Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker (émission "Riicht eraus")

Dans l’interview de fin d’année avec la radio socioculturelle "100,7", retransmise le 18 décembre 2010 dans le cadre de l’émission "Riicht eraus", le Premier ministre Jean-Claude Juncker passe en revue l’année 2010 et notamment un certain nombre de sujets d’actualité politique européenne tel que le dernier sommet des chefs d’État et de gouvernement à Bruxelles ou sa récente proposition relative aux euro-obligations. Concernant les sujets d’actualité nationale, Jean-Claude Juncker revient sur l’échec de la Tripartite et les accords conclus au sein de réunions bipartites avec les syndicats et le patronat, la simplification administrative, la réforme des pensions et la réforme des salaires dans la Fonction publique, avant de se prononcer sur les perspectives pour l’année 2011.


Jay Schiltz: Merci datt Dir Iech haut de Mëtteg Zäit geholl huet. Meng éischt Fro wier, wann ee bedenkt, wéi laang Dir schonn am politesche Geschäft sitt heiheem, loosse mir et emol e wéineg iwwerdreiwen, heiheem gëtt et der nach net méi vill, déi nach wëssen, datt et och emol en anere Premier gouf wéi de Jean-Claude Juncker. An Europa gehéiert Dir quasi zum Urgestein. Dir huet der vill gesi kommen a goen. Réckbléckend op all déi Joeren heiheem, an an Europa, wat maacht Dir mat dësem Joer 2010?

Jean-Claude Juncker: Wat mat deem Joer 2010 ze maache gewiescht wier, dat gesäit een um Enn vum Joer besser, wéi am Ufank vum Joer.

Dat Joer 2010 war eent, wat extrem mat Schwieregkeete belaascht war, esouwuel heiheem, fir Konsenselementer a genügender Zuel zesummenzefügen, fir datt do eraus en nationale Puzzle géif ginn.

An an Europa wéinst der Scholdekris an eenzelne Länner vun der Eurozon, war dat een extremt ustrengend, eent, wou ee vill huet missen nolauschteren, wou ee grouss Ouere gebraucht huet fir ze wëssen, wat sech reegt an deet an allen anere Länner vun der Eurozon.

Ech mengen, insgesamt an ënnert dem Stréch war et ee Joer vun der Konsolidéierung, a vun der Reorientéierung op vläicht aner Wäerter, wéi déi, déi der Aktualitéit vermeintlech de Stempel opgedréckt hunn.

Mir schwätze vill iwwer Zuelen, vill iwwer Konsolidéierung, vill iwwer Investitiounen, vill iwwer Kriseninstrumenter, an et ass gutt, wann een an der Verantwortung steet, datt ee weess, datt dat Gespréich eent ass, wann et falsch gefouert gëtt, deem seng Effeten d’Leit an hirem ganz konkreten alldéigleche Liewen treffen. Dat ass Usporn fir d’Saache gutt ze maachen. Dat ass awer och eng Source vun Ängschtlechkeet, well ee ganz dacks fäert dat Falscht ze maachen.

Jay Schiltz: Gutt, bleiwe mir vläicht bei Europa an dësem éischten Deel. Dir kommt quasi direkt vum Sommet vun den europäesche Staats- a Regierungschefen dës Woch elo zu Bréissel. Wéi bewäert Dir den Ausgang vun deem Sommet um Enn vum Joer? Sitt Dir zefridden?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn, wat d’Qualitéit vun den europäeschen Décisiounen, an d’Pluridimensionaliséierung vun deene selwechten ubelaangt, ni ganz zefridden, well eigentlech ëmmer méi dran ass.

En fait hu mir bei dësem Sommet zwou Saache gemaach. Mir hunn eng Vertragsännerung beschloss, déi kleng ass, liicht ass, an deem mir soen, datt d’Eurostaaten ënnert sech kënnen décidéieren e Krisemechanismus permanenter Natur ze lancéieren. Dat muss sinn. D’Vertragsännerung hätt net onbedéngt misse sinn, mä déi däitsch Kollegen, an e puer anerer brauchen dat aus verfassungsrechtleche Grënn.

An dann huet de Conseil européen déi Décisioun refletéiert, hir Echo ginn, déi d’Finanzministere vun der Eurozon de leschten 28. November getraff hunn, wat d’Grondausriichtung vun deem Krisemechanismus ubelaangt.

Insofern war et een ondramatesche Sommet, deem seng Participanten awer wëssen, datt dat do näischt ass, wat dee ganze Januar iwwer d’Strooss hält. Et mussen aner Décisiounen nach am Januar kommen. Mir si preparéiert fir déi ze huelen.

Jay Schiltz: Wéi eng Décisiounë wieren dat?

Jean-Claude Juncker: Am Januar kommen déi.

Jay Schiltz: Am Januar, gutt. Et stounge sech zu Bréissel, Dir sot, et war en ondramatesche Sommet. Am Virfeld gouf awer vill vläicht och dramatesch diskutéiert.

Zwou grondsäzlech Iwwerleeungen a Proposë géintiwwer Är Iddi vun deene sougenannten Eurobonds, iwwer déi zwar net explizit geschwat gouf, vun deene Frankräich an Däitschland awer näischt wësse wëllen. Dir gitt an der Press zitéiert mam Saz, datt sech déi Eurobonds duerchsetze wäerten. Vläicht emol zur Explikatioun, wat wëllt Dir mat deenen Eurobonds? Woufir wiere se gutt?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d’éischt emol soen, datt deen Androck, datt net driwwer geschwat ginn ass, falsch ass. Mir hunn annerhallef Stonn während eiser Sitzung en Donneschdeg den Owend eis intensiv do driwwer ënnerhalen, an esou datt Argumenter, oder fälschlech Argumenter konnten ausgetauscht ginn.

Wourëms geet et mir dobäi? Mir sinn an enger systemescher Finanzkris. An déi Äntwerten, déi d’Eurozon bis haut getraff huet, dat sinn ad hoc Äntwerten. Fall fir Fall beäntwerte mir Problemer, déi an eenzelne Länner optrieden, mä mir hu keng global Äntwert do drop.

Ech hunn eng global Äntwert proposéiert där Gestalt, datt mir Euro-Obligatiounen, Eurobonds émettéiere géifen. Form vum Gedanken ass, datt 30%, 40%, 50%, 60% vun allen nationale Staatsscholden aus der Eurozon op dem europäesche Plang gebündelt ginn, an datt déi mat Euro-Obligatiounen ofgedeckt ginn, wat zum Resultat huet, soen déi eng, déi Däitsch, d’Fransousen, datt hir Zënsen an d’Luucht ginn, a begeeschtert soen déi aner, déi héich Scholdestänn hunn, da géifen hir Zënsen deementspriechend erof goen.

D’Subtilitéit vun der Propositioun besteet doran, datt mir ee méi klengen Deel vun der nationaler Schold bündelen, fir d’Scholdelaascht vu Griechen, Iren, Spuenier, Portugiesen ofzesenken. Mä dee gréissten Deel vun der nationaler Staatsschold gëtt ëmmer nach mat nationalen Obligatiounen bedéngt, an do spillen ënnerschiddlech Zënssäz.

Dat wat an Däitschland behaapt gëtt, nämlech, datt ech géif hei de Camp vun de Stabilitéitslänner verloossen, an déi Länner mat héije Scholden an ee System entloossen, wou se méi niddereg Zënse géife bezuelen, an doduerch keng eegen national Konsolidéierungseffortë misste maachen, ass eng falsch Iddi, well et bleift en Zënsdifferenzial tëscht Griechenland, Portugal, Spuenien, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg bestoen. Dat ass einfach esou.

An doduerch, datt mir ee groussen Handycap par rapport zu eisen amerikanesche Partner hunn, deen doranner besteet, datt mir kee groussen Obligatiounëmaart an Europa hunn, mä e segmentéierte Maart, an den däitsche Maart ass dee gréissten, fënnt haut statt, datt vill Kapital aus Europa erausfléisst, sech an Amerika usidelt, obschonn d’Defizit- an d’Scholdendate vun den Amerikaner méi schlecht sinn, wéi eis.

An ech hätt gären, datt et eng Kapitalzufuhr an Europa géif ginn, datt méi Liquiditéit op den europäeschen Obligatiounsmarché géif kommen. An deen augmentéierte Volume vu Liquiditéit féiert dozou, datt wahrscheinlech d’Zënse vun Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Éisterräich an Holland falen.

Op déi Iddi gëtt geschoss, well déi Iddi net grëndlech studéiert gëtt, well einfach gesot gëtt, de Juncker dee war fréier ee vun der Stabilitéit, dat ass elo ee vun de Südlänner, e segelt op der Südachs, an en hätt gären, datt mir iwwerall an Europa déi selwecht Zënse bezuelen. Dat ass net Inhalt, an och d’Finalitéit, an och net d’Konsequenz vun deem Virschlag.

Dat do géif, géif een dat maachen, et erlaben, datt een Deel vun der Staatsschold an Irland, Griechenland, etc, kënnt méi bëlleg bedéngt ginn, mä datt dee gréissten Deel nach ëmmer misst deier bedéngt ginn. An doduerch, datt een d’Méiglechkeet weist, datt een Deel vun der Staatsschold mat méi bëllegen Zënse ka bedéngt ginn, verstäerkt een den Drock fir datt déi, déi héich Scholden hunn, déi Schold esou séier wéi méiglech ofbauen, fir datt se méiglechst séier ënnert de Schirm vun deene méi bëllegen Obligatiounen a Refinanzéierungsinstrumenter kommen.

Dat ass eng Saach, déi natierlech komplizéiert ass am Détail. Et sinn 100 Saachen dozou ze soen. D’Tëlevisioun, Radio, och Zeitungen eigentlech, si keng gëeegent Medië fir an der Breet, an an der Déift, an an der Konsequenzebildung duerzestellen, wat d’Mériter vun esou enger Propositioun sinn.

Mä ech stelle mat Satisfactioun fest, nieft där geharneschter Ofleenung, déi dat an eisem Deel vun Europa fënnt, datt dat an aneren Deeler vun Europa Zousproch fënnt, an datt och um europäesche Parlament Zousproch bemierkbar sech gemaach huet, an datt grouss Deeler vun der Publizistik, a vun der akademescher Welt deem Virschlag och e gewëssene Atrait kënnen ofgewannen. Elo gëtt et an deene nächste Wochen a Méint wahrscheinlech keng Beschlussfassung doriwwer. Mä wéi dee belsche Premier gesot huet, dat ass eng Iddi, déi hire Wee geet, an déi sech engesdaags wäert duerchsetzen. Selten hat e belsche Premier esou Recht.

Jay Schiltz: Mä wéi erkläert Dir Iech dann déi Oppositioun, déi schaarf Oppositioun aus Däitschland, an och Frankräich? Ass dat da just, datt ee sech einfach net wëllt domat ausernee setzen? Dir sot, et ass eng komplizéiert Saach, et muss detailléiert driwwer geschwat ginn, oder ass dat dann awer och méi innepolitesch wou een éischter duerno kuckt?

Jean-Claude Juncker: D’Politik reagéiert an Europa am zouhuelende Mooss op zwou Saachen, op grouss Iwwerschrëfte vun den Zeitungen, op Schlagwierder. A wann ee joerelaang gesot huet, et dierft keng Vergemeinschaftung vun Zënse ginn, an et kënnt ee Virschlag, deen eng deelweis Vergemeinschaftung vun de Scholden, a vun de Risike virgesäit, da reagéiert een dorop, wéi wann do iergendee Verrécktenen proposéiert hätt, datt all Scholden elo annuléiert ginn, an datt kee méi brauch ze spueren.

Ech hu menge Kollegen erkläert, well dat mech awer e bësse rose gemaach huet, déi simplistesch Presentatioun vu mengen eegenen Iddien, datt et nëmmen ee Land an der Eurozon gëtt, wat de Moment a kenger exzessiver Defizitprozedur ass, an nëmmen ee Land gëtt, wat d’Maastrichtcritèrë respektéiert, dat ass Lëtzebuerg. Ech loosse mir also weder vun den Däitschen, nach vun de Fransousen, a vun de Fransousë scho guer net, virschreiwen, wat d’Stabilitéitspolitik eigentlech heescht. Mir praktizéiere se, an déi aner schwätzen driwwer.

An elo maache mir e Virschlag fir d’Gesamtzon, an d’Scholdesituatioun vun eenzelne Länner an der Gesamtzon, fir d’Mënschen an deene Länner och erträglech ze maachen. Wësst Dir wat mech gehäit, dat si jo d’Konsequenzë vun deenen Décisiounen, un där hirem Ursprong ech ganz oft stinn. Mir soen de Griechen, mir soen den Iren, an aneren, elo musst dir spueren. An da maachen déi Länner e Programm. An d’sozialistesch Regierung a Griechenland, ouni datt vill aner Optiounen do wieren, belaascht haaptsächlech déi kleng Leit. Déi aner och, mä awer och kleng Leit.

Dat heescht, woumat ech mech geheien, ass, datt ech eng Politik verlaangen, déi sech ganz oft géint déi auswierkt, fir déi ech eigentlech Politik maachen. Dat ass net ee Gewëssenstrauma, mä awer séier dacks, wann et em d’Detailer geet, schonn ee Gewëssenskonflikt, deen ee mat senger eegener Biographie muss an Aklang bréngen.

An dat zweet, wat déi Reaktiounen an Däitschland, an soss doruechter erkläert, ass natierlech déi innepolitesch Agenda, vue datt e groussen Deel vun den Däitschen dogéint ass, datt dat do kënnt, déi Euro-Obligatiounen, well se se och falsch erkläert kréien, a mengen, elo misst Däitschland fir alleguer déi aner integral bezuelen, riicht stoen, an déi bräichte keng eegen Efforten ze maachen, segelt et sech liicht op där Well. Wien op liichte Welle gäre segelt, dee geet ënner, wann den europäesche Stuerm opkënnt.

A wa mir näischt konsequentes, breedes, systemesches maachen, dann ass d’Situatioun net esou, datt ech hir ouni Suerge géif entgéint kucken.

Jay Schiltz: Huet Dir d’Kritik aus Däitschland dann awer elo e wéineg aus de Féiss geraumt? Op der DPA gitt Dir zitéiert, Dir wiert exzellent zärtlech mat der Madame Merkel um Telefon gewiescht.

Jean-Claude Juncker: Mir hu genee virun enger Woch een Telefonsgespréich vun e puer Stonne gefouert, wou mir eis, wéi déi Däitsch géife soen, "zusammengerauft haben". Ech hu jo, ech si jo net ee Géigner vun der Madame Merkel, a si och net vu mir, mir si méi privat Frënn nach, wéi politesch Frënn, well politesch ginn eis Meenungen heiansdo ganz wäit auserneen. Ech segelen do an engem aneren atmosphäresche Lager wéi d’Madame Merkel, dat ass jo och erlaabt. Mä ech hu mat der Madame Merkel kee Sträit, a mir hunn eis och zu Bréissel, fir jiddwereen och siichtbar, denken ech, esou normal wéi ëmmer mateneen beholl. Mä och ënner Frënn muss een heiansdo kräfteg kënne streiden.

Ech hunn d’ailleurs ni behaapt, datt, et steet awer an allen Zeitunge vun der Welt, wierklech vun der Welt, ech hätt gesot, d’Madame Merkel wier oneuropäesch, a wier anti-europäesch. An dat hunn ech ni gesot, ech hu just gesot, déi Tatsaach, datt ee sech mat engem Virschlag net beschäftegt, well en e vu vir eran ofleent, ouni en am Detail ze studéieren, wier eng oneuropäesch Aart a Weis fir europäesch Problemer ze léisen, a sech mat europäeschen Ugeleeënheeten ze beschäftegen. Dat ass wäit ewech vun engem Virworf, datt Däitschland oneuropäesch gi wier, Däitschland ass net oneuropäesch ginn.

Mä ech stelle fest, wat ech an Interviewen an der däitscher Press gesot hunn, eppes wat ech als neue deutsche Zögerlichkeit beschriwwen hunn, déi ass et fréier an där Form net ginn, mä a villen anere Länner ass et déi ëmmer ginn, Frankräich, England, Holland hat déi Zögerlechkeet, déi déi Däitsch elo hunn, och ëmmer. Et ass eng vu mir net absolut ze begréissend Novatioun vum däitschen europapoliteschen Denken.

Jay Schiltz: Mä kënnen esou divergent Haltungen dann awer elo effektiv zur Stabilitéit an der Eurozon bäidroen, se verdeedegen, oder maache se den Euro dann net awer ugräifbar? Kënnt Dir éischtens erwaarden, datt d’Finanzwelt elo positiv zum Beispill op dee Message vu Bréissel réagéiere wäert?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d’éischt emol soen, Här Schiltz, datt den Euro jo net an der Kris ass. Den Euro ass erstaunlech stabil, wann een d’Zomm vun de Gespréicher, déi ronderëm den Euro dréinen, considéréiert. Mir hunn et mat enger Scholdekris an eenzelne Länner vun der Eurozon ze dinn. Mä den Euro selwer ass weder a senger Existenz, nach a senger Pérénitéit menacéiert, an e steet op engem Wiesselkurs, deen eigentlech weist, datt den Euro mat Ofstand déi stabilste Währung, iwwer déi lescht Joere betruecht, an och fir d’Zukunft ass.

