Jean-Claude Juncker au sujet du fonds de soutien de la zone euro pour les pays en difficulté

Max Theis: Här Juncker, de Fong gëtt net opgestockt. "Mir gesi kee Besoin fir direkt ze handelen," gitt Dir op den Agencen zitéiert. Gëtt et kee Besoin, oder feelt et u politeschem Wëlle vu verschiddene Länner?

Jean-Claude Juncker: De Moment ass d'Situatioun esou, datt déi Suen déi mir an deem Rettungsschierm hunn, fir déi Aufgaben déi virun eis stinn duer ginn. Ech schléissen net aus, bei weiderer Entwécklung, datt een dee Schierm kann opstocken, respektiv datt een d'Verwennung vu senge Sue méi flexibel ka gestallten, mä fir de Moment, op déi nächst Woche gekuckt, sinn déi Geldvolumen déi mir an deem Fong stiechen hunn esou, datt se duergi fir d'Aufgaben ze meeschteren déi virun eis leien.

Max Theis: Zesumme mam italienesche Finanzminister hutt Dir e System vun europäeschen Obligatioune proposéiert. D'Länner géifen also zesumme Sue léinen an dat géif d'Spekulatioune géint eenzel Länner onméiglech maachen. Ass gëschter Owend iwwer dës Iddi geschwat ginn?

Jean-Claude Juncker: Iwwer déi Iddi ass net am Sënn geschwat ginn, datt mir doriwwer verhandelt hätten, mä den italienesche Kolleg an ech selwer hunn erkläert, u wat mir denken.

Seng Meenung ass et, datt Europa hei mat enger systemescher Kris confrontéiert ass, an dorop muss een eng systemesch Äntwert fannen. Eng déi fir ëmmer hält.

Zu deem Zweck hu mir virun iwwer enger Woch am Eurogrupp dee permanente Krisemechanissem festgeluecht, an zu deem Zweck hunn den italienesche Kolleg an ech elo virgeschlo fir déi esou genannten Euro-Obligatiounen eraus ze ginn.

D'Iddi ass net, datt sämtlech Staatsschold déi d'Länner hu géif op europäescher Bühn konzentréiert ginn. Mä d'Iddi ass, datt een Deel vun där Staatsschold duerch gemeinsam Obligatiounen, déi mir erausginn, géif bedéngt ginn. Dat bréngt mat sech, datt d'Zënse fir déi Länner déi vill Scholden hunn, fir deen Deel dee mir iwwerhuelen, falen, an datt d'Zënse fir deen Deel dee mir net iwwerhuele géifen an d'Lut goen. Zum Resultat, datt och an Europa e Kapitalmaart géif entstoen, an deem selwechte Volume an an der selwechter Qualitéit wéi mir deen an de Vereenegte Staate vun Amerika hunn.

Ech kann un där Propositioun näischt erkenne wat géif drop hindeiten, datt mir domat Länner aus hirer Responsabilitéit géifen entloossen. De Géigendeel ass de Fall. Déi Iddi, wäert Dir gesinn, déi wäert hire Wee goen.

Max Theis: Mä d'Begeeschterung am Moment ass net esou grouss. Wéi ass da gëschter Owend drop reagéiert ginn?

Jean-Claude Juncker: Déi eng sinn dofir an déi aner sinn dogéint. Esou wéi et ëmmer an Europa ass.

Wéi mir viru Méint virgeschloen hunn, d'Budgetsvirbereedung an der Europäescher Währungszon a gemeinsam Hänn ze huelen, ouni déi individuell Verantwortung vun de Länner ewech ze drécken; wéi ech dat den 11. Februar virgeschloen hunn, du wollt och keen dat hunn. Haut mécht jiddwereen, wéi wann en déi Iddi erfonnt hätt.

An Dir wäert gesinn, datt déi Iddi vun den Euro-Obligatiounen, och wann dat eng gewëssen Zäit brauch bis dat jiddwerengem aliicht, datt dat och wäert dee Wee goen. Herno wäert jiddwereen et gewiescht sinn, an haut gëtt e bëssen op déi geschoss déi dat an d'Welt gesat hunn.

Max Theis: Däitschland ass jo ënner anerem guer net d'accord domat. D'Angela Merkel kritiséiert, datt en eenheetlechen Zënstaux de Spuereffort bei de Länner géif bremsen. Verstitt Dir d'Bundeskanzlerin?

Jean-Claude Juncker: Ech verstinn d'Kanzlerin wa se Recht hätt. Wa se net Recht huet, verstinn ech se net.

D'Resultat vun där Iddi déi ech virdru virgeschloen hunn ass eben net, datt et een eenheetlechen Zënssaz a ganz Europa gëtt. Et wäert esou sinn, datt et op engem Deel vun der Staatsschold en eenheetlechen Zënssaz gëtt, an datt den Zënssaz vum Rescht vun der Schold, deen net zentral bedéngt gëtt, datt dee ganz ënnerschiddlech vu Land zu Land wäert ausfalen.

Op d'Zomm wäert Italien, wann een déi europäesch gebündelt Schold an déi national ze bedéngend Schold zesummen hëllt, weiderhi méi Zënse bezuele wéi Däitschland oder wéi Lëtzebuerg dat mécht. Mä awer op deem gemeinsam bedéngten Deel wiesentlech manner wéi bis elo.

Max Theis: De Marché ass jo weider gespaant, a besonnesch Portugal, d'Belsch a Spuenien si weider ënner Drock. Wéi gesitt Dir dann d'Situatioun den Ament?

Jean-Claude Juncker: Ech gesi se esou, datt een am beschten huet net driwwer ze spekuléieren, datt elo géif ee Land nom anere falen.

Déi Länner déi Dir genannt hutt – Portugal, Spuenien, Italien, Belsch – musse leider supplementar Aspuerungseffortë maachen, ouni awer d'Reprise ze déiden. Jiddweree muss wëssen, datt e seng Staatsfinanze muss an Uerdnung halen.

Et si jo nëmmen déi Länner de Moment op de Mäert attackéiert, déi eben iwwer Joere betruecht hir Situatioun net lues a lues an de Grëff geholl hunn, oder déi mat engem spezielle Problem konfrontéiert sinn, wéi Irland, wou et zu enger Explosioun vun der irescher Immobilieblos komm ass, déi de Bankesecteur an d'Déift gerappt huet. Et muss een ëmmer an Erënnerung hunn, datt Irland nach virun 3, 4 Joer remarquabel héich Budgetsiwwerschëss realiséiert huet, wéi Lëtzebuerg och, an op eemol ass et gekippt, well am Bankesecteur, dee besonnesch grouss an Irland ass, eng Kris entstanen ass.

Dat solle mir als Lëtzebuerger, déi och e grousse Finanzsecteur hunn, deen iwwerdehnt ass par rapport zu eisem Inlandprodukt, eis gutt mierken. Et ass elo de Moment fir an der Déift an op Dauer ausgeriicht d'Staatsfinanzen ze konsolidéieren, och wann ee mengt, et hätt ee kee Problem. Et kann een iwwer Nuecht e grousse Problem hunn. Irland hat viru 4 Joer 5% Budgetsiwwerschëss an huet elo en Defizit vun 30%. Dat ass eng Lektioun, déi ee sech ganz genau soll ukucken.

Max Theis: D'DPA mellt de Moien, datt d'EU-Memberlänner sech gëschter Owend a geheime Verhandlunge mat dem EU-Parlament iwwer den EU-Budget eens goufen. Kënnt Dir dat confirméieren?

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net confirméieren, well ech un deene Verhandlungen net bedeelegt war. Déi Verhandlunge gi vun der belscher Rotspresidentschaft gefouert.

Et ass normal, an engem Fall wou ee mat enger Konfliktmatière ze dinn huet déi breet ass, an dat ass se am Fall vun den Opstellunge vum Budget fir d'Joer 2011, sech mat dem Parlament a mat de Fachleit vum Parlament ze gesinn.

D'belsch Rotspresidentschaft mécht do hir Aarbecht, an ech mengen, datt mir do wäerten zu engem Accord kommen, deen esou wäert ausgesinn, datt de Budget 2,9% oder liicht iwwer 2,9% am Joer 2011 wäert klammen. An datt d'Parlament op eng méi direkt Aart a Weis un de Verhandlungen iwwer déi definitiv Ausriichtung vun de Finanzen an Europa no 2014 wäert bedeelegt ginn.

Max Theis: Jean-Claude Juncker, ech soen Iech merci fir d'Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour