Le Premier ministre, président de l'Eurogroupe, au sujet du mécanisme de stabilisation pour la zone euro

Diane Klein: Marathonkriseréunioun gëschter zu Bréissel vun de Staats- a Regierunschefë vun de 16 Eurolänner iwwer Griichenland an iwwer d’Konsequenzen op den Euro. Eraus koum en Accord fir e Mechanismus fir den Euro ze stabiliséieren.

De Staatsminister a Chef vum Eurogrupp, Jean-Claude Juncker, hat gëschter zu Bréissel dofir gewarnt, datt et net eng Attack op eenzel Länner aus der Eurozon wier, mat Griechenland virop, mä datt déi international Attackë sech géint d’ganz Eurozon géife riichten. Dofir d’Fro un de Chef vum Eurogrupp, wat et mat deem Mechanismus op sech huet.

Gudde Mëtteg, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Diane Klein: Wéi soll dee Mechanismus fonctionnéieren a wéi gëtt e finanzéiert?

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat am Detail net. D’Regierungschefë vun der Eurozon hu sech gëschter Owend prinzipiell d’accord erkläert fir esou ee Mechanismus an d’Liewen ze ruffen.

D’Finanzministere komme muer de Mëtteg zu Bréissel zesumme fir doriwwer am Detail, op Grond vun enger Propositioun déi d’Kommissioun bis muer de Mëtteg soll formuléiert hunn, ze diskutéieren. Ech kann Iech keng Detailer doriwwer ginn.

Ech wëll just d’Iwwerzeegung vun deene 16 Regierungschefë vun der Eurozon soen, datt mir déi Attacken op den Euro, déi weltwäit lassgetruede gi sinn duerch eng blann, wëll Spekulatiounswell, wëllen ofwieren. D’Regierungschefë si Leit vun theoretesche Sätz, d’Finanzministere si Leit vun de praktesche Modalitéiten. Mir musse muer kucken, wat d’Kommissioun genee virschléit. Ech sinn am Kontakt mat där selwechter bis muer de Mëtteg fir ze kucke wat mir do kënne maachen.

Diane Klein: Muer sollen d’EU-Finanzministeren also d’Detailer klären, fir datt déi nei Moossnamen e Méindeg fir d’Ouverture vun de Finanzmäert prett sinn. Wat mécht Iech da sécher, datt déi nei Moossnamen dat richtegt Ventil géint dee weltwäite Spekulatiounsdrock sinn?

Jean-Claude Juncker: Näischt mécht mech do sécher.

Mir musse kucken, wat d’Europäesch Kommissioun an och d’Europäesch Zentralbank bis muer de Mëtteg, jiddwereen a sengem Beräich, wäert virformuléiert hunn. An da musse mir kucken, datt mir domat eens ginn.

Ech hunn déi Sitzung vu gëschter Owend, obscho se laang gedauert huet, fir eng eigentlech iwwerflësseg gehalen, well ech net richteg gesinn, wouranner de Mehrwäert vun där Sitzung bestanen huet.

Et schéngt mir méi drëm gaangen ze sinn, datt Däitschland a Frankräich hir Geien openeen ofstëmmen, wéi datt et drëm gaangen ass, datt d’Eurozon eng schlësseg Äntwert formuléiert. Mä déi mussen d’Finanzministere muer liwweren. D’Finanzministere sinn an dëser Kris, och wann d’Regierungschefen dat net gär héieren, méi wichteg wéi si selwer.

Diane Klein: Am Laf vun Ärer Kriseréunioun hutt Dir gëschter de Rettungsplang fir Griichenland definitiv guttgeheescht. 80 Milliarden Euro iwwer dräi Joer kommen aus de Partnerlänner vun der Eurozon fir Griichenland duerch bilateral Prêten; 30 Milliarde vum IWF. Dat ass bekannt. Et huet een trotzdem an der Lescht héieren, datt déi kolossal Zommen nach net géifen duergoen. Wat ass Är Reaktioun dorop?

Jean-Claude Juncker: Meng Meenung ass, datt déi Zomm duergeet fir de griichesche Problemfall ze léisen. Mä meng Meenung ass och, datt ee muss däitlech maachen, datt ee méi breede Rettungspräbbeli iwwer der Eurozon hänkt, wéi nëmmen deen, deen iwwer Griichenland gespaant ginn ass.

Hei geet et net nëmmen ëm d’Attacken op Griichenland, déi sinn deels fundéiert, deels net fundéiert. Hei gesäit een, datt weltwäit eng Operatioun amgaangen ass fir d’Eurozon an hire Fundamenter ze erschütteren. Dat ass den Objet vun der Sitzung vu muer de Mëtteg vun de Finanzministeren.

Mir mussen däitlech maachen, datt all Länner vun der Eurozon bereet sinn, all Länner vun der Eurozon ze verdeedegen, well se d’Eurozon insgesamt wëlle verdeedegen.

Diane Klein: Gëschter si sech d’Vertrieder vun de 16 Eurolänner och eens ginn, datt d’Regele vum Stabilitéitspakt solle verschäerft ginn, fir déi Länner mat méi Nodrock kënnen an d’Gitt ze huelen, déi sech net drun halen. Mä iwwer d’Manéier vun der Verschäerfung vun de Regele schéngt et nach keng gemeinsam Linn ze ginn. Wourun hänkt et do?

Jean-Claude Juncker: Däitschland a Frankräich, déi viru 5, 6 Joer gefrot hu fir de Stabilitéitspakt konjunkturpolitesch ze ajustéieren, dat heescht e bësse méi labber ze maachen, fir a Phasë vun der Rezessioun eens ze ginn, froen elo, obscho se an der Saach ënner sech net eens sinn, fir de Stabilitéitspakt ze verschäerfen.

Dofir huet den Här van Rompuy, President vum Europäesche Conseil, en Expertegrupp ageriicht, an där ech den Eurogrupp vertrieden, den Här Frieden Lëtzebuerg vertrëtt. An da musse mir kucke wéi déi, déi viru Joeren d’accord waren de Stabilitéitspakt méi labber ze maachen, elo mengen e méi staark a méi stringent ze maachen.

Ech kann um Dag vun haut keng Auskunft driwwer ginn, perspektivesch, a wat fir eng Richtung datt dat geet. Mä kloer ass, dat hu mir och gëschter Owend décidéiert, datt déi 16 Eurolänner hir Consolidéierung, wat hir Staatsbudgeten ubelaangt, no vir verleeën. Dat ass genee dat, wat mir zu Lëtzebuerg gemaach hunn.

Diane Klein: Eng lescht Fro, Här Juncker. Wéi gesäit de griichesche Premier d’Zukunft vu sengem Land, konfrontéiert vu bausse mam Drock vun den internationale Finanzmäert, a vu banne mat deem vun de Strooss, opgehëtzt vun de Gewerkschaften?

Jean-Claude Juncker: De griichesche Premier ass e Mann, deen héchste Responsabilitéiten dréit, esouwuel an der Eurozon, well hien huet eng Responsabilitéit fir dat Ganzt, an deen och Responsabilitéiten no bannen dréit. Dat griichescht Vollek gëtt enger Sanéierungsrosskur ausgesat, vun där ech nëmme ka soen, datt se ganz schlëmm ass fir d’Griiche selwer.

Eis soll kloer ginn aus dem griichesche Beispill, aus dem iresche Beispill, aus dem portugisesche Beispill, aus dem spuenesche Beispill, datt ee Budgetsdefiziter net einfach ka lafe loossen, well et riskéiert een herno vun der Realitéit ageholl ze ginn.

Diane Klein: Här Staatsminister, ech soen Iech villmools Merci fir dësen Interview.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour