Le Premier ministre Jean-Claude Juncker invité de l'émission Riicht eraus

Jean-Claude Franck: Et war viraus ze gesinn, datt déi nei CSV-LSAP-Regierung keen einfache Start kréich. Wéinst der Finanz- a Wirtschaftskris sinn d’Recettë vum Lëtzebuerger Staat gefall. De Chômage ass geklomm a vun 2011 un, hat d’Koalitioun sech virgeholl, sollten déi Problemer geléist ginn. Anescht wéi gewinnt ass d’Regierung sech awer net mat de Gewerkschaften a mam Patronat eens ginn. An ee vun de grousse Problemer ass haut nach ëmmer, datt et ganz verschidden Analysë gëtt an der Fro, wéi staark d’Lëtzebuerger Staatsfinanze gelidden hunn, respektiv wéi vill Efforten néideg si fir nees eraus ze kommen.

Iwwer alles dat schwätze mir déi nächst Stonn mam Premier. Jean-Claude Juncker, gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Et geet besser wéi virun engem Joer geduecht, och wann den Defizit beim Zentralstaat nach ëmmer grouss ass. Trotzdem, wann Dir virun 3 Méint gesot hutt, bis 2014 missten 1,4 Milliarde bis 1,6 Milliarden Euro gespuert ginn oder méi era kommen, dann ass jo awer déi Zuel net méi aktuell. Well jo awer méi era kënnt wéi geduecht.

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng verkierzten Duerstellung. Mir hunn effektiv bis elo dëst Joer méi era kritt wéi mir geduecht haten, datt mir géifen era kréien. Nach awer bleift et, datt mir bis Enn Juni iwwer 400 Milliounen Euro méi ausginn hu wéi mir era kritt hunn; an nach bleift et, datt wann d’Zuelen sech esou virun entwéckele wéi bis elo, datt mir 1,8 Milliarde musse léine goen. An esouguer wann nach eng Kéier 500 Milliounen Euro méi géifen era komme wéi mir fir déi zweet Halschent vum Joer geduecht hunn, misste mir nach ëmmer 1,3 Milliarde léinen goen.

Dofir bleift et bei deem festgeluechten Zil dat d’Regierung huet fir an de Gesamt-Staatsfinanzen, also Budget, Sécurité Sociale a Gemengen, bis d’Joer 2014 am Equiliber ze sinn. Wat dann nach ëmmer als Konsequenz huet, datt den Zentralstaat, also dee Budget dee mir vu fréier hier kennen, datt deen nach ëmmer an engem Desequiliber, an engem Defizit vu ronderëm 1 Milliard ass.

Dat heescht an anere Wierder, och wann et besser geet, geet et nach net gutt. A wann et och ausgesäit wéi wann et géing besser goen, et geet och besser, da geet et de Staatsfinanzen nach ëmmer schlecht.

Jean-Claude Franck: A wann Dir Äre Spuer- a Steierpak elo tel quel ëmsetzt wéi dat gesot gouf, wou nach vu méi schlechten Zuelen ausgaange ginn ass, da kann een awer dovun ausgoen, datt Dir d’Zil vun den equilibréierte Staatsfinanzen dann awer e bëssen éischter erreecht, oder net?

Jean-Claude Juncker: Neen, ech mengen net, datt mir virum Joer 2014 op engem gesamtstaatlechen Nulldefizit sinn. An och, wéi gesot, datt mir, wa mir op engem Nulldefizit si fir d’Gesamt-Staatsfinanzen, also fir de Budget, fir d’Sécurité Sociale a fir d’Gemengen, da bleift et, datt mir beim Staat selwer nach e ganzt staarkt Lach behalen, esou datt mir awer mussen am Joer 2014 an an de Joeren duerno, wann net eng aussergewéinlech Erhuelung vun der Wirtschaft stattfënnt, ronn 1 Milliard léine goen. Also ass dat eng Situatioun déi mech staark beonrouegt, no wéi vir.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir wëllt oder kënnt de Leit awer den Ament net d’Zeeche ginn, datt elo wéinst deene bessere Prognosen, datt dofir deen een oder aneren Effort da vläicht net néideg ass oder net esou laang néideg ass wéi dat virgesi war.

Jean-Claude Juncker: Jo, absolut net. Mir hunn e Spuer- a Steierequilibréierungsprogramm fir 2011 an 2012 gemaacht, well mir duerno wëlle kucke wou mir stinn a wou mir ginn. Dee Programm, dee muss natierlech a sengem Gesamtvolume duerchgezu ginn. Dorunner féiert leider Gottes kee Wee laanscht

Et gëtt ëmmer nëmmen um Radio, an den Zeitungen, op der Televisioun dovu geschwat, wéivill Steieren datt méi era kommen. A wat fir enger Zeitung steet haut, wéivill datt mir bis elo méi ausginn hu wéi mir era kritt hunn? A kenger. An et steet a kenger Zeitung richteg duergestallt, wéivill Defizit datt mir hunn a behalen, obschonn et eis du point de vue vun de Recettë besser geet. Et muss ee sech e Gesamtbild verschafen iwwer den Zoustand vun de Staatsfinanzen, an dat Gesamtbild weist engem, datt mir e grousse Problem hunn.

Jean-Claude Franck: Elo gëtt et och eng Diskussioun iwwer d’Transparenz vun deenen Donnéeën déi der Regierung virleien. Déi Diskussioun ass och gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun, oder an den zoustännege Kommissiounen, gefouert ginn. Do heescht et elo, et soll méi Transparenz ginn. Do ass awer effektiv e Problem wann ee gesäit och, datt IGF an d’STATEC zum Beispill verschiddener Meenung ware virun e puer Méint. Datt awer net all dat esou kloer no bausse komm ass, an datt d’Regierung sech fir eng Variant décidéiert huet, oder net?

Jean-Claude Juncker: D’Regierung huet jo d’Responsabilitéit driwwer, wat fir Prognosen datt se als Schéier vu Wirtschaftsentwécklung unhëllt. Do musse mir eis verloossen op dat wat mir duerch international Instanze gesot kréien, an och op dat wat eis national Instanze soen. An déi gesinn d’Saachen nun emol net ëmmer d’selwecht. Déi sinn onofhängeg. Dat vergréissert d’Transparenz net, d’Onofhängegkeet, mä de Kommando duerch d’Regierung iwwer all Instanzen déi Prognosë maachen, dat ass contraire zu engem geuerdnete Verfahre wat ee bei der Prognosenopstellung muss notzen.

D’Zentralbank geet zum Beispill dovun aus, datt am Joer 2010 mir e Wuesstëm hu vun 2,6% bis 3,2%. De STATEC seet, et gëtt 3%. D’Zentralbank mengt net wéi de STATEC, datt mir 2011 3% Wuesstëm hunn, mä mengt mir géifen tëscht 1,8% an 2,8% leschtendlech landen.

Dann ass et ganz schwéier och Budgeten opzestellen, well een net genau weess wéi d’Wirtschaftswuesstëm ass an et weess een och net genau wéi d’Recetten dann evoluéieren. Well de Moment zéie mir Steieren an, notamment aus dem Finanzsecteur, aus de gudde Joeren. An den nächste Joeren, wann et erëm besser geet, dann zéie mir déi Steieren an aus deene schlechte Joeren. Dofir muss een, wéi gesot, en integrale Bléck op d’Wierklechkeet wäerfen, an déi ass net schwaarz-wäiss an déi léisst sech och iwwregens net an 20 Sekonne resuméieren.

Jean-Claude Franck: Elo ginn et awer net nëmmen einfach divergent Zuelen, mä et gëtt eben och tëscht de Sozialpartner Divergenzen iwwer dat wat een aus deenen Zuele maache soll. Dat huet ochn ënner anerem, dozou gefouert, datt et an der Tripartite extrem schwiereg war fir béid Säite beieneen ze bréngen. Et gouf jo dunn en Échec. Wann Dir elo nach eng Kéier an déi Tripartite goe géift, wat géift Dir anescht maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech géif net esou vill Zäit verléieren a Virgespréicher, déi ech am Dezember, am Januar an am Februar mat jiddwerengem vun de Sozialpartner, mat all eenzelne Bestanddeel vun all Säit vun de Sozialpartner gefouert hunn, well och schonn an de Virgespréicher den Net-Wëllen erkennbar war fir sech openeen zou ze beweegen.

Ech hu vill méi breet consultéiert wéi dat üblecherweis de Fall war, och Gewerkschafte consultéiert déi iwwerhaapt net an der Tripartite sëtzen, well se awer zur sozialer Landschaft gehéieren. An ech hu bei där Geleeënheet festgestallt, datt wa mir präzis geschwat hu vu d’Regierungssäit, datt dann d’Patronë fonnt hunn, mir géifen dat awer nach einegermosse beschéinegen, an d’Gewerkschafte gesot hunn, si géifen dat total anescht gesinn.

Ech hu festgestallt, an der Tripartite selwer, wou ech déi Experte geruff hunn déi d’Regierung beroden, an déi och argumentéiert hu géint, zum Beispill, e Pabeier vun der Chambre des salariés, datt d’Gewerkschaften op meng Opfuerderung hin net matargumentéiert hunn.

Also sinn ech der Meenung, datt déi Ronn déi mir am Hierscht mussen dréinen, a wou ech viraussetzen, datt d’Sozialpartner sech zesummen huelen an d’Regierung och an ech haaptsächlech, datt déi net esou laang dauert. Et mécht kee Sënn, bei enger relativ kloerer Sachlage vill weider Zäit drop ze verwenden, d’Leit ze probéieren dozou ze kréien, datt se d’Saachen d’selwecht gesinn. Si wëlle se net d’selwecht gesinn. Si sinn awer sou wéi se sinn.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir probéiert et nach eng Kéier kuerz, a soubal Dir mierkt, datt et näischt bréngt, maacht Dir dat wat Dir och um CSV-Kongress ugekënnegt hutt, dann hëllt d’Regierung hir Responsabilitéit.

Jean-Claude Juncker: Ech féieren zesumme mat menge Kollegen eng Rei vu Gespréicher an da ruffe mir wahrscheinlech eng Tripartite zesummen. An da kucke mir wat sech maache léisst. Mir maache jiddwerfalls keng 10-12 Sitzunge méi. Mir sinn der Meenung, datt alles gesot ginn ass. Dat muss ee mat deem neitsten Zuelematerial ënnerfidderen, sech iwwerleeën ob een eppes muss fundamental anescht gesinn. Ech mengen net, datt een eppes muss fundamental anescht gesinn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir haalt et awer fir méiglech, datt Dir do nach vläicht déi eng oder aner [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech ginn d’Hoffnung net op. Wësst Dir, contrairement zu deem wat ëmmer gesot a geschriwwe gëtt, ass dat hei jo net déi éischt Tripartite déi keng Eenegung fënnt.

Jean-Claude Franck: Et ass eng vun de wéinegen.

Jean-Claude Juncker: Mir ass nach keng mësslongen an de leschte 15 Joer, obscho schwiereger dobäi waren. Mä an den 1980er Joeren, ëmmer erëm um Punkt vum Index, ass et heiansdo zum sich-Trennen ouni Resultat komm. Dat probéieren ech ze verhënneren, mä et kann een net d’Land an engem Zoustand vun net-Décisioun op wiesentleche Punkten, wéi dee vun der Kompetitivitéit loossen, just well ee keen Accord fënnt. Mir hunn e regelrechten a grave Kompetitivitéitsproblem. Mir hunn en net iwwerall, mä mir hunn e streckeweis an dee musse mir behiewen.

Jean-Claude Franck: Dir hutt gesot, mir ruffe wahrscheinlech eng Tripartite an. Dat heescht, ganz décidéiert sidd Dir emol nach net?

Jean-Claude Juncker: A mengem Kapp sinn ech mir eigentlech kloer, datt een dat muss maachen, well et soll een der organiséierter Sozialpartnerschaft awer eng Chance ginn. Mä wann ech awer mierken, datt dat total aussiichtslos ass, dann erspueren ech deenen aneren deen Zäitverloscht.

Jean-Claude Franck: Wéini mierkt Dir dat, ob et aussiichtslos ass?

Jean-Claude Juncker: Wann ech et bis gesinn.

Jean-Claude Franck: Iwwer wat gëtt dann elo konkret an där Tripartite geschwat? En Deel ass jo scho geschwat ginn, do hutt Dir keen Accord fonnt. Elo gëtt gesot, Kompetitivitéit. Wat genau wëllt Dir do schwätzen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn e Pabeier virleie vum Wirtschaftsminister, deen ëmfaasst 65 Punkten. Do besteet e largen Accord driwwer. Dat gëtt nach eng Kéier am Detail gekuckt. An da stellt sech déi Fro ronderëm den Index, d’Inflatiounsbekämpfung an déi weider budgetär Entwécklung. Dat muss een nach eng Kéier alles am Gesamtzesummenhang kucken, ouni datt ee sech elo op eng fanatesch Aart a Weis op déi Fro vum Index fokusséiert, mä déi gehéiert nun emol einfach dozou.

Jean-Claude Franck: Et ass awer déi wou Dir riskéiert ze scheiteren?

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net.

Wann d’Leit sech e bëssen un dat hale wat se fréier gesot hunn, dann dierft dat u sech net scheiteren. Am Gesetz vum 24. Dezember 1984 iwwer d’Neifaassung vum Tripartite-Gesetz, dat no de Wahle vun 1984 votéiert ginn ass, do steet dran, datt wann den Inflatiounsënnerscheed mat eisen Haapt-Handelspartner – Däitschland, Frankräich, Belgien an och Holland – sech zu Ongonschte vu Lëtzebuerg verännert, oder wann d’wirtschaftlech Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg um internationale Plang ofhëllt, da misst d’Regierung d’Tripartite zesumme ruffen an da misst se proposéieren, entweder – esou steet et am Gesetz – d’Indextranchen net méi regelméisseg erfalen ze loossen, mä se ze echelonnéieren, wéi de Gesetzgeber sech ausgedréckt huet, oder awer d’Indextranchen op engem gewëssenen Niveau ze deckelen. Dat steet am Gesetz. An ech hale mech un d’Gesetzer.

D’Kompetitivitéit huet sech nun emol massiv verschlechtert, och wa mir dat net wëllen zur Kenntnis huelen. Mir hunn et zum Beispill mat engem däitschen Handelspartner ze dinn, do setze mir déi meeschte vun eise Produkter of, mat deene Betriber sti mir an direkter Konkurrenz, dee sech an enger wiesentlech besserer Situatioun befënnt. Well déi däitsch Lounpolitik vun 1999 bis 2009 ëm 12,4% Augmentatioun no uewe kannt huet, bei enger Inflatioun vun 18,4%. Dat heescht, datt se ronn 6% ënner der Inflatioun bliwwe si mat hirer Lounpolitik. Dat heescht en däitleche Kafkraaftverloscht an Däitschland.

A wann ech d’Zuelen zu Lëtzebuerg kucken, da sinn eis Léin insgesamt, tous secteurs confondus, ëm 41,7% geklommen, bei enger Inflatioun vun 32,4%. Dat heescht, mir hunn 9,3% méi Kafkraaft bäigi wéi Kafkraaft verluer gaangen ass.

A bei der Belsch a bei Frankräich ass dat net esou ausgeprägt, mä och do hu mir wiesentlech Differenzen.

Dorëms muss ee sech bekëmmeren, woubäi ech hei däitlech wëll soen, datt ech déi däitsch Politik net fir der Weisheit letzter Schluss ëmfannen, well ech déi real Zréckentwécklung vun de Léin iwwer eng laang Period als net gutt fannen fir d’Stäipe vun der Bannen-Nofro an Däitschland. Wat jo och erkläert, well d’Bannen-Nofro vernoléissegt ginn ass, datt ee sech Avantagë bei der Exportgestaltung vermëttelt huet. Wat ech sichen ass net eng Däitschland-ähnlech Situatioun. Mä wann Däitschland déi Politik mécht, musse mir déi Politik zur Kenntnis huelen an net 100% de Géigendeel dovu maachen. D’Wourecht läit wéi sou oft am Liewen an der Mëtt. Ech halen déi däitsch Politik net richteg an déi Lëtzebuerger Politik fir falsch.

Jean-Claude Franck: Dir hutt awer virdrun déi Critèrë genannt, ënner deenen da kann iwwer Indexännerunge geschwat ginn. De Règlement grand-ducal vun 1985, dee soll jo awer nach vum Wirtschaftsminister iwwerschafft ginn, esou datt een eigentlech och nach net weess iwwer wat een do schwätzt, oder?

Jean-Claude Juncker: De Jeannot Krecké ass amgaangen dat ze maachen. Ech hunn och Gespréicher mat him doriwwer gefouert.

Fir d’Kompetitivitéitsdifferentialer ze moosse brauch een eng Rei vu Parameteren, vu Critèren an et muss een och an déi Parameteren déi Parameteren abauen déi an der Eurozon an Zukunft wäerte benotzt gi fir d’Kompetitivitéitsgefälle tëscht deenen eenzelne Länner vun der Eurozon ze moossen.

Mir kënne keng total aner Critèren huele wéi déi déi international an eurozonméisseg gängeg sinn. Woubäi ech och nach eng Kéier wëll däitlech maachen, datt a mengen Aen de Begrëff vun der Wettbewerbsfäegkeet, vun der Kompetitivitéit, sech net nëmmen op Index an net nëmmen op Lounelementer bezitt, mä datt och aner Saachen, aner Standuertvirdeeler ze berücksichtege sinn. Ënner anerem dee vum soziale Fridden. Dat ass keng kleng Saach, wann een eng Ekonomie huet déi roueg ka schaffen. Dofir sinn ech och iwwerhaapt net mat de Patronatsvertrieder averstanen, wann si déi radikal Sträichung vun der Indexéierung vun Zäit zu Zäit froen.

Dat ass net gutt, well mir brauchen e gewëssenen Inflatiounsausgläich. Wat mir de Moment hunn ass, datt mir méi Lounzouwuess hu wéi mir Produktivitéitszouwuess hunn, an e Lounzouwuess hunn deen däitlech iwwer d’Inflatiounsausgläichsnoutwennegkeet eraus geet, an doriwwer misst ee sech ënner raisonnabele Lëtzebuerger eigentlech kënnen ënnerhalen, ouni datt dat ëmmer zu spektakulären Optrëtter muss féieren.

Jean-Claude Franck: Et gouf Iech virgehäit, Dir wiert als Eurogrupp-President e bësse befaangen an där Fro, well den Drock an der Eurozon dee gëtt et fir de Lëtzebuerger Indexsystem ze änneren, respektiv ofzeschafen. Ass dat esou, datt Dir do ënner Drock gesat gitt wéinst där Fonctioun? Oder datt dat op d’mannst dat anert influenzéiert?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net befaangen als Eurogruppechef. Als Eurogruppechef, weess ech zoufällegerweis vu wat ech schwätzen wann ech iwwer déi Problemer schwätzen, well ech ganz genau duerch déi Fonctioun muss observéiere wat an deenen anere Länner geschitt.

Et ass éiweg Drock gi fir d’Indexéierung ofzeschafen. Dat war schonn de Fall – dat weess haut kee méi vun deenen déi haut an der Tripartite sëtzen, déi wëssen dat net méi – 1991 wéi mir de Vertrag vu Maastricht ofgeschloss hunn. Do ass massiven Drock gewiescht, datt mir d’Indexéierung vun de Léin a Gehälter géifen opginn. Ech hu mech deem entgéint gesat, ënner dem Risiko datt et zu deem Vertrag emol guer net komm wier, well d’Lëtzebuerger hir Positioun guer net opginn hunn.

Dat Zweet ass, et gëtt och an anere Länner Indexéierungselementer, néierens esou ausgeprägt a strukturéiert wéi bei eis. Mä och an aneren Ekonomië gëtt et streckeweis Indexéierungselementer, déi natierlech net esou wäit gi wéi bei eis. Dofir, wann d’Indexéierungsfro opgeworf gëtt ass net nëmme Lëtzebuerg betraff. Mir sinn an engem besonnesche Mooss betraff, well mir en integralen Upassungssystem hunn, ma déi aner Länner sinn och betraff.

Ech ginn an der Eurozon net ënner Drock gesat, mä d’Lëtzebuerger Regierung kritt regelméisseg virgerechent, datt mir an Termë vu Kompetitivitéit dauernd Terrain verléieren. Wann eis Léin 41,7% an 10 Joer klammen an déi däitsch Léin klammen 12,4% an 10 Joer, a mir mussen op deene selwechte Mäert, um däitsche Maart, um Lëtzebuerger Maart an op frieme Mäert mat deene Betriber konkurréieren, da kann een net ofstreiden, datt mir e Problem hunn.

Ech soen nach eng Kéier, datt ech déi däitsch Loun- an Tarifpolitik fir streckeweis verfehlt halen, fannen, datt se net all Sozialreflexer genügend berücksichtegt. Mä ech fannen och, datt mir eis mussen hei e bëssen anescht orientéiere wéi mir dat an der Vergaangenheet gemaacht hunn.

Dat maache mir net wéinst dem Euro. Dat maache mir wéinst eis. Well ech kucken net gär no, obschonn ech jo näischt dogéint hu wann auslännesch Betriber op Lëtzebuerg schaffe kommen, datt déi kënnen op Lëtzebuerg schaffe kommen, well mir hei eng sech-sozialgestaltend Lounstruktur hunn déi einfach de Verglach mat deenen aneren net aushält. Mir kënnen eis honnert Mol doriwwer iergeren, datt déi aner net esou verstänneg si wéi mir oder net esou onverstänneg si wéi mir. Mir mussen eis Politik upassen. Net fir hir Politik nozeäffen, do sinn ech radikal dogéint, mä fir eis an e Gewässer ze brénge wou mir besser mat deenen anere kënne schwammen.

Jean-Claude Franck: 2009 hutt Dir gesot, d’Inflatioun zu Lëtzebuerg wier awer net héich genuch fir iwwerhaapt eppes um Indexsystem ze änneren, wou d’Gewerkschaften ebe gefuerdert hunn 2010 misst den normale System zréck kommen. D’Inflatioun ass jo awer eigentlech och den Ament nach net besonnesch héich.

Jean-Claude Juncker: D’Inflatioun ass net besonnesch héich. Si ass am Juni 1,9% gewiescht. An Däitschland war se 0,9%.

Jean-Claude Franck: An deem Mount, an deem et awer keen Index gouf.

Jean-Claude Juncker: Dat huet elo näischt direkt mam Index ze dinn. Dir frot mech, ass d’Inflatioun ze niddereg oder ze héich fir d’Indexéierung erëm ze normaliséieren. Mir hu se jo normaliséiert elo. Ech stelle fest, datt mir nach ëmmer en Inflatiounsdifferential mat Däitschland, op ee Mount betruecht, vun 1% hunn, an no der Indextranche ass et ganz evident, datt den Inflatiounsécart mat aneren Ekonomië méi grouss gëtt.

Jean-Claude Franck: Dir hutt jo an der Tripartite 2 Virschléi gemaacht gehat fir eppes um Indexsystem ze änneren. Deen ee war méi strukturell gewiescht, wahrscheinlech fir ëmmer, dee mat de Pëtrolspräisser aus dem Wuerekuerf eraus, dofir de gratis ëffentlechen Transport. Deen aneren hutt Dir elo um CSV-Kongress gesot, dee wier fir 1 bis 2 Mol gewiescht, dee mam gedeckelten Index. Ass dat dann an der Tripartite och esou kloer eriwwer komm? Well do huet et jo awer geheescht, Dir hätt dat fir ëmmer gefrot.

Jean-Claude Juncker: Et schwätze jo ëmmer Anerer fir mech an ech gi selte gefrot wat ech dann eigentlech selwer gesot hunn.

Ech hu proposéiert, an der Kris kéint een d’Indextranche deckelen. Bei där Meenung bleiwen ech och. Dat huet keng Chance, menger Ansicht no, fir duerchgesat ze ginn, well dat net richteg gewollt ass. Mä wann et schlecht geet; wa mir grouss Schwieregkeeten am Staatsbudget hunn; wa mir extrem Schwieregkeeten um Aarbechtsmaart hunn – mir hunn haut 3 Mol méi Chômeurë wéi virun 10 Joer a mir hunn elo nach méi am Mee 2010 wéi mir der am Mee 2009 haten – wann et Leit gëtt déi Kuerzaarbecht maachen; wann et Leit gëtt déi fäerten, datt se hir Aarbecht verléieren; wann et dausende Leit gëtt déi Moschwieren hu well se net méi wësse wéi et an hirem Liewe viru geet, dann ass et net abwegeg, esou wéi et do am Gesetz vun 1984 steet, fir ze soen, esou laang wéi mir an där déiwer Kris do stiechen, deckele mir den Index bei 2 Mol de Mindestloun, an déi déi méi hunn déi kréien dann eben déi Indextranche déi bei 2 Mol de Mindestloun erfält.

Et ass jo awer net raisonnabel, mä et huet kee Wäert méi, datt ech mir do de Mond fuseleg rieden, datt déi eng Leit 300 Euro de Mount kréie wann eng Indextranche erfält an déi aner Leit déi kréie 40 oder 80 Euro wann eng Indextranche erfält. An der Kris brauch ee Solidaritéit ënner deene schaffende Leit an tëscht de Patronen an de Leit déi schaffe ginn.

Dat war eng Krisemoossnam fir do méi Gerechtegkeet walten ze loossen. Ech hat an de Virgespréicher, ech kann dat och emol eng Kéier soen, ganz aner Saache proposéiert. Och dat doten an ech hu gesot, ma d’Betriber mussen den Index trotzdem ausbezuelen. An dat wat iwwer deem Volume läit deen doduerch entsteet, datt een den Index bei 2 Mol de Mindestloun deckelt, déi Sue lafen an de Beschäftegungsfong, fi, datt mir domat aktiv Beschäftegungspolitik kënne maachen. Do huet emol keen nogelauschtert.

Ech kommen iergendwann méi spéit am Liewen nach eng Kéier op d’Rafinesse an Detailléierung vun deene Virschléi zréck.

An dann hu mir proposéiert fir d’Pëtrolsprodukter an den Alkohol an Tubak eraus ze huelen, well dat net ze vermëttelen ass, leschtendlech, datt wann d’Pëtrolspräisser klammen, duerch eng Uelegverknappung oder duerch iergendwelch politesch Evenementer, oder duerch e méi séiert wirtschaftlecht Wuesstem an Indien an a China, datt dann hei d’Paië mussen ugepasst gi well d’Pëtrolspräisser klammen.

Dat ass engem deen e klengt Geschäft huet an dee muss um Enn vun all Mount 5 Paië maachen, net ze vermëttelen. Well bei him huet sech näischt geännert, sauf datt e muss d’Paien an d’Lut setzen. Fir d’Leit huet sech natierlech eppes geännert: de Pëtrol ass méi deier ginn. Dofir géife mir jo den Heizungsmazout an alle Fäll am Wuerekuerf loossen. Fir d’Leit verdeiert dann d’Autofueren sech notamment.

Dofir hu mir schonn d’lescht Joer a verlescht Joer d’Deierechtzoulag ugepasst. Mir hunn eng Deierechtzoulag agefouert fir Leit déi net esou vill verdéngen. Déi steet haut nach op deem Niveau wou mir se agefouert hu wéi de Pëtrolspräis 140 Dollar de Barril war.

Dat heescht an anere Wierder, fir ëmmer ze soen, hei gëtt onsozial gehandelt an hei gëtt einfach mat der Méimaschinn iwwer de Staatsbudget gefuer, besonnesch an esou engem soziale Budgetsdeel, entsprécht einfach net den Tatsaachen.

Jean-Claude Franck: Mä fir nach eng Kéier op Äre Virschlag oder den temporäre Charakter vun der maximaler Indextranche zréck ze kommen: d’CSV huet dee Virschlag jo kuerz no Iech dunn offiziell als Parteivirschlag iwwerholl. Do ass awer net méi vum temporäre Charakter rieds gaangen. Sidd Dir dann domat net averstanen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn a menger Partei ëmmer däitlech gemaacht, an do gesäit och keen dat anescht, datt dat eng Indexregelung wier fir d’Lafdauer vun där Kris an där mir stiechen.

Jean-Claude Franck: An d’Partei gesäit dat och esou?

Jean-Claude Juncker: Ech ka mir net virstellen, datt déi dat anescht gesäit. Dat huet jiddwerfalls nach kee mir esou matgedeelt. Ech hunn och ëmmer däitlech gemaacht, datt ech léiwer hätt, déi strukturell Léisung, déi dora besteet fir d’Pëtrollsprodukter aus dem Index eraus ze huelen a fir dee Verloscht ze kompenséieren deen d’Leit doduerch hunn, datt d’Uelegpräisser géife klammen, mä awer net méi iwwer den Index kompenséiert ginn, de Gratistransport anzeféieren. Dat ass alles net zréckbehale ginn.

Wann ech virun 20 Joer op d’Gewerkschaftskongresser gaange sinn, ass ëmmer gefrot gi fir den Index ze deckelen a fir de Gratistransport anzeféieren.

Jean-Claude Franck: Dir hutt gesot, déi 2 Virschléi sinn um CSV-Kongress net ugeholl ginn, domat géift Dir se net méi erëm formuléieren. Dir hutt gesot, da muss eng 3. Variant geholl ginn.

Jean-Claude Juncker: Ech ka jo net mam Kapp duerch d’Mauer goen. A wann ech gesinn, datt raisonnabel Virschléi déi ee mécht net ugeholl ginn, da muss ee probéieren déi méi verständlech ze maachen. Do maachen ech mir 0 Illusiounen driwwer. Da muss een aner Weeër siche wéi een am Gesamtbilan zu enger Regelung kënnt déi déi selwecht Resultater produzéiert wéi déi strukturell [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: A wat kann dat sinn?

Jean-Claude Juncker: Wann ech elo schonn erëm soe wat mir déi nächste Kéier an der Tripartite proposéieren, oder an de Gespréicher, da seet jiddweree mir, ech soll vläicht meng Propositiounen deene reservéiere fir déi se geduecht sinn, dat sinn d’Sozialpartner an dorun halen ech mech och. Obscho si sech net ëmmer drun hale wann et drëm geet Virschléi déi d’Regierung gemaacht huet adäquat a richteg ze presentéieren.

Jean-Claude Franck: Mä dat heescht, Dir hutt eng 3. Variant awer schonn am Kapp? Fir Ännerungen um Index.

Jean-Claude Juncker: Si steet am Gesetz.

Jean-Claude Franck: Ok, dat ass déi 3. Variant déi Dir ugeschwat hutt. Dir selwer hutt elo nom Échec vun der Tripartite gesot, wann eng vun Äre proposéierte Mesuren ugeholl gi wier, da wieren e ganze Koup vun anere Spuermesuren net néideg gewiescht. Dat ass awer contestéiert, well gesot gëtt, datt déi 2 Mesuren déi Dir proposéiert hutt, datt déi eigentlech op de Staatsbudget herno netto gesi guer keen esou e groussen Impakt gehat hätten.

Jean-Claude Juncker: Et gëtt iwwersinn, datt vill Dépensen um Staatsbudget indexéiert sinn. Net nëmmen d’Gehälter beim Staat sinn indexéiert, mä ganz vill aner Budgetsartikelen ënnerleien och der Indexéierung. De Gesamteffet deen een doduerch erzilt, datt een anescht indexéiert wéi bis elo, deen ass esou, datt een op d‘mannst op eng Moossnam vun de Spuermoossnamen oder vun de Steiererhéijungsmoossnamen hätt kënne verzichten, well een déi hätt kënnen ersetzen duerch dee Montant dee fräi gi wier, duerch eng Deckelung vum Index oder eng Streckung vum Index.

Jean-Claude Franck: Kann een dat dann net änneren, datt déi Kontrakter déi dodrun hänken, datt déi net méi indexéiert ginn? Fir den Impakt ze limitéiere fir de Staat.

Jean-Claude Juncker: Et geet net nëmmen ëm d’Kontrakter. Et geet ëm d’Budgetsartikelen déi Leeschtunge betreffe wou d’Indexéierung an de Gesetzer virgesinn ass. Wat d’Kontrakter déi de Staat ofschléisst ubelaangt, huet de Wirtschaftsminister mat engem Duerchsetzungsverméige wat staark war, probéiert alleguer déi Kontrakter déi mir als Staat ofgeschloss hunn ëm eenzel Indexéierungselementer z‘erliichteren. Dat geet net ëmmer op Grond vu kontraktuelle Verbindungen.

Mä et ass ganz evident, net all Betrib dee mam Staat zesumme schafft ka seng Leeschtung ëm 2,5% verdeiere wann eng Indextranche vun 2,5% erfält. E kann eigentlech just d’Lounelementer déi doduerch sech no uewe verschieben a seng Präisformatioun abauen, mä net aner Elementer mat.

Jean-Claude Franck: Den Index, gëtt jo ëmmer gesot – an Dir hutt et selwer gesot – ass och e Garant vum soziale Fridden. Den Erny Gillen huet eng Kéier hei op der Antenn d’Reflexioun gefouert, datt een dat jo och emol kéint a Fro stellen an einfach méi e kämpfereschen Dialog zu Lëtzebuerg féieren, och fir d’Gewerkschaften dann. Wéi gesidd Dir dat? Wier dat vläicht gutt fir Lëtzebuerg, amplaz dee soziale Fridden emol eng Kéier méi e kämpfereschen Dialog ze féieren.

Jean-Claude Juncker: Ech hale vill dovun, datt een a rouegem Dialog an op Grond vu previsible Lounupassungssystemer Tarifpolitik gestallt, a vollem Wëssen drëm wat automatesch als Inflatiounsausgläich an d’Paien era kënnt. Ech halen net vill dovun, fir elo hei eng kombattant Tarifpolitik ze féieren. Dat ass am Intérêt vu kengem. Dat ass och net am Intérêt vun de Gewerkschaften a vun de Leit déi se vertrieden.

Jean-Claude Franck: Radio 100,7, domat ass et Zäit fir kuerz Neiegkeeten. De Jean-Claude Juncker bleift awer nach eng hallef Stonn bei eis am Studio.

[Noriichteniwwerbléck mam Carine Rippinger]

Jean-Claude Franck: Radio 100,7, Suite also vun eiser Emissioun haut mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. 19 Pisten huet Är Regierung nom Échec vun der Tripartite festgehalen. Déi meescht sinn och schonn als Projet de loi duerch d'Regierung gaangen. Hutt dir an Tëschenzäit nei Berechnunge wat genee duerch déi eenzel Mesurë gespuert gëtt, respektiv wat méi era kënnt?

Jean-Claude Juncker: Déi Berechnunge sinn déi déi mir haten. Do kënnt et zu liichten Ajustementer, déi awer keng dramatesch Ënnerscheeder erkenne loossen tëscht deem wéi mir et prinzipiell décidéiert hunn, envisagéiert hunn an deem wat elo erauskënnt.

Mä wann een e Projet de loi schreift, da kann een natierlech nach eng Kéier nei nofriede goen, wéivill datt dann elo d'Endresultat vun all eenzelner Moossnam ass an da féiert een dat herno zesummen.

