Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet des mesures proposées par le gouvernement qui doivent servir de base pour les négociations de la Tripartite

Mariette Zenners: Am Studio begréissen ech elo de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Mariette Zenners: Dir hutt eng laang Busrees hannert Iech. Esou laang wäert d’Verhandlungsronn an der Tripartite muer hoffentlech net daueren. Är Ministerkollege schéngen Iech et elo emol wëllen ze iwwerloossen ze communiquéieren. Wat war dann do lass an der Regierung? Goufen et do vill Malentenduen? Firwat ass net mat enger Stëmm d’lescht Woch geschwat ginn?

Jean-Claude Juncker: D’Regierung huet d’lescht Woch keng gutt Impressioun ofginn. An dobäi ass d’Ausgangslag kloer.

Am Conseil vum leschte Freideg huet de Finanzminister Luc Frieden d’Autorisatioun vun der Regierung kritt, eng Rei vu Pisten, vu Propositiounen op den Dësch vun der Tripartite ze leeën, fir doriwwer ze schwätzen, och mat dem Wëlle fir doriwwer, wéi den Här Frieden selwer gesot huet, ze negociéieren, esou ass dat üblech an der Tripartite.

Duerno hunn d’Gewerkschaften, anstatt sech un d’Ofmaachungen ze halen, an d’Ofmaachung war: diskutéiert, bei Iech an Äre Gremien – mir sinn och an enger sozialer Demokratie – an da sot Dir eis d’nächst Woch an der Tripartite, wat dir vun deene Propositiounen, vun deene Pisten haalt a wat Dir soss vu Pisten hätt, well d’Regierung huet och nach eng Rei vu Pisten am Kapp, falls mir net zu deem wënschenswäerte Resultat kommen.

D’Gewerkschaften hunn déi Propositiounë public gemaach. Dunn ass den Androck enstanen, wéi wann den Här Frieden déi Propositiounen, déi am Numm vun der Regierung, vun der ganzer Regierung gemaach goufen, mordicus wéilt duerchdrécken, ouni ze verhandelen.

Mariette Zenners: Mä wéi ass et da méiglech, datt een LSAP-Minister da seet, dat do si vläicht Propositiounen déi guer net vun deene 15 ofgeseent goufen?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass onméiglech.

Mariette Zenners: Dat heescht, den Här Schmit hat do eppes falsch verstanen, oder wéi?

Jean-Claude Juncker: Den Här Schmit versteet ganz gutt, no der Sitzung vun haut, datt Ministeren net iwwer d’Regierung an der Ëffentlechkeet schwätzen, mä an der Regierung schwätzen. Den Här Minister Schmit huet d’ailleurs, wéi all Ministeren, sech och kontrovers iwwer dee Pak, op deen d’Regierung sech als Propositiounselement geeenegt huet [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mä steet d’Regierung da geschlossen hanner deem Pak?

Jean-Claude Juncker: Den Här Schmit huet doriwwer kontrovers diskutéiert, wéi ech och, wéi d’Madame Jacobs och, wéi anerer och, wéi d’Madame Delvaux och.

Mä dat si Pisten déi mir op den Dësch geluecht hunn, iwwer déi mir verhandelen, an dat ass keen Diktat vum Här Frieden, deen hei duergestallt gëtt wéi en onbarmhäerzege Familljekiller. An dat ass net grad de Fall, well déi Propositiounen déi den Här Frieden am Numm vun der Regierung virgedroen huet, déi hu jo ganz vill Nuancen, iwwer déi eigentlech ni geschwat gëtt.

Mariette Zenners: Mir kommen nach op déi Nuancen zréck. Mä wier et vläicht anescht ausgaangen, wann Dir d’lescht Woch als Staatsminister virun d’Press getruede wiert? Et huet e bëssen ausgesinn, wéi wann Dir dem Här Frieden do wéilt esou eng ondankbar Tâche iwwerloossen?

Jean-Claude Juncker: Bis elo hunn ech mech nach ni esou richteg aus dem Stëbs gemaach, wann et méi hefteg ginn ass. Mä de leschte Samschdeg huet den Här Frieden och net déi Pisten, déi hien am Numm vun der Regierung virgedroen huet, der Press matgedeelt, well mir hate jo mat de Sozialpartner ofgemaach, si géifen doriwwer nodenken an da géife mir muer driwwer schwätzen, an dofir huet den Här Frieden keng grouss Detailer ginn.

Hien huet dat allerdéngs musse maachen, nodeems déi Propositiounen onnuancéiert an d’Ëffentlechkeet bruecht gi sinn. Mä ech verstoppe mech net hanner dem Här Frieden, an hie verstoppt sech och net hanner mir, hien ass grouss an al a groussjäreg, mä ech och.

Mariette Zenners: Hien huet awer kloer gesot, datt et net muss zu engem Accord an der Tripartite kommen, datt Dir gegebenefalls mat deene Spuermoossname virun d’Chamber gitt, ouni datt d’Sozialpartner d’accord sinn.

Jean-Claude Juncker: Hien huet net gesot, mat deene Spuermoossnamen, mä mat deene Spuermoossnamen déi musse sinn [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat heescht, si ginn net esou duerchgefouert wéi se elo verstane gi sinn?

Jean-Claude Juncker: Doriwwer verhandele mir, andeems mir däitlech maachen, datt déi Spuermoossname jo net esou brutal sinn, obschonn ech d’Opreegung vun de Leit verstinn, wéi se ausgesinn [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wat ass dann net esou brutal?

Jean-Claude Juncker: Dir stellt mir ëmmer wann ech eng Fro beäntwerte schonn déi nächst Fro. Elo hunn ech scho bal déi éischt Fro vergiess, déi Dir mir gestallt hutt, da beäntwerten ech Iech elo léiwer déi zweet.

Mariette Zenners: Jo.

Jean-Claude Juncker: Zum Beispill gëtt gesot, de bëllegen Acte gëtt ofgeschaaft. Dee gëtt awer net fir jiddwereen ofgeschaaft, well déi Leit, déi am normale Wunnengsbau e Subventiounsrecht, eng Prime d’acquisition kréien, an Zukunft och de bëllegen Acte kréien. Mir si jo net vum onsoziale Lemmes gebass a wësse jo ganz gutt, datt et e ganze Koup vu Leit gëtt, déi déi Enregistrementskäschten net kënne bezuelen.

2002 hu mir gesot, mir verallgemengeren de bëllegen Acte. Och deen, deen 300.000 Euro am Joer verdéngt, dee kritt e bëllegen Acte. Wa mir elo dee bëllegen Acte reduzéieren op déi Leit, déi d’Prime d’acquisition beim Logement kréien, da féiert dat zum Resultat, datt vun 237.000 Leit, déi zu de Ménagen hei am Land gehéieren déi Steiere bezuelen, 141.000 Ménagen iwwerhaapt net dovu betraff sinn. Wann 141.000 Haushalter net betraff si vun där Ofschafung, vun der Allgemengerung vum bëllegen Acte, da kann een net grad soen, de bëllegen Acte géif fir jiddwereen ofgeschaaft ginn.

Et ass jo ëmmer gesot ginn, d’CSV géif Familljepolitik mat der Stränz maachen. 30 Joer wou ech an der Politik sinn [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Déi lescht Deeg elo net méi.

Jean-Claude Juncker: 30 Joer wou ech an der Politik si gëtt ëmmer gesot, d’CSV wäerft d’Suen zur Fënster eraus, mécht Sozialpolitik mat der Stränz. Elo schränke mir eenzel sozialpolitesch Moossnamen, net nëmmen als CSV mä als Regierung, gären op eng manner grouss Zuel vu Leit an, an elo gëtt sech driwwer beklot, datt net méi aus all Lach vun der Stränz dat selwecht Waasser kënnt.

Mariette Zenners: Mä verstidd Dir awer e bëssen, d’Leit gesinn et wahrscheinlech esou, déi Finanzkris ass komm, do ware mir net Schold als Steierzueler, elo musse mir awer dofir berappen. Dat ass jo eigentlech wéi d’Leit et e bësse gesinn. Misst een dann net d’Patronen och méi zur Responsabilitéit zéien?

Jean-Claude Juncker: Bis elo huet nach kee mir gesot wéi een d’Patronë géif méi belaaschten. Ech waarden nach ëmmer op eng Propositioun vun de Gewerkschaften a vun aneren, déi mir soen, ob elo de Moment komm ass, matten an der Kris d’Steieren op de Betriber ze erhéijen. D’Regierung verzicht drop, ech och. Well ech hunn et virgeschloen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Äre Vizepremier huet jo awer zum Beispill e Samschdeg gesot, datt een awer kéint eppes bei de Banken trotzdem och als psychologescht Signal maachen.

Jean-Claude Juncker: Selbstverständlech huet de Vizepremier Recht, e weess jo och wat ech wëll proposéieren, dofir kann hie sech natierlech mat deene Propositiounen, déi een nach net ka benennen, avancéieren. Mir kënnen awer elo net d’Besteierung op de Betriber erhéijen.

Déi Bankekris déi ass ausgeléist ginn, d’Finanz- an d’Wirtschaftskris, vun de grousse Bankhaiser. Ech hunn, wéi dat lass gaangen ass, dat heftegst kritiséiert. Ech hu mech an der Chamber dofir vernenne gelooss, datt ech d’Banke kritiséiert hunn. Dat dierft een als Staatsminister vun enger Finanzplaz net maachen. Dovun héieren ech näischt méi, datt ech deemools ausgebremst gi sinn.

Ech sinn der Meenung, datt déi Kris, déi Finanzkris net vun de lëtzebuerger Banken ausgeléist ginn ass, wann ech dat vereinfachen. Et kann een awer net soen, datt d’Raiffeisekees elo déi Finanzkris weltwäit ausgeléist huet. Soll ech elo eng extra Steier op deene klenge Banken, och nach op deene klenge lëtzebuergesche Banken aféieren [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Déi huet jo awer zum Beispill net gehollef kritt?

Jean-Claude Juncker: Et geet jo net nëmmen ëm déi, déi gehollef kritt hunn. De ganze System ass jo ebranléiert ginn. Et kann ee jo net nëmmen eng extra Steier aféiere fir déi, déi gehollef kritt hunn.

Mariette Zenners: Dat heescht, Dir denkt awer vläicht drun eng Bankesteier dann op europäeschem Niveau anzeféieren?

Jean-Claude Juncker: Ech setze mech an Europa, a menger Qualitéit als Chef vum Eurogrupp, an och dëse Weekend zu Madrid, intensiv dofir an, datt eng speziell Bankenabgabe agefouert gëtt, well ech der Meenung sinn, datt d’Banke weltwäit an hire Spëtzenetablissementer sech op eng onmoralesch Aart a Weis beholl hunn. A wann dat geschitt, maache mir dat och zu Lëtzebuerg.

Mä mir maachen awer net zu Lëtzebuerg eng Bankesteier gréisseren Ausmoosses, déi d’lëtzebuerger Banke géif strofen an déi déi d’Kris ausgeléist hunn net.

Ech proposéieren an der Tripartite, et ass jo eng offen Tripartite, huet den Här Asselborn e Samschdeg um Radio gesot, datt bei der Reform vun der Assurance accidents d’Cotisatiounë vun deene klenge mëttelstännesche Betriber ofgesenkt ginn, datt en einheitleche Cotisatiounssaz agefouert gëtt, datt de Saz vun de Banke staark an d’Lut gesat gëtt, an datt dee vun de klenge Betriber erofgesat gëtt.

Dat ass eng Fassong eppes zu Lëtzebuerg ze maachen, wouzou d’Banke contribuéieren, wat de Mëttelstand entlaascht, wat d’Gesamtreform vun der Assurance accidents méiglech mécht, esou datt mir eise lëtzebuerger Deel vu Bankenabgabe maachen, an an Europa maache mir mat, wa sech do eppes erausschielt wat eis schéngt sënnvoll ze sinn.

Ech sinn der Meenung, Europa muss eng Besteierung vun de Banke maachen, well et kann net, wéi soll ech dat soen, ongesühnt bleiwen, datt de Steierzueler de Bankesystem muss retten.

Mariette Zenners: Mir fuere gläich viru mam Interview, fir d’éischt awer nach e Reportage dotëscht. D’lëtzebuerger Ekonomie steet also jiddwerfalls virun enger fundamentaler Mutatioun a muss sech enger ganzer Rei Erausfuerderunge stellen, déi iwwer d’Zukunft vum Land décidéieren. Dat geet och aus dem leschte Rapport vum Internationale Währungsfong ervir, deen haut virgestallt gouf. Doranner gëtt ënner anerem den Index a Fro gestallt a virun enger Rentemauer gewarnt. De Michel Thiel erkläert.

Reportage vum Michel Thiel:

D’Conclusioune vum IWF-Rapport 2010 sinn zweespälteg. Dank Rettungsplang an antizyklescher Budgetspolitik wieren d’Wirtschaft an den Aarbechtsmaart mat engem bloen A aus der Kris kommen. Anerersäits stéing d’Ekonomie virun neien Erausfuerderungen.

Trotz neiem Opschwong misst ee sech op dauerhaft schwaache Wuesstëm astellen. Ëm déi 3% fir 2010/2011, an der längerfristeger Moyenne esouguer nëmmen 2,5% géintiwwer 4% an der Vergaangenheet. Den IWF gesäit dofir dräi Haapterausfuerderungen op Lëtzebuerg zoukommen.

Fir d’éischt misst de Finanzsecteur ënner anerem duerch eng verstäerkten Iwwerwaachung an eng besser Risikogestioun gestäerkt ginn. Als zweet recommandéiert de Währungsfong eng nohalteg Finanzpolitik. Et wier essentiel fir de Staatsdefizit an de Grëff ze kréien, well d’Steierrevenuen erof ginn.

Francisco Vasquez (Iwwersetzung): D’Diskussiounen an der Tripartite bidden eng nei Chance fir sech mam politesch heikele Sujet vun den Dépensen ze beschäftegen, an Décisiounen ze huelen. Leider gehéieren dozou all d’Ausgaben a besonnesch d’Sozialkäschten an d’Salairen am ëffentlechen Déngscht, well grad hei ass Spillraum fir Upassungen.

Michel Thiel: E grousse Problem gesinn d’Expertë vum IWF och beim Renten- a Gesondheetssystem, deen net den neien ekonomesche Bedingungen ugepasst wier.

Francisco Vasquez (Iwwersetzung): Fir all Euro, deen een an d’Pensiounskees abezuelt, kritt een der zwee eraus. Wat heescht dat, zumools wann een deen neien ekonomesche Kontext kuckt? Fir all Employé deen a Pensioun geet, mussen der zwee noréckelen. A wann déi zwee pensionéiert ginn, mussen der 4 se ersetzen, fir datt d’Pensiounë kënnen ausbezuelt ginn. An ëmmer esou weider.

Michel Thiel: De Währungsfong proposéiert dofir eng Verlängerung vun der Aarbechtszäit an eng Reduktioun vun de Rentenupassungen. Als drëtt Erausfuerderung gesäit den IWF d’Competitivitéit vum Standuert. Fir d’Produktivitéit ze steigere misst een de Wuesstëm vun de Lounkäschten an de Grëff kréien, besonnesch am ëffentleche Secteur.

D’Expertë begréissen eng geplangten Adaptatioun vum Index, a schloen esouguer vir, fir déi automatesch Lounupassung an Zukunft ganz ofzeschafen.

Mariette Zenners: Den Internationale Währungsfong schwätzt Iech also zimlech an de Krom, net bei allem wat d’Mesuren ugeet.

Ech bleiwen emol beim Index, dat ass jo och en Haaptknackpunkt. De Vizepremier sot de leschte Samschdeg, do dierft net dru gefréckelt ginn, d’Gewerkschafte si strikt dogéint, d’LSAP ass dogéint. Wéi ee Wee fannt Dir do? Kéint et iwwerhaapt zu engem Accord kommen?

Jean-Claude Juncker: De Wirtschaftsminister, den Här Krecké, erkläert dauernd, iwwerall, an ëffentlech an och hei, datt mir u Competitivitéit verluer hunn. Ergo musse mir d’Competitivitéit vun eisen Entreprisë verbesseren, well mir sinn amgaangen, par rapport zu eisen Nopeschlänner, ganz staark un Attraktivitéit ze verléieren. Déi Gespréicher féiere mir virun. Mir ass et scho kloer [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mir haten elo Index [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, mir schwätze vum Index. Mir ass scho kloer wat d’Retizenze si fir den Index ofzeschafen, an ech wëll en och net ofschafen, mä [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mä datt d’Pëtrolsproduiten, Alkohol, Tubak erausgeholl ginn, dobäi bleift et awer?

Jean-Claude Juncker: Dat ass jo nach keng Ofschafung vum Index. Ech hu schonn an der Tripartite duergeluecht, datt een d’Pëtrolsprodukter kann aus dem Index eraushuelen, mä wéi een dat mécht féiert zu ganz ënnerschiddleche Resultater.

Wann d’Pëtrolspräisser muer staark uklammen, an dat wäerte se maachen, da kann een dat, menger Ansiicht no, net voll am Index repercutéieren, mä et kann een awer och d’Pëtrolspräisser net onbedéngt ganz eraushuelen, mä eréischt vun engem gewëssene Präis vun deem un d’Pëtrolspräisser klammen, der Augmentatioun vun de Pëtrolspräisser [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat heescht, do gëtt et esou een Accord, oder proposéiert Dir emol, à l’amiable?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net, ob et een Accord gëtt, mä ech sichen no Léisunge mat deenen d’Sozialpartner d’accord sinn an déi dem Land hëllefen.

Ech sinn iwwregens mat ganz ville Saachen, déi den Internationale Währungsfong seet, obschonn ech Gouverneur vun deem selwechte sinn, net d’accord. Ech sinn iwwerhaapt net der Meenung iwwregens.

Mariette Zenners: A punkto Renten, gidd Dir him do Recht?

Jean-Claude Juncker: Ech si jo eigentlech heihinner komm, fir d’Propositiounë vun der Regierung, an net vum Internationale Währungsfong ze kommentéieren. Dir frot mech elo d’Propositiounen mat deenen ech net d’accord sinn, an [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Et geet jo awer ëm déi selwecht Themen, si si jo awer trotzdem an der Tripartite [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, mä iwwer Rente schwätze mir précisément net an der Tripartite, do schwätzt de Minister Mars Di Bartolomeo op engem aneren Dësch mat de Sozialpartner driwwer. Iwwer d’Krankekeesereform schwätze mir net an der Tripartite, do gëtt un engem aneren Dësch driwwer geschwat.

Ech sinn net d’accord mat dem IWF, datt een ohne Weiteres d’Liewensaarbechtszäit soll erhéijen. Ech sinn der Meenung, datt do heiansdo muss e Schrëtt gemaach ginn, mä an där pauschaler, brutaler Form sinn ech net domat d’accord. Ech hätt vill léiwer, d’Betriber géifen dofir suergen, datt déi Leit tëscht 54 a 60 Joer am Betrib kéinte bleiwen, statt datt déi einfach aus de Betriber erausgedréckt ginn, an datt mir da soen, elo erhéije mir d’Liewensaarbechtszäit. �? terme musse mir d’Liewensaarbechtszäit erhéijen, mä ech hätt fir d’éischt emol gären, datt déi ënner 60 Joer net aus de Betriber erausgedréckt ginn, regelrecht erausfléien.

Ech sinn iwwerhaapt net der Meenung, datt eise Besteierungssystem muss iwwerpréift ginn. Kuckt emol, d’Leit soen och dobaussen, si huelen et bei deene Klengen a si loossen déi Déck a Rou. An dat ass iwwerhaapt net dat, wat d’Steierpolitik ausweist vun deene leschten 20 Joer. Dofir sinn ech responsabel, fir d’Steierpolitik. Ech war 20 Joer Finanzminister [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Si bezéien et vläicht och méi op d’Moossname wéi Kannergeld, Bonifications d’intérêts an déi Saachen?

Jean-Claude Juncker: Neen, et gëtt gesot, déi Déck ginn a Rou gelooss, an déi Déck brauchen net zu deem Effort bäizedroen.

Vun deene Leit déi hei am Land Steiere bezuelen, gëtt et 3,79% vun den Haushalter, déi méi wéi 140.000 Euro besteierbart Akommes hunn. An déi 3,79% bezuele 42,5% vun de Steieren. Dat heescht, datt déi, déi vill verdéngen, en disproportionéiert – a mengen Ae proportionéiert – groussen Deel zu der Finanzéierung vun de staatlechen Aktivitéite bäidroen.

Mariette Zenners: Ech mengen, datt d’Leit sech zwar och, wann een esou Forë wéi bei eis kuckt, an der Lescht méi iwwer déi aner Saache beschwéiert hunn, wéi elo a punkto Steieren, eben esou Saache wéi Kannergeld ab 21 Joer [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, dat gleewen ech ganz gären, well 40% vun de Leit, déi hei am Land misste Steiere bezuelen, keng Steiere bezuelen, well 40% vun de Leit ebe keng Steiere bezuelen.

Mariette Zenners: Mä bei deenen anere Mesurë bleift et op jiddwerfalls?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä Dir loosst dat ëmmer ewech wat eigentlech zu den Nuancë gehéiert. Mir besteiere ganz spéit, an et gëtt ganz vill Leit, déi keng Steiere bezuelen. Ech sinn domat d’accord, ech hunn dat selwer erbäigefouert. An dat hätt zur Géigereaktioun, datt uewen, wou d’Leit méi verdéngen, datt do och wiesentlech méi Steiere bezuelt ginn, an datt déi Leit zu engem ganz groussen Deel zu der Finanzéierung vum staatleche Service bäidroen.

Datt d’Leit sech opreegen, datt mir eigentlech net gewinnt sinn, datt mir musse spueren, datt mir awer musse spueren – dat seet jo jiddwereen, datt mir net kënnen eis hoffnungslos verschëlden – datt mir eis haut der Decken no strecke mussen, fir datt déi Leit, déi muer an iwwermuer wuessen net kal Féiss kréien, domat ass eigentlech jiddwereen d’accord.

Mä wann et ëm dat konkret Spuere geet, net. Mä dat konkret Spueren, déi Pisten déi d’Regierung virgeschloen huet, déi verdéngen natierlech eng nuancéiert Betruechtung. Ech hunn Iech dat [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat heescht, Dir sidd e bësse falsch verstane ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt alleguer déi begleedend Moossname déi geholl ginn net duergestallt gi sinn an dem Reflektéiere vun deem wat och de Finanzminister e puer Mol gesot huet.