D’Finanzmäert reagéieren ni adequat op d’Décisiounë vun der Politik, jiddwerfalls net a leschter Zäit, well d’Finanzmäert huelen ongenügend zur Kenntnis, datt déi sougenannte Fundamentaldaten, Budgetsdefizit, Wuesstem, Scholdestand an Europa wiesentlech besser si wéi an Amerika, wéi a Japan.

Firwat ass dann awer ee méi grousst Vertrauen an den Dollarraum, wéi an den Euroraum? Aus deem ganz einfache Grond, well et méi Investitiounsméiglechkeeten am Dollarraum gëtt, déi ee groussen Obligatiounsmarché hunn, an Europa huet eben ee klengen Obligatiounsmarché. A mir mussen einfach Investitiounsankerplätz fir Privatinvestisseurë multiplizéiren an Europa duerch d’Aféierung vun den Euro-Obligatiounen.

Elo kommen déi awer eng länger Zäit net, also musse mir elo virufuere mat deenen ad hoc Methoden, déi schlësseg kënne sinn, mä et an der Lafdauer net onbedéngt musse bleiwen, an deem mir d’Problemer vu Länner, déi an de Fokus vun de Finanzmäert geroden, no Méiglechkeet probéieren ze léisen.

Duefir hu mir dee Griechenland-Pak gemaach, duefir hu mir den Irland Rettungspak gemaach, an duefir musse mir eis mat der Fro beschäftegen am Januar, ob déi Suen, déi mir elo ugereiht hunn, fir mat der Gesamtkonsequenzebildung vun der Kris eens ze ginn, am Fall wou nach aner Länner an esou eng Situatioun géife kommen, wat ech net onbedéngt esou gesinn, mä wat ech och net kann ausschléissen, ob een dee Finanzvolume, deen zur Verfügung steet, net muss vergréisseren.

Doriwwer laang Wochen ze schwätzen, mécht wéineg Sënn. Dat muss ee maachen, wann et muss sinn. A souwisou gëtt vun den europäesche Politiker vill ze vill geschwat.

Ech di mech e bësse schwéier fir dat heftegst ze kritiséieren, well ech och elo e bësse vill geschwat hunn. Mä et ass fir d’éischt, wou ech geschwat hunn, well ech einfach fonnt hunn, elo ass de Moment komm, wou ee muss waasserdicht Léisungen ubidden, an net nëmme Geflécks. Ech soen awer net, datt dat, wat mir elo maachen, nëmme Geflécks wier. Mä et kann een net 10 Joer virufueren dat do ze maachen, ouni eng systemesch Äntwert op eng systemesch Finanzkris ze formuléieren.

Jay Schiltz: Mä do huelt Dir eng Kritik eigentlech, déi ech de Moie geliest hunn, iergendwéi virewech. Déi europäesch Dirigentë ginn eng Äntwert op zukünfteg Krisen, mä net op déi aktuell.

Jean-Claude Juncker: Et ass ee Charakteristikum vun der Politik, a vum politesche Behuelen, datt een ëmmer d’Änwert op déi nächst Kris virbereet, wéi wann déi nächst Kris esou wier, wéi déi lescht Kris. Dat erliewe mir och an der Diplomatie.

Et gëtt ëmmer gekuckt, firwat ass zu engem Krich komm, an et kann nach zu engem nächste Krich kommen, a wat muss een elo maachen, fir dee leschte Krich ze verhënneren. Mä ob dat déi richteg Äntwert ass fir deen nächste Krich ze verhënneren, dat ass eng gutt Fro.

An dee Feeler maache mir ëmmer, datt mir eng Äntwert op d’Vergaangenheet formuléieren an der fester Iwwerzeegung, mir géifen eng Äntwert op d’Zukunft formuléieren. An duefir hunn ech précisément gemengt, et misst een eppes Neies offréieren. An do muss een déi Iddi do wuesse loossen, et muss ee se akademiséiere loossen, et muss ee se verwëssenschaftleche loossen, an da verpolitiséiert se sech och am gudde Sënn vum Wuert.

Jay Schiltz: Wat kënnt dann elo nach op eis duerkommen, wat hänkt an der Luucht, wat ass mat Spuenien, Portugal, wéi staark gloust d’Kris dann do?

Jean-Claude Juncker: Spuenien a Portugal, Länner vun der iberescher Halbinsel, an aus der Périphérie vun der Eurozon stinn am Fokus, an ënnert der Observatioun vun de Finanzmäert, a vun de Ratingagenturen, von den Notatiouns-, Bewäertungsagenturen.

Déi zwou Regierungen hu ganz couragéiert Moossname getraff, fir hir Budgeten ze consolidéieren. Ech hätt gären, datt dat zur Kenntnis geholl gëtt, anstatt datt dorop reagéiert gëtt mat engem, wéi mir dat nennen, Downgrading vun der Notatioun vun der Bonitéit vun deene Länner, an domat déi Länner nach méi schwiereg finanzéierbar [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Mä dat schéngt jo awer d’Spiral ze sinn, well wat méi gespuert gëtt, wat manner [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech wonnere mech, datt den Notatiounë vun de Ratingagenturen eng däraarteg weltwäit grouss Bedeitung zougemooss gëtt, well och déi Ratingagenturen hu jo virun dem Déclenchement vun der Finanzkris eigentlech falsch ageschaat, wat d’Bonitéit vu Banken, a vu Länner wier. Dat ass awer d’Realitéit mat där ee muss liewen. Ech liewen net ganz gären domat. Ausserdem gi mir als Lëtzebuerg ganz frëndlech behandelt vun de Ratingagenturen. Mir hu vu Fitch een Triple-A kritt, dat ass déi beschte Bewäertung, déi ee Land ka kréien.

Mir sinn nach just zu e puer an der Eurozon, déi esou eng gutt Bewäertung hunn. A Standard & Poor’s wäert an där nächster Woch och nach eng Kéier een Triple-A Lëtzebuerg accordéieren, wat iwweregens weist, datt mir ee stabilt Land sinn, well eisem Land och a sengem Reformwëlle muenech Initiativen zougetraut ginn, déi weisen, datt mir eis op engem Kurs befannen, deen, wann een e bäibehält, a wann een en an Deelelementer verstäerkt, éischter beispillgebend ass fir aner Länner.

Mä Spuenien a Portugal ënnerhuelen och gréisser Strukturreformen, Reforme vum Aarbechtsmaart, Reforme vum Produktmaart, Reforme wat hir eege Staatsorganisatioun ubelaangt, déi verbëllegenden Effekt leschten Enns, a budgetären Termë betruecht, wäerten hunn, soudatt ech keng direkt Noutwennegkeet gesinn, datt Portugal oder Spuenien elo géife froen, fir ënnert deen europäesche Rettungschirm vu 750 Milliarden Euro ze trieden. Mee dat ass leschten Enns d’Décisioun vun de Kollegen zu Madrid, an zu Lissabon.

Dee Schirm geet och duer – well mir hunn eréischt een Zéngtel dovu fir Irland elo gebraucht – fir weidere Krisesituatiounë kënne gerecht ze ginn. Mä wann en engesdaags net méi duergeet, muss een e vergréisseren.

Gesitt Dir emol, den Dilemma ass einfach. Wa mir elo, well mir wëllen de Finanzmäert op de Virzoch kommen, d’Finanzmëttele vun deem Schirm vergréisseren, da kann dat duerchaus vun de Finanzmäert esou ëmfonnt ginn, wéi wa mir domat géife rechnen, datt Spuenien a Portugal elo géifen europäesch Hëllef froen. A wa jiddwereen domat rechent, datt se déi Hëllef froen, a wa mir déi Hëllef zur Verfügung stellen, da géif et och dozou kommen. Wa mir awer soen, mir vergréisseren dee Schirm elo net, well mir mengen, well Portugal a Spuenien net gefrot hu fir ënnert de Prabbeli ze trieden, si bräichten dat net ze maachen, da soen d’Finanzmäert, mir wieren déi leschte Mënsche vun der Welt, well mir Problemer géife verkennen.

