Jean Asselborn au sujet de la reprise des négociations de paix israélo-palestiniennes

Pierre Reyland: Déi 2 Säiten hu ganz laang net matenee geschwat. Wéi sinn déi nei Diskussiounen zustane komm?

Jean Asselborn: Dat Eent, dat ass den Appel vum Quartett – USA, Russland, d’Europäesch Unioun an d’UNO – fir Direktverhandlungen opzehuelen. An daat aanert, muss ee soen, war och den entscheedenden Drock, dee vun den Amerikaner gemaacht ginn ass, vum President Obama, fir d’Reprise vun den direkten Négociatiounen.

Pierre Reyland: Wat sinn elo déi grouss Knackpunte bei dësen Diskussiounen?

Jean Asselborn: Wann Dir Knackpunkte sot, kann een direkt vläicht dat identifizéiere mat de Géigner, dann huet een alles verstanen.

Dir hutt engersäits Leit wéi den israeleschen Ausseminister, den Här Lieberman, dee seet, där do Gespréicher hate mir schonn dacks, déi si feierlech Gestë ma déi brénge souwisou näischt. Dat nämmlecht seet de President vum Iran, Ahmadinejad.

Anerersäits, op der palästinensescher Säit, wëll den Hamas keen Erfolleg vum Fatah. Op der israelescher Säit, wësst Dir datt wann d’Siedlungspolitik weidergefouert gëtt wéi dat bis elo de Fall war, dann ass et praktesch onméiglech fir mat de Palästinenser zu engem Accord ze kommen.

Pierre Reyland: D’Zil vun dëse Verhandlungen ass jo no wéi vir d’Schafe vun engem autonome palästinensesche Staat. Offiziell heescht et, datt déi Verhandlungen an engem Joer scho sollen ofgeschloss sinn. Wéi gesidd Dir dann d’Chancen, datt dës Kéier eppes draus gëtt?

Jean Asselborn: Ech géing mengen, datt Israel laangfristeg gesinn nëmmen eng Iwwerliewenschance huet, wann et zu engem palästinensesche Staat kënnt, deen a Sécherheet ka liewen, nieft Israel, an deen selbstverständlech och Israel respektéiert.

Et ginn 2 grouss Punkten, d’Sécherheet an d’Grenzen.

Israel schwätzt vun engem Échange vun Territoirë fir d’Surface vun Israel esou ze définéieren, par rapport zu de Grenzen vun 1967. D’Palästinenser schéngen domat och en Accord wëllen z’erreechen.

An dann, wat d’Sécherheet ugeet, ech mengen, à la fin du compte, an enger éischter Phase, wann et géing zum Accord kommen, do brauch een international Forcen fir d’Sécherheet ze garantéieren.

Dat nächst dat ass Jerusalem an d’Recht fir d’Retourë vun de Refugiéen. Ost-Jerusalem gehéiert de Palästinenser, West-Jerusalem gehéiert den Israelien. D’Israelië gesinn dat anescht, si schwätzen net vun Ost a West, si schwätze vum israelesche Jerusalem a vum palästinensesche Jerusalem. Dat heescht, 200.000 Siedler déi elo implantéiert sinn am Osten vu Jerusalem, déi kéinte bleiwen. Israel wëll a senger Identitéit jiddesch bleiwen, dat heescht dann eben, datt d’Flüchtlingen mussen alleguer zréck kommen.

Pierre Reyland: Villmools merci, Här Asselborn.

Dernière mise à jour