’Gewerkschafte konnte liewen, wat dës Woch proposéiert ginn ass.

Jean Asselborn: Här Kuffer, mir zwee bréngen et elo hei net fäerdeg an der Substanz déi Tripartite do ze epluchéieren an ze kucke wou mir de Konsens kënne fannen. Ech soen Iech just, datt mir mat verantwortleche Leit ze dinn hunn, dovunner sinn ech 100%eg iwwerzeegt, op alle Säiten, an da kucke mir.

Wa mir emol déi Reizgeschichten ewech hunn, an dat ass e wéineg meng Suerg, et gëtt Punkten déi reizen, an déi muss ee vläicht ewech leeën, fir un anerer besser erunzekommen.

Frank Kuffer: Dorop komme mir nach zréck. Den Nicolas Schmit, dee gehéiert jo och zu Ärer Partei an zu dëser Regierung, deen huet virgëschter hei op der Antenn de Spuerpak op d’mannst deelweis kritiséiert, an och datt et keng schrëftlech Note iwwer déi Proposë gëtt.

Dat heescht, an der Regierung gouf dat net ofgeseent, wat de Luc Frieden op der Pressekonferenz presentéiert huet? Ass dat elo just eng CSV-Regierung déi mir hunn?

Jean Asselborn: Här Kuffer, Dir dierft net iwwerdreiwen.

Frank Kuffer: Jo, mä dat kënnt jo awer esou eriwwer. Den Här Frieden geet eraus mat Proposë vun der Regierung – et ware jo Proposë vun der Regierung – an den Här Schmit ass net domat d’accord. Dir sot och elo, mat eenzelnen Elementer wiert Dir net d’accord, oder hunn ech dat falsch verstanen.

Jean Asselborn: Mir mussen emol fir d’éischt zum Nicolas Schmit. Ech wëll Iech do vläicht e wéineg enttäuschen, mä mir hu matenee geschwat, ech hu jo och gëschter gesot, datt den Nicolas Schmit och mam Premier geschwat huet an ech hunn och mam Premier geschwat, a mir hu mengen ech, eis verstanen. Punkt.

Frank Kuffer: Dat heescht?

Jean Asselborn: Et gëtt Saachen als Politiker, déi kann ee vläicht an der Déift net esou kommentéieren, wéi dir als Journalisten dat esou wëllt, mä [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Heiansdo ass et awer besser, well d’Leit stelle sech jo awer Froen dobaussen.

Jean Asselborn: Jo, mä ech hunn Iech jo gesot, mir hunn op zwou Säiten, an och mam Nicolas Schmit – wat e ganz wäertvolle Mënsch an och Politiker ass – eis ausgeschwat. Den Nicolas Schmit hëlleft elo mat, ech hunn en och spezifesch gefrot, well hie jo grouss Erfahrung huet an der Budgetstechnik, hien huet gedéngt beim Här Werner, beim Här Thorn, beim Här Santer, elo beim Här Juncker, och als Diplomat, an hie weess wat e Budget ass. An ech mengen, hie kann eis ganz vill hëllefen elo, an hie wäert dat och maachen fir an d’Zukunft ze kucken. Mir musse Léisunge fannen. Mir kënnen net ëmmer zréck kucken, déi Declaratioune si gemaach, mir mussen elo an d’Zukunft kucken. Dat zum Nicolas Schmit.

Zu deem aneren. Stellt Iech emol vir – d’Beispill vun 2006 – do sinn an der Negociatioun, och iwwer de Statut unique, Positiounë vun der Regierung op den Dësch komm, dat ware keng Décisiounen déi d’Regierung geholl hat. Dat si Propositiounë gewiescht, Schinne gewiescht, déi mir als Regierung op den Dësch geluecht hunn, a wou dann driwwer negociéiert ginn ass.

Hei ass et jo d’nämmlecht. Wann Dir elo den Index huelt, oder wann Dir aner Saachen huelt, et ass jo kloer esou, datt ee muss kënnen Elementer op den Dësch leeën, an datt dann déi Elementer Matière à discussion sinn an der Negociatioun. Vläicht kann dat eent ugeholl ginn, dat anert gëtt net ugeholl. Mä wann ee carrément näischt op den Dësch leet als Regierung, oder nëmme fix Saachen, déi vun Ufank u musse stoen, oder net stoen, da bréngt ee keng Negociatioun fäerdeg. An dofir mengen ech, mir sollten eis do elo net ze vill domat bereppen.

Et stëmmt, datt all déi Elementer eenzel, datt mir déi an der Regierung och beschwat hunn, an datt mir gesot hunn, mir leeën dat als Propostiounë mat an de Pak, op den Dësch, mä mir hunn dat ni [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Den Nicolas Schmit ass jo dann awer net domat d’accord.

Jean Asselborn: Den Nicolas Schmit weess och, datt dat – hien huet dat elo nach eng Kéier gesot, mä hie weess dat och – datt dat keng Décisiounë si vun der Regierung, an ech mengen, dat weess och de Premier, dat weess och de Finanzminister. A mir sinn elo op engem Punkt fir ze kucken [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et sinn awer Proposë vun der Regierung?

Jean Asselborn: Et si Proposë vun der Regierung, et si Proposen déi op den Dësch geluecht gi sinn.

Frank Kuffer: Awer wou net déi ganz Regierung dohannert steet?

Jean Asselborn: Et si Proposë vun der ganzer Regierung, déi op den Dësch geluecht gi sin fir driwwer ze negociéieren.

Frank Kuffer: Ausser dem Nicolas Schmit dann?

Jean Asselborn: Här Kuffer [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Jo, et ass awer esou, Här Asselborn [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Den Här Schmit huet seng Meenung gesot, virun allem op deem Punkt vun der iwwerproportionéierter Belaaschtung vun de Familljen, vun de Kanner. Dat ass jo eng Suerg, déi ech gëschter gesot hunn, an ech mengen och net, datt déi Suerg alleng bei eis an der Partei gedroe gëtt. Do musse mir kucke fir do Alternativen ze fannen, an dat wäerte mir och fäerdeg bréngen.

Frank Kuffer: Et ass nach iwwer alles ze diskutéieren. Ech mengen, dat huet den Här Frieden och am Ufank gesot. Dir hutt dat gëschter gesot. Mat wiem ass ze diskutéieren? Wie muss diskutéieren? Dir mat de Sozialpartner, oder vläicht dann emol fir d’éischt an der Regierung?

Jean Asselborn: Dir bréngt et einfach net fäerdeg, Iech an d’Logik vun enger Negociatioun ze stellen.

Frank Kuffer: Jo, dach, mä wann déi dräi Parteien an der Tripartite [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Neen, Dir bréngt dat net fäerdeg, Dir net als Persoun, ech soen dat elo net.

Déi dräi Parteien déi um Dësch sëtzen, d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften, déi maache Propositiounen a si diskutéiere mat iwwer dat, wat op den Dësch kënnt. Elo ass et jo ganz einfach, elo versiche mir aus deene Kritiken déi kommen, mat deem wat op den Dësch geluecht ginn ass, Conclusiounen ze zéien an dorop ze äntweren. Méi einfach geet et jo net fir dat z’explizéieren. A mir kucken elo an der Regierung, selbstverständlech gëtt et do vläicht Nuancen an de Positiounen, wéi ee soll op déi Kritiken äntweren. Dat brénge mir och fäerdeg.

Frank Kuffer: Maja, eben dofir ass et dann awer schwéier, wann dräi Parteien do sëtzen an déi eng Partei, eben d’Regierung, huet emol keng eestëmmeg Positioun.

Jean Asselborn: Jo, mä d’Regierung sicht jo elo eng eestëmmeg Positioun ze kréien op déi Kritiken déi komme vun de Sozialpartner. Dat ass e Prozess.

Mir sinn zwou Parteien an där Regierung, jiddwereen huet seng Geschicht an där Regierung, jiddwereen huet seng Responsabilitéit, jiddwereen huet vläicht och eng Gewiichtung – eis Gewiichtung fir d’Sozialpolitik ass schonn eng spezifesch. Dat gëtt och an der Gesellschaft vun eis erwaart. An dofir, deen Akzent do, an déi Sensibilitéit do déi mir hunn, déi kënne mir jo net einfach mat de Féiss rennen a soen, all déi Kritiken déi elo kommen, déi wëlle mir net héieren, mir gi mam Kapp duerch d’Mauer. Da gëtt et näischt. An dat ass och net de Sënn.

An ech sinn och iwwerzeegt, datt mir d’nächst Woch eis an där Regierung do zesumme kënne setzen, an dat och fäerdeg bréngen.

Frank Kuffer: Wat aus deem Package do, wier da mam Jean Asselborn net ze maachen? Wat [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Mir hu prinzipiell, ech hunn dat jo och gesot, dräi Saachen, a virun allem d’Geschicht vum Index. Esou wéi d’Negociatioun leeft, musse mir wëssen, datt mir vläicht dee Punkt do mussen ecartéiere fir kënnen och iwwer aner Moossnamen ze schwätzen.

Ech mengen, no de Reaktiounen déi ee schonn um Dësch héieren huet – an dat war net nëmmen an der Tripartite vum leschte Samschdeg, dat huet ee scho virdrun héieren – datt et extrem, extrem schwiereg ass fir um Index kënne Modifikatiounen ze maachen. An dat ass net verwonnerlech, well déi zwou Parteien déi an der Regierung sinn – ech kennen och keng aus der Oppositioun, déi virun de Wahlen an no de Wahle gesot huet, et misst een den Index ofschafen, an et misst een e Moratoire fir den Index aféieren, oder et misst een den Index esou reforméieren, datt en onkenntlech wier.

Den Index ass fir Lëtzebuerg, zënter de 1970er Joeren, eppes wou d’Leit sech erhoffen, datt d’Deierecht sech repercutéiert op hire Loun. A gleeft mir, ech ka mir awer och net virstellen, wierklech mat aller Virstellungskraaft, datt wa mir eng Indextranche am Joer hunn, dat sinn 2,5% méi am Loun, datt doduerch eis Ekonomie géif kollabéieren. Dat ass [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Den Här Frieden huet gesot, eng Indextranche kascht de Staat 100 Milliounen Euro, wann ech mech richteg erënneren.

Jean Asselborn: Ech hunn Iech jo elo gesot, datt mir mat der Indexdiskussioun a mengen Aen net wäit kommen, well mir och net de Courage haten, keng Partei hat de Courage, an hat och a sengem Programm stoen, virun de Wahlen, datt eppes dora géif geschéien. Weder d’LSAP, nach d’CSV. No de Wahlen hu mir dat och net gesot, a mir hunn et och net an de Koalitiounsverhandlunge gesot.

Dofir solle mir vläicht dee Punkt do ad acta leeën an da kucken, wa mir dat emol richteg an der Këscht hätten, datt mir géife soen, mam Index, et deet mir Leed, mä do gëtt et näischt, datt mir also dat géifen aktéieren, an dat och soen. Ech mengen, dann hätte mir schonn en Deel Wee gemaach fir kënnen an engem anere Geescht un déi aner Saachen erunzegoen.

An da kënnt deen zweete Punkt, dat ass a mengen Ae wierklech déi Geschicht, déi mir vläicht och an der Regierung, an hirem Cumul net esou gesinn hunn. Déi eenzel Elementer, d’accord, mä mir hu vläicht do de Cumul, net déi Envergure dovu gesinn. An do muss ee kucken, wéi een dat kann ofschwächen, wéi een eventuell och ka Staffelungen erabréngen, a versichen do op aner Schinnen, op aner Pisten ze kommen. Dat ass déi Aufgab déi mir elo ze maachen hunn.

Entweder bréngt d’Regierung dat fäerdeg, zesummen, oder ech soen Iech ganz éierlech, wa se dat net fäerdeg bréngt, wa se wëll mam Kapp duerch d’Mauer goen, dann ass et extrem schwéier. Mä mir sinn net op deem Punkt.

Ech hu jo och Kontakt gehat mam Premier elo déi lescht Deeg, mir wëllen op zwou Säite weider iwwer déi Pisten déi um Dësch leien negociéieren, a kucke wéi mir kënne mat de Sozialpartner, déi gudde Wëlles musse sinn, op e gemeinsamen Nenner kommen.

Frank Kuffer: D’Zäit leeft, well et sinn nach just zwou Woche bis d’Décisioun muss gefall sinn. D’Zäit leeft och bei eis. Et ass geschwënn Zäit fir de Journal, mä ech mengen, et bleiwen awer nach e puer Froen ze klären, notamment wou een och vläicht beim Staat kéint spueren. Dofir, wann Dir wëllt, bleift Dir nach hei bis nom Journal, da schwätze mir nach e bësse weider iwwer eventuell Pisten da fir aus deem Budgetslach erauszekommen.

Elo geschwënn ass et Zäit fir de Journal, an duerno geet et da weider mam Background.

[Noriichteniwwerbléck vum ]

Frank Kuffer: Den Ausseminister a Vizepremier ass nach ëmmer eisen Invité.

Här Asselborn, ech mengen, elo siche mir emol e bëssen no anere Pisten, och wa mir zwee hei elo wahrscheinlech net d’Tripartite wäerten ersetzen. Mä beim Staat, gëtt dacks gesot, kéint nach vill méi gespuert gi wéi déi ugekënnegt 13 Milliounen, sinn et mengen ech. D’Stad Lëtzebuerg, also blo a gréng, déi hunn et virgemaach. Ass dann do nach Sputt? Wéi vill a wou?

Jean Asselborn: Ech sinn elo kee Spezialist vum Budget, ech weess just, datt zum Beispill am Ausseministère, well ech dee jo e wéineg kennen, eise Generalsekretär mir gesot huet, datt do 10%, 15% kënnen agespuert ginn, an den Ambassaden an esou virun. Dat ass machbar, dat sinn, mengen ech, annerhallef Millioun, déi do kéinten agespuert ginn.

Mir maache keng Ambassaden zou, net datt ech elo schlecht verstane ginn, mä ech mengen am Fonctionnement ass do eppes erauszehuelen. An ech hunn och de Generalsekretär encouragéiert fir op dee Wee ze goen.

Ech weess net wéi dat elo gemooss gëtt. Ech hale mech do léiwer ewech, mä ech sinn iwwerzeegt, datt do Spezialisten, wéi eise Finanzminister an och de Premierminister do wäerten och nach all Kollegen opfuerdere fir méi Efforten ze maachen. An ech mengen, dat misst och machbar sinn.

Frank Kuffer: Den Ausseminister ass jo par définition och vill am Ausland. Gëtt dat och vläicht reduzéiert?

Jean Asselborn: D’Ausland kënne mir jo net ofschafen. An dofir géif ech mengen, datt mir mussen oppassen, datt mir eng Präsenz behalen am Ausland, an eng Präsenz hunn am Ausland, déi eisem Land, wat jo wëll volle Member sinn, an och mat Recht, vun internationale Vereenegungen, datt mir eis Intérêten do kënne weider vertrieden.

Déi Mentalitéit fir Brieder ëm d’Land ze maachen, datt et eis da géif besser goen, datt mir da villes kéinte spueren, op deen Niveau kënne mir eis jo definitiv net setzen.

Ech mengen – ech spieren dat, ech sinn elo iwwer 5 Joer dobäi – datt ouni eng Präsenz an den internationalen Organisatiounen, awer och eng Präsenz dacks an deene Länner, mat deene mir kooperéieren, och Länner déi mir net esou kennen, datt dat schonn extrem wichteg ass, fir einfach de Status vun engem souveräne Land, virun allem engem klenge Land, oprecht ze halen. Do musse keng Excèsë gemaach ginn, mä a mengen Aen dierf een elo net soen, datt een dat radikal géif aschränken, well à moyen terme an à long terme géif dat dem Land immens schueden, onofhängeg vun deem, deen Ausseminister ass. Den Engagement am Ausland, dee muss bleiwen.

Frank Kuffer: Mä ech weess, datt dat eent vun Ären Ziler ass, dee Sëtz am UNO-Sécherheetsrot, deen net-permanente Sëtz, dee mir da sollen eventuell kréien. Dat ass awer och eppes wat vill Sue kascht. Musst dat elo sinn?

Jean Asselborn: Wësst Dir, et gëtt haut Länner wéi Kuwait, déi Kandidat si fir de Conseil de sécurité vun 2042.

D’lëtzebuerger Regierung – et gëtt jo eng lëtzebuerger Regierung, onofhängeg vun de Parteien déi do dra sinn – huet 2001, wann ech et gutt am Kapp hunn, décidéiert, an do waren d’Sozialisten net dobäi, fir déi Initiativ ze lancéiere fir Member ze gi vum Conseil de sécurité.

An ech muss soen, datt no eiser Presidence, virun allem no 2005, ech mech och massiv do dofir agesat hunn, well ech mengen, datt och e Land wéi Lëtzebuerg och seng Plaz do huet. Et gi 6 Länner, déi d’UNO mat gegrënnt hunn, déi nach ni am Conseil de sécurité waren. Mir hu jo eng immens grouss Präsenz a villen UNO-Organisatiounen. Mir haten d’lescht Joer zum Beispill mam Sylvie Lucas de President vum Ecosoc, dat ass wierklech immens appréciéiert ginn, wat fir eng Aarbecht datt mir do gemaach hunn, och an de Peacebuilding- an an de Peacekeeping-Organisatiounen.

D’UNO huet jo näischt mat Militär ze dinn, dat ass virun allem jo tabléiert op d’international Kooperatioun, op d’internationalt Recht. An dofir wëll ech och wierklech hei eng Kéier virun Iech soen, ech sinn och frou, datt Dir mir déi Fro stellt, bis elo huet dat de Lëtzebuerger Staat nach kee Su kascht [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Jo, herno awer, a wat bréngt et?

Jean Asselborn: Dir musst mech awer och ausschwätze loossen. Et huet nach kee Su kascht, well mir maache mat eisen Ambassaden, déi Méiglechkeeten, déi mir do hunn, déi Kontakter déi ze maache sinn.

Wa mir am Conseil de sécurité sinn, ech ginn Iech elo emol en Ordre de grandeur, do brauche mir tëscht 12 a 15 Leit. Eng Presidence vun der Europäescher Unioun, d’lescht Kéier, hate mir iwwer 200 Leit missen astelle fir déi ze bewältegen. Et ass also guer net, datt dat eng Envergure huet, déi ze vergläiche wier mat der Presidence an der Europäescher Unioun.

A mir kéinten dës Kéier, wa mir géife gewielt ginn, 2013-2014, 2015 hu mir erëm d’Presidence vun der Europäescher Unioun, déi Leit déi dann do engagéiert ginn op Zäit, kéinte mir och recuperéiere fir an eiser Presidence matzehëllefen.

Wat et bréngt, Här Kuffer, Dir sidd jo awer e Mënsch vu Welt. Dir wësst, d’Haaptgremium vun der UNO ass de Conseil de sécurité. An e Land wéi Lëtzebuerg, wat esou engagéiert ass an der UNO; dat musse mir wierklech bei aller Bescheidenheet och soen, huet seng Plaz do. Zum Beispill, de Generalsekretär Ban Ki-moon an och virdrun, de Generalsekretär Kofi Annan, déi kenne Lëtzebuerg. Lëtzebuerg ass bei der UNO um Radar.

Wann Dir mech elo frot, dat bräichte mir jo alles net, déi Fro kënnt Dir stellen. Mä da soen ech Iech, fir eis Stellung vum Land an der Welt ass dat vun héchster Bedeitung. Mir als Lëtzebuerg, déi keen iwwerfalen an och ëmmer versichen d’Leit zesummenzebréngen, kënnen do vläicht och Messagë ginn, déi vu ville Leit erwaart ginn, dat och Messagë si fir de Fridden, a fir och herno d’Stabilitéit en général.

Frank Kuffer: Och déi net-permanent Memberen, sinn déi esou wichteg? Kennen d’Leit déi? Wéisst Dir iwwerhaapt elo wien déi net-permanent Memberen alleguer sinn?

Jean Asselborn: Et si 15 Länner am Conseil de sécurité. Wann Dir mech elo frot, kennt Dir déi, dat ass eng Fro, déi ëmmer erëm erëmkënnt.

Mä gleeft mir, Här Kuffer, fir eist Land gëtt et wierklech en Intérêt, fir datt mir op der Kaart sinn a China, a Russland, an Amerika awer och an anere Länner, an Afrika, an esou virun. Dat ass en Investissement wat Repercussiounen huet, déi elo net ze chiffréiere sinn, wou een net ka soen, esou vill gëtt investéiert, esou vill kritt een eraus.

Mä denkt ëmmer drun, an ech mengen, dat verstitt Dir och, datt wa mir wëllen am Concert matspillen, an Europa an doriwwer eraus, da musse mir och Engagementer hunn, an och eis deene stellen, déi e souveränt Land, dat muss net ëmmer e grousst sinn, och mécht. D’Belsch ware scho wéi vill Mol am Conseil de sécurité, d’Belsch ass 10 Mol méi grouss wéi mir, mir waren nach ni dran. Wann ech Iech déi Länner géif opzielen, déi nach ni dra waren, maachen ech léiwer net, dat si wierklech winzeg a kleng Länner.

Mir hunn et schwéier, Finnland, Australien a Lëtzebuerg, dat sinn also dräi Konkurrente fir zwou Plazen, dat ass net esou einfach. Mä och wa mir net géife gewielt ginn, déi Campagne déi mir maachen, dat ass schonn eng Campagne déi Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht steet, a wou mir och, menger Meenung no, op villen anere Gebidder Retourë kréien déi ganz positiv fir eist Land sinn.

Frank Kuffer: En anert Reizthema dann nach. Vill Leit reege sech jo och nach ëmmer wéinst deem Militärfliger op, och wa Militär hei net genee dat erëmgëtt fir wat dee Fliger geduecht ass, dat weess ech. Mä anscheinend kascht dee Fliger herno, Entretien an esou weider, och nach enorm vill. Et gëtt emol gesot, all 5 Joer nach emol d’Käschte vum Fliger. Muss dat elo sinn?

Jean Asselborn: Ob et elo muss sinn? Och do muss een zréck goen. Wéini ass déi Décisioun geholl ginn? Déi Décisioun ass geholl gi vun enger CSV-DP Regierung, mat der Approbatioun vun der LSAP als Oppositiounspartei. An ech fannen, dat stoung och eiser Partei, an et steet och haut nach eiser Partei gutt zu Gesiicht, datt mir deen Effort matmaachen. Mir waren also bei deem Projet vun Ufank un, vum Développement un dobäi. Bis elo, mengen ech, hu mir 30 Milliounen engagéiert, an Dir wësst, datt elo Diskussioune waren, deen Apparat gëtt ongeféier 10% méi deier wéi dat wat viranschlagt war am Ufank, mä wat jo elo net d’Welt ass. Mä och do [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Mä et wier et elo nach ze stoppe gewiescht.

Jean Asselborn: Et ass net ze stoppen.

Éischtens emol wieren déi 30 Millioune fort, an zweetens géifen do Chargen op eis zoukommen, Penalitéiten déi ze bezuele wieren, déi wieren horrend héich an et hätt ee guer näischt.

Ech weess net, ob ech dat elo dierf eng Kéier soen, ech hunn et schonn eng Kéier gesot, et versteet vläicht net jiddwereen dat – dat heescht “Militärfliger�?, mä wat ass dat? Dat ass e Fliger, dee mir hunn, dee mir och wëlle medicaliséieren, datt wa Katastrofe geschéien an der Welt, datt och Lëtzebuerg e Bäitrag ka leeschten, wéi zum Beispill, wéi dat Äerdbiewe war an déi Iwwerschwemmunge waren an Asien, wéi elo op Haiti, datt mir kënne mathëllefe bei esou Katastrofen. Steet dat eis esou schlecht zu Gesiicht?

Frank Kuffer: Dat kann ee jo ëmmer dee Moment maache wann eng Katastrof ass?

Jean Asselborn: Neen, mir mussen awer bereet sinn. Sécher kann een einfach higoen a soen, Lëtzebuerg huet Geld, d’Belsch, d’Fransousen, déi Däitsch, d’Portugisen, déi kënne kucken, datt se operationell sin, a mir bezuelen dann eng Millioun, zwou Milliounen, dräi Milliounen an da botze mir eis d’Fangeren of, an dann ass et gutt. Esou geet et net.

Wësst Dir, wann ee wëll eescht geholl ginn am Ausland, muss ee sech och kënnen engagéieren. Dofir fannen ech et och richteg, an ech verdeedegen dat wou ech nëmme kann, datt mir och a Friddensmissioune mat dobäi sinn, datt mir bei Stabilisatiounsmoossnamen, sief et vun der UNO, sief et vun der Europäescher Unioun, datt mir do mat dobäi sinn. An huelt dat net ze vill enk.

Dee Fliger kann nëmme mat militärescher Logistik fonctionnéieren. Mä et huet näischt mat Militär ze dinn, et huet mat internationaler Kooperatioun ze dinn, an et huet jo awer och mat Mënschlechkeet ze dinn, wa mir doduerch kéinte Mënsche retten, wa mir esou en Apparat bei Katastrofen zur Verfügung hunn.

