Le Premier ministre au sujet des élections en Belgique

Pierre Reyland: Um Telefon begréissen ech elo de Premier Jean-Claude Juncker. Gudde Moien Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Pierre Reyland: Eng historesch Victoire fir déi nationalistesch flammännesch N-VA, wéi interpretéiert Dir dat Resultat?

Jean-Claude Juncker: 30% bal aus dem Stand eraus ze kréie bei Wahlen ass schonn eng erstaunlech Duerchmarschleeschtung. D'Fro ass wat sech hannert deenen 30% verstoppt an hannert deenen 30% vun der N-VA verstoppt sech méi, well et muss ee jo bei déi Stëmmen déi vum Vlams Belang, déi nationalistesch rechtsextrem Usammlung a Flandern, an d'Stëmme vun der Lëscht De Decker dobäirechnen an da kënnt een op 45% vun de Stëmmen, déi sech eigentlech direkt oder indirekt, elo oder méi spéit, fir d'Onofhängegkeet vu Flandern ausspriechen. Déi 46% vun de flämesche Stëmme weisen, datt d'Halschent vun den Nordbelsche sech am belsche Staat an am sozialen a wirtschaftleche System vun deemselwechten net wuelfillen. Dat ass schonn eng Wieleräusserung déi ee muss sérieux huelen a wou een elo – dat muss och am Süden vun der Belsch, a Wallounie verstane ginn – sech muss op de Wee maachen, fir um Wee vun der geschéckter institutioneller Kompromëssbildung der Belsch een definitive Wee an d'Zukunft ze sécheren. Esou kann et net virugoen, datt d'Belsch soss näischt méi maache wéi driwwer ze schwätze wat si wëlle maachen.

Pierre Reyland: Beonrouegt Iech déi Situatioun en vue vun enger eventueller Zerspléckung vum Land?

Jean-Claude Juncker: Ech gleewen net un d'Zerspléckung vum Land, mä da muss dat une fois pour toutes kloer gestallt ginn, esouwuel am Norde wéi am Süden. Wann ee Land och no baussen dauernd d'Gefill gëtt net richeg ze wësse wou et sech hibeweegt, als einheitleche konsolidéierte Staat oder als een a Regiounen mat gréisserer Autonomie versinn opgespléckte Staat oder als zwee verschidde Staaten, da bréngt dat eng Interrogatiounswell och mat der Zäit op de Finanzmarchéë mat sech, déi net gutt ass fir dee belschen Ensembel.

Pierre Reyland: Eng lescht Fro nach kuerz, et riskéiere laang Koalitiounsverhandlungen ze ginn. A wéi engem Sënn kéint dat der EU schueden? An zwou Wochen iwwerhëlt d'Belsch jo d'Présidence.

Jean-Claude Juncker: Et ass jo mol gutt, datt am Süde vun der Belsch d'Sozialisten een eindeutege Wahlerfolleg agefuer hunn, esou datt awer ee feste Fong esouwuel am Norde wéi am Süde vun enger Partei besteet, déi staark ginn ass. D'sozialistesch Partei ass déi éischt Partei an der Belsch ginn an ech mengen och, datt et sech ënner sozialistescher Regie leschten Enns wäert als méiglech erweisen, eng Regierung esou séier wéi méiglech ze kréien. Ech hätt gären, datt déi Regierungsbildung séier erfollegt wéinst der belscher Presidentschaft a wéinst der ugespaanter Situatioun op de Finanzmäert. Ech denken, datt dëst an der Belsch gewosst ass.

Pierre Reyland: Jean-Claude Juncker villmools Merci fir dësen Interview.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour