Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, au sujet de l'arrestation d'un homme au Danemark a la suite d'une explosion dans un hôtel à Copenhague et de l'adhésion de la Turquie à l'Union européenne

Carole Schimmer: E Freideg war zu Kopenhagen eng Explosioun an engem Hotel. E jonke Mann, deen zu deem Zäitpunkt am Hotel war an dee bei der Explosioun verletzt gouf, ass festgeholl ginn.

Him gëtt virgeworf, eng Bomm fabrizéiert ze hunn; hien hätt iwwerdeems probéiert duerch d’Explosioun Leit ze blesséieren.

Déi dänesch Medien hu gesot, datt dee Mann 1983 gebuer wier, an datt hien aus Lëtzebuerg kéim. Op d’Nofro hin huet den Ausseminister Jean Asselborn eis gesot, datt eng Enquête amgaange wier. D’Informatiounen déi hie krut, wieren awer nach onpräzis. Den Ausseminister Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Offiziell wësse mir zu Lëtzebuerg, weder d’Police, nach mir als Ausseministère, genee wat sech zougedroen huet. Wat een awer weess, dat ass, datt dee Mann deen do concernéiert ass sech ausginn huet als Lëtzebuerger. Hien huet Franséisch geschwat a sech ausginn als Lëtzebuerger. Et ass dunn eng Verificatioun gemaacht gi vum Pass an et huet sech erausgestallt, datt dee Pass e gefälschtene Pass ass.

Méi kann ech net soen. Méi weess ech net. Ech weess just vu menger Kollegin aus Dänemark, datt am Ufank d’Dänen, op jiddwerfall e Freideg den Owend, dat komplett erofgespillt hunn a gesot hunn, et ass e Problem aus dem Drogemilieu.

Haut oder gëschter sinn awer du vu Säite vun den Dänen Declaratiounë gemaacht ginn, datt et sech awer kéint ëm en terroristeschen Akt handelen. Dir wësst, gëschter war den 11. September. Et sinn elo 5 Joer, datt de Westergaard déi Karikaturen publizéiert huet. Dänemark ass dowéinst extrem sensibel.

Carole Schimmer: D’Enquête vun der dänescher Police leeft also virun. Déi dänesch Press seet haut, datt dee Mann héchstwahrscheinlech en Attentat geplangt hat op déi dänesch Zeitung Jyllands-Posten, déi d’Karikaturen iwwer de Mohammed viru 5 Joer publizéiert hat. De potentiellen Attentäter hat e Plang bei sech, op deem de Sëtz vun där Zeitung markéiert war. An der Belsch soen d’Medien haut awer och, datt déi belsch Police och eng Enquête iwwer dee Mann féiert, do gëtt nämlech dovu geschwat, datt dee Mann och belsch Pabeiere mat engem falschen Numm bei sech hat.

Op der Gymnich-Réunioun vun den EU-Ausseministeren ass iwwer déi aktuell Situatioun a Pakistan diskutéiert ginn, virun allem iwwer d’Hëllef déi néideg ass no den Iwwerschwemmungen am August. Den Haaptsujet virgëschter a gëschter war awer och d’Relatioun tëscht der EU an der Tierkei, ee vun de Bäitrëttskandidaten. Déi europäesch Ausseministesch Cathrine Ashton huet drun erënnert, datt d’Verhandlunge mat der Tierkei net kënne virugedriwwe ginn, wann et net zu engem Accord tëscht Ankara an Zypern kënnt. D’Tierkei ass e wichtege Partner an där Regioun, mä och fir d’EU. An der Europäescher Unioun ginn d’Meenungen em d’Tierkei nach ëmmer auserneen, esou den Ausseminister Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Et gëtt an der Europäescher Unioun, wéi bei all Debatt iwwer d’Tierkei, ëmmer immens grouss Ënnerscheeder an der Appréciatioun.

Déi eng déi soen, mir hunn eigentlech an der Europäescher Unioun 2 strategesch Partner, dat eent dat ass Amerika, dat anert ass d’Tierkei.

Anerer si komplett op engem anere Bord. Déi soen, kulturell, historesch, ebe vun der Astellung hier, gehéiert d’Tierkei net an d’Europäesch Unioun, well wa se eng Kéier Member si vun der Europäescher Unioun, da géife se d’Wäerter vun der Europäescher Unioun veränneren.

Méng perséinlech Approche ass déi, datt et wichteg ass – ech kann dat ëmmer nëmme widderhuelen – an dat muss een zumools soen um Dag nom 11. September, eng vun deene wichtegsten Erausfuerderungen ass a méngen Aen, datt een et fäerdeg bréngt ze weisen, datt den Islam an Demokratie zesumme fonctionnéieren, an datt den Islam an och d’westlech Welt matenee kënne kooperéieren.

Perséinlech ass dat, wann ech all déi Debatten héieren an och matmaachen, eng vun deene groussen Erausfuerderunge fir déi “Allianz vun den Zivilisatiounen�? virunzekréien. A wann een dat géif fäerdeg bréngen, a 5 oder an 10 Joer, esou laang dauert dat bestëmmt nach, do méi no ze kommen, an datt ee kéint weisen, datt d’Europäesch Unioun och mat engem – net nëmme mat Bosnien, Bosnien ass jo och e Land wou ganz vill islamesch Kultur präsent ass – mat der Tierkei dat fäerdegb réngen, dat wier scho fir de Positionnement vun der Europäescher Unioun am 21. Joerhonnert immens wichteg.

Ob een et fäerdeg bréngt, dat hänkt natierlech och vu kuerzfristegen Erausfuerderungen of. Zum Beispill, d’Fro ob d’Tierkei bereet ass fir an der Zypernfro erëm eng Kéier den Débat ze relancéieren? Zypern ass bereet, Griechenland och, fir dat ze maachen. Dat war gëschter och ganz kloer, datt do en neien Élan muss kommen. D’Reformen an der Tierkei musse selbstverständlech och virugoen.

Dir wësst och, datt an der Négociatioun nëmmen dräi vu 35 Kapitelen eigentlech ouni Problemer ze bewältege sinn. Een eenzegt ass provisoresch ofgeschloss, et sinn der 8 blockéiert gi vun eis Enn 2006, ebe wéinst dem Problem vun Zypern.

Carole Schimmer: An haut ass an der Tierkei e Referendum ëm eng Verfassungsännerung. D’Regierung vum Recep Tayyip Erdogan presentéiert 26 Amendementer, déi der Regierung no méi Demokratie solle bréngen. Dat am Sënn vun enger besserer Integratioun an d’Europäesch Unioun. D’Reform gesäit ënner anerem vir, datt d’Fonctionnairë méi Pouvoirë kréien. Iwwerdeems soll d’Chancëgläichheet tëscht Fra a Mann garantéiert ginn.

Am Mëttelpunkt steet awer e Muechtkampf tëscht dem Justizapparat an der Regierung. D’Justiz ass an den Hänn vun de Laizisten. Duerch déi Reform soll d’Justiz manner Muecht kréien, an déi islamesch konservativ Regierung soll méi Pouvoir kréien. Dat seet déi laizistesch Oppositioun, déi der Regierung virwäerft wëllen d’Gesellschaft ze islamiséieren. Iwwerdeems gëtt mat där Reform d’Arméi ofgeschwächt. Déi ass awer zanter laangem, eegenen Aussoen no, de Garant vun engem laizisteschen tierkesche Staat.

Dernière mise à jour