Mir sinn dach e Land, wat immens vill kritt huet vun den internationalen Organisatiounen, vun der EU a vun aneren, loosse mir och heiansdo e wéineg ginn, an net dat Klengkaréiert elo verdeedegen.

Et si Leit, och a menger Partei, anerer Meenung doriwwer. Ech respektéieren dat och. Mä ech fannen awer, datt déi Décisioun déi mir geholl hunn an der Oppositioun, an déi war net contestéiert – an e Fliger, dat keeft ee jo net wéi e Costume a seet, deen do gefält mir net, da looss en hänken, esou einfach geet dat jo net.

A gleeft mir och, wa mir elo géifen erausklammen, éischtens emol, déi Suen déi mir bezuelt hätten, déi krite mir ni erëm, an zweetens misste mir Penalitéite bezuelen a mir hätte guer näischt. An ech weess net wat fir eng Fissure, datt an der internationaler Communautéit géif entstoen, wa Lëtzebuerg elo op eemol seet, mir hu Problemer hei am Land, op engem Niveau deen nach net ze vergläichen ass mat anere Länner, an doduerch klamme mir aus deem Kontrakt eraus.

Politesch wier et e grave Feeler, an ech ka mech nëmmen do dogéint wieren, well dat ass eng falsch Pist.

Frank Kuffer: Är Kollegen an der Fraktioun, den Här Lux zum Beispill, deen huet och nach Problemer mat der Bankesteier. D’LSAP seet, déi muss kommen, och wa mir et alleng musse maachen. Den Här Frieden wëll déi fir ganz Europa oder guer net. Gesidd Dir d’Banken och nach ëmmer als déi Haaptschëlleg vun der Kris, d’Bankmanager als Piranjas, wéi Dir selwer emol gesot hutt?

Jean Asselborn: Jo, mä do musst Dir elo oppassen. Ech mengen, an Ärem journalisteschen Äifer hutt Dir elo e wéineg vereinfacht. Ech hunn net héieren, datt zum Beispill den Här Lux gesot huet, déi muss kommen. Dat huet keen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dach.

Jean Asselborn: Neen, passt op [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: En huet och gesot, wa mir et alleng musse maachen.

Jean Asselborn: Neen, dat huet hien net gesot.

Frank Kuffer: Dach.

Jean Asselborn: Neen. De Problem ass folgenden.

Mir hunn hei joerzéngtelaang gutt vun de Banke gelieft an ech mengen, mir sollten och eis Bankplaz héichhalen, a mir sollte se verdeedegen do wou mir kënnen. Dat maache mir jo och. Ech menge wierklech, datt mir dat probéieren.

Elo wësse mir awer, datt d’lëtzebuerger Regierung agesprongen ass, jo net alleng fir d’Banken ze retten, mä och fir d’Spuerer ze retten a fir d’Betriber ze retten. Dat stëmmt och. Dat anert ass, wa mir esou e Spuerprogramm an nei Recettë mussen hunn, ass déi Diskussioun jo net nëmme bei eis, déi ass jo och a Frankräich, si ass an Däitschland.

An d’Positioun vun eiser Partei ass doranner – ech hu vun der Fraktioun näischt aneschters héieren, ech hunn och gëschter näischt aneschters gesot, an ech mengen, datt do och séier e Konsens ze fannen ass an der Regierung – wann eis Nopeschlänner op dee Wee ginn, datt mir do musse matmaachen an net hannendru stoen. Ech soen Iech ganz éierlech, op deem Punkt hei gëtt et vläicht eng kleng Nuance: mir kënnen vläicht net op déi 27 an der Europäescher Unioun waarden, mä mir solle kucken, datt wann déi Länner ëm eis, wann déi op dee Wee ginn, datt mir dat och maachen. Ech hu vun [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Wann net maache mir et alleng?

Jean Asselborn: Neen, vun de Piranjas wëll ech Iech nach e Wuert soen.

Ech hunn um Kongress geschwat, zum Beispill, wéi Goldman-Sachs operéiert huet mat Griichenland, déi enger griichescher Regierung gehollef hunn, als Bank, wéi ee ka Schmu maachen, wéi ee ka falsch statistesch Donnéen erausginn, an esou weider. An dann hunn ech gesot, hu se dovunner profitéiert als Insider fir matzehëllefen, dann d’Tauxë fir d’Prêtë fir Griichenland an d’Lu ze dreiwen. Do hunn ech dat Wuert vun de Piranjas benotzt. Dat wat ech vun där Bank gesot hunn ass eppes, datt kënnt Dir noliesen an der Literatur, datt dat der Wouerecht entsprécht, dat weess ech och vun de griicheschen Autoritéiten.

Eis lëtzebuerger Banken hei, wëll ech awer och ganz kloer ënnersträichen, an ech mengen e Mann wéi de Jean-Jacques Rommes, dee jo un der Spëtzt vun där Associatioun ass, an deen, dee virdru war, de Lucien Thiel, déi hunn d’lëtzebuerger Bankplaz verdeedegt, mä dat sinn awer elo keng Leit, déi mat deenen do Astellungen operéiert hunn, an déi een och domat ka vergläichen. Mä ech mengen, datt och d’Bankplaz hei zu Lëtzebuerg muss kënnen en Effort leeschten, ouni datt se domat kollabéiere géif. Dat ass psychologesch immens wichteg, datt een dat och betount.

An ech mengen net, datt do an der Regierung eng grouss Nuance wier, op jiddwerfalls weess ech d’Astellung vum Staatsminister. A loosse mir och elo net all klengen Dibbelchen esou duerstellen, wéi wann déi Koalitioun hei zerstridde wier op alles. Dat ass net de Fall. An hei drop kréie mir och eng [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dir hutt mir awer nach net geäntwert, wat geschitt da wann d’Nopeschlänner et net maachen, oder elo net maachen, oder eréischt an zwee Joer? Den Här Lux huet gesot, datt mir dat da mussen alleng maachen. Maache mir dat alleng, jo oder neen?

Jean Asselborn: Ech si jo net ëmmer hei, well ech jo Ausseminister sinn, mä ech kann Iech nëmme just soen, datt et selbstverständlech ass, datt wann d’Länner ëm eis [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Neen, wann déi dat net maachen.

Jean Asselborn: déi Tax aféieren, datt mir se och sollen aféieren. Mir [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Wann déi dat net maachen.

Jean Asselborn: kënnen net op de Wee goen, an eis Bankplaz kapott maachen, doduerch datt mir soen, mir alleng zu Lëtzebuerg maachen elo esou eng Tax. Dat ass jo evident, dat steet jo, mengen ech, iwwerhaapt net zur Diskussioun, an dat ass och net de Punkt. De Punkt ass [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dat heescht, Dir hutt eng aner Meenung wéi Är Partei dann do?

Jean Asselborn: Ech weess net, wéi Dir d’Meenung vun eiser Partei interpretéiert, ech hunn näischt esou eppes gelies, ech hunn näischt esou eppes héieren [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Den Här Lux huet dat esou gesot.

Jean Asselborn: Da sot mir emol genee, wat den Här Lux gesot huet.

Frank Kuffer: Mir kënnen et vläicht eraussichen, John, vläicht fanne mir dat, da spillen ech Iech dat nach. Mä kommt, mir fueren emol weider nach eng Kéier bei de Piranjas.

Den Dan Kersch, Buergermeeschter vu Monnerech, Parteifrënd – ech weess net ob een dat kann esou soen – huet Iech viru kuerzem zollitt an engem Zeitungsartikel kritiséiert, Dir – also d’Politik, an och Dir, Jean Asselborn – hätt déi Bankpiranjas gefiddert, joerelaang gewäerde gelooss. Dat gëllt dann net onbedéngt elo fir dee Piranja, deen Dir gemengt hutt, mä wa mir emol bei deem Begrëff bleiwen, d’Politik huet d’Banke jo awer och gewäerde gelooss?

Jean Asselborn: Ech sinn an enger Partei, déi ech ganz gutt kennen, a wann een do zartbesaitet ass wann een emol eng erwëscht, da fiert een ewech wéi eng Spläiter.

Dofir, ech kennen den Dan Kersch gutt, ech weess, datt en do reagéiert huet, héchstwahrscheinlech op eppes wat ech gesot hunn, wat hie gestéiert huet.

Mä loosse mir eis eens sinn op engem Punkt. Dat ass, d’Politik huet en général – an ech weess net, ob d’Sozialdemokraten un éischter Stell waren, ech mengen net – vill ze vill Vertraue gehat an d’Mechanismë vun där esou genannter sozialer Maartwirtschaft. Dat stëmmt. An dofir mengen ech, zënter 2008 ass do eng Späicherliicht opgaangen, datt och déi méi konservativ Parteien, déi méi liberal Parteien, wann ech esou dierf soen, absolut domat averstane waren, datt, wann de Staat net bäigespronge wier, datt villes d’Baach eragaange wier.

D’Ekonomie kann also net, an och net déi sozial Maartwirtschaft liewen, gutt liewen, wann net eng Reguléierungskraaft do ass, déi de Staat ass. An an eiser Verantwortung, an och erëm eng Kéier, wann ech dat dierf soen, esou wéi mir dat geléiert gi si vun deene Leit, déi virun eis do waren, musse mir eis ganz staark dofir asetzen. Do ass vun de sozialistesche Regierungen an Europa héchstwahrscheinlech ze vill e grousst Vertraue gewiescht an d’Mechanismë vun der Maartwirtschaft. An dat wësse mir elo zënter 2008, datt een dat muss behiewen.

Dat huet awer näischt mat de Piranjas ze dinn, dat war eppes ganz aneschtes, wat ech nämlech präzis um Instrument vu Griichenland gesot hunn.

Frank Kuffer: Dir wiert iwwerfuerdert, seet den Dan Kersch an deem Artikel.

Jean Asselborn: Ech war jo elo 23 Joer Buergermeeschter vu Stengefort an ech weess, datt ech elo méi gefuerdert si wéi déi Zäit wou ech Buergermeeschter war, a Monnerech ass jo elo net vill méi grouss wéi Stengefort.

Mä ech wëll just soen, datt ech all dat zur Kenntnis huelen. Ech si gefuerdert. Ob ech iwwerfuerdert sinn, ob d’Leit dat esou gesinn, do mussen awer verschidde Critèren dann zesumme kommen. Mä gutt, ech hu mam Dan Kersch zu Nouspelt op der Emaischen Eeër getickt an ech mengen, dat si Momenter, déi elo net esou gravéierend sinn. Dat ass an eiser Partei esou Usus, an dat meeschtere mir och.

Frank Kuffer: Här Asselborn, fir datt Dir gesitt, datt mir als Journalist och net ëmmer Iech einfach egal wat dohinner geheien, spille mir Iech dann eng Kéier kuerz den Här Lux.

Lucien Lux(O-Toun): An deem Pak, dee mir amgaange sinn ze diskutéieren, deen an der Tripartite diskutéiert gëtt – mä dee jo och an der Koalitioun diskutéiert gëtt, well mir mussen eis jo och drop astellen, datt et do keen Accord gëtt, an datt mir capabel als Politik musse sinn, dann awer Décisiounen ze huelen – mengen ech, gehéiert et awer dozou, datt een zum Beispill bei de Banke ganz eescht a ganz reell iwwer eng Bankenabgab, esou wéi dat och an deenen anere Länner diskutéiert gëtt, oder et se scho gëtt, muss nodenken, a se muss ëmsetze fir, mengen ech och, en Zeechen ze gi vis-à-vis vun deene Leit dobaussen, deenen Dausenden an Zéngdausenden, déi all Mount éierlech a brav hir Steiere bezuelen, datt et net ka sinn, datt duerch d’Feeler, duerch zum Deel massiv Feeler, déi op deem Gebitt gemaach ginn, datt do nëmmen eng Kategorie vu Leit muss mat bezuele fir d’Käschten an d’Schied ze finanzéieren. Mä datt een och hei zu Lëtzebuerg dee Wee vun enger Bankenabgab fir besonnesch Risikogeschäfter muss goe fir ze weisen, datt een e gerechte Pak, en horizontale Pak schnürt.

Frank Kuffer: Also eng Bankenabgab awer?

Jean Asselborn: Gesidd Dir – wann ech vu Malentenduë gaschwat hunn, dat ass en typeschen. Ech hunn net héieren, datt den Här Lux gesot huet, egal wat am Ausland geschitt, Lëtzebuerg muss, och wann am Ausland näischt kënnt, eng Bankesteier aféieren.

Mir sinn an engem ganz sensibele Spektrum hei, a gleeft mir, ech weess wat d’Leit aus menger Partei soen, och wann ech net ëmmer hei sinn. An egal wat deen een oder deen aneren elo seet, ech mengen, et ass evident, datt d’sozialistesch Partei mengt, datt mir do net eis dierfe verstoppen, wann et zu Décisiounë kënnt an eisem Ëmfeld, an de Länner ronderëm eis, datt Lëtzebuerg do och soll matzéien. Alles anescht stéing eis schlecht zu Gesiicht. Fäerdeg.

Frank Kuffer: Nach eppes. De Jean-Claude Juncker, dat war bis elo dee groussen Absent, op d’mannst an der waarmer Phas elo vun der Tripartite, also déi lescht Woch elo. Wéi gesitt Dir dat? Hätt hien net missen dem Land soen, wéi hien dat dann elo gesäit? Oder kënnt säi groussen Optrëtt déi nächst Woch als Retter vun der Natioun?

Jean Asselborn: Mir mussen elo wierklech jo och fair sinn. Mir hunn eng Koalitioun, wou eng Considératioun also ass vis-à-vis vu mir par rapport zum Premier. Deen ass och elo e wéineg geplot, a wann ech soen, e wéineg, ass dat diplomatesch ënnerdriwwen, als Chef vum Eurogrupp, mat deem wat sech zoudréit a Griichenland. A mir dierfen net mengen, datt wann et zu schlechte Solutiounë kënnt fir Griichenland, mir géifen do ongeschuer bleiwen.

Dofir musse mir awer respektéieren, datt déi Absence elo, en ass zu Madrid bei de Finanzminsteren, datt déi Absence awer ze rechtfäerdegen ass. Ech hoffe just mat der Wollek, datt hien och erëmkënnt, well Dir wësst, datt och d’Madame Merkel a Portugal blockéiert ass, och déi ass net méi op Berlin komm.

Mä ech mengen net, datt mir elo solle versichen un der Spëtzt vun der Regierung iergendwellech Dissenzen ze maachen. Do gëtt et schonn, mengen ech, genuch Versteesdemech, an och nach genuch Vaseline an de Rieder, fir datt déi Riedercher esou lafe wéi d’Land dat eigentlech vun enger Regierung erwaart, déi sech respektéiert, zwou Parteien déi sech respektéieren, an eng Koalitioun, déi, wann et zielt, prett do steet fir Décisiounen ze huelen.

Frank Kuffer: Da loosse mir kucken. An zwou Woche wäerte mir méi wëssen.

Jean Asselborn, Dir an déi aner Ministere wäerten déi nächst zwou Wochen nach zollitt mussen an d’Pedallen drécken, nach e puer Bieger hors catégorie musse meeschteren. Bonne chance dobäi, a Merci datt Dir komm sidd.

Jean Asselborn: Merci villmools, Här Kuffer.

Dernière mise à jour