Jean Asselborn au sujet de la réforme du pacte de stabilité et d'une éventuelle modification du traité de l'Union européenne

Max Theis: En Donneschdeg an e Freideg ass EU Sommet zu Bréissel. Ee vun den Enjeue sinn nei Reegele fir d'Kontroll vun de Finanzmäert. D'Ausseministere souze gëschter Owend scho beieneen an och haut nach emol fir dëse Sommet ze preparéieren. A fir iwwert dës Aarbechten ze schwätzen ass elo den Ausseminister um Telefon, de Jean Asselborn, gudde Moien.

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Max Theis: D'Finanze sinn déi grouss Iwwerschrëft, Här Asselborn, vun dësem Sommet, mä wat läit dann do iwwerhaapt um Dësch?

Jean Asselborn: Jo dat ass eng gutt Fro wat um Dësch läit. Ech menge fir d'alleréischt läit um Dësch deen Text vum Herman Van Rompuy, deen ausgeschafft ginn ass an der Taskforce, wou eng ganz gutt Aarbecht gemaach ginn ass vun de Finanzministeren tëschent Mee an Oktober. Dat ass een Text – an dat huet den Avantage – dee vu 27 gedroe gëtt, och wann et richteg ass wat de Jean-Claude Juncker gesot huet, datt den Däiwel am Detail ass. An da gëtt et déi legislativ Basis eigentlech, den Text vun der Kommissioun, wou 6 Virlage solle kënnen diskutéiert ginn. An da gëtt et dat ominéist Deauville, wou virun allem jo den Akzent geluecht ginn ass, d'Verträg misste geännert ginn. Länner, déi net paréieren, kréien d'Stëmmrecht ewechgeholl, an da virun allem och – iergendwéi verstoppt, mä trotzdem kloer – den europäesche Rot gëtt eigentlech ee Super-Eurogrupp! Den Här Sarkozy, deen dreemt schonn zwee Joer do dervunner, datt en dat da wëllt duerchsetzen. An dat ass e wéineg de Problem, datt mir elo déi gutt Aarbecht vun der Taskforce déi virläit an déi och, ménger Meenung no, ugeholl gëtt um europäesche Rot, eigentlech komplett – loosse mir mol soen – e wéineg zerstéiert gëtt duerch dat Deauville, doduerch datt een elo seet – a gëschter Owend huet een dat kloer héieren – Däitschland a Frankräich brauchen onbedéngt eng Vertragsännerung a brauchen och Entzuch vum Stëmmrecht fir déi Länner déi net paréieren, dat ass psychologesch wichteg fir eis.

D'Kritik aus menger Siicht, déi ech ubruecht hunn an déi een och elo muss ubréngen virum Conseil Européen, ass dass Däitschland a Frankräich sech mateneen verbannen an soen "Mir garantéiere 50% vun deem 750-Milliarde-Paquet, also hu mir absolut Iech virzeschreiwe wat muss gemaach ginn a wann Dir dat net wëllt maachen, da sti mir net méi zur Verfügung fir den Euro ze stützen". Daat ass natierlech ee staarken Hummer an a Länner wéi Portugal, wéi Griichenland, wéi Irland – ech brauch se net ze nennen – déi sinn domatter ganz ganz staark ënner Drock. An de Stëmmentzuch, dat ass a mengen Aen op jidder Fall, faale mir domadder erëm an d’19. Jorhonnert. Dat ass d'Zenswahlrecht! Mir stroofen domadder Staaten! Mir strofen domadder d'Populatiounen, mir erniddregen sie! Daat gëtt eng gëfteg Debatte an et ass guer net festgestallt ginn bis elo, ob ee wierklech muss eng grouss Vertragsännerung maachen.

Max Theis: Mä wou muss een dann dee franséisch-däitschen Accord vun Deauville do wäerten? Ass dat e bëssen een Affront vis-à-vis vun deenen anere Länner?

Jean Asselborn: Jo, also ech fannen, datt daat, wat zu Deauville do erauskomm ass, dat ass eigentlech déi Debatte op een Niveau bruecht wou si net war. Ech mengen d'Finanzministeren hu ganz ganz serieux geschafft mam Herman Van Rompuy. Do sinn och Léisungsvirschléi iwwert d'Automaticitéit beschwat ginn. Mä gutt, dat ass ee Problem dee muss ausdiskutéiert ginn. Mä elo gëtt sech konzentréiert op dat wat d'Fransouse wëllen, dat heescht déi wëllen d’Automatizitéit verhënneren. An de leschten 10 Joer ware si souwisou ëmmer bei ëm 3% Defizit. Sie wëllen och esou weiderfueren. An d'qualifizéiert Majoritéit, dat hëlleft deene grousse Länner, et hëlleft engem Land wéi Frankräich méi wéi klenge Länner. An Däitschland ass eigentlech just d'innepolitescht Argument "Mir hunn Karlsruhe am Nacken, mir mussen also elo dorop reagéieren". Quitte datt ee vläicht muss zu enger Upassung vum Traité kommen, mä dat ass wat den Herman Van Rompuy kloer seet a wat och de Barroso indirekt seet, dass, mir ee stännege Mechanismus brauchen, selbstverständlech no 2013. Deen muss och eng fest, eng stabil Basis hunn a wa sech dann an den Diskussiounen erausschielt, datt ee muss eng minimal Ännerung maache vum Vertrag, gutt, da muss een éischtens mol d'Europaparlament an déi Debatt mat erunzéien. Et muss een dat och de Leit explizéieren dobaussen, firwat datt mir elo no 10 Joer Getrampels ëm Lissabon – wann ech esou däerf soen – erëm eng Kéier domatter mussen ufänken. Da gëtt et vereinfacht Prozeduren, datt een dat alles preparéiert. Mä d'Stëmmrecht ewechhuelen an eng Verfassungsännerung, ech soen Iech, dat ass eng Ernidderegung! Dat geet net duerch. Ech gesinn et, an dat hunn och gëschter praktesch 2/3 vun de Leit dobannen am Sall hunn déi Länner dat gesot. Mä bon, et ass dann dergéint gehale ginn, dass Däitschland dat bréicht, an dass Frankräich dat bréicht. Nom Motto "Mir hunn eis doropper gëeenegt, also musst Dir elo esou danze wéi mir hei päifen". An dat ass an der Europäescher Unioun – op jiddwer Fall wat meng Astellung ass zu Europa – ass de Geescht vun Europa, dat ass jo net nëmmen een Zweetaktmotor! An hei geet de Motor wierklech net am Intérêt vun der Europäescher Unioun wéi ech mengen, hei geet en an eng entgéintgesate Richtung. An d'Leit verstinn Europa net méi. Da brauche mir net méi vill Rieden ze halen. Wann dat doten op deen dote Wee geet, da gëtt et immens komplex fir den europäesche Gedanken héichzehalen. Dat muss guer net sinn.

Max Theis: Ganz kuerz nach Här Asselborn, inwiefern gëtt dann offiziell iwwert déi dote Propose geschwat, bei Iech haut, respektiv um Sommet?

Jean Asselborn: Gëschter Owend hate mir eng Entrevue mam Herman Van Rompuy, dat nennt een am Conseil Affaires Générales, deen eigentlech de Conseil Européen virbereet. Haut ass deen offiziellen Deel dovunner, gëschter war deen inoffiziellen Deel dovunner. Jiddereen huet awer séng Meenung gesot. Haut gëtt deen offiziellen Deel dovunner gemaach an ech wäert och haut am Numm vun der lëtzebuerger Regierung, esou wéi mir dat och ofgemaach hunn am Conseil de Gouvernement, wäert ech soen, mir missten eng Verankerung hunn. Mä, op jidde Fall, déi Geschicht mam Stëmmrecht, dat ass eppes wat mir net kënne matdroen. Dat kann och anescht goen. Datt mir och dat ganzt Klima versichen net ze vergëften duerch eng Diskussioun, déi eigentlech guer net bräicht ze sinn, dat ass de Message dee mir vu Lëtzebuerger Säit elo an der Virbereedung vum Conseil Européen wäerte ginn. Dat muss een elo maachen. Dat kann een net duerno maache, et muss een dat elo maachen an da muss ee kucke wéi an der Woch dann d'Debatte lafe wäert.

Max Theis: Mir wäerten dat dann och weider mat Iech am An behalen Här Asselborn. Merci fir elo.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour