Le Premier ministre, président de l'Eurogroupe, Jean-Claude Juncker, au sujet de la demande d'aide financière de l'Irlande

Umoderatioun: D’Europäesch Unioun an den Internationale Währungsfong hu gëschter Owend d’Demande vun Irland ugeholl, fir finanziell ënnert d’Äerm gegraff ze kréien. D’Land stécht a schlechten Dicher a muss senge Banken hëllefen. D’Banke krute scho 50 Milliarden Hëllef an d’Land huet héich Scholden. Irland rechent mat engem Staatsdefizit vun 32%.

Um Telefon ass elo de Chef vum Eurogroupe, de Jean-Claude Juncker. Gudde Moien.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Max Theis: Här Juncker, Irland huet nach d’lescht Woch eng europäesch Hëllef refuséiert. Wou koum dann Ärer Meenung no dee Revirement hier?

Jean-Claude Juncker: Irland huet d’lescht Woch keng europäesch Hëllef refuséiert, Irland huet d’lescht Woch sech nach geweigert, eng europäesch Hëllef ze froen. Dat sinn zwou verschidde Saachen. Et ass däitlech ginn an deene Gespréicher, déi mir zu Dublin gefouert hunn, d’Europäesch Unioun, via Kommissioun, d’Zentralbank, an den Internationale Währungsfong, datt Irland et no mënschlechem Ermiessen net aus eegener Kraaft géing packen, säi marode Bankesecteur ze sanéieren, deen total ofgerutscht ass an deene leschte Wochen a Méint. A wéi dat ëmmer méi däitlech ginn ass, war ze erwaarden, datt Irland déi Fro géing stellen.

Den iresche Finanzminister huet mir gëschter Moien ugeruff, an dorops hin hunn ech eng Sitzung fir gëschter Owend 6 Auer ugesat, déi mir virbereet haten, soudatt mir séier konnten eis Zoustëmmung zu deem Plang ginn, deen allerdéngs muss duerch all méiglech Konditiounen an Oplage begleet ginn, fir datt en an den Ae vun den Europäer, a vum Internationale Währungsfong, ënnerstëtzungwierdeg erschéngt.

Well Irland muss säi Budget onbedéngt an d’Rei bréngen. Dat mécht Irland och duerch weider Aspuerung an der Héicht vu 6 Milliarden Euro d’nächst Joer, 15 Milliarde bis an d’Joer 2014, plus dann eben dee Bankerettungsplang op dee mir eis prinzipiell gëeenegt hunn, och mat den Amerikaner, de Japaner an de Kanadier.

Max Theis: Inoffiziell geet vun 80 bis 90 Milliarde rieds. Kënnt Dir dee Chiffer confirméieren?

Jean-Claude Juncker: Ech kann de Chiffer net confirméieren, well deen endgültege Chiffer hänkt wiesentlech vun der Gesamtartikulatioun am Detail vun dem Plang of, e Plang deen nach net definitiv ausgehandelt ass. Eis Leit si jo zu Dublin fir dee Programm mat der irescher Regierung auszehandelen. Wann deen ausgehandelt ass, dat muss bis Enn vun dësem Mount de Fall sinn, dann huet een eréischt ee geneeën Iwwerbléck iwwer d’Zuelewierk. Ech ka just confirméieren, datt dat jiddwerfalls manner wéi 100 Milliarden Euro wäert sinn.

Max Theis: Mä op alle Fall geet et em vill Suen. Wéi muss ee sech dann dee Rettungsplang virstellen, wéi fonctionnéiert dat am Detail?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn ee Krisefong établéiert, den 10. Mee vun dësem Joer. Déi Gesellschaft, déi dee Krisefong féiert, déi huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg, an de grousse Chef vun deem Krisefong, deen huet och säi Sëtz hei zu Lëtzebuerg, den Här Klaus Regling.

Wann elo déi Hëllef gebraucht gëtt, a wann Irland misst wierklech op déi Hëllef zeréckgräifen, mir stellen elo emol d’Hëllef zur Verfügung, an dann hëlt dee Krisefong Suen op de Mäert op, déi Suen déi fléissen un den iresche Staat, an den iresche Staat gëtt deen Deel, dee fir d’iresch Banke bestëmmt ass, un d’iresch Banke virun. Dat heescht an anere Wierder, datt d’Staaten, déi Prêten, déi dee Fong ophëlt, an déi den iresche Staat kritt, garantéieren.

Dat heescht an anere Wierder, datt zum Beispill de lëtzebuerger Staat elo keng frësch Sue brauch an Irland ze verschécken, dat geschitt iwwer dee Krisefong, iwwer dee Krisemechanismus, deem seng Suen, déi en an Irland gëtt, gi garantéiert vun de Staaten. Nëmme wann Irland iwwerhaapt net kann zeréckfueren, dat heescht, nëmme wann Irland an der totaler Faillite géif ënnergoen, eréischt da misst déi Garantie gezu ginn, an eréischt da misst de lëtzebuerger Staat, wéi och déi aner Staaten, bezuelen. Elo gi mir eisem eegene Krisefong Garantien, eréischt wann Irland total faillite gaangen ass, ech ginn dovun ass, datt dat net geschitt, misst déi Garantie spillen, an dann eréischt géif dat eppes kaschten.

Max Theis: Den Haaptenjeu ass et jo, d’Finanzmäert ze berouegen, an och aner ugeschloe Länner ze stabiliséieren. Riskéiert d’Serie net awer weiderzegoen duerno?

Jean-Claude Juncker: Ech ka keng Parallel entdecken tëscht deem, wat mir an Irland observéieren, an tëscht deem, wat mir, wa mir dat portugiesescht Bild kucken, ënnert den Ae leien hunn. De portugiesesche Finanzsecteur, Bankesecteur ass am Prinzip gesond, déi portugiesesch Regierung ass a Saachen Haushaltskonsolidéierung proaktiv virgaangen, an d’portugiesesch Finanzplanung ass esou, datt de Budgetsdefizit op ënner 4,6% d’nächst Joer kann ofgesenkt ginn. Doriwwer besteet och grosso modo een Accord mat der portugiesescher Oppositioun fir esou virunzegoen.

An a Spuenien gesinn ech awer méi d’Zeechen, déi a Richtung Revigoréierung, esouguer vum spuenesche Wuesstem, obschonn dat extrem schwaach ass, deiten, esou datt ech mengen, datt Parallelle sech de Moment ënnersoen.

Mä an engem Moment, wou d’Finanzmäert verréckt spillen, an engem Moment wou d’Finanzmäert eng exzessiv Tendenz zur Ofstrofung vun deene Länner hunn, déi sech net honnertprozenteg orthodox um Konsolidéierungswee beweegt hunn, oder beweegen, kann een ni ausschléissen, datt Änhnleches geschitt. Mä objektiv begrëndbar wieren Aktiounen, spekulativer Natur, géint Portugal a Spuenien de Moment net, mä ausschléisse kann een dat net.

Max Theis: Jean-Claude Juncker, ech soen Iech Merci fir d’Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech.

Dernière mise à jour