Jean-Claude Juncker invité de l'émission Background

Guy Kaiser: De Jean-Claude Juncker ass zanter iwwer engem Joer, géing ech soen, nationalen an och europäesche Krisemanager. Bleift Iech iwwerhaapt nach Zäit fir zum Beispill eng Partie op der Futtballweltmeeschterschaft ze kucken?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn e futtballbegeeschterte Mënsch, wéineg Leit wëssen dat. Ech sinn dozou iwwergaangen all Matcher déi op der Weltmeeschterschaft gespillt ginn, bis hin zur Finale, a mengem Calepin ze notéieren. Allerdéngs muss ech éierlech zouginn, wéi ech se notéiert hunn, wousst ech net, datt um halwer 2 an um 4 Auer géifen déi éischt Matcher stattfannen. Dat kréien ech also nëmmen hallef richteg mat, an da kréien ech déi zweet Halschent vun den Owesmatcher mat. Mä ech sinn do mat Häerz a mat Séil dobäi.

Guy Kaiser: Mir fält awer op, Här Juncker, zanter datt mir déi Futtballweltmeeschterschaft hunn, ginn d'Leit an Europa manner op d'Strooss, Beispiller Griichenland, Spuenien. Et ass méi roueg ginn. Brot und Spiele, neen?

Jean-Claude Juncker: No deene leschte griichesche Resultater huelen ech un, datt d'Griichen méi dacks op d'Strooss ginn.

Guy Kaiser: De Futtball ass déi schéinsten Niewesaach vun der Welt, gëtt gesot, loosse mir et dann den Ament dobäi sinn.

Jean-Claude Juncker: Mä et ass eng wichteg Saach, well ech hu léiwer d'Natioune konfrontéiere sech op engem Futtballsterrain, op Grond vu gemeinsame Regelen, wéi datt si ouni Regelen openee lassginn. Ech hu Futtball ëmmer ëmfonnt als eng Explikatioun tëscht Natiounen déi friddlech ass, och wann et heiansdo onfriddlech zougeet. Et ass eng gutt Saach, datt et de Futtball gëtt.

Guy Kaiser: Ouni Regelen, kann ee soen, war eigentlech och den Ulass fir datt mir an eng fantastesch Kris gerutscht sinn, an de Finanzen, an der Wirtschaft, duerno och an der Politik an och an der Gesellschaft, wann ee sech ebe bei eisen europäeschen Noperen ëmkuckt. Am Fréijoer hate mir hei zu Lëtzebuerg d'Tripartite, mam Resultat dat mir kennen. Elo hu mir gläich Summer an eigentlech huet sech näischt oder net vill geännert. De Statec kënnt mat Chifferen, déi soen, datt et besser geet, datt d'Land awer nach net gesond ass an den OGB-L President reagéiert dann op déi heite Manéier.

Jean-Claude Reding (O-Toun): Dat bestätegt eigentlech déi Warnung déi mir ausgeschwat hu fir ze vill pessimistesch ze sinn. Ech wëll nach dobäi soen, datt nach eppes aneschters an deem Avis vum Statec steet, an hirer Note de conjoncture, do steet nämlech dran, datt de PIB zwar ëm 3% géif wuessen, an dat trotz eigentlech enger Demande intérieure déi “atone�? ass, wéi si dat nennen, also déi eigentlech net dat ass wat si kéint sinn, well d'Leit awer keng Zouversiicht an d'Zukunft hunn.

Guy Kaiser:D'Regierung war an ass also ze vill pessimistesch, Här Juncker. Brauche mir awer net esou drastesch op d'Brems ze drécken?

Jean-Claude Juncker: Éischtens drécke mir net drastesch op d'Brems, well dat wat mir als Spuermoossname fir d'Joeren 2011 an 2012 virschloen, entsprécht emol net dem Zréckzéie wat mir als Konjunkturprogramm am Joer 2009 an de Circuit économique era ginn hunn. Mir spuere wéineg, obschonns dat och net populär ass, bei de Sozialausgaben, dat steet a kengerlee Verhältnis zu deem wat een als Austeritéitspolitik kéint erklären, dat wier eng ganz aner Politik.

Zweetens sinn d'Zuelen déi de Statec liwwert, an déi déi d'Zentralbank liwwert, séier ënnerschiddlech. Déi sinn zwar déi selwecht, grosso modo, wat de Wirtschaftswuesstem ubelaangt, obschonns schonn am Joer 2011 sech nette Differenzen an der Aschätzung tëscht dem Statec an der Zentralbank erweisen. Wat soll d'Regierung dann elo maachen? Gleewe mir dem Statec, dee seet +3%, gleewe mir der Zentralbank, déi seet tëscht 1,8% an 3,2%. Do leie Welten dotëscht, also muss ee virsiichteg plangen.

Mä d’Tatsaach bleift, och wann an der Aschätzung vum Statec de Budgetsdefizit fir d'Joer 2010 an 2011 niddereg ass, datt mir mussen 1,5 Milliarde léinen. Mech interesséieren déi Prozentzuelen net, well déi soe jo net alles aus, mech interesséiert wat ënner dem Stréch erauskënnt. An do kënnt ënner dem Stréch eraus, datt mir 1,5 Milliarde musse léine goen. Dat sinn enorm vill Suen, besonnesch wann dat e puer Joer hannertenee geschitt.

Dat kënne mir eis ganz einfach net leeschten, net wéinst eis, well eis deet dat jo net wéi – d'Verschëldung ass séisst Gëft, dat schmaacht gutt, kee mierkt datt eppes geschitt – mä déi déi an 10-20 Joer Steiere bezuelen, déi wäerten d'Pan musse klaken. Wann een an der Regierung ass huet een net nëmme Responsabilitéiten de Mënsche vun haut géinteniwwer, mä och de Mënsche vu muer géinteniwwer, an dofir muss et bei deem Spuerprogramm bleiwen deen d'Regierung gemaach huet.

Guy Kaiser: Da vergläiche mir emol d'Chifferen, fir an der Problematik vun de Prognostiken ze bleiwen, aus dem Stabilitéitsprogramm am Januar mat deene vun haut. Viru 5 Méint housch et -3,9% am PIB fir dëst Joer, -5% fir dat anert, an elo, laut Statec, fir dat anert Joer en Defizit vun ënner 2%. Iwwer dës positiv Entwécklung dierf ee sech natierlech freeën, an zugläich kann een dës Prognostiken dann awer och a Fro stellen.

Jean-Claude Juncker: Ech muss se a Fro stellen, obschonns ech se net wëll systematesch a Fro stellen, well déi vun der Zentralbank, dat si jo och Leit déi eppes kennen, déi sinn anescht wéi déi vum Statec.

En fait weist sech an den internationalen Zuelen, déi hunn ech als Eurogrupp-President dauernd ze consideréieren am deegleche Verglach mat de Kollegen, an den Zuelen zu Lëtzebuerg, datt een net richteg weess wou et higeet. D'Wuesstem hëllt zou, bleift awer fragile, ass staark konditionéiert duerch dat wat um Weltplang geschitt, kee gesäit dat genau; ass ofhängeg vun der Evolutioun vun de Pëtrolspräisser, kee kennt déi genau. Ech weess net wéi de Pëtrolspräis haut an engem Joer ass, e kann iwwer 100$ sinn, e kann och bei 60$ sinn. Ech mengen, datt en éischter op 100$ zougeet. Mat all deenen Onsécherheete muss een eens ginn.

Mir sinn an enger Kris. Et fält mir op, datt zu Lëtzebuerg iwwerhaapt driwwer diskutéiert gëtt ob mir dann an enger Kris sinn. Dat Gespréich fënnt a kengem anere Land vun der Welt statt. Just zu Lëtzebuerg gëtt et Leit déi sech entêtéieren ze behaapten, mir hätte kee Problem. Ech soen, mir hunn e Problem a mir mussen déi Problemer lues a lues léisen.

Guy Kaiser: An et ass dowéinst wou ech nach ganz kuerz awer wëll bei deene Prognostike bleiwen, well déi eng zéien dat eent draus als Conclusioun, déi aner dat anert. De Statec huet jo dës Woch seng neisten Note de conjoncture presentéiert, den Dag drop reagéiert de Finanzminister, den Här Frieden op eiser Antenn esou.

Luc Frieden (O-Toun): Mir kommen zur Conclusioun, datt mir an dësem Joer en Defizit wäerten hunn, dee bei ronderëm 3% vum PIB läit. De Statec mengt, et géinge ronn 2% ginn. Ech muss soen, datt ech e bësse Schwieregkeeten hu mat verschiddenen Hypothesë vum Statec fir zu deem Resultat ze kommen.

Guy Kaiser: An de sozialistesche Fraktiounschef, de Lucien Lux sot dat heiten.

Lucien Lux (O-Toun): D'Tatsaach, datt hei an der Ëffentlechkeet e Minister mat schlussendlech enger Regierungsverwaltung praktesch streit, knabbert natierlech e bëssen un der Credibilitéit. Ech hunn am Januar scho gesot, dat éischt wat wichteg ass fir d'Regierung, dat ass, datt se d'Lufthoheit iwwer d'Zuele gewënnt.

Guy Kaiser: Här Juncker, ouni wëllen engem ze no ze trieden: no bausse gëtt dat doten dach awer net iergendwéi e kohärent Bild of vun enger Regierungséquipe déi zesummenhält?

Jean-Claude Juncker: Éischtens ass den Här Lux net méi an der Regierung

Guy Kaiser: D'accord.

Jean-Claude Juncker:Zweetens ass [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Et sinn awer zwou Regierungsparteien.

Jean-Claude Juncker: Et sinn zwou Regierungsparteien, an déi Zuelen déi de Statec publizéiert geschéien net ënner der Responsabilitéit vum Finanzminister, mä ënner der Responsabilitéit vum Wirtschaftsminister, obschonns de Statec eng grouss Onofhängegkeet huet, wat en och muss hunn.

Den Här Lux soll ophalen déi wiesselnd Zuelen déi den Här Krecké validéiert wa se an d'Ëffentlechkeet kommen ze kritiséieren. E soll sech do net mam Här Frieden ënnerhalen, e soll sech mam Här Krecké ënnerhalen.

Ech verloosse mech op dem Här Krecké seng Zuele wa mir an d'Tripartite ginn. Da verbesseren déi Zuele sech, da muss een och deenen Zuelen e bëssen ënner de Läpp kucken. De Statec geet dovun aus, datt mir am Joer 2010 net esou vill investéiere wéi mir virgeholl hunn. Ech hu keng Indikatioune virleien, datt dat esou kënnt. Dat hänkt vum Rhythmus vun de Chantieren of. Wann dat esou kënnt, da gëtt den Defizit manner grouss. Mä déi Chantieren déi lafe jo awer, da gi se d'nächst Joer viru gefouert, also fënnt ee sech do iergendwou erëm.

Et kann een iwwer déi Zuelen deeglaang streiden. Ech streiden iwwregens deeglaang doriwwer, awer net mam Statec, well ech respektéieren d'Onofhängegkeet vun deenen Institutiounen déi mir hunn. Mä mir liewen an enger Period vu gréisster Onsécherheet. An an engem Klima vu weltwäiter, vun europawäiter a vun nationaler Onsécherheet muss ee millimetergenau Politik maachen. Dat ass e bësse schwiereg ginn. Ech versti ganz gutt, datt Leit do duerchernee kommen.

Interessant ass jo och, datt reagéiert gëtt op déi éischter positiv Zuele vum Statec, obschonns dat nach ëmmer heescht, datt mir 1,5 Milliarden Euro – 60 Milliarde Lëtzebuerger Frang – d'Joer musse léine goen. Dat schéngt kee méi hei am Land opzereegen. Mech reegt dat enorm op. Mat deenen Zuele gëtt sech méi beschäftegt, well se scheinbar méi positiv sinn, wéi mat de méi negativen Zuele vun der Zentralbank. Jiddwereen hëllt sech dat wat him am mannste wéi deet a wou e sech am mannste brauch unzestrengen.

Guy Kaiser: Dat ass dann d'Stéchwuert och, Här Staatsminister. Am Tageblatt titelt den Alvin Sold de Moien: “Falsche Zahlen wie üblich.�? Den Här Frieden gëtt als fäerterege Mënsch dohinnergestallt; hie wéisst, datt d'Steierrecetten am éischten Trimester bei wäitem besser ausgefall wieren, mä e wéilt partout kee Risque agoen.

Jean-Claude Juncker: Éischtens huet den Här Frieden der Chamber an der Ëffentlechkeet matgedeelt wéi d'Steierevolutiounszuele sinn.

Zweetens halen ech drop, datt e Finanzminister am Prinzip vu manner gudden Hypothesen ausgeet. Well wann déi géifen antrieden an e géif Budgetszuele preparéieren déi op enger optimistescher Grondlag géifen opsetzen, da vergréissert en de Problem, net säin, mä de Problem vum Land. De Finanzminister huet jo all Intérêt drun optimistesch ze schéngen a frëndlech ze sinn a kengem Mënsch wéi ze dinn. E responsabele Finanzminister huet dofir ze suergen, datt e seng Iwwerleeungen op manner gudden Hypothesen opstellt, déi et jo och gëtt. Och de Statec seet wat d'Ursaache kënne sinn, fir wat datt dat optimistescht Zuelematerial, wat ëmmerhin nach 1,5 Milliarden Endettement d'Joer no sech zitt, sech kéinten negativ verwandelen. A wann et da besser geet, tant mieux. Ech wëll kee Finanzminister hunn deen nëmme Sonn gesäit.

Guy Kaiser: Wourop et mir drop ukënnt, Här Staatsminister, dat ass, déi leschten 2 Méint am Abrëll, d'Tripartite, do konnt een awer dach zréckbehalen, et goufe Reiwereien tëscht den zwou Regierungsparteien, och wat déi Prognostiken do betrëfft. Et goufen Ënnerscheeder tëscht de Parteien an, loosse mir emol soen, dem Gewerkschaftsflillek an de Parteien. Déi Atmosphär déi ass nach ëmmer net besser ginn. Wann ech elo kucken, d'Atmosphär tëscht Patronat a Gewerkschaften, zum Beispill, déi ass den Ament wierklech verpescht. Am Wirtschafts- a Sozialrot gëtt net méi matenee geschwat. Dat si keng gutt Viraussetzunge fir den nächsten Hierscht, oder?

Jean-Claude Juncker: Dat sinn zwou verschidde Saachen.

Et gëtt fir d'éischt ënnerschiddlech Opfaassungen tëscht Deeler vun de Regierungsparteien, de Regierungsparteien an der Regierung. An der Regierung gëtt et eigentlech keng ënnerschiddlech Opfaassungen. Wann ech kucke wat de Wirtschaftsminister zanter 1-2 Joer iwwer d'Verschlechterung vun der Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft seet, da sinn ech mat deem d'accord. Datt anerer a senger Partei net d'accord sinn, ass net onbedéngt mäi Problem, gëtt awer mäi Problem wann dat zu enger Irritatioun tëscht de Koalitiounspartner sollt féieren.

Ech wëll hei soen, datt ech fannen, datt d'Regierung absolut kee gutt Bild ofginn huet an deene leschte Méint, wéinst interne Reiwereien op där enger Säit a wéinst ënnerschiddlechen Einlassungen tëscht deenen zwou Regierungsparteien op där anerer Säit. Esou kann dat net viru goen, esou geet dat och net virun, an ech wäert och dofir suergen, datt dat net esou viru geet, soss geet et net méi virun.

Ech hätt gären, datt d'Regierung den Androck gëtt – an net nëmmen den Androck gëtt, mä och d'Gewëssheet an hirem eegene Schouss huet an och déi Gewëssheet no bausse vermëttelt – datt et eis hei drëm geet fir grouss Problemer vun eisem Land an engem méi breeden internationale Kontext ze léisen. Dat léisst iwwerhaapt keng Plaz fir Parteipolitik.

Ausserdeem ass et och gutt, vu datt jo alles oppe gemaach gëtt, wann een däitlech mécht, datt, wat d'Indexproblematik zum Beispill ubelaangt, et an der Regierung iwwerhaapt keen Dissens gëtt. Dat soll da jiddwereen a senger Partei an op de Kongresser vun där Partei soen, soss suergen ech dofir, datt dat gewosst gëtt. Mä dat halen ech alles fir normal, obschonns ech et net gären akzeptéieren, Irritatiounen an engem total onséchere Klima. Wann Dir déi kleng Ausernanersetzungen, Reiwungen déi mir an eiser Regierung haten emol e bësse vergläicht mat deem wat an Däitschland oder wat op anere Plaze lass ass; wann Dir eise Spuerprogramm vergläicht mat dem Monsterspuerprogramm deen op anere Plaze gëtt, gëtt jo ganz kloer, datt mir hei mat Aemooss agéieren, reagéieren a regéieren.

Déi zweet Fro geheit mech méi wéi dat parteipolitescht Scharmützel do, dat ass lächerlech. Dat Zweet wat mech méi interesséiert, dat ass dee fundamentalen Dissens dee sech ofzeechent tëscht de Sozialpartner. Deen hat ech gespuert an dofir hunn ech och d'Tripartite déi mir dëst Joer haten zréckgesat a probéiert an Eenzelgespréicher auszelote wou Méiglechkeete wiere fir sech méi no ze kommen. Et huet sech bei deene Gespréicher gewisen, datt dat kaum de Fall wier, well d'Patronat moolt d'Landschaft extrem schwaarz, d'Gewerkschaften, mat ënnerschiddlechem Tremolo, soen, mir hu kee Problem.

Mir hunn awer e grousse Problem an d'Regierung bréngt et net fäerdeg, wann ee seet mir hunn 100 Problemer a wann ee seet mir hunn iwwerhaapt kee Problem, fir d'Leit beieneen ze bréngen. Da kënnt et wéi et komme muss, da gëtt ee sech net eens. Et ass iwwregens net fir d'éischt, datt mir eis an enger Tripartite net eens gi sinn. Et ass jo e Kuerzzäitgediechtnes wat verblüffend a senger Schwächt ass.

Déi éischt Tripartite un där ech deelgeholl hunn, als deemools jonke Staatssekretär, dat sinn ech leider haut leider net méi, dat war 1983, do si mir ausernee gaangen op der Indexfro well mir eis net eens gi sinn. Also, déi Meenung datt d'Tripartite ëmmer zu engem Resultat féiert ass eng Meenung déi net richteg ass. Déi huet scho ganz oft net zu engem Resultat gefouert, esouguer an den 1970er Joeren hunn eenzel Gewerkschaften den Tripartitedësch verlooss. Kee weess dat méi, ech weess dat nach.

Dofir sinn ech besuergt, datt elo den Dialog refuséiert gëtt. Ech mengen net, datt d'Patronat gutt inspiréiert ass fir sech aus dem Wirtschafts- a Sozialrot zréckzezéien. Wien ophält ze diskutéieren, deen huet net vun der Method hier a priori Recht. Wien, wéi eenzel Gewerkschaften, refuséiert anzegesinn, datt mir an enger Kris sinn an dat einfach ofstreit, dee keng Propositioune mécht, keng, absolut keng, wéi een aus dëser Situatioun eraus kënnt, deen huet och net Recht. An ech hu mir elo virgeholl fir emol Rou an de Sozialdialog ze kréien, well dat betrëfft jo d'Leit herno an hiren deegleche Liewensconditiounen. Dofir fillen ech mech responsabel fir elo nach eng Kéier getrennt d'Gewerkschaften an d'Patronat ze gesinn an ze probéieren dann do eng Gespréichsbasis nees hierzestellen, déi eis et erlaabt dee Lëtzebuerger Modell eenegermoossen um Liewen z’erhalen.

Guy Kaiser: Dee Message vun der Kris, respektiv fir ze spueren, egal elo wéi vill et ass, deen ass effektiv schwéier ze vermëttelen. Wann ech nach eng Kéier drop zréckkommen op déi Chifferen déi mir am Laf vun der leschter Woch presentéiert kruten, da kéint ech jo elo einfach mënschlech esou dohi stellen, wann ech als Familljepapp doheem soen, ech verdénge méi mä et geet eis schlecht, da kucken déi aner komesch. An et ass do wahrscheinlech d'Schwieregkeet fir d'Gewerkschafte vun eise strukturelle Problemer z'iwwerzeegen, oder?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä e Familljepapp, esou war et jiddwerfalls bei mengem, deen huet gekuckt wat d'lescht Joer war, deen huet gekuckt wat dëst Joer ass – dat ass dann e bësse besser – dee gesäit, d'nächst Joer weess ech net genau wéi et geet, an deen huet sech ëmmer d'Fro gestallt, wéi soll et mengem Bouf eigentlech an 10, 15 oder 20 Joer goen. Ech kucken d'Land wéi mäi Papp säi Bouf gekuckt huet.

Guy Kaiser: D'Zensur, déi Dir dës Woch vum Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank krut, déi war net grad zum beschten ausgefall. Den Här Mersch huet vun engem mëttelméissege Präis-Leeschtungsverhältnis geschwat. Déi strukturell Reforme misste gemaach ginn. Wa mir esou eng héich Zuel vu Chômeuren hätten, da wier dat op eng Entgleisung vun der Aarbechtsonkäschten zréckzeféieren – domat wiere mir jo da beim Index.

Jean-Claude Juncker: Net nëmme beim Index, mä och bei der normaler Evolutioun vun de Gehälter a vun enger Akommes- a Lounpolitik déi net ëmmer an net iwwerall Schrëtt gehalen huet mat de Verbesserunge vun der Produktivitéit, obschonns ech hei de Lëtzebuerger Gewerkschaften muss en Attest ausstellen, datt kee Lëtzebuerger Betrib an d'Faillite geroden ass well d'Gewerkschaften eng falsch Lounpolitik an deem Betrib gemaach hätten. An der Lounpolitik selwer sinn d'Gewerkschafte ganz responsabel, an hirem Ëmgang mat der Regierung si si dat manner, mä dat muss een erdroen.

Den Här Mersch, deen ech elo eréischt viru Kuerzem a sengem Mandat als Gouverneur vun der Zentralbank verlängert hunn, deen huet en negative Bléck op déi Décisioune geworf déi d'Regierung geholl huet. Hien huet sech och schonn an der Vergaangenheet heiansdo geiert mat senge Prognosen. Ech huelen dat als eng eescht ze huelend Stëmm zur Kenntnis, mä ech loosse mech net alleng vun deem leede wat d'Lëtzebuerger Zentralbank seet, déi heiansdo och entweder dat seet wat all Zentralbanke soen oder e bëssen de Géigendeel vun deem seet wat aner Zentralbanke soen.

Ech hat dës Woch Gespréicher an der Belsch, aus gegebenem Anlass, well an der Belsch ass et spannend de Moment, an den Zentralbankgouverneur vun der belscher Nationalbank, dat heescht vun der belscher Zentralbank, dee plädéiert och fir Steiererhéijungen. Den Här Mersch plädéiert dogéint a mir mussen a gemeinsamer Ustrengung d'Staatsfinanzzuelen equilibréieren an dat geet haaptsächlech iwwer d'Pist vun den Aspuerungen, dat hu mir gemaach, an dat geet och aus Gerechtegkeetsgrënn iwwer d'Spuer vu partiellen a punktuellen a liicht ze erdroende Steiererhéijungen.

Ech fannen dat ganz normal, datt wann een Aspuerunge muss maachen am Sozialberäich, datt een dann déi Leit déi gutt dru sinn an déi relativ vill verdéngen, datt een déi e bësse méi Steiere bezuele léisst. Kuckt emol an Däitschland, do hu si nëmmen Aspuerunge gemaach. Déi hunn elo eng grouss Diskussioun, och an der CDU, ob dat da richteg wier, datt déi déi vill verdéngen net contribuéieren. Ech mengen, datt jiddweree muss spueren an datt déi déi vill hu musse méi ginn an der Kris. Mir sinn an der Kris.

Guy Kaiser: Wann elo Lëtzebuerg net vu sech selwer eppes um Index ännert, op déi eng Manéier oder op déi aner, besteet dann net d'Gefor, datt Lëtzebuerg d'Décisioun vu baussen operluecht kritt? Ëmmerhi solle jo an Europa Mechanismen opgestallt gi fir d'Kompetitivitéit vun de Memberlänner z'iwwerwaachen.

Jean-Claude Juncker: Kee kann eis zwéngen eisen aktuellen Indexsystem ofzeschafen, mä et kann een duerchaus am Eurogrupp an um Niveau vun de 27 eng Atmosphär creéiere wou déi lëtzebuergesch Aart a Weis fir d'Paien un d'Inflatioun unzepassen ëmmer méi an d'internationaalt Schlagliicht kënnt an ëmmer méi kritiséiert gëtt an domat d'Attraktivitéit vun eisem Land no ënne korrigéiert.

Ech hu schonn 1991, wéi mir de Maastrichter Vertrag iwwer d'Währungsunioun ofgeschloss hunn, heftegst musse kämpfen, fir datt an dee Vertrag net géif stoe kommen, datt et keng Indexéierung vu Léin a Gehälter méi géif ginn. Déi déi haut esou hefteg fir eng Nullännerung un eisem Indexsystem kämpfen, déi waren net dobäi wéi et richteg drop ukomm ass den Index ze verteidegen. Ech wëll, d'Regierung och net, mir wëlle jo d'Indexéierung vu Léin a Gehälter net ofschafen, ënner anerem net well déi vill Leit déi net ënner engem Kollektivvertrag leie soss géife riskéieren iwwerhaapt keng Upassung un d'Deierecht méi ze kréien.

Ech war ni e groussen Unhänger vun der totaler Flexibiliséierung, mä ech sinn awer der Meenung, datt een Ännerungen un dem Indexsystem muss virhuelen, dat gëtt jo och lues a lues vun allen anere Partner zu Lëtzebuerg gedeelt. Déi Gréng, d'liberal Kollegen hunn däitlech z'erkenne gi bei den Debatten zur Lag vun der Natioun, datt eppes hei muss geschéien. Och an der sozialistescher Partei ass onverkennbar Beweegung op deem Punkt agetrueden.

Ech hat 2 Propositioune gemaach: déi eng fir d'Indexéierung fir jiddwereen d'selwecht ze maachen, andeem ee se maximal géif op 2 Mol de Mindestloun fixéieren. Ech bleiwen nach ëmmer der Meenung, datt an der Kris, wou et ville Leit schlecht geet an anere Leit nach ëmmer gutt geet, net jiddweree leid ënner der Kris, datt déi déi méi verdéngen an déi déi ganz vill verdéngen an déi déi schrecklech vill verdéngen net méi solle kréie wéi een deen 2 Mol de Mindestloun kritt. Dat hat ech ni gemengt als e System dee soll bleiwen, mä als e System dee fir méi sozial Gerechtegkeet a fir méi Rou a fir méi Equiliber an der Gesellschaft géif suergen, an engem Moment wou de Chômage klëmmt a wou vill Leit awer Aboussen op ville Pläng mussen erdulden. Datt déi eng 500 Euro d'Joer kréien an déi aner 500 Euro de Mount, ech weess vu wat datt ech schwätzen, dat halen ech a Krisenzäite fir e System deen net vertrietbar ass an datt d'Gewerkschaften [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Ech mengen, do si mir eis jo och [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Mir zwee sinn eis vläicht eens, mä ech hätt gären, datt d'Gewerkschaften dat géifen agesinn, an datt ee mir net verkeeft, dat do wier sozialen Demontage wann een dofir suergt, datt déi kleng Leit dat kréie wat si hunn an datt déi Leit déi net zu de klenge Leit gehéieren – well där hu mir och hei am Land, mir hunn hei am Land Leit deenen et ganz gutt geet – datt déi e bësse verzichten matten an der Kris.

Méi strukturell ugesat hätt ech gären, datt d'Pëtrolsprodukter an Tubak an Alkohol aus der Indexbemiessung erauskommen, well franchement et net esou ass, datt déi, virun allem Mëttelstänner zu Lëtzebuerg, déi um Enn vum Mount fir 5, 6, 7, 8, 9, 10 Leit mussen eng Pai maachen – wësst Dir, dat ass eng grouss Belaaschtung fir e klenge Patron, fir um Enn vun all Mount kënnen 10 Paien ze bezuelen – datt do d'Paienupassung un d'Inflatioun net mat der Evolutioun vun de Pëtrolspräisser zesummenhänkt, ëmsouméi wou mir d'Deierechtzoulag an deene leschte Joere verduebelt hunn an nach ëmmer um Niveau hunn dee mir hate wéi de Pëtrolspräis 140 Dollar de Barrel war.

Ech hätt also gären, datt ee probéiert an der Kris eng gerecht Léisung ze kréien déi aliicht, déi net dauerhaft soll sinn, oder datt ee strukturell eng Léisung mécht wou d'Pëtrolsprodukter aus dem Indexwuerekuerf erausgeholl ginn, well wann d'Pëtrolspräisser klamme well eng Buerinsel am Golf vu Mexiko a Stécker fiert oder well iergendee Scheich verréckterweis eng Zigar an en Uelegpull geheit, woumat déi Leit déi zu Lëtzebuerg Aarbecht ginn näischt ze dinn hunn – datt mir dat aus dem Index eliminéieren. Doriwwer musse mir schwätzen an ech wëll dat hei ganz kloer an däitlech soen, op deem Punkt ginn ech mech net.

Guy Kaiser: Wat ech virdru wollt soen dat ass, matten an der Tripartite huet RTL zesumme am Luxemburger Wort eng Ëmfro gemaacht, an du koum a sech eng breet Ënnerstëtzung aus dem Vollek fir ze soen, e gedeckelten Index dat wier u sech déi beschte Léisung. Zugläich muss een awer da soen, gëtt et ee Secteur, wéi zum Beispill d'Handwierk, dat da seet, do si mir am meeschte betraff, dat heescht, den Index bleift fir eis u sech 100%eg bestoen.

Jean-Claude Juncker: Dofir hunn ech jo eng Präferenz fir déi Léisung wou ee Pëtrol, Alkohol an Tubak aus dem Index eraushëllt, well dat betrëfft d'Lounupassungsnoutwennegkeete vun der gesamter Ekonomie an all hire Sparten am gläiche Mooss. Déi Deckelungsiddi war eng fir matten an der Kris fir méi Gerechtegkeet ze suergen. Déi Tatsaach datt d'Leit an Ärer Meenungsëmfro fonnt hunn dat wier richteg, dat gefält mir, mä dat beandrockt mech net. Och wann d'Leit géife soen et wier net richteg, da wier et awer nach ëmmer richteg. Et kann een net ëmmer no Meenungsëmfroe fonctionnéieren, déi si séier versatil a volatil wéi mir wëssen.

Guy Kaiser: Dat wësse mir aus Erfahrung an awer si si e flotte Repère.

Jean-Claude Juncker: Et ass e Repère fir d'Kommentéierung, et ass kee Repère fir d'Ausriichtung vun enger Politik.

Guy Kaiser: Déi éischt hallef Stonn ass laanscht Här Juncker, mir maachen eng kleng Paus an da fuere mir weider mat eisem Gespréich.

[Noriichteniwwerbléck vum Paul Konsbrück]

Guy Kaiser: Zréck am Background, an dat eent oder dat anert hu mir jo nach ze beschwätzen, Här Staatsminister. Elo an den Neiegkeeten hu mir héieren, Déi Gréng haten de Moien hire Kongress. Do heescht et engersäits d’Regierung huet kee Konzept, anerersäits de Pilot, dat misst Dir sinn, dee sëtzt zu Bréissel.

Jean-Claude Juncker: Ech fänken emol mam Pilot un. Ech sëtzen zu Bréissel 1 Mol d’Woch an ech schaffe Samschdes a Sonndes, esou datt déi Zäit, déi ech op lëtzebuergesch Saache verwennen net ënner deem leid wat ech zu Bréissel als Eurogruppechef ze maachen hunn. An dat huet och eppes mat eisem Land ze dinn, well do ginn ech Saache gewuer, déi ech muss wësse fir hei d’Politik richteg auszeriichten. Ech kann och meng Impressiounen, meng Gefiller, meng Convictiounen abréngen, beispillsweis dës Woch, well ech zu deenen 2-3 gehéiert hunn, déi de Sall zu Bréissel net wollte verloossen, wann net eng Steier op de Banken- a Finanztransaktioune géif beschloss ginn, well ech der Meenung sinn, onofhängeg vun de Lëtzebuerger Banken, déi hunn domat net vill ze dinn, datt de Finanz- a Bankesystem eis an d’Kris gehäit huet, datt vill Leit hu mussen an d’Täsch gräife fir déi Finanz- a Banken- an och Wirtschaftskris deelweis an hirer Fundamentalwierkung ofzebremsen. An da fannen ech et och normal, datt déi grouss international Finanzgruppen, déi elo feiere wéi geckeg, datt s’erëm déck Beneficer maachen, och hëllefen d’Konsequenze vun der Kris ze bezuelen.

Fir ze mengen, dat wiere Spadséiergäng déi ech do maachen, ech, deen ech en fait net vill wäit Auslandsreese maachen, déi iere sech. Ech hunn net nëmme Freed mat deem wat am Eurogrupp ze maachen ass, an ech fanne mech schonn am Optrag vu Villem do ënnerwee fir déi Aarbecht do korrekt ze maachen. Déi déi mengen, ech géif do an Europa turnen an am Floribus liewen, déi iere sech fundamental.

Guy Kaiser: Wat sot Dir dann zum Virworf, dee Mann, deen déi lescht 15 Joer matgehollef huet d’Sue mat der Strenz auszedeelen, dee muss elo de Leit erëm d’Suen aus der Täsch erauszéien?

Jean-Claude Juncker: Éischtens mengen ech net, datt ech zu deene gehéieren déi de Leit ëmmer Recht ginn hunn, wa se gären eppes gehat hätte vun deem se gemengt hunn, si hätten et zegutt. Ech hat méi Sträit mat de Leit well ech Nee gesot hunn, wéi datt ech Applaus kritt hätt well ech Jo gesot hunn.

Zweetens, do wou mir ausgedeelt hunn, hu mir probéiert dat gerecht ze maachen, där Gestalt, datt mir zum Beispill de Kannerbonus agefouert hunn, där Gestalt, datt mir den Arbeitnehmerfreibetrag an e Steierkredit ëmgewandelt hunn, esou datt jiddwereen dee schaffe geet dat selwecht kritt. Inhaltlech mengen ech also net, datt dat eng Politik mat der Strenz war.

Drëttens ass notamment meng Partei ëmmer beschëllegt gi mat der Strenz z’operéieren, a wa mir dann d’Strenz e bëssen zoudréinen, da gëtt gesot, dat wier eng sozial Ongerechtegkeet, sozialen Ofbau, Austeritéitspolitik an onerhéierte Grëff an d’Täsch vun de Leit. Déi zwou Saachen zesumme kënnen net stëmmen.

Véiertens hätt ech net ongäre gehat, wann déi, déi elo heiansdo iwwer mech hierfalen, dat ass jo hiert gutt Recht, meng Wahlversammlunge besicht hätten. Do waren e puer dausend Leit, ech mengen 12.000, 13.000, 14.000, 15.000 Leit, an ech hunn do gesot, datt et esou net géif virugoen. An dat steet och am Wahlprogramm vu menger Partei. Ech hu gesot, datt mir misste spueren, ech hunn d’Politik vun der Regierung duergestallt.

Wat ass déi Politik? Mir hunn am Joer 2009, wéi alles bei der Däiwel gaangen ass, e grousse Konjunkturprogramm opgeluecht, fir datt d’Wirtschaft heiheem net géif zesummebriechen. Mir hunn zwou Banke gerett, wat onendlechst schwiereg a schwieregst war. Mir hu gesot, am Joer 2010 gëtt net blann gespuert, mä am Joer 2010, wann d’Croissance, d’Reprise vun der Croissance nach fragile ass, loosse mir déi Politiken déi mir ofgemaach hunn eenegermoosse lafen. Vum Joer 2011 u musse mir ufänken ze spueren, well déi Defizitanhäufung an déi Erhéijung vun de Scholdebierger, déi kann een net, wann een op déi nächst Generatioun kuckt, einfach esou sech virun entwéckele loossen. Genee dat maache mir.

Wann ech elo héieren, datt déi Gréng Kollege soen, mir hätte kee Konzept, da muss ech soen, mir hu vläicht dat falscht Konzept, an hiren Aen, mä fir ze soen, et wier kee Konzept do fir 2010 roueg ze bleiwe beim spueren, 2011 ufänken ze spueren, 2011 net all Konjunkturstimuluselementer erauszezéien, mä se lues a lues aus dem wirtschaftleche Circuit erauszezéien – dat ass e Konzept.

Et ass iwwregens breet, dat Konzept wat mir an der Eurogrupp ënner menger Presidentschaft ofgemaach hunn. Et geet jo net nëmmen duer fir op eis eege Saachen hei ze kucken, an eis an d’eegen Täsch ze léien an ze soen, mir hunn hei keng Schwieregkeeten zu Lëtzebuerg. Mir hunn d’Schwieregkeeten an deem nämmlechte Mooss wéi déi aner, well déi net-geléiste Schwieregkeeten an Däitschland, an der Belsch an am Frankräich, déi produzéieren a provozéieren Schwieregkeete bei eis. Et muss een dat Ganzt a senger Breet gesinn, an dat probéiere mir ze maachen.

Guy Kaiser: Da loosse mir emol als Beispill d’Fonction publique huelen, Här Staatsminister. Do solle jo d’Ufanksgehälter erofgesat ginn. Do kann een dann awer och soen, wéi et och vu verschiddene Säite gesot gouf, hätt een an de leschte Joeren, oder esouguer vläicht Joerzéngten, net esou gutt Gehälteraccorden ausgehandelt – ech mengen ech kéint mech erënneren ënner Schwaarz-Blo gouf et emol eng Kéier en Accord vu 5,9% – da misst een elo net esou zréckfueren?

Jean-Claude Juncker: Dat ass ënnerschiddlech ze betruechten. Mir haten och schonn Nullronnen an der ëffentlecher Fonctioun, zum Beispill an den 1980er Joeren, wou déi deemooleg Führung vun der Staatsbeamtegewerkschaft duerchaus agesinn huet – dat ass haut net méi de Fall – datt mir e Problem haten, an dunn hu mir en Nullaccord ofgeschloss. Mir hunn d’Ufanksgehälter an deene leschten 10 Joer net gehéicht, mä déi erhéije sech op Grond vu festleeënder Gesetzgebung.

Meng Partei, ech kann an deem Punkt haaptsächlech fir meng Partei schwätzen, huet an hirem Wahlprogramm gesot, d’Ufanksgehälter missten no ënnen ofgesenkt ginn. An ech hunn am Numm vun der Regierung gesot, datt mir der Meenung sinn, datt et déi nächst Joere keng Punktwäerterhéijung, also keng Lounerhéijung an der ëffentlecher Fonctioun ka ginn. Dat ass eng däitlech Reaktioun op d’Situatioun vun de Staatsfinanzen, op d’wirtschaftlecht Ëmfeld wat mir heiheem a ronderëm eis gesinn, wou d’Staatsbeamtegehälter ëm 10%, 15%, 20%, 25% gekierzt ginn.

Mir si wäit dovun ewech. Mä et geet net, et geet absolut net, datt an den nächste Joeren d’Staatsbeamtegehälter no uewen ugepasst ginn. Dat geet net.

Guy Kaiser: D’Kannergeld gëtt jo och geännert. Fir déi déi op d’Uni ginn, gëtt et eng Bourse, an esouguer eng zolitt. Kritiséiert gëtt, datt d’Frontalieren dann eidel ausginn. Dir selwer hutt virun engem décke Joer dowéinst d’Demokratesch Partei kritiséiert, déi mat der Iddi komm war vum Wunngeld. Wou läit fir Iech den Ënnerscheed tëscht Ärer Versioun an där vun de Liberalen?

Jean-Claude Juncker: En ass relativ grouss. Mir hun esouwuel an eisem Wahlprogramm wéi och am Regierungsprogramm gesot, mir géifen de Boursen- a Subsidiësystem fir d’Universitéitsstudente wëllen ofännere fir Eenzelner besser ze stellen a fir Anerer Avantagen zukünfteg net méi zoukommen ze loossen, vun deene mir mengen, datt se iwwerdriwwe gewiescht wieren, wéi beispillsweis déi Prime déi Studente kréien à partir vun engem gewëssene Joer, wa se hir Exame packen. Also franchement, et geet een op d’Universitéit fir seng Studien ze packen, et geet een net dohinner fir sech méiglechst laang do opzehalen. Et kritt ee jo och net 10 Euro vun de Poliziste wann ee bei rout stoe bleift a bei gréng fiert. An dofir schéngt et mir och relativ normal ze sinn, datt ee probéiert seng Universitéitsstudien och ze packen.

Wat d’Demokratesch Partei proposéiert hat, war eppes ganz aneschters. Do hätte sämtlech Frontalierë manner Kannergeld kritt, an d’Lëtzebuerger hätten, esou war dat theoretesch ugeduecht, grosso modo dat selwecht als Allocatioun behalen, doduerch datt e Wunngeld agefouert gi wier, vun deem ech ni wosst wéi et sollt fonctionnéieren, well d’Wunnen ass an den ënnerschiddlechen Deeler vum Land och ënnerschiddlech deier.

Hei reforméiere mir d’Boursen an d’Subsidien, andeem mir d’Kannergeld op 21 Joer begrenzen, wéi dat iwwregens och am Frankräich de Fall ass. Mir verbesseren de Boursen- a Subsidiësystem, dat huet de Minister Biltgen jo an deene leschte Wochen duergestallt, an [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Fir d’Lëtzebuerger?

Jean-Claude Juncker: Jo, och fir déi Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen. Mä déi Kanner musse sech am Kader vun hiren nationale Boursen- a Subsidësystemer orientéieren. Ech gesinn doranner net een de-Frontalierë-Suen-entzéien-wëllen, e systemateschen Attackesystem op d’Frontalieren, ech deelen déi [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: D’Gewerkschafte sinn awer do net Ärer Meenung. Nach dës Woch koum den LCGB mat engem Communiqué fir drop hinzeweisen, do géife mir u sech eis Jugend dann ënnerstëtzen um Bockel vun de Frontalieren.

Jean-Claude Juncker: Neen, mir ënnerstëtzen eis Studenten an engem, wéi ech fannen, generéisen, mä awer gerechtfäerdegte Mooss. An et ass d’Aufgab vum franséischen, vum belschen a vum däitsche Staat fir hire Studenten, déi op hirem Territoire wunnen, déi Ënnerstëtzungen zoukommen ze loossen déi se brauchen.

Wann déi Staate mengen, si bräichten hir Studenten net esou staark z’ënnerstëtze wéi mir, dat mengen eigentlech allen 3, da weist dat, datt mir eis Studente méi ënnerstëtze wéi eis 3 Nopeschlänner dat maachen.

Guy Kaiser: Hu mir Lëtzebuerger an de leschte Joerzéngten net awer eist Geld munchmol, grad an Zäite wou et richteg gefluppt huet, zur Fënster erausgehäit? Ech denken do un d’Zuchgaren. Déi sollten emol 400 Milliounen Euro kaschten, an dann entsteet elo a Krisenzäiten e Quai doraus mat 40 Milliounen.

Jean-Claude Juncker: Mir sinn [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Hätt een dat net éischter kéinte maachen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn an der Regierung – dat ass wäitestgehendst net no bausse bekannt ginn, well mir dat och net bekannt gemaach hunn, mä dat huet eis awer vill Stonnen Aarbecht kascht – eis frësch dovun iwwerzeegt, datt mir wiesentlech méi bëlleg musse bauen, datt mir méi virsiichteg musse bauen, datt mir net iwwerall mussen Harstäng maache wou aner Leit am Ausland Betongsmaueren an d’Landschaft setzen. Mir änneren d’Aart a Weis wéi d’Architekte bezuelt ginn, wann se am Optrag vum Staat Projetë maachen. Mir wëllen, wa méi bëlleg gebaut gëtt wéi virgesinn, e bësse méi bezuelen, a wëlle manner bezuele wa méi deier gebaut gëtt wéi et virgesi war. Dofir brauche mir eng total Iwwerpréifung vun eisem ganzen Honorarwiesen. Mir brauchen eng Politik déi am Programméiere vun Investitiounsbudgeten e bësse méi modest gëtt.

Mir brauchen net Schoulen ze baue wou den Agankshall 2 Mol esou grouss ass wéi d’Schoulen am Ausland sinn. Mir brauchen net iwwerall déi schéinste Plättercher ze leeën, wann et mat wäisse Plättercher och duergeet. Et gëtt an Zukunft [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat heescht, d’Kris huet och hir gutt Säiten?

Jean-Claude Juncker: D’Kris hëlleft, datt de gesonde Mënscheverstand sech méi liicht kann duerchsetzen.

Guy Kaiser: D’Kris hat jo hiren Ufank an der Finanzwelt, d’Politik reagéiert elo dorop. Et soll emol eng Bankesteier kommen, an ech nenne se Solidaritéitssteier am Finanzsecteur. Am Eeschtfall kann eng Bank mat dëse Suen iwwer Waasser gehale ginn. Gesidd Dir dës Steier a ganz Europa, also och an der Londoner City?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt dräi verschidde Steiervarianten, wa mir iwwer d’Besteierung vun de Banken an der Folleg vun der Kris schwätzen. Ech wëll dat aus Zäitgrënn hei net ausféieren.

Ech sinn der Meenung, datt eng global Transaktiounsfinanzsteier muss kommen, weess awer och aus menge Gespréicher mam amerikaneschen, japaneschen, chineeseschen, australesche Finanzminister, datt déi dat net wëllen. Och de Kanadier wëll dat net. Da musse mir dat an Europa maachen.

Ech hu mech zu Bréissel Mëtt der Woch heftegst dofir agesat, an och den englesche Kollegen, den neien, gesot, et wier an hirem Intérêt eng Securiséierung vun den europäesche Finanzplazen erbäizeféieren, doduerch datt systemesch risquerelevant Bankaktivitéiten ënner eng méi staark Besteierung géife gestallt ginn. Wann eis englesch Kollegen dat net matmaachen, dann hunn ech an der Eurogrupp drop hinzeweisen, datt ech viru 6 Wochen dee Beschloss do erbäigefouert hunn, datt déi 16 – vum 1. Januar un nom Bäitrëtt vun Estland 17 – Regierunge vun der Eurozon dat am Alleinverfahren maachen.

Ech kann net domat liewen, datt ee Secteur vun der Ekonomie weltwäit d’Weltwirtschaft an d’Kris gestierzt huet; datt mir vill Steiersuen, zu Lëtzebuerg iwwregens manner wéi am Ausland, hu mussen an d’Hand huele fir aus där Kris erauszekommen; datt elo erëm déck Bonussen ausbezuelt ginn, Paië wou ech einfach nëmmen de Kapp rëselen, ech weess guer net wat d’Leit mat esou vill Suen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Kënne maachen.

Jean-Claude Juncker: Éierlech gesot net. Ech weess net, wat ee mat de Sue mécht, wann ee 40, 50, 60 Milliounen Euro d’Joer verdéngt. Ech fannen dat grotesk, skandaléis, onmoralesch, ech kann an esou enger Welt net gutt liewe well ech déi Welt fir ongerecht fannen.

Déi Bankinstituter weltwäit déi maache Risebeneficer a bretze sech domat, mä da solle se elo bezuelen, well et kann net sinn, datt déi déi 1.500, 1.700 Euro de Mount, 2.000 Euro, 3.000 Euro de Mount zu Lëtzebuerg verdéngen, 400, 500, 600, 700, 800 Euro de Mount a Griichenland, an a Bulgarien verdéngen, datt déi elo alleng sollen d’Pan klaken. Dofir muss de Finanzsecteur dozou gezwonge ginn, doduerch datt d’Politik d’Regele fixéiert, an d’Politik d’Primat zréckgewënnt iwwer d’Ausriichtung vun der Gesamtpolitik, inklusiv der Bezuelungs- a Beneficeverdeelungspolitik am Bankesecteur. Dat muss einfach kommen.

D’Leit halen och net méi stall. D’Leit sinn net d’accord, wa se net vill verdéngen, an esouguer wa se vill verdéngen, datt se hei musse blechen, an déi déi Schold um Misère sinn déi kucken no a laache sech an d’Täsch. Dat kann et net sinn.

Guy Kaiser: Mä zum Beispill mat der Finanztransaktiounssteier, déi och soll kommen, gëtt domat net all Finanzproduit automatesch méi deier, dat heescht, um Enn muss awer d’Vollek dofir bezuelen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn eng Präferenz, datt een déi Besteierung do haaptsächlech ausriicht op Risikogeschäfter an op systemesch relevant Geschäfter. Dat heescht, datt wann Instituter déi bestëmmten Operatioune maachen un d’Wackele kommen, dann ass et am präventiven Deel vun der Besteierung gutt, wann een iwwerméisseg Risiko iwwerhuelen doduerch beschränkt, datt een dat och méi staark besteiert.

D’Transaktiounssteier insgesamt, déi dierf net zur Konsequenz hunn, datt all Finanztransaktioun déi och den Eenzelnen am Klenge mécht, de Spuerer mécht, datt déi duerch d’Iwwerdroe vun dem Käschtepunkt vun der Steier op d’Verrechnungskäschte fir de Client fir d’Bankinstituter neutraliséiert gëtt. Wësst Dir, d’Spuerer an déi kleng Clienten, déi brauchen d’Banken, mä d’Banke brauche si och, déi kënne sech och emol heiansdo wieren.

Ech hat, doriwwer huet jo zu Lëtzebuerg Muncheree gelaacht, virun dräi Méint gesot, mir hätten nach duerchaus Folterinstrumenter am Keller leien wat d’Bankewelt ubelaangt – si leien elo um Dësch.

Guy Kaiser: Wat dës Tax op de Finanztransaktiounë betrëfft, hutt Dir Iech net selwer e bësse wäit zur Fënster erausgeluecht, wéi Dir virgëschter eisem Reporter zu Bréissel sot, mir féieren dës Tax an der Eurozon an, och da wann d’Londoner City net matmécht? De Finanzminister Luc Frieden war do ganz skeptesch, och am Bléck op New York.

Luc Frieden (O-Toun): [...] datt wann New York net matmécht, datt et da ganz schwiereg wäert ginn an Europa eng Majoritéit, oder eng Eestëmmegkeet ze kréie fir esou eng Steier an Europa anzeféieren. Eng Plaz wéi London, déi an direkter Konkurrenz ass mat New York, gesinn ech schwiereg zoustëmmen enger europäescher Steier, wann New York net matmécht.

Guy Kaiser: An den ABBL-Direkter Jean-Jacques Rommes mengt, déi Tax dierft sech op kee Fall op Europa limitéieren.

Jean-Jacques Rommes(O-Toun): Déi muss onbedéngt flächendeckend, weltwäit opgehuewe ginn. Nach vill méi wichteg wéi bei der Bankenabgab ass et bei der Finanztransaktiounssteier esou, datt wann een dat nëmmen op engem Deel vu Länner mécht, da verlagere sech d’Transaktiounen instantanément an déi aner Länner, an dann huet ee guer näischt geschafft.

Guy Kaiser: Wat dann elo, Här Staatsminister? Mam Briecheise virgoen an der Eurozon?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll net mam Briecheise virgoen. Ech hunn zesumme mat anere Kollegen, Portugisen, Spuenier, franséische President Sarkozy, proposéiert, datt mir am G20 antrieden dofir datt eng weltwäit Transaktiounssteier kënnt. A wa mir déi do net duerchgesat kréien, da musse mir eis an Europa iwwerleeën ob mir dat selwer alleng maachen. A wann et an Europa – den Här Frieden schwätzt vun EU-27 Staaten – net geet, da muss ee kucken ob een dat an der Eurozon mécht.

Ech wëll just alleguer deene soen, déi sech ëmmer hannendru verflüchtegen, datt een esou eppes nëmme ka maache wann et weltwäit gemaach gëtt, wat a priori richteg ass, datt Fortschrëtt an der Welt ëmmer nëmmen do entsteet, wou Leit op Grond vu festen Iwwerzeegungen a vu programmatesch gefestegten Zukunftsbiller eppes woen.

Guy Kaiser: Dat ass sécherlech richteg, mä schuede mir do am Ufank net eis selwer, och eiser Finanzplaz?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt déi weltwäit Finanzinvestisseurë sech méi ugezu spiere vu Finanzplazen déi securiséiert ginn, doduerch datt Risikogeschäfter probéiert ginn eenegermoossen an der Gitt ze halen, wéi datt se sech an déi wëll Welt vun der totaler Finanzspekulatioun a vun der Produktspekulatioun beginn. Mir hu gesi wat dobäi erauskënnt.

Déi Politik vum einfache Geld; déi Politik fir Suen ze verdéngen ouni selwer ze schaffen; déi Politik déi dora besteet fir d’Leit dovun z’iwwerzeege si solle Suen zur Verfügung stelle fir datt spekuléiert gëtt, esou datt op ville Plazen op der Welt, an a ville Länner op der Welt Aarbechtsplaze vernicht ginn duerch déi Spekulatioun, ass en Onsystem.

A wann ee mengt, et géif een de Kapitalismus mat deene Spillercher do um Liewen halen, da wäert een eng hefteg Reaktioun vu villen honnerte Millioune Mënschen op der Welt enges Dags erliewen.

Guy Kaiser: Si mir iwwerhaapt aus dem Schlëmmste vun der Kris eraus, oder ass net éischter de Contraire wouer?

Déi Europäesch Zentralbank gëtt jo all Mount hire Rapport eraus a fir de Mount Mee stoung do ze liesen, et wier een do messerschaarf laanscht déi nächst Katastrof geglëtscht, dee ganze Finanzsecteur hätt nees eng Kéier kuerz virum Kollaps gestanen?

Jean-Claude Juncker: Ech weess doriwwer Munches [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir sot net alles elo.

Jean-Claude Juncker: wat net vill Sënn mécht hei ze developpéieren.

Mir sinn net aus där Kris eraus an där mir sinn, a mir hunn nach net all Instrumenter zur Verfügung fir d’Reproduktioun vun enger ähnlecher Kris ze verhënneren. Dofir ass een een Dag d’Woch zu Bréissel.

Guy Kaiser: Dir sidd 15 Joer laang elo am Asaz als Premier. Egal wat ee vun Ärer Politik hält, den Asaz ass do. Dofir déi ganz banal Fro, wéi geet et Iech eigentlech als Mënsch? Geet et Iech gutt, sidd Dir de Weekend kabott, schlooft Dir vill fir ze recuperéieren?

Jean-Claude Juncker: Ech schlofe gutt. Mäi Virgänger, de Jacques Santer, huet gesot, wéi hie mech virgeschloen huet als Premier, en hätt gesinn, datt ech als Aarbechts- a Finanzminister, och wann et héich hiergaangen ass, ëmmer gutt geschlof hätt an ëmmer gutt ausgerout wier, an dat wier eng Grondviraussetzung fir Staatsminister ze sinn. An dat ass och esou.

Ech schlofe gutt, mä et ass mir scho besser gaangen, et ass mir awer och schonn als Mënsch méi schlecht gaangen. Elo geet et mir éischter gutt.

Mä ech sinn een, ech si keen Opgereegten, well mat Opreegung, mat Angscht a mat Fäerterei bréngt een näischt fäerdeg. Mä ech sinn e Beonrouegten, an dat ass eppes wat u mir schafft, well et huet een esou dacks Angscht, et hätt een eppes iwwersinn, et hätt een net alles gesinn, et huet een Angscht an deem onsécheren Ëmfeld, weltwäit an europawäit, wou mir liewen, et géif ee falsch Décisiounen huelen; dat ass schonn eppes wat op engem laascht. Ech mierken oft, ech deen ech net vill Pressekonferenzen halen – et gëtt jo Ministere genuch déi vill Pressekonferenzen halen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Do muss ech allerdéngs soen, als Journalist, datt mir Iech nu wierklech an de leschte Méint vermësst hunn. Et gouf bal kee Briefing méi nom Regierungsrot. Firwat? Hat Dir ze vill?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä Freides mëttes fanne ganz oft G7-Telefonskonferenze statt, déi fannen am Regelfall um Enn vun der Woch statt. A fir den Amerikaner, an de Kanadier, an de Japaner z’erklären, ech kéint elo net dorunner deelhuele well ech elo eng Pressekonferenz nom Regierungsrot zu Lëtzebuerg hätt, dat dréit net onbedéngt zum Rayonnement vun eisem Land bäi. Woubäi ech bedaueren, datt ech dee Briefing net mat där gewinnter Regelméissegkeet kann halen, obschonns ech och näischt dovun hale fir all Freideg iergendwellech Saachen erklären ze kommen déi awer net onbedéngt [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Wann näischt ze soen ass.

Jean-Claude Juncker: staatsministeriell massiv Explikatiounsustrengungen benéidegen.

Guy Kaiser: Mä vläicht kënnt awer dohier, Här Juncker, datt d’Leit mengen, Dir wäert net méi esou vill präsent an der l’Lëtzebuerger Politik.

Jean-Claude Juncker: An d’Zeitung kënnt stoe wann ech am Ausland sinn, an d’Zeitung kënnt net stoe wat ech Sonndes moies schaffen.

Guy Kaiser: Mir haten dës Emissioun ugefaangen, Här Staatsminister, mam Futtball, dann hale mir domat op. De Pilo Fonck, dat dierft Iech e Mann sinn, deen Dir beschtens kennt. De Pilo Fonck huet als President vum Conseil supérieur des sports demissionéiert. Wat sot Dir dozou?

Jean-Claude Juncker: Wann et ëm de Pilo Fonck geet, sinn ech keen objektive Betruechter vun deem wat geschitt, well de Pilo Fonck, seng Stëmm, säin Talent, seng Beschreiwungskraaft Elementer sinn déi mech a menger Kannzerzäit, a menger Jugendzäit staark begeeschtert hunn.

Ech hunn ëmmer fonnt, datt et a ganz Europa keen esou gudde Sports- a virun allem Futtball- a virun allem Tour de France-Journalist ginn huet wéi de Pilo Fonck, well wann ech Sonndes mëttes seng Reportagen an der Emissioun Sport a Musék iwwer Nationaldivisiounsspiller gelauschtert hunn, oder Spiller vun eiser Nationaléquipe, dann hat ech d’Gefill ech géif Televisioun kucken.

Et ass kee ginn an der Radioswelt, deen esou millimetergenau e Spillverlaf konnt reproduzéieren, an an der Sekonn selwer, wéi de Pilo Fonck. Dofir gehéiert de Pilo zu deene grousse Figure vu menger Kanner- a Jugendzäit. An een dee mech eigentlech ëmmer bal dozou bruecht huet, dat soen ech Iech net gären, Radiosjournalist ze ginn, well ech dat en exzeptionellt Talent fannen, fir an der Sprooch eppes ze vermëttele wat een net gesäit. Esou datt dat ee Récktrëtt ass, deen ech net gäre gesinn.

Ech weess, datt de Pilo heiansdo e schwierege Mënsch ass, wéi mir zwee och, mä et ass awer een, deen Enormes gemaach huet fir de Lëtzebuerger Sport, an iwwregens och fir de Lëtzebuerger Sportjournalismus, an iwwregens och fir d’Lëtzebuerger Sportpolitik.

Guy Kaiser: Also, op een Hoer wäert Dir Radiosjournalist ginn.

Jean-Claude Juncker: Da géif ech elo do sëtze wou Dir sëtzt, an Dir vläicht hei wou ech sëtzen.

Guy Kaiser: Jo, mä déi Plaz ass jo awer besat.

Jean-Claude Juncker: An nach fir länger Zäit, dat kann ech Iech garantéieren.

Guy Kaiser: Gutt domat wiere mir um Enn vun dëser Emissioun ukomm, Här Staatsminister. Ech soen Iech Merci [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Guy Kaiser: datt Dir Ried an Äntwert stoungt. Dir hutt op Radio Lëtzebuerg geschwat, domat mam Lëtzebuerger Vollek 4 Deeg virun Nationalfeierdag. Iech, Här Staatsminister e schéine Weekend.

Jean-Claude Juncker: E schéine Weekend.

Dernière mise à jour