Jean Asselborn au sujet des négociations de formation d'un gouvernement en Belgique et aux Pays-Bas

François Benoy: D’Situatioun an der Belsch wier immens verfuer, an et wier fir all d’Observateurë schwéier, sech eng eege Meenung ze bilden. "Pour calmer le jeu", hätt de Kinnék elo emol de sozialistesche President vun der Chamber a säin Homolog vum Senat, en NVA-Mann, als Médiateuren nominéiert. D’Séparatioun vun der Belsch wier awer net akut, seet de Lëtzebuerg Ausseminister Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Wann déi hei Négociatioune fir, eigentlech, eng normal Regierung ze bilden no normale Wahlen, immens schwéier sinn, da muss ee sech awer och virstelle wéi schwéier datt et wier fir iwwerhaapt eng Alternativ dozou an d’A ze faassen. Dat heescht, wann ee misst verhandelen, wat geschitt elo mat engem Deel vun der Belsch, wann dee géing autonom ginn. Huele mir emol d’Beispill, d’Flamänner wéilten effektiv autonom ginn a si géingen dat décidéieren. Da wieren d’Flamänner net an den internationalen Organisatiounen. Si wiere weder an der UNO, nach an der NATO, nach an der Europäescher Unioun.

François Benoy: De Jean Asselborn krut de Moien nach vum Elio Di Rupo eng SMS an deem Sënn geschéckt. An Zäite vun der europäescher Integratioun kéinte Länner sech net trennen, a Bréissel wier d’Haaptstad vun Europa a misst e Beispill sinn, esou den ex-Préformateur, deen eng gutt Aarbecht gemaacht hätt, fënnt de Lëtzebuerg Ausseminister.

Jean Asselborn: En huet vill Respekt kritt, och a Flandern. Ech mengen awer, och wann en de Moment net anescht konnt wéi séng Demissioun dohinner ze leeën, datt de Ball menger Meenung no erëm eng Kéier bei hien zréck kënnt, an datt déi Basis, déi hien do geluecht huet, mir awer eppes ze si schéngt wourop ee sech misst kënnen eens ginn.

François Benoy: An Holland da sinn d’Koalitiounsverhandlungen tëscht dem Rietspopulist Geert Wilders, de Rietsliberalen an de Chrëschtdemokraten 3 Méint no de Parlamentswahle geplatzt. An dat wier eng ganz aner Situatioun wéi an der Belsch.

Jean Asselborn: D’Situatioun an Holland ass de Moment net gutt, ma déi ass awer net inexplikabel. Do ginn d’Negociatioune virun an do steet jo d’Land oder de Staat, d’Staatsform net zur Debatt. Et ass just d’Fromatioun vun enger Regierung, déi wichteg ass, d’accord. Mee wat an der Demokratie e Prozess ass vun deem mir aus villen anere Länner wëssen, datt deen heiansdo Zäit brauch, wann een zum Beispill un Italien denkt, oder un Éisterräich, do sinn d’Hollänner elo net an enger Situatioun wou se net kéinten eraus kommen.

François Benoy: De Jean Asselborn mécht sech awer Suergen ëm déi friemefeindlech Tendenzen an Holland, déi een awer och an aneren europäesche Länner am Moment géing spieren, esou den Ausseminister.

Dernière mise à jour