Den eigentlechen Drama ass fir e Politiker, a fir ee wirtschaftspolitesch, och mat Ideologieelementer belaaschtene Politiker wéi mech, datt mir de Finanzmäert nolafen, an datt mer de Rythmus diktéiert kréie vun de Finanzmäert, obschonn alleguer déi Länner do gréisser Reforme maachen. Dat heescht, d’Leit mussen an d’Täsch gräifen, Leit déi mat dem Déclenchement vun der Finanzkris an Amerika 30.000 mol näischt ze dinn hunn, déi musse blechen, si net alleng, och déi deenen et besser geet, mä déi kleng Leit virun allem. An dat ass eppes, wat mech gehäit.

Ech war dëser Deeg an enger Sitzung, well Dir hut dovu geschwat, zu Bréissel, wou da gesot gëtt, jo mä enfin déi europäesch Sozialsystemer, an déi europäesch Lounsystemer, déi sinn iwwerzunn an iwwerdeent. Nieft mir souz de Premierminister vun Ungarn, en ass bei mir an der europäescher Partei, mä soss trennt eis awer ongeféier alles, den Här Orban, an dee sot, lauschter emol, bei mir ass den Duerchschnëttsloun 600 Euro, liewen d’Ungarn iwwer hir Verhältnisser mat 600 Euro Pei de Mount. Ech soe mat him, neen.

Also soen ech, datt mir net dierfe spueren géint déi, déi schonn näischt hunn, an datt mir intelligent, weist Spuere musse maachen, wat weder d’Reprise, nach de Konsum sech total no ënne bewegen deet, an do ass net an all Land déi selwecht Politik gefrot. Fir et graff auszedrécken, obschonn dat net eis Absiicht ass, zu Lëtzebuerg kann een 10% vun de Peië kierzen, dann ass an der Moyenne nach näischt geschitt, wann een oppasst wat ënnen op der Gehaltsskala geschitt. An Ungarn geet dat net.

Jay Schiltz: A wann Dir géingt probéieren dat hei ze maachen, dann hätt Dir awer och vill Frënn.

Jean-Claude Juncker: Also wann dat engesdaags muss geschéien, da maachen ech dat. Mä ech gesinn net, datt d’Situatioun esou ass zu Lëtzebuerg, datt een elo misst an eng Lounreduktiounspolitik antrieden. Ech mengen, datt d’Situatioun esou ass, datt mir aus Grënn vun der Erhalung vun eiser Wettbewerbsfäegkeet, a vun dem Standard, an dem Standing vun eiser Économie e bësse méi lues musse maachen, wat d’Zouwuesse vun de Léin ubelaangt.

Ech stinn eigentlech zimlech gutt betonéiert um Standpunkt, datt wa mir zu Lëtzebuerg dat hale wat mir hunn am Lounberäich, datt mir da besser aus der Kris erauskommen, wéi alleguer déi aner Länner, well do ginn d’Peien 10%, 15%, 20%, 25% gekierzt, do gëtt d’TVA erhéicht, do ginn allméiglech Grausamkeete gemaach. Dat brauche mir zu Lëtzebuerg net ze maachen. Mä da solle mir och oppassen, datt mir elo net, wann alleguer déi aner ofbauen, mir net nach weider Etagen op eist Héichhaus drop setzen. Eis Sozialhaiser sinn héich genuch, wat net heescht, datt et net am Sozialberäich méi individuell, wéi systematesch Fäll gëtt, wou sech em d’Sozialkohäsioun ze suergen ass.

Ech hu grouss Suergen em d’Sozialkohäsioun hei am Land, well ech gesinn, datt awer vill Leit och ofgehaange ginn, virun der Kris schonn, an an der Kris natierlech op eng méi pronocéiert Aart a Weis. Dorëms ass sech ze bekëmmeren. A wa mir eis emol géife konzentréieren drop, fir déi Fäll an eiser Gesellschaft ze léisen, wou d’Leit wierklech net méi eens ginn, an där Fäll gëtt et vill. Just déi 90%, déi näischt domat ze dinn hunn, déi interesséiere sech net staark fir déi Fäll. Wa mir déi Fäll géife léisen, anstatt datt déi, déi genuch hunn, nach bäikréien, da géife mir vläicht eng besser Politik fir eist Land maachen, wéi wa mir ëmmer nëmme probéieren méi, a méi, a méi. Ech sinn dogéint fir manner, a manner, a manner, mä ech sinn awer och grad esou dogéint fir méi, a méi, a méi Politik ze maachen.

Jay Schiltz: Wat hält Iech dovun of, déi Politik ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech hunn den Androck, datt mir se deelweis maachen, well mir schounend Politikë maache fir zum Beispill d’Mindestlounbezéier, a fir déi Leit, déi keen Zougang zum Aarbechtsmaart hunn. Ech hu mech dogéint gewiert, datt een d’Aarbechtslosenentschiedegungen, dat ass hefteg gefuerdert gi jo vum Patronat, géif no ënne revidéieren. Ech hu mech dogéint gewiert, datt et géif bei engem Lounstopp am Mindestlounberäich landen. Ech hu mech dogéint gewiert, datt een de Kënnegungsschutz géif flexibiliséieren, well ech mengen, grad a Krisenzäite schützt de Kënnegungsschutz virun ongerechten Entloossungen.

Ech hu mech beméit, zesumme mat menge Kollegen an der Regierung, esou vill mëttelstandsfrëndlech Lounniewekäschtenofsenkungspolitik ze maachen, wéi se nëmme vertrietbar ass, fir an deem virun allem méi nidderege Lounsecteur supplementar Aarbechtsplazen, an hir Erschaafung, méiglech ze maachen.

Mir hunn den Index net ofgeschaaft, dat war eng grouss Fuerderung, mä mir hunn e moduléiert. Déi nächst Indextranche erfällt wahrscheinlech am Juli, gëtt awer eréischt am Oktober ausbezuelt. Alleguer déi, déi soen d’Gewerkschaften hätte sech hei massiv géint d’Regierung, a géint de Staatsminister, duerchgesat, déi wäerten am Summer vläicht eng Kéier erwächen, a gesinn, datt dat scho säi Grond hat.

A mir hunn eis beméit, ouni graff Abréch am Sozialnetz a Kaf ze huelen, eng Lounzouwuess- a Sozialleeschtungszouwuesssituatioun net an d’Onendlecht eruwuessen ze loossen, mä däitlech ze maachen, datt elo de Moment komm ass vun enger sozialer Paus, sozial Paus net fir déi, déi um ënneschten Tableau vun der sozialer Skala stinn, mä eng sozial Paus fir Iech a fir mech.

Jay Schiltz: A mir maachen dann och elo eng Paus, an zwar fir d’Neiegkeeten, an da fuere mir am zweeten Deel weider mam Verdéiwen da vun deene puer Pisten, déi de Staatsminister elo just opgezeechent huet.

[Noriichteniwwerbléck]

Jay Schiltz: Suite vun der Emissioun riicht eraus, haut mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Nom groussen Europa am éischten Deel, wëlle mir dat dann elo mol mat Rou loossen an iwwert dat méi klengt Lëtzebuerg schwätzen. Dir sidd jo och nach Premierminister vun der groussherzoglecher Regierung. Net wéineg vun Äre politesche Kontrahente sinn der Meenung, datt Dir dat Amt vernoléissegt. Léisst Europa Iech da keng Zäit méi fir déi national Politik? An de Budgetsdebatten heescht et, wiert Dir just annerhallef Stonn an der Chamber gewiescht.

Jean-Claude Juncker: Jo ech sinn net méi Finanzminister. Den Här Frieden ass dat. An d'Regel wëllt, datt de Finanzminister d'Budgetsdebatte bestreit. Dat ass an anere Länner och esou, sauf wa speziell Departementer, déi déi vum Bundeskanzler oder vu Premier sinn, behandelt ginn. Dat ass jo bei eis net de Fall. Mir hunn eng global Diskussioun an dofir ass et um Finanzminister fir déi am Numm vun der Regierung zu bestreiden. Dat ass näischt Ongewéinleches.

Ech weess net wéi déi déi soen ech hätt keng Zäit fir Lëtzebuerg hir Woch organiséieren. Ech sinn am Prinzip een Dag d'Woch fort. Et gëtt jo haut d'Méiglechkeet fir mueres fréi éierens ze fléien an Owes spéit erëm ze sinn. Dat maachen ech ganz dacks. Et ass iwwregens absolut net agreabel, weder fir mech nach fir meng Mataarbechter, nach fir aner Leit déi eppes mat mir ze dinn hunn. An Samschdes a Sonndes kann een och schaffen. Wësst Dir, mech gesitt Dir jo net op de Baler an net op de Wisefester, scho guer net am Wanter. An ech schaffen. Heiansdo ginn déi Leit déi mat mir ze dinn hunn an déi gesi wéi wéineg Zäit, datt ech fir si hunn, well ech esouvill um Büro an esouvill doheem schaffen an esouvill Stonne schaffen - et ass mir bal penibel, datt ech dat hei muss explizéieren - rosen, wa si héieren ech géif mech net ëm d'Saachen hei am Land bekëmmeren. Ech maache jo net all Kéiers eng Pressekonferenz wann ech mat engem Minister schwätzen.

Ech gesi 7 bis 8 Ministeren d'Woch, fir mat deenen iwwert Problemer vun hirem Departement ze schwätzen. Ech gesi meng Verwaltungen esou oft an der Woch. Ech empfänken esouvill Leit, Sozialpartner, grouss Acteuren vun der Economie, Mënschen aus der Kulturszen. Och wann dat eppes ass wouriwwer ech ni schwätzen, wat mech awer intensiivst interesséiert. Also et ass net esou, datt d'Aarbecht mech bei der Fräizäitgestaltung géif hënneren. Et ass éischter esou, datt ech keng Fräizäit hunn an ech fannen et eigentlech e bëssen ee staarken Tuppi, datt gemengt gëtt, ech géif dauernd duerch d'Weltgeschicht segele, fir Präisser an Empfang ze huelen a fir ech weess net wat fir ee Larrifarri doruechter ze dreiwen. Ech wënsche kengem anere Lëtzebuerger mäi Liewen. Ech wënsche kengem et.

Jay Schiltz: D'Regierung hätt d'Tripartite net sérieux preparéiert gehat, war eng aner Kritik. Quitte datt een herno ëmmer méi schlau ass, mä réckbléckend, hätt Dir d'Saach net anescht ugepaakt, wann Dir et nach eng Kéier kënnt maachen? Et war jo awer ee Paukeschlag fir de lëtzebuerger Sozialmodell.

Jean-Claude Juncker: Wann ech um Enn vum Joer d'Resultat kucken, soen ech folgendes: mir hunn an der Tripartite probéiert, dat ass net gaangen, wéinst der Verweigerungshaltung, haaptsächlech vun de Gewerkschaften a wéinst der Net-Asiicht vun de Patronen an eenzelne lëtzebuerger Realitéiten. Dat hunn ech dunn ersat, dat war meng Decisioun a soss kengem seng, duerch getrennte Gespréicher mat de Gewerkschaften a mat de Patronen. Déi getrennte Gespréicher mat de Gewerkschaften a mat de Patrone konnte mir mat Succès ofschléissen, entgéint allen Erwaardungen, heiansdo och op dëser vu mir als sympathesch emfonntener Radioschaîne an notamment vun Iech.

Ënnert dem Stréch hu mir dat Resultat wat mir elo mat de Gewerkschaften hunn iwwert den Index a weider Froen a mat de Patronen, iwwert d'Kompetitivitéitsverbesserung a weider Froen, wann een dat beienee leet, gëtt dat ee ganz schéint Tripartiteresultat. Mir war kloer, no deene Gespréicher déi ech ufanks Januar vun dësem Joer getrennt mat alle Gewerkschaften a Patronatsorganisatiounen, och ëmmer getrennt, net d'Gewerkschaften zesummen, net d'Patronatsorganisatiounen zesummen, kloer ginn an deene Gespréicher, datt et net géif goen. Well et am Patronat, entgéint deem wat gespillt gëtt, keng Eenegung gëtt iwwert eenzel Froen a bei de Gewerkschaften och Nuancë gëtt, déi d'Gewerkschafte wa si zesummen optrieden selbstverständlech net als een Deel vun hierer Informatiounspflicht empfannen.

An dofir huet et mir geschéngt, datt een an der Tripartite misst den Effort maachen, an deem een um Schluss e bësse Gas ginn huet am Abrëll an dat wat do gesot ginn ass, huet gewisen, datt et zu 3 net géif goen. Dat wat elo erauskomm ass, d'Regierung mat deenen engen an d'Regierung mat deenen aneren, wier zu 3 net méiglech gewiescht. D'Gewerkschaften hunn an der Tripartite gesot mat eis kënnt et iwwerhaapt net a Fro fir den Index ze moduléieren. Elo hu mir eng Eenegung iwwert d'Modulatioun vum Index, déi wierksam gëtt. D'Patronen hu gesot, mir stëmmen hei net zou, wann et eng Mindestlounerhéijung gëtt. Mir stëmmen hei net zou wann den Index net ofgeschaf gëtt. Wann een dat gesäit, wann d'Leit mat den Zänn fletsche wa si sech gesinn, jo da muss een se auserneenhuelen. Also ech wëll elo hei net schwätze wéi de Papp vun der Natioun, mä wann d'Leit esou hefteg matenee streiden, datt d'Atmosphär esou ass, datt et keen Accord gëtt, da muss een si auserneen huelen, fir se herno erëm zesummen ze féieren.

Da muss ee sech eigentlech 6-7 Méint d'Frechheete vun alle méigleche Leit gefale loossen, datt ee schlecht preparéiert gewiescht wier, datt een et net fäerdeg bruecht hätt een Accord an der Tripartite zustan ze bréngen. Mir hunn elo een Accord mat deenen zwee Sozialpartner an ech denken, datt mir d'nächst Joer erëm an normal Tripartitegewässer zeréckkommen.

Dee Virworf, datt d'Tripartite net richteg virbereet gi wier ass een deen ech esou net am Raum wëll stoe loossen. D'Virbereedungsaarbechte si vun deenen déi intensiv drun deelgeholl hunn heiansdo net an hirer ganzer Komplexitéit an Intensitéit verstane ginn. Dofir hu si sech d'Fräiheet geholl sech heiansdo dovun ze entfernen. War dat eng schlecht Virbereedung vun der Tripartite, datt mir déi Regelung déi mir 2002 iwwert de bëllegen Akt agefouert hunn, wollte réckgängeg maachen? Dat war net meng Iddi, et war net dem Här Frieden seng Iddi. Et war d'Iddi vun der sozialistescher Partei. War déi schlecht virbereet?

Jay Schitz: Et huet awer fir relativ vill Onsécherheet an Duerchernee gesuergt.

Jean-Claude Juncker: Allerdéngs huet dat fir vill Onsécherheet gesuergt an ech hunn 2-3 mol dëst Joer gesot, datt d'Regierung suboptimal an der Aussepresentatioun vun hirer interner Kohäsioun gewierkt hätt. Ech mengen awer, datt d'Regierung selwer, déi eenzel Ministeren am besonneschen, aus deene Virgäng geléiert hunn. Et gëtt ee groussen Terrain wou Sozialisten a Chrëschtlech-Sozialer nach Haiser a Stroosse kënne bauen. Déi déi menge mir wieren an enger Sakgaass, déi wäerte sech mol wonnere wéi d'Verkéiersbeschëlderung d'nächst Joer ausgesäit.

Jay Schiltz: Mä wéi war et da mat där Koalitiounskris. War déi erbäigeried? Gouf et se oder gouf et se net. D'CSV spillt d'LSAP un d'Mauer, d'LSAP leeft der CSV aus dem Rudder an esou weider an esou fort.

Jean-Claude Juncker: Ech ka mat där Billersprooch net onbedéngt alles ufänken, well ech dat jo intern erliewen an eben och vill Eenzelgespréicher mat de Ministere féieren. Mat "menge Ministeren" hunn ech een exzessiven Emploi hei vum Possessivpronomen gemaach. Mä ech si befrënnt a gudde Kolleg mat alle Ministeren an ech hu mënschlech mat kengem ee Problem. Heiansdo Rosereien iwwert dësen oder deen, meeschtens iwwert deen. Dat ass awer eng agreabel Atmosphär an et ass net ongewéinlech a vläicht muss ee sech dorunner gewinnen, datt d'Politik, och Politiker am Regierungsamt däitlech maachen, datt si ënnerschiddlech Sensibilitéiten hunn.

Ech hätt just gären, datt déi ënnerschiddlech Sensibilitéite sech méi staark am Regierungsrot expriméiere wéi no baussen. Am Regierungsrot expriméiere si sech net ëmmer esou intensiv wéi no baussen. Et ass méi agendageleet heiansdo wéi koalitiounstechnesch bedéngt. Souwisou déi divergent Ministerstëmmen aus dem sozialistesche Lager sinn net koalitiounstechnesch bedéngt, mä hunn öfters Positionéierungslogiken ze suivéieren, déi sech an der sozialistescher Partei stellen.

Mä ech si mat där Regierung do eigentlech zefridden. Obschonn ech fannen, datt mir eis heiansdo onméiglech behuelen. Mä vläicht gehéiert et zur moderner Aart fir Politik ze maachen, datt een och am Regierungsamt seng Meenungsverschiddenheeten däitlech mécht. Mir liewe leschten Enns an enger Demokratie. An enger Demokratie ass et esou, datt d'Parteien net spontan zesummen déiselwecht Meenung am selwechte Moment hunn.

Jay Schiltz: Dir sidd jo awer een Unhänger vu Sträitkultur, hutt Dir jo eng Kéier gesot.

Jean-Claude Juncker: Ech si fir Sträitkultur, ech hätt léiwer si géif ausserhalb vun der Regierung stattfanne wéi an der Regierung, mä ëmmerhi sinn ech an dem Regierungsrot selwer fir hefteg Ausenanersetzungen, fir hefteg Ausenanersetzungen! Wann ee mat schwierege Situatioune konfrontéiert ass, muss ee sech och der Méi vu schwierege Gespréicher ënnerwerfen an et däerf een net all Kéiers Regierungskris ruffen, wann een emol eng aner Meenung wéi deen aneren huet. Obscho mäi Respekt net onbedéngt vollëmfänglech deene gëllt déi hir divergent Meenunge méi no baussen däitlech maache wéi no bannen. Mä dat huet mat dem Gestréckt-si vun deenen eenzelne Personnagen a Personnalitéiten ze dinn. Ech sinn eigentlech gäre Chef vun dëser Regierung, well ech och gären eng Regierung presidéieren déi sech aus Charakteren zesummesetzt. Et gëtt méi Charakteren an der Regierung wéi déi déi sech no baussen äusseren.

Jay Schiltz: Da kommen ech nach eng Kéier zréck op den Index an op d'Kompensatioun vun dem Mindestloun fir d'Patronat. Dir sot zesummegeluecht wier dat ee Resultat vun enger Tripartite gewiescht. Elo kann ech Iech entgéinthalen, d'Fro vum Index ass net gekläert, an den Accord mam Patronat kascht bis 2014, 220 Milliounen Euro. Wéi bréngt dir dat dann an Aklang mat der Erausfuerderung d'Staatsfinanzen ze sanéieren?

Jean-Claude Juncker: Wat kascht dann den Accord mat de Gewerkschaften bis 2014?

Jay Schiltz: Dat weess ech net, déi huet de Finanzminister net präziséiert.

Jean-Claude Juncker: Gelungenerweis ass kee Minister an d'Chamber geruff ginn, nom Accord mat de Gewerkschaften. Mä de Minister ass an d'Chamber geruff ginn, well ech zu Bréissel um Conseil war, wéi mir een Accord mam Patronat haten. Scheinbar ginn déi ënnerschiddlech bewäert.

Index fir d'éischt: ech hat eng Propositioun un d'Tripartite gemaach, déi ech fir gesond a weis fonnt hunn. Datt ee matzen an der Kris den Index op 2 mol de Mindestloun stoppt. An datt déi déi méi verdéngen eben den Index kréien, esou wéi wa se 2 mol de Mindestloun géinge verdéngen an déi déi ënnert zweemol de Mindestloun leien hiren normalen Index géife kréien. Ech fannen et net normal, datt déi déi vill verdéngen 300, 400, 500 Euro de Mount bei enger Indextranche bäikréien, matzen an der Kris, där schlëmmster Kris déi mir zanter 1929 hunn, datt mir domatt der Kompetitivitéit vun de Betriber a Bedrängnis bréngen, an datt déi déi de Mindestloun verdéngen 30, 40 Euro de Mount bäikréien.

Also déi déi vill verdéngen, ech gehéiere jo zu deenen, déi brauchen de Moment iwwerhaapt näischt bäi an ech hätt gären, datt d'Leit gewosst hätte wat meng Meenung wier: nämlech bei zweemol de Mindestloun d'Indexéierung vun de Gehälter stoppen an dofir suergen, datt déi déi ënnen op der Gehaltsskala sinn hir normal Gehaltserhéijung duerch d'Inflatioun bedéngt géife kréien. Dat ass ofgeleent gi vun de Gewerkschaften. Déi mussen dat enges Daags erklären. Déi mussen dat enger Daags erkläre firwat si fir meng Pei kämpfen, well ech wollt dat jo net. An dat ass ofgeleent gi vu groussen Deeler vun der sozialistescher Partei. Déi mussen dat enges Daags erklären. Déi ware fréier fir eenheetlech Indextranchen, esouwuel déi eng wéi déi aner. Haut si si, jo an der méi räicher Mëtt vun der Geselschaft ukomm. Déi méi räich Mëtt vun der Gesellschaft wier duerchaus bereet gewiescht, vorübergehend, während engem oder zwee Joer, esou enger Léisung zouzestëmmen.

Elo hu mir eng aner Léisung getraff an de Verhandlunge mat de Gewerkschaften, déi doranner besteet fir ze soen, et gëtt keng Indextranche virum 1. Oktober. Elo erfält se wahrscheinlech den 1. Juli. Et ass jo, wéi deen Accord getraff ginn ass, gelästert ginn souwisou géif d'Indextranche jo eréischt am September erfalen, dann hätte mir ee Mount gewonnen. Nee, d'Pëtrolspräisser sinn elo op 90, 92 Dollar. Eenzel aner Präisser kennen och ee staarke Präisopdriff, esou datt deen Accord mat de Gewerkschaften am Intérêt vun der Economie ass.

An den Accord mat dem Patronat, deen doranner besteet fir d'Lounniewekäschten um Niveau vun der Pei vun de Mindestlounbezéier ofzesenken ass eppes wat natierlech deene Betriber hëlleft déi vill Leit hunn, déi an deene Lounparrage leien, mä déi awer och ville Leit hëlleft déi nëmmen zum Mindestloun eng Beschäftegung kënne kréien an déi, wann de Mindestloun fortleeft an d'Soziallaaschte klammen natierlech vun de Betriber net méi agestallt ginn. Deen Accord mat dem Patronat fir méi am Beräich vun der Weiderbildung staatlech z'intervenéieren – mir bezuelen haut 14,5% vun de Käschte vun der Weiderbildung, mir wëllen elo 25% vun de Käschte vun der Weiderbildung bezuelen – dat ass een Accord, deen ass eigentlech a wie sengem Intérêt? Selbstverständlech ass en am Intérêt vun de Betriber, déi méi ee groussen Deel vun de Weiderbildungskäschten ofgeholl kréien. Mä selbstverständlech ass et och een Accord am Intérêt vun deene Beschäftegten, déi kënne weidergebilt ginn, zu engem manner héije Präis fir hir Betriber. Et kënne méi Leit weider ausgebilt ginn.

Ech hätt gären, mä dat féiert eis elo e bësse wäit, datt virun allem déi eeler Arbeitnehmer, leider Gottes fänkt dat bei 45 Joer un, datt déi pauselos fit a flott fir den Aarbechtsmaart gehale ginn. Datt déi hir Chancen op den Aarbechtsmaart behalen. Datt déi Leit kënne méi laang schaffe goen, wéi datt si Mëtt vun hire 50er Joere mussen an d'Pensioun goen, well si ganz oft och vun de Betriber an d'Pensioun gedriwwe ginn.

An deem Accord mat de Gewerkschaften ass och vill dra fir d'Betriber an an deem Accord mat de Betriber ass och vill dra fir déi Leit déi géint Loun a Gehalt, wéi mir fréier gesot hunn, schaffe ginn. An dofir soen ech, de Cumul, d'Beieneeleeën, d'Additionnéiere vun deem engen Accord mat de Gewerkschaften a vun deem aneren Accord mat de Patronen ass een typeschen Tripartiteaccord, deen een awer an der Tripartite wéinst dem sech Auserneendividéieren vun deenen zwee Sozialpartner net konnt erbäiféieren. Insofern sinn ech eigentlech – virun e puer Méint hat ech nach net richteg domatt gerechent, am Summer – bal zefridde mat deem wat mir do fäerdeg bruecht hunn. Wann dat een Tripartitesaccord wier, géif jiddweree soen, all Respekt, de lëtzebuerger Modell ass gerett. En ass och esou gerett.

Jay Schiltz: Mä zum Index nach eng Kéier, dat ass jo awer eng raisonnabel Approche fir ze soen, mir ginn hin, mir maachen eppes fir déi Leit déi net genuch hunn. U wat scheitert dat dann? Ass dat da Mangel un Asiicht oder firwat kann ee sech mat esou eppes net duerchsetzen.

Jean-Claude Juncker: Jo ech weess et eigentlech net, ech hunn esouvill Zousproch fir déi Propositioun kritt, vun allen Zorte vu Lëtzebuerger, wierklech massiv an dausendfach a Courrier. Ech hu bal esouvill Courrier a Bréiwer kritt vun de Lëtzebuerger iwwert den Index kritt, wéi ech der elo vun den Däitsche géint meng Propositioun iwwert d'Euroobligatioune kritt hunn. Déi waren awer dogéint.

Ech weess et net, et schéngt esou ze sinn, datt et de Courage vun den eegenen Iddien net gëtt. Ech hat jo ni proposéiert, datt mir op Dauer géifen den Index op 2 mol de Mindestloun beschränken. Ech wollt dat während der Kris maachen, wou souvill Leit aarbechtslos gi sinn. Déi hätte jo all hiren Index behalen, wou esouvill Leit Kuerzaarbecht geschafft hunn. Haut virun engem Joer, am Juni 2009, dee Mount wou mir wiele gaange sinn, waren 10.000 Leit déi hei am Land schaffen a Kuerzaarbecht, déi hunn op Pei verzichte mussen. Elo sinn der nach eppes iwwert 1000 a Kuerzaarbecht. Et huet mir ëmmer geschéngt, datt et méi einfach wier, do weess ech och de Finanzminister, de Luc Frieden op menger Säit, de Leit eppes net ze ginn, wéi hinnen herno eppes iwwert de Steierwee ewech ze huelen. Mä jiddweree weess, wéi d'Positioune sinn. Wat meng Positioun war, déi och vu menger Partei gedeelt ginn ass a wat déi aner Positioun war, an domatt mussen déi eenzel Protagonisten op Dauer eens ginn.

Insgesamt ass et zu engem an zwee Deeler opgedeelten Accord mat de Gewerkschaften an de Patrone komm, wou d'Koalitioun gutt zesummegehal huet, trotz iwwerromantiséierenden Niewekommentaren déi heiansdo gemaach ginn. An ech behaapten nach eng Kéier, datt een och eng gewësse politesch Kraaft gebraucht huet, fir d'Iddi duerchzesetzen, elo verhandele mir getrennt a mir kucken ee globaalt Resultat erauszekréien, esou wéi wa mir zu 3 verhandelt hätten. Dat kann een nëmme maachen, wann an der Substanz eng Koalitioun an d'Membere vun der Regierung zesummestinn.

Jay Schiltz: Gutt, d'Zäit leeft wéi ëmmer fort. Nach e puer aner Themen Här Staatsminister. Wat denkt Dir eigentlech bei deem Wuert Simplification administrative?

Jean-Claude Juncker: Oh, datt vill driwwer geschwat gëtt an datt villes gemaach gëtt an datt bal näischt zur Kenntnis geholl gëtt vun deem wat gemaach gëtt. D'Madame Modert, déi, obschonn dat Chefsaach ass, wéi dat salopp formuléiert gëtt, déi dofir zoustänneg ass, huet ee ganze Koup vun Initiativen am Laf vum Joer ergraff, vun deenen ech denken, datt si gutt sinn. Mir hunn eng Rei vu Gesetzesännerungen an der Chamber virleien, eng Ofännerung vun der Kommodo Inkommodo-Gesetzgebung, eng Ofännerung am Beräich vum Inneminister sengem Rayon wat Plan d'aménagement général a plan d'aménagement particulier ubelaangt. Gesetzesgebung déi, wa si vun der Chamber votéiert gëtt, wäert zur Konsequenz hunn, datt d'Délaien déi ee brauch fir Autorisatiounen ze kréien, iwwert den Domm gekuckt halbéiert ginn.

Do ass villes am Floss a villes muss een dann technesch erklären. An ech mengen net, datt de grousse Publikum hefteg drun interesséiert ass d'Technicalities vun all deene Froen do ze kennen. Et stéisst een natierlech op eng Rei vu Widderstänn déi ze begrënnde sinn, notamment am Beräich vun den Ëmweltorganisatioune gëtt monéiert, datt elo géif ee klenge Fall aus den Ëmweltrücksichte gemaach ginn. Alles dat muss ee mateneen a Kombinatioun bréngen. Well et muss een, fir déi richteg Politik ze maachen atmosphäresch all Stréimungen an der Gesellschaft opfänken a se mateneen esou an d'Gespréich bréngen, datt éischtens der Ëmwelt kee Leed geschitt. Do si mir net ëmmer ganz gutt dran. An zweetens, datt mir bei enger Decisiounseffizienz bleiwen, déi ee grousse Standuert fir d'lëtzebuerger Economie ass. Alles dat probéiere mir op eng Rei ze bréngen a mir maache gären am éischte Semester vum Joer 2011, dat hu mir och mat de Patronatsorganisatiounen beschwat an d'Gewerkschafte sinn och do net dogéint, esou wäit ech dat gesinn. Am éischte Semester 2011 hätte mir gären, datt alleguerten déi Texter do an de Mémorial kommen.

Jay Schiltz: Een aneren Dossier, mat deem ee sech vill Frënn ka maachen oder grad net, dat ass d'Reform vun de Renten. Do dierft se nees op d'Tapéit kommen Är Mauer, virun där Dir schonn éiweg warnt. Ass se dann elo nach ëmmer do? Ass si méi no geréckelt? Mussen d'Lëtzebuerger méi laang schaffe goen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech ëmmer mussen entschëllegen, datt ech gesot hunn, et géif esou eppes wéi eng Rentemauer ginn. Wéi ech eng Kéier gesot hunn, mir géifen op 700.000 Awunner zougoen a mir missten dat, fir kënnen eis Rentesystemer ze finanzéieren, ass gesot ginn, ech wier dee leschte Mënsch. A wann haut ee seet, mir sinn elo zu 500.000 a mir gi 700.000 a mir brauchen 1 Millioun Aarbechtsplaze fir am Joer 2040 - 2050 eis Renten nach kënnen ze bezuelen, da kritt dee guer keng Streech méi. Ech stellen dat just fest. A jiddweree schwätzt haut vun der Rentemauer a kee kritt Streech wann e vun der Rentemauer schwätzt. Ech nennen dat ee Fortschrëtt.

Jay Schiltz: Dir waart ärer Zäit viraus.

Jean-Claude Juncker: Nee, ech hu just zur Zäit gekuckt a gelies ier ech geschwat hunn an déi déi geschwat hunn ouni ze kucken an ze liesen hunn de Géigendeel gesot. Déi soen elo, well se elo gekuckt a gelies hunn datselwecht an doriwwer ass sech net ze bekloen. Ech fannen et iwwregens normal, wann ee Premier vun engem Land ass, datt ee sech e bësse méi séier wéi anerer, dat ass eng Amtsaufgabe déi een huet, ëm d'Problemer laangfristeger Natur bekëmmert, wéi anerer. Do maachen ech kengem ee Virworf a werfe kengem ee Steen. De Sozialminister Mars Di Bartolomeo dee schafft elo un enger Rentereform, déi kuerzfristeg zu kengerlei Ännerunge wäert féieren, mä déi dee mëttel- a laangfristegen Themekreess adresséiert an ech maachen him all Confiance, datt en déi Reform féiert, esou wéi e jo och déi Gesondheetsreform gefouert huet, net ouni Courage muss ech soen. An ech hunn en och dobäi ëmmer ënnerstëtzt.

Jay Schiltz: Een aneren décken Dossier bleift nach Äre Ministerkollege Biltgen a Modert. Dat ass d'Fonction publique, do huet et gëschter aus der zoustänneger Chamberkommissioun geheescht d'Gehälterreform wier käschtenneutral. Wéi kann eng Gehälterreform käschtenneutral sinn?

Jean-Claude Juncker: Wann et net esou ee sérieuxen Thema wier, da géif ech soen, well et esou am CSV-Wahlprogramm steet. Mä dat géift Dir mir wahrscheinlech net gleewen, mä esou steet et awer do dran.

Mir mussen eng Gehälterreform maachen a mir musse ganz vill aner Reformen, och strukturellen Zouschnëtts an der ëffentlecher Funktioun maachen. Meng Partei ass an d'Wahle gaangen an esou steet et och an der Regierungserklärung, wann och manner däitlech prononcéiert, datt een d'Ufanksgehälter beim Staat misst ofsenken, dat maache mir. Mir hunn ee Mandat dofir an dat gëtt och gemaach. Kee soll mengen dat géif net gemaach ginn. Dat gëtt gemaach.

A mir mussen eis mat eenzelne Plie vun der Fonction publique op eng intensiv Aart a Weis beschäftegen. An nun ass et esou, datt vill Leit déi hei am Land schaffe sech dauernd musse bewäerte loossen, dauernd agestuft ginn, dauernd beuerteelt ginn. Dat gehéiert zum Aarbechtsliewen. Dat ass net ëmmer ganz gesond, datt dat esou geschitt. Ech gesinn och Mobbingselementer doran an ech gesinn arbiträr Elementer doran. Mä beim Staat muss een dat och maachen an deem een op déi mobbings- an op déi arbiträr-, virun allem op déi politesch arbiträr, Bewäertungsinstrumenter verzicht. Doriwwer ass mat der Vertriedung vun der ëffentlecher Funktioun ze schwätzen. An ech ka mir net virstellen, datt et do zu engem Accord kënnt.

Den Här Biltgen dee war jorelaang Aarbechtsminister, huet eng laang Erfahrung an Negociatioune mat Gewerkschaften, d'Madame Modert kënnt selwer aus der ëffentlecher Funktioun, war Generalsekretärin vun der Regierung, deen éischte Regierungsbeamten deen et am Land gëtt. D'CGFP an anerer solle sech ganz gutt iwwerleeën ob si mengen d'Verhandlunge mat anere wiere méi einfach wéi mat deenen déi eigentlech, jiddefalls am Regierungsrot an och am Land, d'ëffentlech Funktioun géint all Anfeindungen iergendwellecher Natur verteidegen.

Mä Reforme sinn net nëmme fir de Privatsecteur. Erfuerdernisser déi d'Wirtschaftssituatioun erfuerdert sinn net nëmme fir de Privatsecteur. D'ëffentlech Funktioun ass keen immuniséierte Beräich hei zu Lëtzebuerg. An dat wëssen och ganz vill Staatsbeamten. Ech hunn a mengem scho bal laange politesche Liewe geléiert, datt dat wat d'Vertriedunge vu Leit soen net ëmmer dat ass vun deem déi meeschte Leit, vun deenen déi aner behaapte si géife se vertrieden, och iwwerzeegt sinn. Ech begéine pausenlos Leit déi mir eppes ganz aneschters soe wéi dat wat hir Gewerkschafte soen. Dat si keng Leit déi mir wëlle gefalen, well dovunner hu si näischt.

Jay Schiltz: Et bleiwen eis nach 2-3 Minutten Här Staatsminister. An der Populatioun kënnt Dir Iech weiderhin gréisster Beléiftheet erfreeën. An den Neiegkeeten ass et schonn ugeklongen. Am Politbarometer vum Tageblatt bleift Dir am Süden a wuel och am Rescht vum Land déi incontestéiert Nummer eent. Esouguer ee Plus vun 3 Prozentpunkten dës Kéier. Rassuréiert dat Iech?

Jean-Claude Juncker: Dir wësst, well mir zwee doriwwer heiansdo schwätzen, datt dat mech net staark impressionnéiert. Mech impressionnéiert awer ëmmer, datt wa Wahle sinn, datt meng Resultater dann nach e bësse besser sinn, wéi dat wat an de Meenungsëmfroe stoung. Fir de Rescht wëll ech soen, wann ech, dat war jo eng Kéier geschitt, an de Meenungsëmfroen no ënne rëtschen, da fannen doriwwer Sonderéditiounen op Radio an Televisioun statt. Wann ech e puer Punkte bäikréien gëtt dat zum Beispill op Radio Lëtzebuerg haut de Muere mol iwwerhaapt net erwähnt. An ech hätt dat gären héieren, well ech hat dat nach net héieren, well ech gëschter Owend spéit vu Bréissel erëmkomm sinn. Ech bilde mir dorop näischt an. Op eppes bilden ech mir awer eppes an, dat ass, datt ech esou am Gefill liewen, trotz munnecher Enttäuschung déi ech de Leit zoufügen a vill Leit mir zoufügen, datt wann een esou laang Staatsminister ass an esou laang an der Regierung ass, awer nach d'Vertraue vun esou ville Leit huet. Dat schwätzt net onbedéngt géint een an et schwätzt net onbedéngt net fir déi Leit déi engem dat Vertrauen ëmmer nach entgéint bréngen an dofir sinn ech dankbar, well dat ass de Fong op deem ech kann opbaue fir Saachen ze maachen, fir Saachen ze proposéieren, heiheem an dobaussen, well ech esouvill Leit hannert mir weess, déi op eng erstaunlech Aart a Weis soen, bon et ass zwar ee Gelungenen, mä e mécht dat awer esou schlecht och net.

Jay Schiltz: Gutt, ech kommen net derlaanscht Iech et ze froen, fir wéi sérieux haalt Dir Iech dann nach Här Staatsminister?

Jean-Claude Juncker: Ma ech, ass et net vu mir wou de Saz hierkënnt, "d'Politik wier kee Spill"?

Jay Schiltz: Ech mengen dat ass vun Iech, jo.

Jean-Claude Juncker: Et ass kee Spill, et ass dat deeglecht sech beschäftege mat dem aktuellen Zoustand vum Land, mat der aktueller Situatioun an där d’Leit sech befannen. Et ass deen Drang deen ee verspiert, fir ee Bléck vill méi wait no vier ze gehaien, fir sech vierstellen ze kënnen, wéi entwéckelt ee Land sech, wéi entwéckelt d’Liewenssituatioun sech, wéi entwéckelen déi jonk Leit sech, esou dass mer alleguer, an si, an 20-30 Joer nach laanschteneen kommen a mateneen eppes kënne machen wat wäertvoll fir jiddereen as. Ech halen Politik fir eng vun deenen sérieusten Aktivitéiten déi et am Liewen gëtt. An suguer wann ee Minister – ech verstinn är Fro – seet "wann ech mech géif sérieu huelen, géif ech démissionnéieren", muss ech soen, et muss een och bei engem Minister verstoen dass en seet dass en d’Flemm huet. Hunn ech och. Et huet awer kee Wäert fir doriwwer grouss Rieden ze halen. Den Här Krecké as e Minister dee mai besonnescht Vertrauen genéisst.

Jay Schiltz: Dann zum Schluss déi obligat Fro, Här Juncker. 2011, wou gi mer hinn, wat kënnt op eist klengt Ländchen duer, wat erhofft, wat erwënscht sech dee Mann, deen elo geschwenn zanter 16 Joer un der Spëtzt vun der Regierung steet? Wat wellt en op kee Fall?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll op kee Fall dass mer d’Flemm kréien, eng kollektif Flemm kréien. Ech wëll op kee Fall dass mer d’Hänn an de Schouss leeën. Ech wëll op kee Fall dass mer d’Schëlleren hänke loossen. Ech mengen, an eisem Land, an eisem Vollek, gëtt et esou vill Talenter, esou vill Energie, op deene verschiddensten Pläng, an der Kultur, an der Politik, an der Ekonomie, am Gewerkschaftsliewen, esou vill dichteg gutt Leit, wéi och an de Betriber an hannert den Théiken an hannert de Keesen, an an de Magaziner an an den opstriewenden Sekteuren vun der Ekonomie, dass ech mengen dass mer alleguer zesummen, wa mer net duerchdréinen, an net gären emmer méi wëllen, ouni méi ze hunn, eng Situatioun kënnen am Joer 2011 erbaiféieren, wou um Enn vum Joer 2011 trotz Mëssgeschécker déi wärten geschéien, trotz Feeler déi och d’Regierung wärt machen – déi huet der gemach, dest Joer, déi wäert der och d’nächst Joer machen – mer insgesammt eng Situatioun hunn, vun där ech soen, suwuel am ideellen Beraich wéi am matériellen Beraich, dass vill aaner Länner an Europa, vun der Welt net ze schwätzen, frou wieren, wann se an esou enger kollektif gedroener gesonder Atmosphär sech kéinten entwéckelen.

Jay Schiltz: Dat wier et da gewiescht fir desen leschten Riicht eraus vum Joer 2010. Eisen Invité war de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Här Staatsminister, merci, datt der bei eis waart.

Jean-Claude Juncker: Ech soen iech merci, an ech soen äre Leit déi nolauschteren, well ech weess, et sinn der vill, datt ech gären hätt, datt et hinnen am nächste Joer géif gutt goen, an datt ech gären hätt, datt se déi Deeg tescht Krëschtdag an Neijooschdag un alles denken, mee net un d’Politik.

Dernière mise à jour