Jean-Claude Juncker au sujet de la démission du président fédéral allemand, Horst Köhler

Pierre Reyland: Um Telefon begréissen ech elo de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Pierre Reyland: Dem Horst Köhler seng Demissioun bedeit politesch Instabilitéit an Däitschland. Am Kontext vun der Finanz- an Eurokris kënnt dat sécher zu enger äusserst schlechter Zäit.

Jean-Claude Juncker: Déi Demissioun vum Budespresident Köhler, déi am Detail net novollzéibar ass, déi passéiert effektiv zu engem Moment wou et noutwenneg wier, datt an deem gréisste Land vun der Eurozon e Maximum vu Stabilitéit géif herrschen. Den Här Köhler ass jo och a Währunsfroe keen onbeschriwwent Blat gewiescht, well e war jo Generaldirekter vum Internationale Währungsfong an dofir och e gudde Conseiller vun der däitscher Regierung, an iwwer de Krees vun der däitscher Regierung eraus vun allen Euro-Regierungen.

Pierre Reyland: Bedeit dat elo weider Problemer fir d'Kris ëm den Euro an d'Scholde vun den Eurolänner.

Jean-Claude Juncker: Ech gesi keng direkt Influenz vun där Demissioun op d'währungs- an d‘geldpolitescht Geschehen. Ech gesinn och net, datt op de Boursë bis elo eng gréisser Reaktioun no där Demissioun ze observéiere gewiescht wier. Ech gesinn eigentlech keen direkten Ausfloss negativer Aart déi sech aus där Demissioun fir d'Wirtschaftsgeschehen ergëtt. Mä gutt ass et net, well et ass awer e Broch mat engem Stéck institutioneller Stabilitéit an Däitschland.

Pierre Reyland: Dir hutt gesot, dem Här Köhler seng Demissioun wier net novollzéibar. Dir hutt hie gutt kannt. Verstitt Dir dann, fir wat hien zréck getrueden ass?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, si wier net an all Detail novollzéibar. Ech kennen den Här Köhler iwwer 20 Joer. Ech weess, datt e sech näischt gefale léisst, datt wann d'Saachen him géint de Stréch ginn, datt en dat och seet. Dat ass jo säi gutt Recht.

An dësem Fall, huet e sech op eng Aart a Weis ausgedréckt déi mëssverständlech war, well ee konnt unhuelen, hie géif dofir plädéieren, datt aus däitsche Wirtschaftsinteressen eraus militäresch Handlunge kéinte virgeholl ginn. Déi Äusserung, déi ech fir onglécklech gehalen hunn an déi zurecht kritiséiert ginn ass, huet hien dozou bruecht, well en d’Kritik fir iwwerzunn fonnt huet, fir zréck ze trieden.

Wann ee sech an eng Debatt mëscht, da muss ee, fannen ech, och domat kënne liewen, datt Anerer engem äntweren an dann dierf een net esou Reaktioune weise wéi e Récktrëtt. Et si schonn aner Saachen an der Politik gesot ginn wéi déi doten, ouni datt dat mat Demissioune verbonne war.

Pierre Reyland: Jean-Claude Juncker, villmools merci fir dësen Interview.

Dernière mise à jour