Et gëtt gesot, déi Kanner iwwer 21 Joer, déi op der Universitéit sinn, déi ginn elo iwwerhaapt net méi ënnerstëtzt, well d’Kannergeld fir déi entfält, wéi dat a ville Länner de Fall ass. A wat fir engem Land gëtt bis 27 Joer Kannergeld bezuelt?

Mariette Zenners: Jo, mä d’Leit hunn et bis elo mat agerechent an hir Budgeten.

Jean-Claude Juncker: Jo, d’Politik mat der Stränz, huet dat sech fréier genannt. Mir erhéijen awer d’Boursen, mir erhéijen d’Prêten, esou datt keen ee lëtzebuergesche Jugendlechen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mä d’Prêtë muss een ëmmer zréckbezuelen, d’Kannergeld kritt een esou.

Jean-Claude Juncker: Wann een am Liewen op eemol 200.000 Euro verdéngt, brauch een dann de Staat net zréckzebezuele fir dat wat ee vum Staat kritt huet?

Dir wëllt Politik mat der Stränz maachen. Ech sinn der Meenung, datt een dat eben net soll maachen, well déi Leit, déi sech och am spéidere Liewen et kënne leeschten d’Solidaritéit zréckzeginn, déi se risikohaft vum Staat an Ëmfang geholl hu wéi se jonk waren, datt dat sech perfekt duerstellt.

Jiddwerfalls ass et net esou, datt elo d’Studenten iwwer 21 Joer vum Staat net méi ënnerstëtzt ginn. Hir Boursë ginn ausgebaut, hir Prêten [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: D’Boursë kritt een ëmmer nëmme jee no Akommes vun den Eltere selbstverständlech, dat anert war eng Mesure déi jiddweree kritt huet, d’Kannergeld iwwer 21 Joer.

Jean-Claude Juncker: Wou wësst Dir da wéi de Boursësystem ausgebaut gëtt, vu datt Dir dat esou [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Well ech se selwer emol an der Zäit ugefrot hunn.

Jean-Claude Juncker: Fréier war fréier, a muer ass muer, an dat si ganz aner Regimer déi elo kommen. Deen Androck, deen ech hunn, an deen ech verstinn, well d’Pressebild war esou, datt elo ouni Nuance géif hei sozialen Ofbau bedriwwe ginn, dee stëmmt net, well do ganz vill Moossname parallell dozou getraff ginn, déi wiesentlech de méi schaarfe Charakter vun deenen Aspuerungen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Da waarde mir an den nächsten Deeg drop, datt se vläicht méi nuancéiert nach vun Iech virgestallt ginn.

Jean-Claude Juncker: Dat ass vum Finanzminister alles gesot ginn, mä dat ass net reflektéiert ginn.

Mariette Zenners: Op jiddwerfalls gëtt nach viru verhandelt. Et ass net Fait accompli wat den Här Frieden sot?

Jean-Claude Juncker: Ech si kee Mënsch dee mam Kapp duerch d’Mauer geet. Ech sinn awer e Mënsch, dee grousse Wäert drop leet, datt mir an deenen nächste Joeren net méi wéi 4 Milliarden Euro léine ginn, esou datt déi, déi an 10 Joer Steierzueler sinn, net méi wëssen, wéi vill Steieren datt se solle bezuele fir déi Scholden zréckzebezuelen déi mir haut maachen. Dorop ass ze uechten.

An da gi mir net mam Kapp duerch d’Mauer, mä mir verhandelen an der Tripartite. Mä ënner dem Stréch muss gespuert ginn. Et gëtt keng Alternativ zum Spueren, an déi Spuereffortë kann een net doduerch neutraliséieren an annuléieren, datt ee systematesch, och do wou et net méi geet, d’Steieren erhéicht. Elo ass jiddweree fir Steiererhéijungen, bis mir Steiererhéijunge proposéieren.

Mariette Zenners: Ech soen Iech Merci fir de Besuch am Studio, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour