Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la réaction du Premier ministre français François Fillon relative aux propos du sénateur français Philippe Marini à propos du Luxembourg

Pierre Reyland: Am Kontext vun den Aussoe vum franséische Sénateur Philippe Marini, deen d'Existenzrecht vu Lëtzebuerg a Fro gestallt hat, gëtt et eng offiziell Reaktioun vun der franséischer Regierung. De Premier Jean-Claude Juncker gouf de Moie vum franséische Regierungschef François Fillon kontaktéiert.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn de Moien en Telefon kritt vum Här François Fillon, franséische Premier, deen am Numm vu Frankräich, wéi e sech ausgedréckt huet, seng Excusë presentéiert huet iwwer déi iwwerflësseg Sätz déi de franséische Sénateur Marini gesot huet.

Den Här Fillon huet däitlech gemaacht, datt dat a kengem Fall d'Meenung vun der franséischer Republik reflètéiert, weder vum franséische Vollek nach vun der franséischer Regierung. En hofft weiderhin op eng gutt Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg, an huet de Wonsch ausgedréckt, datt déi Sätz déi en als iwwerflësseg qualifizéiert huet d'Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg net belaaschten.

Ech hunn him gesot, mir wieren iwwer dat wat mir do héieren hätten déi lescht Deeg aus Frankräich alles anescht wéi frou, am Géigendeel, et wier eng relativ grouss Roserei bei de Leit hei am Land. Den Här Fillon huet mir gesot, hie géif dat verstoen an en hätt gär, datt d'Lëtzebuerger wéissten, dass d'franséisch Regierung an d'franséischt Vollek dat net géifen esou gesinn, wéi dat sech an de Propose vum Här Marini unhéieren huet.

Dernière mise à jour