Souwisou maache mir am Hierscht, de Finanzminister ass awer schonn domat amgaangen, de Budget fir d'Joer 2011 an do muss et natierlech zu Aspuerunge kommen, déi relativ wäit iwwer dat erausgi wat matgedeelt gi war, datt mir am normale Budget géife spueren. Notamment bei de Fonctionnementskäschten, am breedeste Sënn vum Wuert, kënnt méi e grousst Spuerpotential a leschter Analys zesummen, well mir dat schonn décidéiert haten ze maachen, wéi dat wat mir am Abrëll annoncéiert haten.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, et geet iwwer dat eraus wat ee Moment ugekënnegt gouf, vun deene 650 bis 700 Milliounen?

Jean-Claude Juncker: Neen, dee Volume bleift grosso modo bestoen, mä bei den Aspuerungen am Beräich vun den esou genannte Fonctionnementskäschte musse mir probéiere méi wäit ze komme wéi elo just Frais de route ze kierzen, Expertisekreditter ze kierzen an anerer. Do muss een an all Departement, dat ass amgaang gemaacht ze ginn, kucke wat ee genau ka spueren. Mir sinn amgaangen dat ze maachen, dat freet no vill Zäit. Am Ministère d'État komme mir op iwwer 10% Aspuerunge bei deene Kreditter; d'Chamber mécht dat, dat war zum Beispill am Abrëll nach net bekannt.

Jean-Claude Franck: Dat war net gesot, jo.

Jean-Claude Juncker: De Grousshäerzoglechen Haff mécht dat an engem relativ zolitte Mooss.

Jean-Claude Franck: Dat ass awer och nach net gesot gewiescht.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä wa kee mech freet.

Jean-Claude Franck: Do gouf et awer eng Aktioun.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä lauschtert emol, wann et drëm geet fir seriös ze schwätzen, da muss ech net Spontimethoden adoptéieren.

Jean-Claude Franck: Mä Dir hätt deenen awer da kënnen eppes äntwerten, wann Dir elo sot, datt am seriöse Mooss och do géif agespuert ginn.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn et op enger Pressekonferenz gesot, an ech muss net, wann d'Jusoen, mengen ech, de Grand-Duc opfuerdere méi ze spueren, net eng Pressekonferenz hale fir ze soen, datt et selbstverständlech ass, datt och de Grand-Duc muss spueren, wa jiddwereen am Land muss spueren. Dat ass eng Evidenz. Dofir brauch een net op d'Strooss ze goen.

Jean-Claude Franck: Wéi konkret kënnt Dir dat bechifferen?

Jean-Claude Juncker: Déi Aarbechte sinn nach net ofgeschloss, mä dat beweegt sech an deene selwechte Gréisstenuerdnunge wéi bei deenen anere Verwaltungen a Ministèren och.

Jean-Claude Franck: 10%.

Jean-Claude Juncker:Ronn, mä mir sinn nach net fäerdeg mat deem Budget. Budget ass eng Saach déi sech streckt bis [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: De 5. Oktober

Jean-Claude Juncker: Enfin e puer Deeg virdrun, an dann gëtt en de 5. Oktober deposéiert.

Jean-Claude Franck: Eppes wat méi konkret ginn ass, a wou och nach keng genau Somme genannt gi war, war déi Steier fir verschidde Finanzgesellschaften. Dir hutt esou eng de leschte Freiden am Regierungsrot guttgeheescht. Wéivill kann doduerch méi era kommen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn dat e Freideg virun 8 Deeg guttgeheescht an dat steet och an der Erklärung zur Lag vun der Natioun, mir hu gesot mir géifen dat genau préiwen a mir hunn och an der Tripartite gesot, mir wieren amgaangen dat ze kucken. Dat ass eng Steier op Gesellschaften déi zu Lëtzebuerg immatriculéiert sinn, ouni eng regelrecht kommerziell Aktivitéit ze hunn. Dat kënne mir net genau beschreiwen an dem Endertrag deen déi Steier erabréngt, mä dat gëtt e relativ substantielle Betrag awer.

Jean-Claude Franck: Gëtt et méi wéi déi 10 bis 20 Milliounen Euro déi den Här Frieden eng Kéier gemengt hat. Den Alex Bodry huet eng Kéier vun 30 Millioune geschwat.

Jean-Claude Juncker: Dat muss een elo kucken, op Grond vun de parlamentareschen Aarbechten a vum Avis vum Conseil d'État, vun de Beruffschamberen, wéi leschten Enns déi lescht Versioun vun der genauer Assiette ausgesäit op déi déi Steier opgesat gëtt. Dat kann ee réischt um Enn vum legislative Prozess definitiv a genau soen.

Mä wichteg ass et, datt déi Betriber belaascht ginn. Et ass net esou, datt nëmmen deenen aarme Leit hei d'Suen aus der Täsch gezu ginn, wéi et och a Commentairen op dëser Statioun heiansdo gesot gëtt.

Jean-Claude Franck: Eng Bankesteier dann, an do si mir och bei engem sensibelen Thema, do ass gesot ginn, Lëtzebuerg mécht dat wann d'Eurozon et op d’mannst mécht, hutt Dir am État de la nation gesot. Dir sidd President vum Eurogrupp a wësst jo genee wéi konkret do d'Iwwerleeunge sinn. Wéini mengt Dir, datt esou eppes ka kommen?

Jean-Claude Juncker: Et war nozeliesen no der Sitzung am Mee vum Eurogrupp, datt ech do op der Pressekonferenz gesot hunn, déi 16 Staate vum Eurogrupp wiere sech driwwer eens ginn, déi 16 Finanzministeren zumindest, fir de Fall wou een déi Transaktiounssteier net um internationale Plang an net um Plang vun der Europäescher Unioun insgesamt kéint maachen, fir et dann um Niveau vum Eurogrupp ze maachen, esou datt déi Décisioun steet.

Elo kann ech net ausschléissen, datt et do erëm Ofsazbeweegunge gëtt, well ee jo och muss a Betracht zéien, datt wann d'Finanzplaz London dat net matmécht, datt dat dann eng schwiereg Situatioun fir aner Finanzplazen, och fir Lëtzebuerg, an der Eurozon gëtt. Dorunner gëtt geschafft, mä déi prinzipiell Décisioun ass gefall.

Jean-Claude Franck: Meng Fro war méi op en Datum geduecht, ob Dir kënnt avancéiere wéini vläicht mat eppes ze rechnen ass?

Jean-Claude Juncker: Mir kënne jo net einfach en europäescht Gesetz an d'Welt setzen. Dat Gesetzgebungsverfahren an Europa setzt zwéngend viraus, datt d'Europäesch Kommissioun eng Propositioun mécht.

Mir gëtt vu Säite vun der Europäescher Kommissioun gesot, datt si probéieren dat am Hierscht oder am Wanter ze maachen, well eng einfach Regelung ass dat jo och net, well et gëtt 17 Variante vun Transaktiounssteier an et muss een de Cumul vun all deenen Operatiounen och berücksichtegen, déi elo kommen. D'Banke musse méi eng staark Eegekapitalënnerleeung kréien, dat mécht sech an deem esou genannte Basel-Comité.

D'Banke mussen an d'Garantie-Instrumenter fir zukünfteg Krisen ofzefiedere relativ vill abezuelen. D'Banke kréien eng Transaktiounssteier, falls se da kënnt, an da muss een oppassen, datt de Cumul vun all deene Moossnamen net zu enger Verknappung vun de Kreditflëss an d'Realwirtschaft era féiert.

Ech mengen allerdéngs, datt déi Wirtschafts- a Finanzkris an déi mir gerode si jo maassgeblech ausgeléist ginn ass vun engem irresponsabele Verhale vun Acteuren op de Finanzmäert. Ech mengen allerdéngs, datt jo elo a ville Kreesser vun de Finanzmaartacteurë sech erëm esou beholl gëtt wéi wann näischt geschitt wier, trotz alle Verspriechen déi gemaacht gi waren.

Ech mengen allerdéngs, datt déi grouss Banke weltwäit erëm ganz grouss Beneficer maachen an dofir mengen ech, datt, nodeems d'Staaten dee ganze Finanzsecteur gerett hunn, datt de Finanzsecteur och an der Flicht wier fir eppes zréck ze ginn.

Jean-Claude Franck: Eng vun de Mesuren aus Ärem Steier- a Spuerpak ass schonn duerch d'Parlament gaangen an trëtt och schonn am Hierscht a Kraaft, dat sinn déi ëmstridde Studiëbäihëllefen, déi d'Kannergeld no 21 Joer ersetzen. Et ass gewosst, datt d'Frontaliere manner kréie mat deem System wéi dat bis elo de Fall war.

Dir hat der DP mat hirem Virschlag vum Wunngeld an der Chamber eng Kéier virgehäit, et wier net richteg d'Frontalieren auszeschléissen. Kann een doraus schléissen, datt Dir mat deem hei Virschlag net esou averstane sidd?

Jean-Claude Juncker: Dat kann een doraus net schléissen, well dat wat elo an der Chamber votéiert ginn ass an dat wat vun de Kollege vun der Liberaler Partei am Wahlkampf an am Virwahlkampf envisagéiert gi war fir an den nächste Joeren ze maachen, ganz ënnerschiddlech Regelunge sinn.

Déi Reform vun de Boursen a vun de Prêten, déi mir souwisou wollte maachen, wat den Här Biltgen an där pathetescher Sprooch déi seng ass, Paradigmewiessel am Beräich nennt, féiert zwéngend dozou, datt een net kann déi Boursen a Prêtë staark verbesseren a gläichzäiteg d'Kannergeld bestoe loossen, soss gëtt dat eng Iwwerversuergung vun deene Leit déi studéieren.

A wann een dann d'Kannergeld ofschaaft, well een dat anert ausbett, da féiert dat an dem Nieweprodukt dozou, datt d'Frontalieren dann déi Leeschtung net méi kënne kréien, déi si bis haut haten, well Boursen a Prêten eben net exportabel sinn. Dat Reglement an Europa ass eréischt virun e puer Méint adoptéiert ginn an der Verlängerung vun deem ale Reglement 1408. An déi Rechtslag ass eben esou, datt et déi dote Konsequenz ergëtt, mat dem Hiwäis allerdéngs, datt Frontalieren, hätt een d'Kannergeld, esou wéi vun der DP proposéiert, ganz oder deelweis duerch Wunngeld ersat, sech net an hire Staaten hätte kënnen opfänken, fir dat wat si hei ënner Form vu Kannergeldreduktioun verluer hätten duerch Wunngeld, an hirem eegene Land ze bezéien. Während an dëser Léisung de belschen, däitschen a franséische Frontalieren hir Kanner sech duerchaus un de franséische Staat kënnen adresséiere fir da vum franséischen, belschen an däitsche Boursen a Prêtësystem ze beneficéieren.

Jean-Claude Franck: Wat si awer och scho virdru konnten.

Jean-Claude Juncker:Selbstverständlech konnte si dat virdrun, mä dann ass awer gekuckt ginn, ob duerch d'Pai déi de Frontalier hat, plus d'Kannergeld, net schonn e Betrag zesummekomm war, dee gemaach huet, datt een déi Boursen an déi Prêten net kritt huet.

Et kann elo duerchaus sinn, datt an Eenzelfäll, an Däitschland, a Frankräich an an der Belsch déi Studenten awer keen totalen Zougang zu deem System fannen, well d'Paien déi zu Lëtzebuerg bezuelt ginn am Schnëtt 20% méi héich si wéi an deenen anere Länner an da kritt een do näischt méi, well da gesot gëtt, da muss d'Pai duergoe fir d'Studien ze bezuelen. Während zu Lëtzebuerg net no der PAi gekuckt gëtt, mä d'Boursen- an d'Prêtësystemer déi setze sech einfach drop.

Niewebäi bemierkt ass et eng Diskussioun déi mech heiansdo e bësse genéiert, well ech hu jo och studéiert, a mäi Papp huet op der Schmelz geschafft an e war herno Privatbeamten op der Schmelz, an en huet et als ganz normal fonnt, datt e meng Studië bezuelt huet ouni de Staat ze froen ze hëllefen. Esou war et fréier, esou ass et net méi haut.

Jean-Claude Franck: Fir nach eng Kéier kuerz op d'Frontalieren zréckzekommen: entsteet dann net awer eng Zweeklassegesellschaft um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart doduerch? Datt si eppes net méi kréien, wou Lëtzebuerger vläicht méi kréien, duerch deen neie System?

Jean-Claude Juncker: Ech gesinn dat net, well d'Frontaliere si jo nëmmen de Lëtzebuerger, den Arbeitnehmer déi hei am Land wunne gläichgesat bei deene Leeschtungen déi an d'Regelwierk vun der Europäescher Unioun an an den Uwennungsberäich vun den Direktivë falen.

Et ass och a Kraaft getratt eng Regelung vun där ni geschwat gëtt, an déi doranner besteet, datt mir während e puer Méint de Lëtzbuerger Chômage bezuele wa Frontalieren hir Aarbecht zu Lëtzebuerg verléieren. D'Chômageindemnitéiten zu Lëtzebuerg sinn däitlech méi héich wéi an der Belsch, wéi am Frankräich an an Däitschland. Deemools hunn d'Gewerkschaften an d'Frontaliere mir net geschriwwe fir ze soen, dat wier eng gutt Iddi gewiescht, datt si elo méi Entschiedegung kréie wa si ouni Aarbecht sinn. Esou datt ech mengen, datt et ëmmer Ënnerscheeder gëtt an deene Leeschtungssecteuren déi net ënner europäesch Export- a Gläichstellungsregelunge falen.

Do kënnt nach dobäi, datt mir e puer honnert Millioune Lëtzebuerger Frang all Joer un déi belsch Gemengen iwwerweisen, well déi Frontalieren do, déi do wunnen an de belsche Gemenge keng Steieren an der Belsch bezuelen – dat ass och eigentlech dëser Deeg ni an Erënnerung geruff ginn – datt eise Budgetsdefizit, fir emol primitiv ze schwätzen, méi niddreg wier wa mir dat net bräichten ze maachen. Dat maache mir, well mir dat wollte maachen, well déi Gemengen hei am belsche Grenzberäich wiesentlech manner Steieren era kréien, doduerch datt d'Frontalieren hir Steieren zu Lëtzebuerg bezuelen, mä Schoulen awer musse baue fir all Kanner déi an där Gemeng wunnen. Un deem Käschtepunkt bedeelege mir eis.

Ech hunn déi Diskussioun iwwer d'Frontalieren net ganz gär, well soss muss ee Punkt fir Punkt dorop äntwerten an dat féiert ganz séier dozou, datt een an e Gespréichsklima era kënnt wat net gutt ass. Ech mengen net, datt ee Frontalier sech kann driwwer bekloen, datt en zu Lëtzebuerg schafft.

Jean-Claude Franck:Schwätze mir iwwer d'Fonction publique. Dir hutt am État de la nation gemengt, d'Regierung wéilt de Punktwäert bis 2014 afréieren. Ddat ass elo mol fir 2010 ofgemaacht am Accord salarial. Bleift Dir dobäi, datt et och 2011 bis 2014 esou goe muss?

Jean-Claude Juncker: Et hunn all d'Parteien an der Chamber, mat Ausnam vun engem eenzelnen Deputéierten gesot, si géifen déi Positioun vun der Regierung deelen. Ech kann net erkennen aus wat fir Grënn, datt ech eng Positioun, déi vun alle Parteien am Parlament, vun alle Fraktiounen am Parlament gedroe gëtt, elo erëm soll als eng dohinner stellen op déi ee kéint zréck kommen. Dat ass net meng Absicht.

Jean-Claude Franck: Et gëtt och nach aner Verhandlungen, dat sinn déi fir d'Gehälterrevisioun, d'Gehälterreform. Dir sot um CSV Kongress, d'CSV géif d'Ufanksgehälter beim Staat kierzen. Gräift Dir do net de Verhandlunge mat der CGFP vir?

Jean-Claude Juncker: Dir sidd een Echten. Fir d'éischt frot Dir mech, wat fir eng Propositioun datt ech an der Tripartite géif maachen, déi am September ass, well Dir sot dat misst, huelen ech un, transparent sinn an et misst ee wësse wou ee mat der Regierung dru wier. A wann ech dann op engem anere Punkt soe wat d'Absicht vun der CSV ass a wat och eng gedeelten Absicht vun der Regierung ass fir am Beräich vun den Ufanksgehälter zu enger anerer Bewegung ze kommen, da sot Dir, Dir gräift de Verhandlunge vir. Jo wat ass dann [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Et war eng Fro.

Jean-Claude Juncker: Wat ass dann elo Transparenz? Datt ee seet wat ee gär hätt oder datt een einfach seet, mir verhandelen an da kucke mir emol wat dobäi eraus kënnt?

Mir hunn e Wahlprogramm, meng Partei, do steet dran, datt d'Ufanksgehälter géifen ofgesenkt ginn, net op den Niveau vun de Gehälter am Privatsecteur, dat ass eng Erfindung vu Leit déi net gutt intentionéiert sinn, mä e méi luest Ulafe-Loosse vun den Astellungsgehälter beim Staat.

Mir sinn eis an der Regierung driwwer eens, datt mir doriwwer musse mat der CGFP schwätzen. Dat kann een net einfach esou imposéieren, et brauch ee wierklech eng Verhandlung iwwer déi Saach. Da kucke mir wat dobäi eraus kënnt. Mä ech mengen, datt awer d'Bereetschaft muss bestoe vu jiddwerengem deen an deene Verhandlungen involvéiert ass, ze gesinn, datt mir aus deene Grënn déi bekannt sinn net kënne esou virufueren.

Jean-Claude Franck:Schwätze mir och iwwer d'Zesummenaarbecht an der Koalitioun, iwwer d'Oppositioun an och iwwer Är eege Partei. Vläicht mat der CSV ugefaangen: Dir hutt um CSV Kongress gesot, Meenungsverschiddenheete sollten intern an der CSV geléist ginn an net an der Ëffentlechkeet. U wéi eng Fäll hutt Dir do konkret geduecht?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng generell Bemierkung, dofir brauch ee keng partikulär Fäll hei z'erwähnen.

Ech sinn der Meenung, datt an enger Partei muss diskutéiert ginn. Ech sinn och esouguer der Meenung, datt ënnerschiddlech Opfaassungen, déi et an enger Partei gëtt, och kënne vun deenen déi se vertrieden heiansdo an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn, mä si sollen net op eng Aart a Weis géinteneen diskutéiert ginn, déi eng Eenegung an enger Partei, dat zielt net nëmme fir d'CSV, onméiglech mécht.

Ech hu mech ni enger Diskussioun verspaart, a meng Partei och net, mä et muss ee se esou féieren, mateneen an ënnerteneen, datt een zum Schluss op eng gemeinsam Haltung kënnt. A wann een déi Debatten haaptsächlech an der Press an iwwer d'Press an iwwer d'Ëffentlechkeete féiert, dann ass et schwéier sech esou zesummen ze rappen, datt ee zu enger einheitlech zesummegefügter Léisung kënnt. Dat hätt ech gär, datt dat erëm géif a vollem Ëmfang praktizéiert ginn.

Jean-Claude Franck: Ee Fall deen dorop zoutrëfft ass dee vum Robert Weber, dee per Communiqué Divergenzen zu senger Fraktioun matgedeelt huet. Ass et dat wat Dir uschwätzt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn emol net nëmmen dorunner geduecht, [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Awer och?

Jean-Claude Juncker: Mä awer och.

Wann de Robert Weber eng aner Opfaassung huet wéi Anerer, dann ass dat säi gutt Recht als Deputéierten déi ze äusseren. Et ass d'gutt Recht vun deenen aneren Deputéierte fir mat him kontrovers doriwwer ze diskutéieren. Wat gefeelt huet an deem Beispill ass, datt ee keng Méiglechkeet fonnt huet fir do beieneen ze fannen. Datt ee sech iwwer Communiqué mateneen ënnerhält dat ass eigentlech eng Verlängerung vun engem Aarbechtswee, deen och vill méi kuerz kann doduerch erbäigefouert ginn, datt een einfach matenee schwätzt.

Jean-Claude Franck: Wéi kommentéiert Dir d'Roll vum Koalitiounspartner LSAP an de leschte Méint?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn e puer Mol gesot, datt ech fannen, datt d'Regierung an domat hunn ech eigentlech och d'Koalitioun gemengt, sub-optimal fonctionnéiert huet, well ech den Androck hat, datt sech heiansdo méi drop verstäipt ginn ass fir no baussen Divergenzen ze nieren, wéi no bannen ze probéiere Konvergenzen erbäizeféieren. Wann eng Regierung esou e Bild ofgëtt, da verléiert si u Vertrauen an hir Féierungskapazitéit an der Ëffentlechkeet an dofir sinn eng Rei vu Virgäng déi an der Vergaangenheet stattfonnt hunn där vun der Zort déi nëmmen eemol dierfe stattfannen.

Jean-Claude Franck: Dir schwätzt och do de Fall Nicolas Schmit un. Den Nicolas Schmit huet sech als Regierungsmember ëffentlech géint déi éischt Versioun, op d’mannst, vum Mesurëpak geäussert. Stëmmt et, datt den Nicolas Schmit am berühmte Regierungsrot an deem déi éischt Pistë fir d'Sanéierung diskutéiert goufen, selwer fir Ännerungen um Indexsystem plädéiert huet, esou wéi dat rapportéiert gouf vu verschiddene Säiten?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn als Gewunnecht d'Ministeren dozou unzehalen d'Regierungssolidaritéit ze respektéieren an aus dem Conseil de gouvernement d'Décisiounen ze rapportéieren an net d'Entstehungsgeschicht vun Décisiounen. Den Här Schmit huet sech net dorunner gehalen, ech hale mech awer dorunner.

Jean-Claude Franck: Är Relatioune mam Nicolas Schmit haut?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn e Mënsch deen éischtens net revanchistesch opgeluecht ass, dat wier jo einfach fir do zréckzeschloen. E Regierungschef ass net do fir Streech auszedeelen. Ech schaffe gutt mam Nicolas Schmit zesummen.

Jean-Claude Franck: Dir hutt Iech gewënscht gehat, datt och d'Parlament sech am Hierscht géif an der Kompetitivitéitsdebatt zu Wuert mellen. Dat ass elo scho geschitt, zum Deel duerch e Virstouss vun Ärer Fraktioun. Hutt Dir allgemeng den Androck, datt den Ament aus der Chamber genuch Impulser kommen?

Jean-Claude Juncker: Ech kommentéieren och net gär d'Aarbecht vun aneren Institutiounen. Ech hu genuch domat ze dinn, datt d'Regierung gutt fonctionnéiert, an déi huet an de leschte Méint net extra gutt fonctionnéiert, dofir géif ech mech eigentlech gär enthale fir anere Leit an enger anerer Institutioun Lektiounen z'erdeelen.

Mä ech stelle fest, datt dës Chamber a vill méi engem grousse Mooss wéi jeemools virdrun d'Aarbechte vun der Tripartite verfollegt huet, sech agemëscht huet. Ech hu jo och d'Fraktiounen, d'Fraktiounschefe virun der Tripartite ëmfaangen, wat virdrun nach ni gemaacht ginn ass, a si regelméisseg an d'Kommissioune vun der Chamber gaangen, esou datt ech mengen, datt d'Chamber duerchaus hirer Aufgab fir d'Tripartitesnegociatiounen ze verfollegen, se z'inspiréieren a se lafend ze kommentéieren, duerchaus gerecht ginn ass.

Jean-Claude Franck: Gëschter am Regierungsrot hat Dir en éischte Meenungsaustosch iwwer d'Reform vum Gesondheetssystem, wat jo och eng wichteg an eng kriddleg Reform ass fir déi nächst Joeren. Wéi waren déi Diskussioune gëschter am Regierungsrot, och wann Dir elo grad gesot hutt, datt Dir [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech wollt elo just soen, ech hunn elo éinescht schonn op d'Method geäntwert.

Mir hu gëschter ugefaangen iwwer déi wichteg Reform an der Gesondheetskees ze schwätzen, well mir op e groussen Defizit an der Gesondheetskees an iwwerhaapt am Gesondheetswiesen zouginn. Ech hu mech e puermol virdru mam zoustännege Minister, mam Kolleg Di Bartolomeo, séier konstruktiv iwwer déi Fro ënnerhalen.

Mir hu gëschter déi Diskussioun ugefaangen, mir probéieren déi den nächste Freideg wäitestgehend ofzeschléissen, fir datt dann de Minister sech kann iwwerleeën, ënner wat fir enger Form en do Consultatioune ka féieren; ënner wat fir enger Form datt e kann doriwwer kommunikéieren. Well, wéi och bei de Staatsfinanzen ass et wichteg, datt ee fir d'éischt emol de Problem duerstellt a sengem Ëmrësser, a sengen Ënnerartikulatiounen, fir datt d'Mënschen am Land eigentlech de Problem verstinn an dann och besser versti wéi een de Problem wëlltléisen.

Jean-Claude Franck: Elo stoung an der éischter Versioun vum Communiqué nom Regierungsrot gëschter, d'Cotisatiounen oder eng bestëmmte Cotisatioun géif deplafonnéiert ginn. Et koum eng nei Versioun no, wou dee Saz net méi dra war. Firwat?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn den éischte Communiqué net gesinn a vun deem zweeten héieren.

Dat ass esou z'erklären, datt mir déi Décisiounen net geholl hunn, mä datt mir eng Rei vu Pisten undiskutéiert hunn. Den Deplafonnement vun de Cotisatiounen ass een Element vun der Diskussioun, et ass bei wäitem net dat eenzegt.

Dat Wichtegst ass, datt och am Beräich vun der Gesondheetskees substantiell gespuert gëtt. Mä ech mengen, datt een dann, wann een de gesamte Volume vun de Spuereffortë gesäit, muss kucke wéi een dann déi Sommen déi dann nach am Budget vun der Gesondheetskees feelen iwwer aner Weeër beschreid, an do gëtt et eng Rei vu Varianten. Mir hunn eng Rei vu Varianten diskutéiert an diskutéieren déi och den nächste Freideg virun a mussen déi jo och mat de Sozialpartner diskutéieren, och mam Patronat. Et ass ganz evident, datt een do eng regelrecht Negociatioun brauch fir dat ze maachen. Mäin Androck ass, datt de Minister Mars Di Bartolomeo dat gutt maache wäert.

Jean-Claude Franck:D'Diskussiounen iwwer méi Recetten oder manner Depensen dierften awer an deem Sënn och schwiereg ginn, well d'Salariat an d'Patronat wahrscheinlech argumentéiere wäerten, datt si duerch de Volet vun der Sanéierung vun de Staatsfinanze scho méi belaascht ginn. Wann elo och bei der Pensiounsreform a bei där heiter vum Gesondheetssystem nach eventuell méi Bäiträg kommen, dann ass dat fir jiddweree vläicht schwiereg, oder net?

Jean-Claude Juncker: Et ass och schwiereg fir de Staat, dowéinst nach méi Scholden ze maache wéi en der gemaach huet, well ech der Meenung sinn, datt eng Regierung, och wann d'Sozialpartner dat zum Deel net esou fir sech selwer gesinn, och muss kucke wéi dann d'Liewensbedingunge vun deene Leit déi an 10-20 Joer hei am Land schaffe sinn. Do ass et ganz evident, datt weider Efforte verlaangt sinn, oder mir maache méi Schold an d'Kanner bezuele méi Scholden zréck an d'Steieren iwwermuer gi wiesentlech méi héich wéi haut. Esou einfach ass dat an esou komplizéiert ass et gläichzäiteg.

Jean-Claude Franck: 5 Minutte virum Enn vun der Emissioun e klengen Themewiessel: Landesplanung.

Dir hutt gëschter, dat war am Virfeld vum Regierungsrot ugekënnegt ginn, d'Masterpläng virgestallt kritt fir d'Projeten zu Léiweng, vum Akafszenter mam Futtballstadion, zweetens dee vu Wickreng dann. Herno am Communiqué nom Regierungsrot war näischt vun deenen zwou Saachen ernimmt. Ass et net zu där Presentatioun komm?

Jean-Claude Juncker: Et ass einfach net ernimmt.

Ech schreiwen déi Communiquéen net selwer, dofir sinn ech grad esou iwwerrascht wéi Dir, iwwer déi Spréng déi déi Communiquéen heiansdo maachen.

Mir hunn einfach gëschter, well mir esou laang iwwer d'Gesondheetskees diskutéiert hunn a well mir esou laang driwwer diskutéiert hu wat fir administrativ Vereinfachungen een am Beräich vun der Kommodo-Gesetzgebung ka maachen, wou mir ganz gutt virukomm sinn, d'Zäit net fonnt fir iwwer déi Masterpläng vu Léiweng a vu Wickreng ze schwätzen. Dat musse mir also d'nächst Woch maachen.

Jean-Claude Franck: Et ass esou, wa mir elo kuerz iwwer de Projet Léiweng schwätzen, d'Gemenge vun Esch a vun der Stad Lëtzebuerg, d'CLC, eng Biergerinitiativ an och Ëmweltassociatioune kritiséieren de Projet, ënner anerem well en iwwerdimensionéiert wier. Wéi gesitt Dir dat als Regierungschef?

Jean-Claude Juncker: Mir schwätzen doriwwer den nächste Freideg.

Jean-Claude Franck: Dir kënnt dozou nach näischt soen?

Jean-Claude Juncker: Mécht dat ganz vill Sënn, wa Ministeren zesumme mat aneren un engem Projet schaffen, déi Projete kommen dann an de Regierungsrot, datt dann deen deen de Regierungsrot presidéiert eng Woch virdru seet wat hie mengt, an domat mat Sécherheet d'Diskussiounen net méi einfach mécht? Dat mécht kee Sënn.

D'Regierung ass eng Equipe déi solidaresch handelt, jiddwerfalls ëmmer solidaresch handele soll an et mécht net ganz vill Sënn, datt een deen net zoustännege Ressortminister ass, am Virfeld vun Décisioune vun der Regierung de Kollegen iwwer de Mond fiert oder iwwer d'Schëller kuckt. Dat ass net meng Aart a Weis.

Jean-Claude Franck: Onofhängeg vun der Envergure vum Projet, ass et fir een deen dat Ganzt suivéiert awer schonn e bësse komesch wann ee gesäit, datt an den 1990er Joeren ënner dem deemoolegen CSV-Inneminister Jean Spautz eng Industriezon op där Plaz verworf gouf – do ass gesot ginn, net ginn Ëmweltgrënn, fir ze soen, dat ass net déi richteg Plaz. Elo op eemol soll eppes nach méi Grousses dohi kommen?

Jean-Claude Juncker:Onofhängeg dovun, datt ech net versti firwat datt Dir Iech op deem Punkt esou laang ophalt, ass et esou, datt deen Emplacement zu Léiweng IVL-konform ass. Dat ass eng nodréiglech Gesamtapproche vun der Regierung gewiescht fir IVL-konform Léisungen ze treffen.

Mir gëtt gesot, datt Léiweng IVL-konform wier, dat ass eppes wat ech zur Kenntnis huelen. Fir de Rescht musse mir den nächste Freideg iwwer d’Dimensionéierung an aner Aspekter vun deene Projete schwätzen. Ech kann deem mam allerbeschte Wëlle vun der Welt net virgräifen.

Jean-Claude Franck: Een Dossier deen net am Regierungsrot elo ass, deen och an der Diskussioun steet wa mir iwewr Landesplanung schwätzen, ass den Agrarzenter.

Am État de la nation hutt Dir gesot, och an der Kris dierften d'Prinzipie vun der Landesplanung net aus dem Bléck verluer hinn. De Conseil supérieur de l'aménagement du territoire reprochéiert awer am Dossier Agrarzenter genee dat, datt déi Prinzipien am Fong net eescht geholl géife ginn.

Jean-Claude Juncker: Et ass un deenen zoustännege Ministeren an net um Regierungsrot, fir déi Décisiounen ze huelen déi sech do imposéieren.

Wann déi wëllen dat am Regierungsrot evoquéieren, kënne si dat maachen. De Staatsminister huet ëmmer d'Recht, egal wat fir e Punkt aus egal wat fir engem Ministère op d'Dagesuerdnung vun der Regierung ze setzen. Ech hu mir nach keen endgültegt Bild iwwer d'Aart a Weis gemaacht wéi mir am politesche Prozess gedenke mat deem Thema do ëmzegoen, mä et ass net deen eenzegen Thema dee mir hunn.

Jean-Claude Franck: Neen, sécher net. De Mouvement écologique hätt gären awer eng perséinlech Entrevue och mat Iech doriwwer, esou datt Dir awer och schonn als Staatsminister domat konfrontéiert sidd.

Jean-Claude Juncker: Ech liese regelméisseg, wann nech mech emol heiansdo, wat ech selte maachen, richteg zolitt amëschen, de Staatsministère wier primus inter pares an deen hätt de Ministeren eigentlech an hiren Departementer net richteg eppes ze soen. Dat ass net grad esou, mä et ass awer e bëssen esou.

An da gëtt sech ëmmer u mech adresséiert wann d'Leit, d'Verbänn, d'Gewerkschaften, d'Patronatsorganisatiounen, Gott weess wien, mat de Ministere mat deene si diskutéieren net op e gréngen Zweig kommen, well mir hei am Beräich vum Mouvement écologique sinn, soen ech dat. Ech muss mir dann ëmmer iwwerleeën ob ech dat maachen oder net. Ech halen net ganz vill dovun, wann de Staatsminister eng Rekursinstanz géint déi eege Ministere gëtt. Heiansdo, wann d'Ministeren dat froen, hëllefen ech e Problem léisen, mësche mech a Gespréicher an, mat dann eegenen Argumenter, mä ech maachen dat ni ouni den Accord vun de Ministeren ze hunn.

Jean-Claude Franck: Wann ech Iech iwwer den Agrarzenter froen, dann och, an domat hale mir op, well et eng Rumeur gouf, déi vu verschiddene Leit, och aus Ëmweltassociatiounen, an d'Welt gesat gouf, datt Dir Iech perséinlech am Wahlkampf fir dee Site zu Pëtten bei Miersch, deen ëmstridden ass, agesat hätt.

Esou wäit ech weess, hutt Dir an der Press nach ni d'Geleeënheet kritt op déi Rumeur ze äntwerten.

Jean-Claude Juncker: Ech äntwerten och ni op Rumeuren, soss hätt ech, Gott weess, wiesentlech méi ze di wéi ech ze dinn hunn.

Wann de Mouvement écologique seet, ech hätt dat alleng décidéiert, da verstinn ech net, firwat datt en dann e Gespréich mat mir freet fir driwwer ze schwätzen.

Jean-Claude Franck: Mä hutt Dir Iech fir dee Site iergendwéi agesat? Gouf et do Kontakter mam Verband?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn ni eng Sitzung iwwer déi Fro gehat. Ech hu just dem fréieren Ëmweltminister gesot, ech géif mengen, et géif Zäit ginn, datt een eng Décisioun géif huelen. Elo ass eng Décisioun geholl ginn an elo muss ee kucken, inwiefern datt déi Décisioun passt oder net passt, do ginn d'Meenungen, wéi ech héieren, wäit auserneen. Da muss een dat an aller Rou kucken.

Ech halen déi Fro fir net esou wichteg, datt Dir 10 Minutten domat verbréngt.

Jean-Claude Franck: Domat op jiddwer Fall sinn déi 10 Minutten och eriwwer, eis Emissioun “Riicht eraus�? geet op en Enn. Merci, datt Dir bei eis haut am Studio waart, Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour