Jean Asselborn au sujet de la libération d'Aung San Suu Kyi

Carine Rippinger (Umoderatioun): D'Liberatioun vun der Aung San Suu Kyi ass fir de lëtzebuerger Ausseminister eng ganz gutt Nouvelle. Wéi der Oppositiounsleaderin hir Chancë stinn, d'Oppositioun a Birma erëm opzebaue misst d'Zukunft weisen, esou de Jean Asselborn, deen donieft, d'selwecht wéi aner Politiker aus aller Welt, op déi politesch Prisonnéier a Birma opmierksam mécht, déi weider agespaart bleiwen.

Jean Asselborn: Bei där gudder Nouvelle muss een am Kapp hunn, datt nach iwwer 2.000 Regimekritiker a Regimegéigner am Prisong sëtzen an deem Land. Myanmar, wéi Dir wësst, dat fréiert Burma, dat ass e Land vun 48 Millioune Leit, dat ass 2 Mol esou grouss wéi Däitschland. Et war eigentlech ëmmer d'Kornkammer, kann ee soen, vu Südost-Asien, mä dat Land gëtt dominéiert zanter 1962 vum Militär. Déi sinn do un der Muecht. Et ass e Land wat komplett erof gewirtschaft ass, wou d'Leit ënner fierchterleche Conditiounen a ville Géigende musse liewen.

Mä et ass e räicht Land. Et sinn immens vill Rohstoffer do. Et muss ee wëssen, datt déi Länner ëm Myanmar, wéi Laos, Vietnam, Kambodscha, Thailand, mä awer och virun allem China an Indien, ganz grouss wirtschaftlech Interessen hu mat Myanmar. Dir wësst awer och, an ech géif dat e wéineg zynesch soen, datt och westlech Interessen do sinn: d'Diamanten, d'Edelsteng, déi wertvoll Hëlzer, mä awer och de Peëtrol – wann een u Frankräich denkt – sinn ëmmer vu grousse Firmen, déi do präsent sinn, convoitéiert.

D'Mënscherechter ass dee Punkt, deen engem an esou engem Moment duerch de Kapp geet. An do géif ech mengen, datt een déi elementarst Mënscherechtsfroen eigentlech ni – ech soen dat elo ganz allgemeng – hannert Wirtschaftsinteresse stelle kann. Et muss een a ville Fäll en Deal maachen, dat ass kloer. Mä den Drock muss oprecht erhale bleiwen, soss kritt een esou Décisiounen déi elo awer d‘Militär am Myanmar geholl huet, net méiglech gewiescht. Dofir gesinn ech perséinlech an där Madame Aung San Suu Kyi, déi jo 15 vun deene leschten 21 Joer am Prisong an ënner Hausarrest verbruecht huet, eigentlech eng Persoun déi de Wëllen huet praktesch hiert Liewen ze affere fir d'Fräiheet, fir d'Demokratie an fir d'Mënschrechter. Et ass ëmmer immens schwéier ze vergläichen, mä et fält engem natierlech e wéi de Mandela an, deen Ähnleches fäerdeg bruecht huet. Ze hoffe wier et elo – dat wier jo wirklech eppes ormidabeles – wann d'Schicksal vun der Aung San Suu Kyi kéint och eng Parallel herno opweise mat deem wat méiglech war beim Mandela. Dovu sinn ech awer net esou iwwerzeegt. Sie wäert och an Zukunft kämpfen fir d'Demokratie, fir d'Fräiheet, fir d'Mënscherecht, dat schéngt mir festzestoen.

Carine Rippinger: Här Assselborn, Dir hutt virdrun d'wirtschaftlech Intérêtë vum Westen ugeschwat. Wéi effektiv sinn an deem Kontext d'EU-Sanktiounen, awer och d'US-Sanktiounen déi et géint de Militärregime ginn, respektiv géint d'Land?

Jean Asselborn: Ech ka mech dat genee erënneren, mir hunn am September, et mussen elo 2 oder 3 Joer hier sinn, ënner franséischer Presidence, dat zu New York bei der UNO ausgehandelt. Ech kann Iech soen, datt dat net einfach war, well och westlech wirtschaftlech Interessen do matgespillt hunn, mä mir hunn eis trotzdem kënnen op en Text eenegen, wou elo net d'Bevëlkerung dovu betraff ass, mä eigentlech virun allem d'Exponente vun deem Regime. Ech ka mech erënneren, scho virdrun, schonn 2004 ënner hollännescher Presidence, verschidde Sitzungen hunn net stattfonnt well Myanmar Ministeren delegéiert hat an déi Sitzungen. Mir haten do deen Drock, och an all Sitzung hu mir eis d'Wuert ginn, mir missten Myanmar uschneiden. Mir hunn dat och gemaach an ech mengen, datt d‘Europäescher Unioun do schonn déi Aarbecht gemaach huet, déi se konnt maachen an deen Drock opgebaut huet dee se konnt opbaue fir trotzdem, selbstverständlech mat den Amerikaner zesummen, déi Léisung do och mat ze provozéieren.

Dernière mise à jour