Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, au sujet de l'arrestation d'un homme au Danemark à la suite d'une explosion dans un hôtel à Copenhague, de l'adhésion de la Turquie à l'Union européenne et de l'aide au Pakistan

Claude Zeimetz: No der klenger Explosioun an engem Hotel zu Kopenhagen e Freideg bleiwen nach vill Froen ze klären. D'Informatiounslag, déi ass de Moment och nach zimlech konfus. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn konnt eis de Moien nëmmen dat soe wat e schonn e Freideg den Owend gewuer gouf.

Jean Asselborn: Ech kann Iech just soen, datt de Freideg den Owend déi dänesch Ausseministesch mir gesot huet, datt een dëse Fall soll erofspillen. Et wier héchstwahrscheinlech en Tëschefall dee mam Drogemilieu ze dinn hätt. Wéi kënnt Lëtzebuerg an d'Spill? Dee Mann dee concernéiert ass, deen huet sech ausginn als Lëtzebuerger. Et ass du verifizéiert ginn an et huet sech ganz séier erausgestallt, datt dee Pass gefälscht ass. Wat ech nach weess, dat ass datt e soll Franséisch schwätzen. D’Enquête bei den Dänen leeft op Héichtouren. Mir als Ausseministère wëssen näischt méi Geneeës, a mir hunn och keng Informatioune vum Ausseministère aus Dänemark, mä mir wäerten do informéiert ginn, esoubal wéi déi Enquête schlësseg ass.

Claude Zeimetz: De belsche Parquet huet parallel zu den Ermëttler an Dänemark donieft och eng Enquête opgemaacht, an zwar fir z'iwwerpréifen ob de Verdächtegen, wéi verschidden aner Medië gemellt haten, e gefälschte belsche Pass hat, esou steet et de Moien um Internetsite vun der RTBF geschriwwen. Op alle Fall ass d'Identitéit, wéi ee mierkt, vum presuméierte Bommeleeër, offiziell nach net bekannt. De Verdächtegen ass gëschter an Dänemark ugeklot gi wéinst der Fabrikatioun vun enger Bomm mam Zil vun enger Explosioun. D'Police geet dovun aus, datt d'Bomm hätt sollen op enger anerer Plaz gezünd ginn, mä duerch en Iertum schonn op der Hotelstoilette lassgaangen ass.

Trotz der ëmmer méi grousser strategescher a politescher Wichtegkeet vun der Tierkei, bleift d'Europäesch Unioun iwwer e méigleche Bäitrëtt vum Land gespléckt, dat ass gëschter nach emol op enger informeller Reunioun vun den EU Ausseministeren zu Bréissel däitlech ginn. Dobäi wier e Bäitrëtt vum Land um Bosporus grad den Ament e wichtegt Signal, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, fir ze weisen, datt Islam an Demokratie matenee fonctionnéieren.

Jean Asselborn: Ech fannen datt fir d'21. Jorhonnert, an och fir d'Evolutioun vun der Aussepolitik en général, dat eng richteg Approche ass. Kuerzfristeg muss d'Tierkei natierlech déi Reformë weiderféieren, déi si ze maachen hunn. Si mussen och an der Fro vun Zypern op eng aner Schinn kommen. Vu 35 Kapitele sinn der réischt 3 ouni Problemer ze bewältegen. Eent ass provisoresch ofgeschloss, all déi aner si blockéiert. Et sinn der och 8 blockéiert ginn 2006 vun der Europäescher Unioun, ebe wéinst der Zypernfro. Et ass also e laange Wee, mä mir mussen an der Europäescher Unioun och wësse wou mir op strategeschem Plang higinn.

Claude Zeimetz: D'Europäesch Ausseministeren hunn donieft op hirer Reunioun iwwer zousätzlech Hëllefe fir de Pakistan diskutéiert. De Jean Asselborn plädéiert, genee wéi eng Partie vu sengen Homologen, fir eng Mëschung aus humanitärer an Handelshëllef.

Jean Asselborn: Déi humanitär Hëllef ass eng Hëllef déi direkt wierkt, während, wann een den Handel hëllt, dat méi an d'Déift geet an och méi laangfristeg ka wierken. De Problem ass natierlech, et gëtt engersäits d'Regele vun der OMC, an et gëtt anerersäits och Desavantagen déi eventuell verschidden EU-Memberlänner doduerch missten erleiden. Ech géif awer mengen, datt mir scho vläicht zu Bréissel muer am Conseil Affaires générales, mä spéitstens am Conseil européen vun en Donneschdeg, datt d'Europäesch Unioun do eng kloer Positioun huet fir virun allem an den Douanestariffer dem Pakistan Avantagë kënnen ze ginn, ouni datt anerer elo vun deenen Avantagë profitéieren.

Claude Zeimetz: De Jean Asselborn geet dovunner aus, datt d'Initiativ zesumme mat der Kommissioun nach dës Woch ka ficeléiert ginn.

Dernière mise à jour