Jean Asselborn au sujet des résultats du sommet de l'OTAN à Lisbonne

Jean-Claude Wolff: Fréier wore si Géigner, elo wëlle si Partner sinn: déi fréier Äerzfeinden aus dem kale Krich, d'NATO a Russland, wëllen en neit Kapitel an hire Relatiounen opschloen. Dat ass den Haaptmessage vum Nato-Sommet vu Lissabon. Déi 28 Staats- a Regierungschefen hunn de russesche President Dimitri Medvedev eng Zesummenaarbecht bei der Rakéitenofwier an Europa ugebueden. "Mir gesi Russland als ee Partner, net méi als ee Géigner", sot den US-President Barack Obama zum Oofschloss vum Sommet. Den Dimitri Medvedev huet déi Offer ugeholl, huet awer op Gläichberechtegung gepocht. Hie wier fiir ee System vum Atlantik bis un den Ural, dat awer méi misst si wéi just eng Vernetzung vun nationalen Unitéite vun Oofwierrakéiten. Den Accord mat, an d'Zougoen op Russland wier d'Resultat vun engem ganz anere Verhandlungsklima tëscht der NATO a Russland, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn als Fazit vum Sommet vu Lissabon.

Jean Asselborn: Also ech menge fir d'alleréischt, dass Welten tëschent deem leien, wat een elo konnt erliewen zu Lissabon a wat een erlieft huet zu Bukarest virun 2 Joer. Den Obama an de Medvedev si wierklech openaner zougaangen. Dat war komplett anescht wéi deemools mam Här Bush a mam Här Putin. Déi gemeinsam Interesse gi gesicht an ech mengen dat ass immens gutt fir d'Europäesch Unioun. Et ass och gutt fir d'NATO an dat war och deen eenzege Wee, a méngen Aen, vun Ufank un, wou ee kann zu engem gemeinsame Projet komme wat déi Rakéitenofwier ugeet. Et muss een elo wëssen, an dat ass ee fundamentalen Ënnerscheed vun deem wat bis elo bestanen huet, dass et net een Ofwiersystem fir d'europäesch Unioun oder fir d'NATO gëtt, mee et gëtt ee fir d'NATO a Russland. Ech mengen et muss een elo natierlech kucken wéi déi Konzepter zesummen ze brénge sinn um militäresch-technesch Plang, mä d'Vertrauensbasis ass do. Et ass also festgestallt ginn, datt d'NATO a Russland Interessen hunn fir esou eppes opzebauen an datt dat dann och muss konsensuell zesumme gemaach ginn. Wéi gesot dat ass deen eenzege Wee. Dat hätt ee misse viru Joere schonn aféieren, dann hätt ee vill Situatiounen kéinten evitéieren.

Jean-Claude Wolff: Wat fir eng Roll spillt Europa an deem ganzen? Am Fong d'EU, kënnt déi iwwerhaapt an deem ganze System do e bësse virun?

Jean Asselborn: Jo also Dir musst gesinn, et si jo 21 Länner déi an der Europäescher Unioun sinn an och an der NATO. D'EU ass elo fir d’éischte Kéier op engem Sommet vun der NATO représentéiert gewiecht. Et ass fir d’éischte Kéier virkomm, datt de President Barroso an och de President Van Rompuy do waren. Mä mir musse wëssen, datt et nach net gutt leeft an der Zesummenaarbecht tëscht der NATO an der Europäescher Unioun an dat läit un zwee ganz konkrete Punkten: dat ass éischtens Zypern, well dee Konflikt net geléist ass. Dir wësst do gëtt et Crispatiounen ebe mat der Tierkei. Zweetens gëtt et och eigentlech eben de Punkt Tierkei, déi Agenda déi d'Europäesch Unioun huet mat der Tierkei: esou laang wéi déi net kloer ass, datt ee wierklech wëllt zu enger Conclusioun kommen an d'Verhandlunge wierklech och weiderféieren [fir den EU-Bäitrëtt vun der Tierkei], bleift d’Zesummenaarbecht eppes wat schlecht ass fir d'NATO, wat schlecht ass fir d'Europäesch Unioun. Mä dat ass net aus der Welt ze schafen, esou laang déi zwee Problemer do net geléist sinn.

Jean-Claude Wolff: Een Thema deen och am Mëttelpunkt stoung dat war Afghanistan. Déi Projektioun fir de Réckzuch 2014, ass déi iwwerhaapt realistesch, wann ee kuckt wat den Ament am Afghanistan geschitt?

Jean Asselborn: Jo also ech géif mengen, daat ass gëschter och ganz kloer vum President Karsai an och vum President Obama gesot ginn – ech mengen dat sinn och déi, déi am meeschte Gewiicht doranner hunn, mä et ass awer och vun alle Säite vun der NATO gesot ginn. Mir sinn elo an enger Transitiounsphase a mir wëllen déi Transitiounsphase 2014 oofschléissen. Dat ass méi wéi däitlech ervirkomm. Dat ass jo och d'Konsequenz vun der Londoner Konferenz a vun der Kabuler Konferenz. Dat heescht net, datt 2014 – egal wéi dat Land dann ausgesäit – jidderee sech do aus dem Stëbs mécht. Mä ech fannen et richteg, dat ass jo vum Obama och direkt no de Wahlen an Amerika ugeschnidde ginn, datt 2011 mat dem Réckzuch ugefaange soll ginn an datt 2014 Afghanistan esou soll opgestallt sinn, datt et keng auslännesch Truppe méi brauch.

Fir d'Formatioun vun de Sécherheetsleit, daat ass een Effort dee muss natierlech an deene Joren déi elo bleiwen virugoen. Et gëtt elo scho vill Plaze wou 60% vun de Sécherheetskräften Afghane sinn, an dat ass jo och d'Zil dovunner. Et muss een awer och wëssen, datt an Afghanistan grouss Fortschrëtter ze verzeechne sinn: Spideeler gi gebaut, Schoule gi gebaut, villes och mat europäescher an mat lëtzebuerger Hëllef. D'Meedercher ginn an d'Schoul, et ginn Universitéiten déi erëm fonctionnéieren an esou weider. Ech mengen d'Liewe vun de Leit ass awer trotzdem net nëmme méi dat, datt d'Sécherheet absolut net fonctionnéiert. Et bleiwen natierlech grouss Wonnen an deem Land do ze heelen an d'Réconciliatioun déi vläicht elo manner ugeschwat ginn ass gëschter, bleift natierlech eent vun den Haaptthemen.

Jean-Claude Wolff: Bedaueren deet de Jean Asselborn, datt trotz dem Accord iwwert d'Rakéitenofwier et keng real Fortschrëtter a Saachen atomar Ofrëschtung gi wier, da wier et schwéier Frankräich an och Groussbritannien z'iwwerzeegen, dat wier awer een Dossier wou ee sech weider misst asetzen, esou de lëtzebuerger Ausseminister.

Dernière mise à jour